Russland hätt sech keen besseren Daag ewéi den 8. August 2008 kéinnten eraussichen fir seng Attack op Georgien zestarten. Während ewuel Milliounen vu Léit d’Aan virun den Menschenrechtsverstéiss, déi China an deenen läschten Joëren, Méint an Deeg gemaach huet, zougemaach hun an d’Eröffnungsfeier zu dem gréissten “Sportsevent vum Joër” gekuckt hun, huet sech e puer Honnert Kilometer westlech vun Beijing eppes ofgespillt, waat ewuel net nemmen den Autoritéiten do de Kapp zerbrecht.

Russland marschéiert a Georgien an fir d’Sécherheet do zestärken. Mee jiddereen, deen sech e besschen fir déi Situatioun vun a ronderem Russland interesséiert, wëes dass dëst net iwwer Nuecht geplangt gouf. Russland haat schons Problemer domatter ewéi dat kléngt Georgien vrun enger Zäitchen Member vun der Nato wollt ginn. D’Nato kéinnt sech momentan duerchaus virstellen Georgien opzehuelen. Mee dat wëllen déi russesch Autoritéiten net. Sie wëllen keng Nato-Länner an domatter Frënn vun den “aalen” Feinden USA vrun der Hausdier stoen hun. Mee eigentlech hun se däer schons duerch d’EU-Osterwéiderung am Joër 2004. A wéi soot den Maître Gaston Vogel am Débat mam Ausseminister Jean Asselborn (fir d’EU-Constitutioun) esou schéin, dass Europa zesumme mat den Amerikaner e geféierlecht Spill mam russesche Bierger spillt an “wann de russesche Bierger dann eng Kéier erwécht, a mierkt dass e keng Beweegung méi ka maachen, da klaackt et!”.

Je, et schéngt ewéi wann de russesche Bierger zenter e puer Méint erwécht wier. Spéistens seit dem Abrëll ewou Russland d’Onoofhengechkeet vun South Ossetia (en Deel an Georgien) unerkannt huet. Dëst koum als Konsequenz zur Unerkennung vum Kosovo am Ufank vum Joër. Russland wéist gäeren erem wéi staark d’Muskelen an deenen läschte Joëren gewuers sinn. An a Russland sëlwer leeft d’Propaganda schons zanter e puer Deeg, esou dass d’Russe mengen sie missten déi russesch Bierger, déi am South Ossetia wunnen, ‘retten’.

Am Ufank gouf emmer nemmen vun der Sécherheet geschwaat, mee esouvill Panzeren, Zaldoten an Arméisfliegeren ginn ewuel net nemmen fir d’Sécherheet vun deser klénger Provenz genotzt. E grousse Problem gett et awer och nach (ewéi wa mer der elo net schons genuch hei hätten). Déi georgesch Arméi gett vun der us-amerikanescher Arméi trainéiert! [Dofir och den Titel vun dësem Post].

Laut der russescher Télévisiounschaîne “Vesti-24” ginn et zanter enger gudder Stonn Kämpf teschend béiden Arméien. D’US-Presidentschaftskanidaten John McCain an Barack Obama waaren sech haut ob dësem Dossier eenz an hun Russland obgefuerdert Georgien zeverloosen. D’Nato, d’UN an d’EU fuerderen e Waffenstellstand. Mee et kennt ewuel alles drop un ewéi déi aktuell amerikanesch Regierung em den George W. Bush reagéiert. Do sinn sech d’Politologen jiddefalls eenz. Agréiffe muss Amerika. Et kennt awer op eppes aanescht un: wéivill gréiffen se an?
Zevill an Medvedev a Putin kéinnten d’Propaganda Maschinn géint d’USA erem uwerfen. An dann kéinnt sech demno wéi och den Iran erem mëllen, déi jo an der läschter Zäit öfters mat Russland enger Meenung waaren.
Ze wéineg? Dat heescht ewuel dass Georgien d’Hoffnung op Demokratie erem giff opginn. Wann emol net déi Natioun hinnen helleft, déi dach all Daag behaapt genee déi Werter an der Welt zeschutzen. An Georgien giff 100 prozenteg den ‘Konflikt’, ewéi en momentan nach frendlecherwéis wéinst politesche Grënn genannt gett, verléieren. An och dee Message kéinnt Länner ewéi dem Iran mutt ginn fir eegen “Aktiounen” ze ennerhuelen.

Georgien huet schons e puer Mol haut no auslännesch Hellef gefroot. Mee wéi ee Land ass esou staark, dass et sech mat Russland (*däer* Gasnatioun vun der Welt) uléet?

(Unfortunately) To be continued…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] 14, 2008 Hun ech hei nach gehofft, dass et net esouwäit giff kommen, wëll ech dann elo d’Lieser vu mengem Blog […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s