Firwaat dass grad op engem Politblog iwwert de Cyclisme geschriwwe gett? Ma well et 3 Cyclisten fäerdeg bruecht hun de lëtzebuergeschen Fändel esou grouss an d’Luut zehaalen ewéi scho laang keen méi virun hinnen. De Bouw vu Rameldang an déi 2 vu Munneref hun während deenen läschten 3 Wochen déi sogenannten “Experten” begeschtert – an net nemmen déi.
Ewéi “eise Kim” op däer éischter Etappe nemmen 1 Sekonn gefehlt huet fir sech dee schéinsten Trikot am Vélosport unzedoen hun déi éischten “Net-Sportler” ugefaangen zekucken waat dann do am Moment giff a Frankräich laafen. De Kim kritt de grénge Maillot an ass domatter de beschte Sprinter am Peloton. Eppes waat virun him nach nii engem Lëtzebueger geglëckt ass. E puer Deeg méi spéit ass et dann endlech esouwäit. De Kim kann sech endlech de Maillot Jaune iwwerstréifen a lancéiert den “Tour-Féiwer” hei am Land esou richteg. Lëtzebuerg steet Kapp! 50 Joër noom grousse Charly Gaul huet endlech erem e Lëtzebuerger de “Maillot Jaune”. Et haat e schons no der 1. Etappe geduercht, et giff guer net dozou kommen. Zevill Pesch. Mee een de Pesch huet, dee kritt och erem Glëck. An esou sollt et dann och sinn an den Kim “Kimi” Kirchen fiert 4 Deeg a Giel.

Bis…jo bis de Fränk Schleck an de Pyrenäen attackéiert an de Rameldanger muss lass loosen. De Fränk um gudde Wee fir no der Alpe d’Huez 2006 e wéideren Etappesuccès bei der “Grande Boucle” erauszefueren. Mee 2 Coureuren vun Saunier Duval loosen dem Munnerefer keng Chance. Firwaat? Dat gi mer alleguerte e puer Deeg méi spéit gewuer. Mee well de grousse Favorit vun dësem Tour, de Cadel Evans, net konnt mathaalen an de Carlos Sastre (och CSC-Saxo Bank) hien dauernd am Aan hällt, geet et deem äalsten vun de Gebridder Schleck net méi “nemmen” em de Succès bei der Etappe. E waar am gaangen mam Maillot Jaune ze “flirten”, ewéi et de Marcel Gilles genannt huet. Praktesch ganz Lëtzebuerg setzt vrum Fernseh. Esouguer am “Biergerzentrum” an der Staat ginn d’Léit nemme lues vum Fernseh ewech, wann se opgeruff goufe wier bei hiere jeweilege Bureau zegoen. Lëtzebuerg ziddert mat an deen een oder aaneren huet sech bestemmt iwwerluécht wéi hien dem Fränk elo kann hellef. Dat eenzegt waat bliwwen ass waar Daumen drëcken an hoffen. Et sollt net sinn, alt erem fehlt 1 Sekonn op den néie Maillot Jaune Evans. Mee d’Lëtzebuerger woussten, dass d’Alpen nach giffe kommen an zumools d’Alpe-d’Huez…

Nom gudde Start vum Tour fir deen zweete Schleck, dem jonken Andy, haat hien erop op Hautacam de sougenanntenen “jour sans” a verléiert onglecklech 9:01 Minutten. Mee een deen den Andy dann ofschréiwt, kennt de Munnerefer net. Et goung eriwwer an Italien a ganz Lëtzebuerg huet gehofft. Gehofft doropper dass de Fränk déi 1 Sekonn op den Evans gudd mécht an de lëtzebuerger Draam wéider geet. Et gett e schwieregen Daag a wuel déi spannenst Etappe iwwerhaapt. An (och) Dank dem Andy, ka säi Brudder sech de “gielen T-Shirt” huelen a souguer nach 8 Sekonnen teschend sech an den Cadel Evans bréngen, also genau de Mann dee schons virum Tour als Tourgewënner vun alle Säiten praktesch beglewënscht ginn ass. Den lëtzebuerger Draam geet wéider an esouguer déi hollännesch Fluggesellschaft KLM bréngt hiere Clienten, déi um Wee mat hinnen fir op Lëtzebuerg fléien, d’Nouvelle, dass de Fränk Schleck de Maillot Jaune huet. Wäer et méiglech villeicht esouguer den Tour zewannen? Mat deem Gedanken déplacéiert sech Lëtzebuerg. Alles geet op d’Alpe a gesinn do den Schlussgewenner a Kolleg vun den Gebridder Schleck, den Carlos Sastre d’Etappe wannen. De Fränk an den Andy spillen d’Equipe an den Andy schléit herno nach eng excellenten 3. Plaatz eraus. Hätt hien dierfte fueren…jee…keen wëes ween gewonnen hätt.

