Hun ech hei nach gehofft, dass et net esouwäit giff kommen, wëll ech dann elo d’Lieser vu mengem Blog am 2. Kaale Krich begréissen.
D’Politologen hu schons am Fréijoër an all (politesch) Zeitung iwwert déi aktuell Laag teschend deenen 2 Weltmuechten gewarnt a gesoot dass et kéinnt dëse Summer zu engem schroen Konflikt kommen. An spéistens no der UN-Sécherheetsrootsetzung, ewou d’USA an d’Russen sech géigenseiteg vernannt hun ewéi zanter dem (éischten) Kaale Krich net méi: Op se net méi gudd giffen héieren, op se iwwerhaapt giffen eppes matkréien waat ‘wirklech’ giff laafen… hun dunn ewuel alleguerten d’Léit den Politolgen zougestemmt: ‘Dat heescht näischt Guddes fir d’Zukunft!’

An elo den 14. August 2008 ass d’Loft teschend Russland an den USA esou dënn, dass een schons ufänken muss mat zidderen. Russesch Oweszeitung hun haut getitelt, dass dat gudd Verhältnis teschend den USA a Russland elo eriwwer wäer. Dëst kennt nodeems den GW Bush ugekennegt haat amerikanesch Truppen fir “humanitär Hellef” an d’Krisegebidd zeschecken. Momentan maachen se och “nemmen” humanitär Hellef, mee sie sinn do an dat geet de Léit aus dem Kremel guer net. An dann hun d’Amerikaner dann haut och hieren Vertrag mat Polen (no 2 Joër Stellstand) ofgeschloss fir bis 2012 zéng Ofwierrakéiten a Polen z’installéieren. (méi)
Dëst ass ewuel eng ganz kloër Warnung u Russland. Vielleicht als kléng Erennerung: den Vladimir Putin huet bis elo gesoot, dass wann déi Rakéiten opgestallt ginn, da stellt hien Rakéiten op séng Grenz Richtung Europa hin.

Ass mam Georgien-Konflikt de Krich erem zereck an Europa komm, sinn d’Europäer elo erem “mittendrin statt nur dabei” (och wann dat e Sproch vum DSF ass, passt dat hei dran). Bonne Chance u jiddereen!
An ech giff mer wenschen, dass esou Léit déi op de Wahlleschte stinn, an sech gäeren Politiker oder esouguer “Spetzepolitiker” nennen, endlech ufänken richteg eppes zemaachen. Verschiddener setzen jo nach emmer an hierer Vakanz.

Elo ass d’Zäit do fir ze handelen.
Elo ass d’Zäit do fir sech endlech zeprofiléieren.
Elo ass d’Zäit do fir endlech eppes zemaachen.
Elo ass d’Zäit do fir am Interet net nemmen fir d’Bierger vum eegenen Land, mee fir all Bieger vun dëser Welt zehandelen an zeschaffen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s