Sou während momentan mat Spannung op d’SMS resp. d’Email vum Senator Obama gewaard gett, hun ech dann elo mol e puer Saachen aus dem Wahlkampf erausgeholl, ewou vun den Medien och nemmen déi hallef Wouerecht gesoot gett – wann iwwerhaapt (cf. Obama an d’Relioun). Déi folgend Thema’en sinn déi die mir esou direkt elo an deenen läschten Deeg, Wochen a Méint opgefall sinn.

* Yes, We Can
Dëse Slogan vum Obama ass net vum Hillary Clinton komm, ewéi much Léit behaapten a wéi ech léider konnt am Teletext vun engem europäesche Sender liesen. De Slogan ass eigentlech “Sí Se Puede” an ass e Slogan vun den amerikaneschen Aarbeschter a Gewerkschaften an heescht eigentlech richteg iwwersaat “Yes, It Can Be Done”. Den Obama haat seng Form dovunner (Yes, We Can) schons bei sengem Waalkampf fir den Senat am Joër 2004 benotzt fir zewéissen, dass hien sech haaptsächlech well fir déi sougenannten “Main Street” asetzen. Dëst mécht hien och elo ewéi een un enger vu sengen läschte Reklammen konnt feststellen: “Middle Class First.” (als Äntwert op dem McCain säin “Country First”)

* Obama an d’Relioun
Eng aaner Saach, déi nawell ziemlech oft ugeschwaat gett, ass dem Obama seng Relioun. Opkomm ass dat Ganzt mat enger Email déi 2007 vun Republikaner (an anscheinend och e puer Matarbeschter vun der Clinton Campagne) ennert d’Léit gescheckt gouf. Den Obama wäer laut däer Email en Moslem an och säin Papp hätt däer Relioun ugehéiert. Den Obama ass awer e Chrëscht a säi Papp waar en Atheist. Eppes waat iwwerengs an Amerika nach emmer net esou richteg gäere gesoot gett, wëll d’Atheisten jo do och net besonneg gudd ugesi sinn. Den Obama kruut zwar schons Ennerstëtzung vun reliéisen Leaderen (e.a. an engem oppenen Bréif un déi amerikanesch Bevölkerung), mee d’Emailen an d’Aussoen vun (elo baal ausschliesslech) Republikaner zu dësem Thema bléiwen déi nämlescht. Leider greifen och ganz vill europäisch Medien déi Nooricht op a schréiwen dann –well et méi eng schéin Geschicht gett– dass den Obama en Moslem wäer.

* Bestiedniss vun Homosexuellen
E Punkt ewou ech net 100-prozenteg mam Obama eenz sinn ass seng Haltung bei den Bestiednisser vun homosexuelle Koppelen. Menger Meenung no missten och déi Koppelen d’Recht hun fir sech zebestueden an fir domatter déi nämlecht Rechter zekréien ewéi heterosexuell Koppelen. Mee den Obama ass an dësem Dossier net esou sturr ewéi den John McCain an d’Republikaner, déi dës Sort vun Hochzäit komplett ausschléissen well se “falsch” ass. Den Barack Obama wëll nämlech esou eng Aart Bestiedniss aféieren déi hei am Land als “paxen” bekannt ass. Et ass deen éischte Schrëtt an déi richteg Richtung. [OT: Wéini mécht Lëtzebuerg eigentlech deen zweete Schrëtt?]

* Gemeinsam Wielerforen
Den John McCain haat dem Obama kuerz no senger Victoire den 3. Juli ugebueden fir gemeinsam Wielerforen ofzehaalen, ewou d’Léit den Kanidaten einfach esou an direkt eraus kennen Froe stellen. Dem Obama seng Campagne huet “Nee” gesoot, waat dunn och an der europäischer Press kritiséiert ginn ass an als “ondemokratesch” duergestallt gouf. Mee den Obama huet net “Nee” gesoot, well hien dem McCain net wëll géigeniwwer trieden, dat muss hien souwisou den 26.9, den 7.10 an den 15.10 bei den offiziellen Debaten maachen, den Obama wollt dëst net, wëll d’Käschten gedeelt giffe ginn. A wëll den McCain manner Suen erakritt (an d’Milliounen vun den Lobbyisten fir Reklammen mat falschen Beschellegung benotzt ginn), hätt den republikanesche Kanidat esou kéinnten sengem Géigner Suen aus der Täsch zéien.
Den McCain huet zesummen mat der RNC vill méi Milliounen um Konto ewéi den Obama mat der DNC, déi jo keng Milliounen vu grousse Firmen unhuelen. Dofir huet hien Nee gesoot, wëll hien seng Suen net dofir wëll notzen fir dem aaneren seng Optrëtter (mat)zefinanzéieren. E wéidere Punkt deen net erwähnt gett ass, dass den McCain och mat den gemeinsamen Wielerforen vrun enger Mass vu Léit giff schwätzen, déi hien soss ewuel net esou séier kéinnt unzéien. Fazit: Esou een Forum wär fir den Obama keng “Win-Win Situation” an nemmen den McCain giff dovunner profitéieren.