D’Lëtzebuerger hun zwar erem missten de Maillot Jaune ofginn, mee dëst sollt näischt un der Stemmung hei am Land änneren. D’Alpe-d’Huez verfollegen eng Ronn 200 Léit an der Staat an och Déifferdéng kennegt un déi läscht Etappen op der Maartplaatz zewéisen. Mee et huet nach eng Kéier geheescht zidderen, zidderen fir de Fränk an den Andy. De Fränk um Wee fir op de Podium, mee en Artikel an enger fir gudde Sportsjournalismus net graad bekanntener däitscher Zeitung, an d’Kontroll vum Johny Schleck sengem Auto, ewou dësen den Revolver vrun d’Nues gehaale kruut, hun ewuel net dozou bäigedroen, dass d’Moral vum Munnerefer um Héichpunkt wäer. Dass dunn och nach de Guidon brécht war d’Pech erem komplett beim Fränk ukomm. Mee et goung och nach drem de wéisse Maillot vum Andy zebehaalen. Zidderen. Noom éischten Drëttel sinn 30 Sekonnen fort. No 2 Drettel schons 1 Minutt. D’Spannung an d’Zidderen gouf méi grouss. Mee dunn d’Erléisung op der Ligne d’Arrivé. Den Andy behällt wéiss, de Fränk gett schlussendlech den 6. a schléit domatter dat beschten Resultat fir e Lëtzebuerger bei der “Grande Boucle” zenter dem Charly Gaul vru 50 Joër eraus. An de Rameldanger Kim Kirchen gett am Contre-la-montre den excellenten 3.

De Fränk a giel, de Kim a giel a grëng, den Andy a wéiss. D’Equipe CSC-Saxo Bank gett déi stärksten Equipe.

Besser hätt den Tour de France aus lëtzebuerger Siicht scho baal net kéinnte laafen. An elo schons gett am Cyclisme vun engem méiglechen Kampf Condador vs. Andy Schleck am nächste Joër geschwaat. Waat dobäi erauskennt, musse mer gesinn. Eent ass kloër, den Laurent “Jaja” Jalabert huet definitiv Recht wann hien seet, dass den Andy nach dee schéinsten Daag a sénger Karriere virun sech huet.

Lëtzebuerg huet während 3 Wochen matgelidden, matgeziddert, matgehofft. Um Enn si mer alleguerten frou an houfferech op eis 3 Jongen, déi Lëtzebuerg an deenen läschten Deeg héisch gehaalen hun. Mat engem Kim Kirchen, deen sech als e gudden Zäitfuerspezialist entweckelt huet a mat engem genialen Fränk an Andy Schleck. An elo ginn déi 3 e Mettwoch beim Gala Tour de France um Knuedler, souzesoen éist Brandenburger Tor, gefeiert. Lëtzebuerg haat säi Summermärchen a wëen wëes villeicht geet et jo bei den olympesche Spiller zu Peking wéider…

EDIT (31. Juli 2008; 15:40 Auer): Ech well dann och d’Léit vun RTL.lu op mengem Blog begréissen. Scheinbar huet hinnen d’Idee vum lëtzebuergeschen Summermärchen gefall.
RTL.lu benotzt “Summermärchen”-Idee an ass gespaant “op d’Olympesch Spiller…”

EDIT 2 (2. August 2008; 15:05 Auer): Scheinbar huet den Häerr Keiffer vun RTL an d’Tageblatt den Therme “Summermärchen” schons während dem Tour benotzt. Ech war also net séier genug fir meng Idee online zesetzen. 🙂 Merci un den Joël an den Chris.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Haha, deen Titel ass gutt!

    Et ass jo och scho spektakulär, wat die 3 geleescht hunn.

    Reply

  2. Hehe…

    Do hues de Recht an déi 35,000 Léit gescht hun hinnen och dofir “Merci” gesoot. 🙂

    Reply

  3. Bon, den Nico Keiffer an d’Tageblatt hunn den Terme “Summermärchen” während dem Tour permanent benotzt. Et kënnt also net wierklech vun dir. Richteg ass en awer.

    Reply

  4. Tageblatt hun ech während dem Tour net gelies. Mee dass den Häerr Keiffer den Therme soll benotzt hun ass mir néi.
    Egal, den Joël (Fireball) haat mech schons drop higewissen, dass ech net deen éischte waar. 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s