Sou nodeems sech déi europäesch Press praktesch ausschliesslech em d’Demokraten bei de Virwahlen gekemmert huet (dëst jo och net emmer fehlerfräi), geet et elo awer wuel richteg lass mam Wahlkampf an Amerika; oder besser gesoot d’Berichter doriwwer an Europa. Wahlen am groussen Amerika heescht emmer Wahlen bei däer d’ganz Welt nokuckt. Enn dës Mounts hun d’Demokraten hieren Parteidaag, Ufank September ass et dann un de Republikaner.

An bei den Republikaner gett dann den John McCain (John InSane, John McSame…) als Presidentschaftskanidat vun den Republikaner gewielt. An dësen John McCain, deen gläichzäiteg behaapt et geet Amerika an der Welt besser a méi schlecht ewéi virun 8 Joër, ass schons e puer Mol an d’Fettnäppchen getreppelt. Zumools wann hien Journalisten attackéiert huet, well hien sech bspw. net méi konnt un e bestemmtent Zitat erenneren.

Vrun e puer Deeg dunn, huet den John McCain gesoot, dass hien net giff aus dem Irak erausgoen. Hien well dee Krich “gewannen”. Mee dat ass ewuel nämlecht ewéi d’„Victoire” am Vietnam. Wann een sech herno nach irgendwéi propper erausgezunn kritt, huet een “gewonnen”. De Problem fir den McCain ass, dass den Obama AN den aktuellen irakeschen Premier der Meenung sinn, dass Amerika sech ab dem Januar bannen 16 Méint zereckzitt. Waat giff dann e McCain als President maachen? Well den Irak schéngt jo zewëllen? Äntwert vum Sen McCain an der “Late Edition with Wolf Blitzer”: „Esou eppes giff den irakesche Premier net soen. Ech kennen hien. Hien wäer net do dofir.”

An obwuel vill Fraléit sech no der Nidderlaag vum Hillary Rodham Clinton d’Fro gestallt hun, ob sie sollten den Republikaner wielen, esou dierft dat bei deenen meeschten wuel net de Fall sinn. Well wéi eng Fra wielt schons e Mann, deen seng eege Fra als “cunt” bezeechent, deen géint all Zort vun Ofdréiwung ass, deen géint all Zort vun Préventiounen beim Geschlechtsverkéier ass. An och dass d’Fraen nämlescht sollten bezuelt ginn ewéi d’Männer ass eppes waat dem John McCain net geet an och net passt.

A jhust virun e puer Stonnen huet den John McCain seng bis ewell läschten Reklamm iwwert d’Fernsehsenderen gejoot. Den Obama wäer méi en Star ewéi ee Politiker. Den Obama wäer zum Beispill esou ewéi d’Paris Hilton. Mee den Senator huet säin Numm “McSame” jo net fir näischt kritt! Hien ass nämlech genee esou ewéi den aktuellen President an e riesegrousst Fettnäppchen getreppelt. D’Elteren vum Paris Hilton sinn nämlech allen 2 grouss Spender vun senger “Campaign”.

John McCain heescht ewuel definitiv 4 Joër, déi nämlecht Politik aus an an den USA.

Eppes waat den John McCain géigeniwwer dem Obama net huet. D’Demokraten wëllen den November wiele goen, d’Republikaner net onbedéngt an déi meescht wëllen och den McCain net onbedengt als President.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

8 Comments

  1. Gott sei Dank huet de Barack Obama nach keen eenzege Feeler a sénger Campagne gema.

    Bon, wat ech domat soe wëll: däi Bäitrag ass léif, mee net wierklech besser wéi d’Saache vun der europäesche Press, déi s du kritiséiers.

    Reply

  2. Deen eenzege Fehler, deen den Senator vun Illinois gemaach huet, waar d’Legaliséirung vun der Iwwerwachung.
    Mee dëse Post sollt jo net iwwert den Obama sinn, mee iwwert den McCain. E Post iwwert den Obama wäert an deenen nächsten Deeg kommen. 😉

    An ech hun déi europäesch Press nemmen kritiséiert well dës FALSCH Informatiounen aus Amerika bruecht huet. Saachen, déi weder den Obama nach d’Clinton gesoot hunn. Saachen, déi vum Clinton gesoot goufen an net vum Obama. Jo, esouguer wou a wéini, déi nächst Virwahlen sollte sinn, waar e puer mol falsch. Dofir hun ech d’Press “kritiséiert”.

    Reply

  3. Ech si gespaant, wat s de iwwert den Obama ze soen hues.

    Reply

  4. Ech sinn virun allem gespaant, waats de iwert déi drett Kanidatin ze soen hues 😉

    Reply

  5. Mengst de Cynthia McKinney? Waat zesummen mam Rosa Clemente als “running mate” Kanidatin vun deenen Grengen ass.

    Reply

  6. Nee, ech mengen d’Paris Hilton 😉

    Reply

  7. Hehe… jo déi Äntwert op dem McCain seng Reklamm ass super. 😀

    Reply

  8. […] the “wrong” change.’ Dass den McCain net fir Verännerung steet hun ech schons hei geschriwwe gehaat an och seng Fuerderung, dass Russland misst aus dem G8 erausgehéit ginn, sinn […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s