Wann een elo alles zesummen rechend, da waar et eigentlech kloër vun Ufank un. Den Biden deen d’Reporter a senger cooler Manéier wollt vun sech oflenken a gesoot huet: “I am not the guy”. Dem Hillary Clinton seng Ausso geschter, dass hatt nii gesoot huet et wéillt iwwerhaapt VP ginn. Der Madame Sebelius hiet Ausso: “No. No. No. No.” a clever matgespillt gouf och vum Tim Kaine a vum Senator Bayh vun Indiana, déi sech alle béid geschter zereckgehaalen hun. Dunn de komeschen Schwenker eriwwer op Texas bei den Chet Edwards, déi alt erem wéider den Numm “Biden” vergiessen sollt.
Am spéiten Owend/fréie Moien dunn hun d’Medien sech als de Gewenner gesinn. Sie hun et erausfonnt. Als éischt! Nix waar et mat de Supporteren. Eng Dreckerei a Kansas dréckt “Obama/Bayh 08” Schelder. Mee och dat war geplangt. Dem Obama seng Campaign huet nämlech mat allen “Favoriten” Saachen drécke geloos.
An du mellt NBC News, dass den Bayh an den Kaine et net wäeren. Dunn huet alles erum un den Biden geduercht. An esou sollt et dann och sinn…

…well d’Email (oder SMS) vum Obama huet gesoot:

Tom —

I have some important news that I want to make official.

I’ve chosen Joe Biden to be my running mate.

Joe and I will appear for the first time as running mates this afternoon in Springfield, Illinois — the same place this campaign began more than 19 months ago.

I’m excited about hitting the campaign trail with Joe, but the two of us can’t do this alone. We need your help to keep building this movement for change.

Please let Joe know that you’re glad he’s part of our team. Share your personal welcome note and we’ll make sure he gets it:

http://my.barackobama.com/welcomejoe

Thanks for your support,

Barack

Den Senator Joe Biden soll dem Obama also hellefen an d’wäisst Haus zekommen. Zumools eng Reklamm aus senger Wahl-Campaigne 1988 (ewou hien seet, dass een als President et scho muss kennen. Et léiert een et net erréicht am wäissen Haus) an seng laang Zäit zu Washington DC als Senator wärten vun den Republikaner benotzt ginn fir den Obama/Biden Ticket “fäerdeg zemaachen”. Den Joe Biden helleft dem Obama awer och genee op deem Punkt ewou hien Schwächten huet: d’Auslandspolitik. An Amerika ass den Biden gudd ugesinn, waat d’Auslandspolitik ugeet. Hien huet zwar fir den Irak-Krich gestemmt gehaat, mee zenter 2007 scharf kritiséiert huet. Hien war den éischter amerikaneschen Diplomat deen op Tiflis gaangen ass fir den “Konflikt” teschend Georgien a Russland zestoppen. Den Biden ass méi aal an den Obama erhofft sech secherlech, dass den Biden him helleft d’Grupp “aal Männer” zereckzekréien, déi momentan op dem McCain seng Säit ginn. E wéideren Punkt den Biden ass zu Pennsylvania gebuer an et helleft vielleicht dësen Staat den 4. November blo zemaachen.

Eng vum Obama sengen Argumenter fir seng Regierung a säin VP: hien bréicht och Léit, déi net emmer senger Meenung sinn. Den Biden ass dann ewuel de richtegen Choix.

Haut de Mëtten gett den Biden zu Springfield, Illinois bei engem “major event” de Léit „firgestallt”. Mee egal op Biden oder net, gewannen muss den Obama am November. Oder ween erennert sech nach haut un den éischten Vice-President vun den USA? Nee? Dem Washington säin running mate? Deen alleréischten VP vun den USA? Komm schon… Jo, den John Adams!

[Den Metten/Owend ginn et hei d’Informatiounen iwwer “wéi” d’Amerikaner wielen a wéi een Staat wichteg ass an iwwerhaapt ween momentan vir ass.]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s