Vrun eppes méi wéi enger Woch hun ech d’Emissioun “Background” um RTL gelauschtert. Invité waar den DP-Députéierten Xavier Bettel, een Politiker deen ech ganz gudd fannen an dëst schons zenter enger längerer Zäitchen. Wuel och wëll den Häerr Bettel et emmer fäerdeg bréngt d’Saachen op de Punkt zebréngen a wëll en sech net gett bis dass en Thema komplett geléist gouf. Vill Politiker vun haut trauen sech dat guer net an denken éischter un déi nächst Wahlen… Fir mech war also kloër, dass ech d’Emissioun giff lauschteren. Waat zum Schluss vun der Emissioun gesoot gouf huet ewuel jiddereen spéistens duerch déi wöchentlech Satir matkritt. An eppes waat mech am meeschten gestéiert huet, waar de Faite waat d’Madame Octavie Modert (Staatssekretärin) zum Häerr Bettel an der Chamber gesoot huet. Als “Joffer” gouf en vun hier tituléiert, eppes waat ech net akzeptéieren an och net vun enger Politikerin well héieren. Zumols net ewou d’Madame Modert sech jo scheinbar Hoffnungen op e Ministeschposten no 2009 mécht (Rumeur). Esou eppes ass enttäuschent…

Vrun 6 Joër hun ech materliewt ewéi e Schüler vun aanere Schüler fäerdeg gemaach gouf an et waar no drun un enger Klepperei. Den ugeschwaatenen Schüler haat eng aaner Relioun an dat gouf vun deenen aaneren net richteg akzeptéiert. Zum Glëck ass dunn e Proff laanscht komm, deem ech et direkt konnt soen, waat sech e puer Meter wéider am Schoulhaaf ofspillt. Et gouf gestoppt. Fir de Moment.
Vrun engem Joër gett e Meedchen an engem aaneren Lycée wéinst senger Relioun vun den “Klassekomeroden” gemobbt. Ech kréien déi Geschicht e puer Méint méi spéit iwwert en Dretten erzielt a sinn alt erem vun engem Deel vun der Menschheet, deen esou Saachen mécht, alt erem enttäuscht.

Vru kuerzem ass eng néi Etude erauskomm. 15,4% vun den Däitschen glëwen dass een “Führer” am beschten “zum Wohle aller” geduercht wär. An iwwerhaapt sinn 39,1% vun eisen Nooperen der Meenung dass hiert Land “in einem gefährlichen Mass überfremdet” wier. Villen Experten no bewegt sech eist Noopeschtland domatter erem op engem “gudde” Wee d’Geschicht aus den 30er a 40er ze widderhuelen. Mee net nemmen an Däitschland, mee och an aaneren Länner steigt d’Unzuel vun dësen Léit.

Vru genee enger Woch komm eng aaner Etude eraus. All 4. Meedchen gett haut sexuell messbraucht, 15% vun den Jongen ginn sexuell messbraucht. Nemmen 10% vun den Fäll ewou ee Mensch wéinst sexuellem Messbrauch un engem Kand ugewissen ginn ass, sinn bis ewell och vrun d’Gericht komm. Vun deenen 10% sinn nemmen 10%(!) fir schelleg gesprach ginn. A vun deenen 10% sinn 90% mat enger Surcis- oder Geldstroff dovu komm. Wann ee bedenkt, dass den Taux vun de Léit, déi erem “krank” goufen an nach enger Kéier esou eppes Schlemmes gemaach hun, esou héicht ass ewéi bei kengem aaneren Verbriechen…

Vrun baal 2 Joër (21. September 2006) huet d’UNO ausgerechent gehaat, dass den “Konflikt” am Darfur giff 400,000 Menschen d’Liewe kaschten. Vrun net grad 3 Méint (22. Abrëll 2008 ) koum dunn sangundklanglos d’Nouvelle vun der UNO dass een dat ganz e besschen ennerschaat gehaat hätt – em “nemmen” 50%. An de “Konflikt” ass nach emmer net eriwwer.

Dee ganzen Text hei soll eigentlech nemmen wéissen, dass mer ewuel och nach gréisser Problemer ewéi déi vum heichen Benzin momentan hun. Ech verstinn, dass dat dat ass waat den Europäer am meeschten am Schung dreckt, mee mir hun och nach selwer grouss Problemer an éisem Haus an éis Nooperen, deene mer grouss Hellef versprach haaten, waarden drop dass mer se endlech anhaalen.
Mir liewen zesummen op dëser Welt. Mir sinn net “de Chrëscht”, “de Jude”, “de Moslem”, “den Däitschen”, “de Belsch”, “de Portugies”, “de Schwarzen”, “de Weissen”, “de Schwulen”, “d’Lesp”,…
Mir sinn alleguerten Bierger vun dëser Welt.
Loost eis dach eis Famill erem zesumme bréngen. Loost eis dach zesummen éis Schwësteren a Bridder schützen.

Zum Schluss hoffen ech dass der die folgend Ried vum léider vill zefräi verstuerwenen Sen. Robert “Bobby” Kennedy lauschtert. Se gouf vun him sëlwer geschriwwen an um Doudesdag vum Martin Luther King zu Indianapolis firgedroen. Et geet an däer Ried net em d’USA mee eigentlech iwwert “most of all human beings”. Et trëfft op all Generatioun zou.

* Links:
Rechtsextremismus-Studie
Darfur “Konflikt”
Missbraucht- Gemeinsam gegen Kindesmissbrauch!

[Ech wëll menge Lieser jhust matdeelen, dass bei dësem Post ganz stark op d’Kommentarer opgepasst gett. All Kommentar deen eng Feindlechkeet zu dësem Thema dran huet, gett net veröffentlecht resp. direkt erem geläscht. Genee ewéi d’IP vun dem Lieser gespaart wäert ginn. Demno wéi eng Grausamkeet de Kommentar enthällt haalen ech mer d’Recht op wéider Schrëtter fir. Esou eppes dulden ech net a mengem Liewen an och net a mengem Blog.]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s