Change vs. Hope. Dat ass ewuel de Kampf em den Titel an der Kategorie “Wuert vum Joër 2008”. Ech glëwen, dass “Change” gewennt. A genee dat Wuert huet den Barack Obama grouss erausbruecht. Wéi soot hien nach virun e puer Méint: “Everybody is talking about ‘change’ these days”. An esouguer den McCain huet de Léit erklärt: ‘This is a change election. (…)We have to choose between the “right” change and the “wrong” change.’ Dass den McCain net fir Verännerung steet hun ech schons hei geschriwwe gehaat an och seng Fuerderung, dass Russland misst aus dem G8 erausgehéit ginn, sinn ewuel net déi “richteg Verännerung”, déi Amerika an d’Welt brauch.

Dass den Obama schons Verännerunge bruecht huet dat wéisst d’Geschicht. An ech mengen domatter net de Faite dass den Obama deen éischte Schwarzen ass deen vun enger “major party” an Amerika als Kanidat gewielt gouf/gett. Nee, ech mengen domatter zum Beispill seng Internetsäit. Hien huet op dëser séng Kanidatur am Januar 2007 bekannt ginn. Huet am Abrëll 2007 seng Kampagne per Livestream do gestart. Huet eng Social Network Säit draus gemaach. My.BarackObama.com gouf vun engem Matgrënner vu Facebook opgestallt. An och schons virdrun als “einfachen Senator” huet den Obama schons op déi néi Medien gesaat. Hien haat du schons säin eegenen Podcast.
Séng Aktiounen op sénger Säit fir Suen bei de Léit zesammelen sinn emmer esou e grousse Succès an déi eenzel “Zieler” (Beispill: 10,000 néi Léit déi spenden) ginn an Rekordzäiten erreecht. An och bei den Unzuel vun den Blogs dierft sech den Obama wuel net beschwéieren. Op Facebook ass hien och souguer deen eenzegen, deen iwwert 1 Millioun Fans huet. Keen Sänger, keng Band, kee Sportler huet souviel Fans op Facebook ewéi den Senator vun Illinois. An och op YouTube ginn séng Video ziemlech oft ugekuckt an d’Musëksvideoen vum “Will.I.Am” „Yes, We Can” an „We Are The Ones” goufen e puer Milliounen Mol gekuckt. Den Obama huet et also fäerdeg bruecht fir den Internet an den politesche Prozess z’integréieren ewéi et soss nach nii engem Politiker gelongen ass.

Dass den Barack Obama och alt emol gäeren Saachen kritiséiert wann et net populär ass, huet hien 2003 bewissen ewéi hien zesummen mam Senator Dodd den Krich am Iraq als “blöde Krich” ofgestempelt huet.
Ech selwer hunn den Obama fir déi éischte Kéier op der Democratic National Convention 2004 gesinn. Do huet hien d’Keynote vun dem Kerry senger Convention gehaalen, a waat fir eng. Bannend e puer Minutten nemmen schwätzt hien d’Fehler vun den Amerikaner un. Kuerz nom Kerry senger Défaite géint den George Walker Bush, hun ech mech dunn nach eng Kéier emgekuckt noom Obama. Zenter November 2004 verfollegen ech also seng Karriere an mat den Haaptpunkten fir déi hien sech bis elo agesaat huet kann ech (bis op e puer ewéi bspw. Iwwerwachung vun den Léit, keng ganz Legaliséierung vun der Ofdréiwung) duerchaus d’accord sinn.

Den Obama hellt keng Suen vun Lobbyisten un a kruut seng Partei dozou och keng méi vun dëse Léit unzehuelen. Esou eng Décisioun ass zwar “risky” awer ewuel ganz gudd fir d’Bierger. Hien huet vrun e puer Stonnen iwwerengs säin 2 Milliounsten Spender begréisst. Schons ewéi hien d’Millioun ereecht haat, haat den Junior Senator vun Illinois e Rekord gebrach an seng 51 Milliounen US-Dollar, déi hien am Juli gesammelt huet sinn direkt an Reklammen gaangen. Well obwuel den John McCain net esouvill Suen sammelt, d’RNC kritt Milliounen vun Lobbyisten a benotzen déi fir “knaschteg” Reklammen. (Déi Reklammen goufen vun allen neutralen an natiirlech och vun den demokrateschen Medien esou genannt. Deen eenzeg grouss Chaine déi dëst net gemaach huet war “FOX”. Wonnert een dat?)

