Den amerikaneschen Wahlsystem ass schons e besschen méi speziell. Esou muss net onbedengt deen, deen déi meeschten Wahlmänner huet och déi meeschten Stemmen a ganz Amerika kritt hun. Dass dat alt emol firkomme kann, kruuten vill Léit bei den Wahlen 2000 mat. Den Al Gore hat zwar schons “popular vote” (déi meeschten Stemmen) gewonnen, mee haat net genug Wahlmänner fir President zeginn. Zanter 2000 nennen d’Amerikaner dësen Faite “goren” an den Obama gouf schons vun den Medien ‘gewarnt’ hien kéinnt ebenfalls „gegored” ginn.

– Waat sinn Wahlmänner?
Déi 50 US-Staaten schecken am Dezember hier Wahlmänner op DC, ewou dann de President gewielt gett. Wéivill Wahlmänner e Staat huet, hängt vun der Unzuel vun den Awunner of. Déi gréissten Unzuel vun Wahlmänner ginn et zu New York, California (alle béid “blue state”) an Texas (“red state”) an Florida (swing state).

– Ginn d’Wahlmänner prozentual opgedeelt?
Nee. De Kanidat deen e Bundesstaat wënnt, a sierf et nemmen mat 0,1%, kritt alleguerten d’Wahlmänner vun deem Staat zougeschriwwen. Et ass also en “winner takes it all”-System.

– Dierfen d’Wahlmänner fir een aaneren Kanidat stemmen ewéi fir deen ewou hieren Bundesstaat gestemmt huet?
Nee, dëst ass den Wahlmänner net erlaabt.

– Wéivill Wahlmänner muss een kréien fir President zeginn?
Déi magesch Ziffer ass 270.

– Ass et méiglech, dass et zu engem Gleichstand 269-269 géif kommen?
Jo, dat ass duerchaus méiglech an ass fir d’läscht 1800 (Thomas Jefferson vs. John Adams) geschidd.

– Ween huet dann d’Wahlen gewonnen?
Dann ass et em Repräsentatenhaus fir déi definitiv Stemm ofzeginn. Déi Partei déi d’Majorität huet wielt dann ewuel och hieren Kanidat zum President.

– Ween huet momentan Majorität do?
Demokraten hun zanter 2006 eng ganz knapp Majorität am Repräsentantenhaus, mee déi giff bei engem Vote duergoen.

– A waat sinn “blue states”?
“Blue states” sinn déi Bundesstaaten, déi an deenen läschte Joëren traditionell emmer fir d’Demokraten ofgestemmt hun, ewéi zum Beispill New York oder California.

– An “red states”?
“Red states” sinn déi Bundesstaaten, déi an deenen läschte Joëren traditionell emmer fir d’Republikaner gestemmt hun, ewéi zum Beispill Texas.

– An “swing states”?
Swing states sinn déi Bundesstaaten, déi bei deenen läschte Wahlen mol “blo” mol “rod” gewielt hun. Et sinn zumools déi Bundeslänner op déi et herno ukennt. Typesch “swing states” sinn New Mexiko, Ohio, Pennsylvania, New Hampshire, Florida, Iowa.

_______________________________________________________________________________________________________________________

Momentan gesäit et fir den Obama besser aus ewéi verschiddener geduercht hätten. Och wann hien an Emfroën gefall ass an de McCain an hien elo an engem “dead heat” sinn, gett vun den Medien oft net gesoot, dass et sech bei den Emfroën em d’Opinioun vun den “likely voters” handelt. D’„likely voters” sinn déi Léit, déi an deenen läschten 2 Wahlen ebenfalls registréiert waaren a gewielt hun. Also do ass net déi ganz Jugend dran, déi den Obama mobiliséieren konnt an och net déi insgesamt 4 Milliounen néi Léit, déi sech während den “Primaries” als Demokrat ugemellt hun. D’Majorität vun deenen 4 Milliounen Léit sinn “Néiwieler”, verschiddener ganz jonk, aanerer alt iwwer 60 oder 70 Joër, déi also an deenen Emfroën net mat dra sinn. An dann bléiwt jo och nach emmer d’Saach net wëllen gegored zeginn. D’Entscheedung fällt an den Bundesstaaten.

