Oppenen Bréif

Lëtzebuerg: Jonk Gréng zitt Bilan vun 4 Joër Schwarz/Roud

Déi jonk Gréng hu sech jo schons e puer Mol während deenen läschten Joëren iwwert déi aktuell Regierung opgereegt. Dat geet vun der Diskriminatioun vu Jonken an der Berufswelt (aka 5611) bis hin zur “Sécherheetspolitik”, ewou déi aktuell CSV-LSAP Majoritéit dach grouss Problemer a Schwächten wéisst.

An genee iwwert déi handelt dann elo e Video, ewou den Philippe Schockweiler (Spriecher vun deenen jonken Gréngen) nach eng Kéier seet waat an deenen läschten Joëren alles fir d’Sécherheet hei am Land gemaach gouf, an gett zu all Gesetz e kuerze Commentaire vun senger Partei of. Natiirlech kennt dobäi den aktuellen Minister Frieden net gutt ewech.
Dass an Groussbritannien de Chef vun Scotland Yard esouguer schons 2 Mol zouginn huet, dass d’Iwwerwachungskameraen hinnen méi schueden ewéi hellefen, kruut den scho-baal-Staatsminister Frieden ewuel nach net gesoot.

Mee bon… de Video vun den jonke Gréngen kennt der ierch hei ukucken.