* “sweetie” vs. “cunt”
Jo, den Obama huet 2 Journalistinnen “sweetie” genannt woufir hien sech och endschellegt gehaat huet. Mee wann een d’Kierpersprooch an den Tounfall a béiden Fäll (déi 2 Saachen maachen schliesslech 93% aus vun deem waat e Mensch gesoot huet. D’Schwätzen u sech mécht nemmen 7% aus!) waar “sweetie” ewuel éischter direkt als e léiwt, kléngt Kompliment geduercht.
Beim John McCain a sengem “cunt” (géigeniwwer senger Fra) konnt een un der Reaktioun ganz kloër gesinn, dass den McCain dëst net wollt als Fro gestallt kréien an och de Faite, dass hien ganz hektesch probéiert huet dat Ganzt erem “gudd” zemaachen an de Faite, dass hien d’Fro ob hien et dann elo wirklech gemaach huet, carrément net wollt beäntwert huet, wéisst ewuel éischter dorops hin, dass déi ganz Saach stemmt. (Interessant ass och dass dëst vun engem konservativen Paschtouer komm ass). Déi Léit déi mengen den John McCain huet dat Wuert – als gudde Chrëscht– net a sengem Vocabulaire, sinn eppes Aanescht gewuer ginn, ewéi hien op engem “Town hall Meeting” op eng Fro iwwert d’Economie d’Wuert „credit cunt” benotzt huet.

* Iwwerwaachung
Dëst ass e Punkt ewou ech mam Obama net averstaanen sinn a säin Vote guer net gudd fonnt hun. Domatter sinn ech net alleng, wëll den Obama huet sech missten vill Kritik vun sengen Supporteren (esouguer op senger eegener Säit) gefaale missten. Villeicht ass dat dat déitlechst Beispill, dass den Obama och “nemmen” e Mensch ass och wann hien vun den Medien als den Messias beschriwwe gett. Falsch ass awer de Faite, dass den Obama komplett géint déi Iwwerwaachung vun Ufank un waar. Den Obama war beim éischte Vote net präsent an huet et fir gudd fonnt, dass nach e puer Méint misst driwwer diskutéiert ginn. Erreicht kuerz vrum 2. Vote huet den Obama seng Entscheedung geholl. Op däer aanerer Säit huet den John McCain sech enthaale gehaat an Enthalungen hellefen bekanntlech och bei knappe Resultater der Majorität (an dësem Fall der “Jo”-Säit).

* Offshore Oil Drilling
Jo, den Obama wëll no Uelleg bueren ewéi déi meescht vun iech secherlech iwwert Zeitung oder Internet wëssen (oder duerch dem Thierry säin Kommentar :)). Mee eigentlech hun déi zumools konservativ Medien an den USA (“FOX News” bspw.) nemmen eng kléng Halleschend vum Obama senger Aussoe erausgeholl. Op d’Fro hin, ob hien elo komplett géint Offshore Oil Drilling wäer, huet den Barack Obama mat “Nee.” geäntwert, mee et misst kloër sinn, dass dës Aart vun Energiegewennung nemmen e kléngen Deel dierft duerstellen. D’USA missten, esou den Obama wéider, op “ernéierbar Energien” setzen. Genee op déi huet den Obama schons zenter méi laangem gesaat an huet schons vrum “Inconvenient Truth” déi ernéierbar Energien an sengem Bundesstaat gefördert. Hien huet schons vrun e puer Joëren op “greng” Energie gesaat, hien setzt sech elo grouss dofir an a wëll et och an d’Zukunft maachen. E Beispill: a sengem éischte Joër als Senator (an 1 Joër ier den Al Gore Film erauskomm ass) huet den Obama sech fir den Energy Policy Act staark gemaach wéinst der Verbesserung vun alternativen Energien an schlussendlech huet hien dann och am Senat fir den “Energy Policy Act of 2005” gestemmt. Dëst huet et méiglech gemaach fir méi alternativ Energien zebenotzen. E gett e.a. Stéierreduktiounen fir déi déi op Wandenergie setzen oder aaner “greng” Energiezorten. Den Obama huet och iwwerengs den Support vun honnerten vun Environmentalists.
Am Energieplang vum McCain geet erfiir dass hien d’Unzuel vun den Atomreaktoren an Amerika “minimum verduebelen” [sic!] well an Offshore Oil Drilling grouss zepraktizéieren. Dëst huet hien dës Woch bei enger dementspriechender Visit nach eng Kéier gesoot gehaat.