Kucke mer emol op d’Kaart:
1

Donkelblo sinn déi Bundesstaaten, déi ewuel mat 100%-eger Sécherheet den 4. November dem Obama Wahlmänner ginn. Et sinn eigentlech alleguerten d'”blue states”
Hellblo sinn déi Bundesstaaten, déi wahrscheinlech den Obama am November wielen.
Hellroud sinn déi déi wahrscheinlech den McCain wielen.
Donkelroud sinn déi déi ewuel mat 100%-eger Sécherheet den McCain wielen.

Fir déi déi sech net esou fir déi amerikanesch Politik interesséieren, sierf gesoot: Dat do gesäit gudd aus fir den Obama!
Firwaat?
Ma huele mer emol d’Beispill vun Virginia (VA), daat un der Ostküst léit an 13 Wahlmänner stellt, huet zanter 44 Joër republikanesch gewielt. Mee momentan, knapps 70 Deeg vrun den Wahlen, hu mer do nach emmer en “dead heat” . Laut deenen läschten Emfroen léit den John McCain zwar nach 0,1% fir, mee et muss en bedenken dass dëst jo e kloëren “red state” ass an eng méi kloër Victoire do misst awaarden zesinn. An och dem McCain seng Ausso an der “Washington Post” d’läscht Woch huet näischt guddes gehescht. D’Washington Post huet dunn och op der Titelsäit geschriwwen: “McCain thinks Virginia may be winnable.” Dass en Republikaner dat iwwert en “red state” seet, an dass et dann och nach op d’Titelsäit kennt, ass erstaunlech.
En aanert Beispill ass dat vun North Carolina (NC), just ennert VA, stellt 15 Wahlmänner. Eigentlech ass dat och e sechert Feld fir d’Republikaner mee och do ginn et Problemer. Zumools déi grouss afro-amerikanesch Bevölkerung mécht et dem McCain do schwéier eng grouss Victoire do zekréien. Momentan huet den McCain awer nach e Virsprong vun 4,5%, dofir ginn ech him NC elo einfach emol:
2

Sollt den McCain net e Politiker vun Minnesota (MN), an der Mëtt uewen mat 10 Wahlmänner wielen, dierft deen Staat ewuel op dem Obama séng Säit goen. Den Obama léit momentan 10% , an alt méi, an den Emfroën do vrum McCain. Dann gesäit et schons esou aus:
3

Momentan ass den Obama och am Gaangen mat enger gudder TV-Reklamm Nevada (NV), nierft California, blo zekréien. Dëst kéinnt him gelengen, well den McCain als President atomaren Knascht net wëll a “sengem” Bundesstaat Arizona, mee et wäer vill besser , esou den McCain, wann dat zu Nevada giff gelagert ginn.
An och zu Michigan (MI), uewen mett riets, léit den Obama momentan alt mat iwwer 7% vrum McCain. An den Obama huet och do schons villes gemach fir dësen Bundesstaat zekréien. Esou huet den John Edwards an den Al Gore grad zu Michigan hieren “Endorsement speech” ginn. Maache mer also elo mol Michigan an Nevada blo:
4
Wëll ech Nevada blo gemaach hun, muss ech fairerwéis dem McCain dann och Florida ginn;
5

An dann si mer schons bei: Obama 260 an McCain 231. Dem Obama giffen nach 9 Wahlmänner feelen, dem McCain nach 39.
Ech kann wéinst dem “dead heat” an deenen aaneren Stied elo hei keng wéider Prognostik machen.
Läscht Emfroën: Ohio: McCain +1 // Virginia: McCain +0,1 // Indiana: McCain +1,3 // New Hampshire: Obama +0,5 // New Mexiko: Obama,McCain +/- 0 // Colorado (red state!): McCain +0,5