Et ass fir mech natiirlech elo méi schwéier fir iwwert den Obama ganz objektiv vielleicht zeschréiwen, well ech eben seng Karriere zenter 4 Joër elo verfollegen an schons deemols gehofft hun hien giff enges Daags President ginn. Sou loosen ech mer et och net huelen fir amerikanesch Frënn iwwert hien z’informéieren. Waat elo vielleicht blöd kléngt, mee heiandsdo kréien ech esouguer vun deenen onvirstellbar Froen iwwert den Obama gestallt. Natiirlech sinn ech dann och frou, wann ee mer seet ech hätt hien vum Obama iwwerzeegt. (Dat ass schons elo méi ewéi 1. Kéier virkomm) Vielleicht Ganz sécher rappt den Obama mech och mat well hien genee déi Jonk uschwätzt waat (ewuel och wéinst sengem Alter) den McCain net mécht. Den Obama ass net nemme méi jonk, mee bréngt och Thema’en eran déi déi Jonk interesséieren. Seng “Campaign” huet zwar schons extrem vill jonk Matarbeschter, mee trotzdem huet den Obama et sech net huele geloos Vakanzenjobs auszeschréiwen. Studenten, déi an de Summerméint wéillten fir seng Campagne schaffen, hun sech missten bei him mellen. Anscheinend huet déi Aktioun grousse Succès kannt. A wann een dann folgenden Video gesäit aus der “Students for Obama”-Campagne wëes een firwaat:


Am Ufank hunn d’Journalisten an d’Republikaner (a verschidden Demokraten) den Géck mam Obama gemach, well hien séch giff op déi Jonk verloosen déi jo “souwisou nii erauskommen a wielen”. Mee ewuel den “March for Change” an de Virwaalen wäert hinnen et jo endlech agetrichtert hun. Déi Jonk hun eng Meenung an déi Jonk ginn och wielen.

Dem Obama seng Relatiounen zum Paschtouer (deen Amerika fir den Terrorismus an der Welt verantwortlech gemaach huet) goufen am Mäerz scharf kritiséiert. An ewuel och seng Aussoe, dass Jerusalem emmer wäert zu Israël gehéieren an nii dierft gedeelt ginn, hun och vill Léit (zumools an Europa) e beeschen roosen gemaach. Mee de Problem ronderem Israël, Palestina a Jerusalem ass vill méi komplizéiert ewéi verschidden Léit mengen. Ganz un Israël wëll keen (Europäer), ganz un Palestina wëll keen (Amerikaner an och verschidden Europäer sinn dogéint), Trennen wëll och keen. An d’Léit vun deenen 2 Länner sinn dann och emol nach net gefroot. Mee dëst ass schons erem en aaneren Post wäert.

Den jonken Obama wees awer och dass hien séng Fra am Waalkampf kann asetzen. Esou huet sie am Januar zu Delaware ewuel ganz sécher eng vun deenen beschten Rieder iwwerhaapt ginn. An d’Michelle, waat eigentlech guer näischt direkt mat Politik um Hutt huet, gouf schons vun Supporteren gefroot, ob hatt dann net wéillt 2016 (nodeems den Barack 8 Joër President wäer) Presidentin wéillt ginn. Mee bis dohinner ass et nach e wéite Wee…

…fir d’éischt wäert den Obama säin “running mate” bekannt ginn. An och do ass der Equip vum Obama e wéidert Konschtsteck gelongen. Et kann een sech nämlech per Mail oder per SMS aschréiwen fir d’Nooricht ween dann elo dem Obama säin VP soll ginn als “éischt” op den Handy resp. an d’Mailbox gescheckt kritt. Verschidden Republikaner hun déi Saach op hieren Blogs als “blöd” duergestallt. Mee wann een e besschen iwwerleht, gesäit een d’Ziel vum Obama: d’Léit ginn et “vun him” gewuer op eng méi perséinlech Art a Wéis ewéi dat soss de Fall ass, AN d’Léit wäerten et dann direkt wéider soen schliesslech wäert et deen Daag an den USA soss näischt Aneschteres ginn ewéi den Obama a säin VP.

Stellt der folgend Situatioun fir: den Obama kennegt an der Mettesstonn un dass X säin VP wäert sinn an hien hällt um 8 Auer Owes eng Ried zesummen mam X. Well et um 12 Auer Mettes ass sinn d’Léit an de Restauranten a kréien hier SMS geschéckt an direkt fänken se un iwwert den Obama an säin running mate zediskutéieren. No e puer Sekonnen ass iwwerall eng Diskussioun am Gaangen. An wann et klappt, sinn villeicht esouguer Léit, déi sech e RDV ginn fir d’Ried Owes zesumme LIVE zekucken.

Genee dat ass deen néisten “Geniestreich” vum Obama. Gett hien et “einfach” iwwert Télé bekannt, ginn et deen Daag selwer heechstens Gespréicher an der Famill. Virun esou engem Geniestreich misst ee scho baal den Hutt zéien.