* Irak
Oft gett gesoot den Obama hätt jo guer net géint den Irak-Krich gestemmt. Jo dat stemmt. Mee dat léit dorunner, dass den Obama zu dem Zeitpunkt nach nemmen e “klengen” Member am “State Senate” vun Illinois waar. Et ass awer e Faite, dass hien den Krich schons Méint ier en ugefaangen huet (am Oktober 2002) als en “blöde Krich” bezeechend huet an dofir gekämpft huet, dass en net soll stattfannen, well et een “war of choice” wier an et den Amerikaner net giff besser goen, wann se en gewannen.

Wann ech dann och esou verschidden Gesprächer vun de Léit hei gelauschtert hun, ass irgendwéi hei an Europa d’Nooricht eriwwerkomm, den Obama wäer fir en direkten kompletten Ofzuch aus dem Irak. Dëst ass awer net de Fall an hien huet schons zanter iwwert engem Joër gesoot, dass hien als President déi amerikanesch Truppen bannen 16 Méint giff zereckhuelen. Hien wäert also lues a lues d’Truppen ofzéien an domatter der irakescher Regierung och d’Méiglechkeet ginn fir lues awer secher eng komplett Kontroll an hierem Land zehun. Beim Obama senger Visit am Irak d’läschte Mount haat den irakesche Präsident dem Obama säin 16-Méint-Plang gudd geheecht a gesoot, dass dat dat Bescht wäer fir säi Land.
Den John McCain huet jo bekanntlech geäussert wéillten 100 Joër am Irak zebléiwen, och wann den irakesche Präsident dat net wéillt.

* Afghanistan
Jo, den Obama wëll méi Präsenz an dësem Land wéissen a fuerdert och méi Truppen vun deenen aaneren NATO-Länner. Mee wann een sech déi aktuell Situatioun am Afghanistan ukuckt ass dat nemmen verständlech. Et ass elo méi schlemm ewéi vrun 2001, an d’Taliban fänken erem un Afghanistan zereck z’eroberen. Dass et momentan am Süden zu deenen schlemmsten Kämpf zanter Ufank vum Krich kennt ass bekannt a momentan sinn och praktesch nemmen e puer amerikanesch Truppen déi sech em dës Regiounen kemmeren. Mee och do waar d’Visit vum Obama an Europa d’läschte Mount gudd fir hien. Esou ass d’Madame Merkel, den Häerr Sarkozy an den Häerr Brown dofir fir méi Engagement am Afghanistan zemaachen. An och den briteschen Oppositiounsleader Cameron schéngt den Obama e besschen iwwerzeegt kritt zehun.
Den Barack Obama huet sech iwwerengs och schons am Oktober 2002 dofir ausgeschwaat fir am Afghanistan zebléiwen, wëll d’Amerikaner mat der Hellef vun sengen Partneren deen Krich muss wannen. An zumools duerch de Krich am Irak, deen vum McCain matgedroen gouf, ass d’Situatioun esou dramatesch gekippt. An eng besser Situatioun am Afghanistan wäer ewuel och gudd fir déi ganz Regioun.
A firwaat europäisch Truppen? Wëll d’Taliban offiziell als Täter vum 11. September genannt goufen. Sie hun deen Daag en NATO-Staat ugegraff an dëst huet als Konsequenz, dass alleguerten déi aaner NATO-Staaten, deem Land helleft.