Giffen d’Amerikaner also dësen Denschten wiele goen, wäer den néien President den Republikaner John McCain, wann een dann den Emfroën dierf glëwen. Mee momentan sinn et nach 72 Deeg bis d’Wahlen an den Biden-Effekt beim Obama ass nach net berücksechtegt an den Emfroen. An och den McCain muss nach e VP nennen. Dat mécht hien den Daag no der DNC. Waat e ganz cleveren Schachzuch vum McCain ass, well esou wäerten d’Medien den Daag nom Obama senger “acceptance speech” ,en Donneschten, e Freiden ewuel nemmen iwwert dem McCain säin “running mate” schwätzen.
Dass nach laang bis d’Wahlen an och déi insgesamt 4 TV-Debatten (3 mol Obama vs. McCain an 1 mol Biden vs. McCain’s VP) wäerten och nach wichteg ginn. Et bléift wéiderhin spannend am –ewéi en schons d’läschte Joër genannt gouf– “längstem Wahlkampf an der Geschicht vun den USA”…

EDIT (24. August 2008; 1:29 Auer): Mir ass elo grad opgefall, dass mäi Programm d’Wahlmänner vun North Carolina duebel gezielt huet. Dëst dierf awer eigentlech net sinn. Ech hu probéiert et nach eng Kéier zemaachen, mee de Programm schéngt ewuel och zemengen, dass wann den McCain NC gewennt no engem laangen Kampf kéinnt dat ewuel duebbel gewärt ginn. Ech bieden iech also beim McCain 15 Wahlmänner ofzezielen. Domatter hätt hien der dann elo “jhust” 216 a bréicht nach 54 Wahlmänner fir zegewannen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

6 Comments

  1. Respekt. Fannen ech eng gudd Analys!

    Reply

  2. Merci 🙂

    Reply

  3. “- Dierfen d’Wahlmänner fir een aaneren Kanidat stemmen ewéi fir deen ewou hieren Bundesstaat gestemmt huet?
    Nee, dëst ass den Wahlmänner net erlaabt.”

    Ech hat dat zwar anescht an Erënnerung an hun och eppes aaneschteres fonnt: http://www.wahlrecht.de/ausland/us-praesident.html

    Deemzufolg kënnen d’Wahlmänner wiëlen, wien së wëllen a gin eventuell just minimal bestroft, wat awer näischt um Wahlresultat ging änneren. D’USA sin also och just dem Uschäin no eng Demokratie. Natirlech wärten sëch d’Wahlmänner hidden, eppes aaneschters wéi d’Vollek ze wiëlen, wéll soss hir politesch Karrière wuel eriwwer wir; et ass awer scho virkomm, datt se dat gemaat hun.

    Reply

  4. Ech wollt grad dat nämlecht wéi de pa umierken.

    Nach 2004 huet ee Wahlmann aus Minnesota fir den John Edwards ofgestëmmt.

    Reply

  5. Et ass den Wahlmänner net erlaabt. Natiirlech kennen sie et maachen, grad esou ewéi jiddereeen och klaue kann, mee et ass dofir net erlaabt.
    „Sie sind zwar gehalten, die Stimme demjenigen Kandidaten zu geben, auf dessen Konto sie gewählt wurden, dies wird jedoch durch die geheime Wahl oder durch sehr niedrige Strafen im Falle des Nichteinhaltens konterkariert.”

    @Chris
    Dass ee Wahlmann aus Minnesota fir den John Edwards gestemmt huet waar jo och richteg, well Minnesota 2004 blo waar. 😉

    @pa
    Lëtzebuerg ass och um Papéier nemmen eng Demokratie. A menger Gemeng bspw. sinn 2 Partéien an der “Majorität”, déi zesummen manner ewéi 50% vun den Stemmen kritt hun.

    Reply

  6. Jo okay, dass e fir den Edwards gestëmmt hues ass richteg, wann s de dovunner ausgees, dass e fir heen als Vize gestëmmt huet, mee en huet fir hien als President gestëmmt, also war et net richteg. An deem Sënn häss de da Recht, do hu souguer 9 aus Minnesota richteg fir den Edwards gestëmmt, kloer.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s