Ween gett VP?
Mäin perséinlechen Favorit ass leider elo eraus, well d’Amerikaner nach emmer gäeren iwwert d’Privatliewen vun engem Politiker schwätzen. Natiirlech wollt ech den John Edwards. Hien haat mir schons vrun 4 Joër gudd gefall an ewéi hien Ufank Juni an enger super Ried den Obama zu Michigan ennerstëtzt huet, waar menger Meenung no (an do waar ech net alleng) “eppes do”. Den ganz bestemmten Karisma, deen muss do sinn, waar präsent. Mee bon, den Edwards ass also elo eraus 😦 an d’Chance vum Hillary Clinton stinn och net esou gudd do. Schliesslech haat d’Madame Clinton an de Viirwaalen eng vun hieren “groussen” Managerinnen erausgehéit. Den Obama huet dës Madame dunn enner Contract geholl fir genee déi Tache bei sengem running mate zemaachen. A wann een sech de Programm vun der Convention (25. bis 28. August) ukuckt, fällt op dass d’Hillary Clinton schons eng Ried do wäert ginn, hier dann eng Ried vum “Obama’s running mate” virgesinn ass. Et ass ewuel scho guer net unzehuelen, dass d’Madame Clinton 2 Rieden op däer Convention wäert ginn.
Momentan hoffen ech wirklech dass d’Madame Kathleen Sebelius (Governor vu Kansas) dem Obama säin VP wäert ginn. Gudd Chancen huet se an hieren Numm ass net erréicht zenter hieren Ennerstetzung vum Obama (Ufank Februar) am Krëes vun den “Favoriten” gelaaf.

Mee bon spéistens den 25. August wesse mer all méi. Dann nämlech fänkt den Parteidaag vun den Demokraten un. Um 4ten a läschten Daag ass et dann dem Obama seng “Acceptance Speech” déi hien net vrun den Delegates mee vrun 75,000 Léit am Football-Stadion zu Denver wäert ginn. Ween bis den 31. Juli $5 oder méi iwwerwissen haat, huet esouguer d’Chance ausgewielt zeginn (et wäerten der 10 sinn) déi den Obama hannert der Bühn besiche ginn.

Zum Schluss dann vielleicht nach e gudd Omen fir den Obama. Den Senator Robert “Bobby” Kennedy soot 1968, dass wann Amerika esou wéider mécht ewéi an deenen läschte Joëren, dann ass et méiglech, dass e Schwarzen a 40 Joër sengem Bruder John säin Beruff kéinnt ausféieren (also gewielt ginn). 1968+40=2008 an den Obama gouf jo schons méi ewéi nemmen eng Kéier mam Bobby Kennedy verglach. Mee bon, d’Zukunft wäert wéissen op een vu mengen Lieblingspolitiker (obwuel ech en net materliewt hun) wäert mat senger Prognose Recht behaalen.

A well den “Election Day” elo jhust nach manner ewéi 80 Deeg ewech ass wäer ech hei op dëser Platz all Weekend eng Analyse iwwert den Waalkampf schréiwen mat den aktuellen Emfroën, waat alles an der Woch geschidd ass…

Vir haut waar et dat dann awer. Mee ech wëll dësen Post net einfach esou ophaalen, nee ech wëll iech déi “beschten” (Zitat vun verschidden rep., indep. an dem. US-Politblogger) Reklamm vum Obama an dëser Campagne net fir enthaalen.
Bis d’nächste Weekend.

[Ech wëll Iech dann elo och hei froen, ob ech soll déi aaner Kanidaten vun dëse Wahlen och firstellen oder ob ech et net soll maachen, wëll jhust den Obama an den McCain reel Chancen hun an d’wäisst Haus zekommen. Merci fir äer Äntwert.]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

12 Comments

  1. Offshore Drilling: Beim McCain muss ech guer net no Engpäss kucken, well do ginn et (op kuerz Sicht) keng. Hien setzt sech voll fir d’Offshore Drilling an. Bei him ass sech nix mat grenger Energie. Ech wëes net ewéi et mat dir ass, mee ech wëll och an 10 oder 20 Joër an enger Welt liewen, déi proper ass. Wann d’USA net op “greng” setzt, dann ass deen Draam ausgedreemt.

    Debatt: Hues de Angscht, dass de verléiers? ;P 😀

    Reply

  2. […] bueren ewéi déi meescht vun iech secherlech iwwert Zeitung oder Internet wëssen (oder duerch dem Thierry säin Kommentar :)). Mee eigentlech hun déi zumools konservativ Medien an den USA (”FOX News” bspw.) […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s