* Doudesstroof fir Kannerschänder
Bei dëser Saach stinn ech vielleicht elo e besschen alleng hei, mee och do muss ech zum Deel fir den Obama (an den McCain d’ailleurs) schwätzen. Vrun e puer Wochen gouf et e Vote am “US Supreme Court” iwwert Doudesstroof fir Kannerschänder. 4 fir d’Doudesstroof a 5 dogéint. Den Obama an den McCain hun d’Uertel schaarf kritiséiert. Wann een awer bedenkt, dass déi meescht Kannerschänder an hierem Liewen 20, 30, 40 oder esouguer 100 Kanner sexuell messbrauchen AN dass den Taux vun deenen déi erem zereckfaalen nodeems se dann “geheelt” goufen bei 40% léit (esou een héischen Taux gett et bei kengem aaneren Verbriechen), ass d’Reaktioun schons e besschen méi verständlech. Dass der Justice an der Politik ganz oft d’Hänn gebonnen sinn hei an Europa, huet jo e Fall an Däitschland vrun 3 Woche gewissen. A wann ech mech richteg erenneren huet och den Minister Frieden gesoot, dass hien net wéisst waat ee soll mat Kannerschänder maachen nodeems déi hier Stroof ofgesaat hun an nach net “geheelt” wäeren.
Dëst ass secherlech e kriteschen Dossier a béid Säiten sinn ewuel esou vun hierer Säit iwwerzeegt. Mee ech wollt heimadder nemmen e puer Fakten emol mat eran an d’Spill brengen. Villeicht gesinn verschiddener vun iech dëst dann elo och e besschen aanescht. A vun den Problemer déi d’Kanner nach 50 oder 60 Joër deno hun (an ech mengen net nemmen déi physokolgesch, et kann och zu medizineschen Problemer, also Krankheeten, féieren an och do net nemmen Geschlechtskrankheeten) hun ech elo hei jo mol nach guer net geschwaat.
Den Obama ass net komplett fir d’Doudesstroof, waat schons en Ennerscheed zu sengem Géigner ass, hien fennt jhust, wann e Mensch Kanner vergewaltegt an/oder embruecht huet misst d'”Öffentlechkeet” Recht hun fir Doudesstroof fir dëse Mann zefroen. An Betruecht muss een do ewuel och zéien, dass den Obama 2 Meedcher huet an dass laut Statistiken all 3,6 Meedchen an Amerika minimum 1 Mol a sengem Liewen sexuell mëssbraucht gett/ginn ass.

* Schwätzen mat “Feinden”
Dofir gouf den Senator vun Illinois och schons vernannt, mee d’Geschicht wéisst dass den Obama do éischter Guddes ewéi Schlechtes mécht. Den President Kennedy huet mam russesche Präsident geschwaat (no der Cuba Kriis), hätten hien et net gemaach wäere mer wahrscheinlech haut net méi hei an du giffs mäin Blog net liesen. Ech well den Obama elo net als deen néie Kennedy bezeechnen, mee an deem Punkt sinn se gläich. Wann een dann elo déi atuell Situatioun teschend Amerika a Russland gesäit, wäer esou ee President wahrscheinlech och net schlecht fir Europa. Den John McCain op däer aanerer Säit huet schons e puer Mol ugekennegt Russland wéillten aus dem G8 erauszegehéien, waat ewuel net besonneg gudd fir d’Relatioun wäer.

* Iran
Jo, den Obama wëll och mam iranesche Präsident schwätzen. Waat ech och ennerstëtzen. Et muss een zwar ganz gudd op den Iran oppassen, mee momentan glëwen ech einfach, dass d’Schwätzen méi bréngt ewéi e Krich, deen den McCain a Betruecht zitt.
(Dozou wëll ech och jhust nach eng Saach soen, waat vill Léit leider net wëssen. Den Ahmadinejad ass NET deen deen e Krich vum Iran géint en aanert Land kann ausruffen. Esou eppes ass dem Präsident vum Iran laut der iranescher Verfassung net erlaabt. Den Ahmadinejad gett jhust vun den Amerikaner an den Europäer (an den jeweilegen Medien) benotzt fir den Iran bildlech besser duerzestellen. Fir dass de Lieser emmer direkt den Iran mam Ahmadinejad verbennt an mat engem Krich. E Krich vum Iran kann laut hierer Verfassung nemme vum “Supreme Leader” ausgeruff ginn. Aktuell wäer dat dann den Ayatollah Ali Khamenei.)

