Déi jonk Gréng hu sech jo schons e puer Mol während deenen läschten Joëren iwwert déi aktuell Regierung opgereegt. Dat geet vun der Diskriminatioun vu Jonken an der Berufswelt (aka 5611) bis hin zur “Sécherheetspolitik”, ewou déi aktuell CSV-LSAP Majoritéit dach grouss Problemer a Schwächten wéisst.

An genee iwwert déi handelt dann elo e Video, ewou den Philippe Schockweiler (Spriecher vun deenen jonken Gréngen) nach eng Kéier seet waat an deenen läschten Joëren alles fir d’Sécherheet hei am Land gemaach gouf, an gett zu all Gesetz e kuerze Commentaire vun senger Partei of. Natiirlech kennt dobäi den aktuellen Minister Frieden net gutt ewech.
Dass an Groussbritannien de Chef vun Scotland Yard esouguer schons 2 Mol zouginn huet, dass d’Iwwerwachungskameraen hinnen méi schueden ewéi hellefen, kruut den scho-baal-Staatsminister Frieden ewuel nach net gesoot.

Mee bon… de Video vun den jonke Gréngen kennt der ierch hei ukucken.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

5 Comments

  1. Ech sot dem Schock et lo grad schon, mee ech schreiwen et och nach eng Kéier heihinner: RESPEKT. Endlech, jo ENDLECH, schwätzt een Politiker / eng Partei et aus. Wat mir dann och mol endlech en éischt Argument liwwert, fir mech 2009 fir eng Partei z’entscheeden.

    Reply

  2. Ech haat dir jo schons gesoot, mat den Werter fir déist du dech asetzt, misst de entweder Gréng oder Liberal wielen. 😉

    Reply

  3. Déi Werter déi ech hunn, vertrëtt keng Partei. Well ee vu mengen Grondwerter d’Ofleenen vum Staat ass. Ech verstinn esou lues, firwat de Panachage gudd ass (och wann déi meescht Lëtzebuerger dat just aus totaler Ignoranz maachen, well se “deen op dem Béierfest gesinn hunn”).

    Reply

  4. Ok, soen mer déi Werter déi hei am Land vun Parteien gedroe ginn. Déi puer, déi daat an dësem Fall dann léider nemme sinn, giffen awer éischter op e gréng Kräitz oder en bloot Kräitz hindéiten.

    Natiirlech well ech dir awer elo heimadder net soen, wéi eng Partei dass du d’nächste Juni wielen muss.

    Reply

  5. Panachage ass net gutt. Domadder stäerks de déi Parteien, déi s de am Fong net wiele wëlls. Mer hu jo keng direkt Demokratie.

    Mäi Bäitrag heizou.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s