Dëst sinn mengen ech d’Haaptthemaen, déi an deenen läschten Wochen a Méint ronderem den Obama an iwwerhaapt ronderem den amerikanesche Waalkampf gaangen sinn. Ech sinn en Obama Supporter duerch an duerch an mäin éischten Post ass schlussendlech eischter iwwert meng Begeeschterung gaangen ewéi iwwert d’Themaen. Sorry.

Den Obama ass definitiv een, deen Amerika helleft an domatter och Europa. D’Geschicht huet et gewissen, wann d’USA gudd Zäiten haaten, ass et eis Europäer gudd gaangen. An den Obama wëll sech haaptsächlech em déi US-amerikanesch Politik beméien. Esou soll d’Schoul reforméiert ginn (déi ass do nach méi schlecht ewéi hei, stellt iech dat emol fir) an och d’Studente sollen finanziell ennerstëtzt ginn fir op d’Uni zegoen. An och d’Betrieber sollen an den USA gehaale ginn fir dass déi us-amerikanesch Industrie erem ugekurbelt gett. (Momentan kréien d’Firmen Suen wann se hier Firma an d’Ausland versetzen a jhust nach den Haaptsëtz an den USA ass!)
Dass den Obama et net wäert einfach kréien ass him a villen aaneren bewosst. Zumols den Rekord-Defizit vum President Bush hällt hien ewuel dovunner of déi grouss Reformen schons den 20. Januar zestarten. Mee och do wéisst d’Geschicht, dass et den Amerikaner eigentlech emmer vill besser gaangen ass, wann se en Demokrat un der Spëtzt haaten. Déi hun nämlech e grousst Plus hannerloos, waat dann vun engem Republikaner benotzt gouf fir erem e Minus dohinner zeschréiwen. An och den President Bill Clinton huet missten en Defizit vun 300 Milliounen US-Dollar ewech maachen an hien ass jo haut awer nach emmer gudd ugesinn fir déi Politik, déi hien vun 1993-2001 gemaach huet. An och d’Europäer konnten mat enger besserer us-amerikanescher Economie besser liewen.

Verschiddener wäerten elo vielleicht soen, dass den McCain déi Saachen och uschwätzt. Jo, dat stemmt. Déi meescht vun deenen Dossieren interesséieren den McCain awer erréicht zanter kuerzem. Esou fennt hien erréicht zanter e puer Méint, dass Washington “broken” ass an dëst schons 30 Joër laang. Dass hien dat Spill awer schons 25 Joër matgespillt huet gett vun den Republikaner net gesoot. Den John McCain ass fir eng besser Educatioun, mee huet nach e puer Méint vrun senger Kanidatur behaapt, dass “No Child Left Behind” och vill Guddes gemaach huet. Den Obama selwër huet sech schons als “community organiser” fir eng besser Educatioun agesaat, genee esou ewéi als State Senator an zanter e puer Joër dann eben och als US-Senator.

Falls ech sollt eng Saach vergiess hun, déi der héieren oder gelies huet kennt der mer se gäeren an d’Kommentarer schréiwen an ech wäert probéieren d’Saach zekommentéieren. Eent, an dat soen ech elo direkt, ech kommentéieren keng Buch-Zitater, déi iwwert den Internet verbreed goufen. Verschidden “Zitater” aus dem Obama sengen 2 Bestselleren “Dreams From My Father” an “The Audacity of Hope: Thoughts about Reclaiming The American Dream” stungen nii esou a sengen Bicher. An och d’Buch “Obama Nation” kommentéieren ech net. Dat Buch, waat vum nämleschten Auteur geschriwwen ginn ass, deen vrun 4 Joër Liigen iwwert den Kerry an engem Buch verbreed haat, ass voll mat falschen Tatsaachen. E Beispill? Gäeren. Am Buch selwer steet zum Beispill, dass den Barack d’Michelle 1995 bestued huet. Do waaren d’Obamas awer schons 3 Joër bestued. Wann esou eng Informatioun schon net stemmt…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s