Haat ech nach hei de Gedanken vun enger dringender Schoulreform geäussert, esou schéngt eng Partei et elo an d’Hand zehuelen.
D’lëtzebuergesch SchülerInnen befannen sech jo elo (an der Vakanz (1ere)) an der läschter Prüfungszäit fir dest Joër. Hun also hier Hausaufgaben gemaach an esou dann och déi Demokratesch Partei.

Sie wëll higoen an e gudden Deel vum lëtzebuergeschen Schoulsystem änneren.
Ugefaangen mam Précose, ewou an d’Zukunft schons sproochleg an sozial Kompetenzen sollen gefuerdert ginn.
D’DP well och dass all Primärschoul och een Direkter kritt, dass et en onofhengechen Mediateur -deen als Bindeglied teschend Schoulmeeschteren, Direkter an de Schüler soll gellen- gett, dass d’Schoulmeeschteren wéider vun der Gemeng agestallt ginn (well dës eng besser Vue iwwert hier Schoul hätten).
D’Partei em den Claude Meisch wëll awer och de Punktesystem reforméieren. Et soll net méi mat Punkten an Noten bewert ginn, mee op eng aaner Basis hier den Wëssensfortschrett vum Schüler an deem Fach opgestallt ginn. Actuell kann nemmen en momentanen Wëssensfortschrett mat Hellef vun de Punkten festgehaale ginn.
Déi gréissten Oppositiounspartei wëll och den Sprochenunterrecht änneren. An d’Zukunft soll Däitsch a Franzéisch als Friemsproch ennericht ginn. Dëswéideren soll den auslännesche Kanner et méi einfach gemaach ginn fir sech an éise Schoulen durchzekämpfen, mat esou engem genannntenen “Alphabetisierung”-Cours am Däitschen resp. am Franzéischen.
Um Passage 6.Schouljoër- Septième wëll een elo direkt näischt änneren. Mee et misst, laut der DP, un engem “cycle d’orientation” nogeduercht ginn. Deen giff et dann besser erméiglechen d’Schüler z’orientéieren.
An dann sollen regional Lycée’en gebaut ginn fir dass d’Unzuel vun de Schüler pro Classe méi kléng gett. Dat giff et dem Schüler an dem Proff méi einfach maachen fir den entspriechenden Stoff zeléieren/z’iwwermettlen.
Am beschte wäer et dann och wann et giff zu fachiwwergréifende Projecten an éise Schoule giff kommen.
Zum Schluss gréift d’Demokratesch Partei dann och e Sujet vun hiere Jonken -der JDL- op. Et misst driwwer nogeduercht ginn, ob den aktuelle Schoulkalenner gudd ass fir d’Schüler. Et misst een sech entscheeden ob een elo un den Trimesteren festhällt oder op Semesteren iwwergeet. Deswéideren missten d’Vakanzdaueren an d’Wocheprogrammer iwwerduercht ginn.

De Message vun der DP ass kloër: “Gerecht fordern, gezielt fördern“. Et kann een nemmen hoffen, dass net bis 2009 gewaart gett ier déi éischt Saachen an d’Realitéit emgesaat ginn.

DP
(W.E.G. Klickt op de Banner fir déi ganz Positioun mat wéideren Erklärungen vun der DP zeliesen; 21 Säiten)

De kuerzen Beitrag vun RTL Télé Lëtzebuerg dozou gett et hei.

EDIT (2.Juli; 16:47 CET)
Hei fannt der den Artikel vum Tageblatt doriwwer.
Den Artikel aus dem Journal kennt der hei noliesen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

10 Comments

  1. esou schéngt eng Partei et elo an d’Hand zehuelen

    Oi, wou ass däi kritescht Denken hin? Dat doten seet all Partei. D’DP hat den Educatiounsministère, an och wann et net ganz sou katastrophal war wéi dee onmoosssege Bordeel deen d’Stehres dreiwt, war et och nach laang net gudd.

    D’DP well och dass all Primärschoul och een Direkter kritt, dass et en onofhengechen Mediateur -deen als Bindeglied teschend Schoulmeeschteren, Direkter an de Schüler soll gellen- gett

    Waren déi vun der DP eigentlech schon eng Kéier an engem Lycée? Wëssen déi wat sou een Direkter iwwerhaapt bréngt? Ech war wuel a genuch Lycéen fir kënnen ze behaapten: een Direkter bréngt näischt. Guer näischt. T’ass just ee méi deen um Budget hänkt, an dat Geld wat deen all Mount asäckelt kéinnt een och fir méi verstänneg Saache gebrauchen – zum Beispill nei Bänken, well déi falen dach platzeweis praktesch auserneen.

    Soulaang de Médiateur nemmen am Noutfall agräift, fannen ech dat okay. Mee d’Schüler dierfen net derzou erzunn ginn, sech net selwer kënnen ze konfrontéiren.

    dass d’Schoulmeeschteren wéider vun der Gemeng agestallt ginn (well dës eng besser Vue iwwert hier Schoul hätten)

    Wou liewen déi vun der DP eigentlech?! Ech wees jo net wéi et am Recht vum Land ausgesäit, ma bei eis an der Gemeng gouf nach emmer Vetternwirtschaft bedriwwen. D’Land ass scho kleng genuch, dass sou eppes praktesch net emmer ze verhënneren ass, muss een dann künstlech een nach méi klenge Krees bäibehalen?

    D’Partei em den Claude Meisch wëll awer och de Punktesystem reforméieren.

    Ech hunn déi 21 Säiten lo na net gelies, mee schloen se dann eng Alternativ vfir? Et ass emme einfach ze soen, dass en aktuelle System schlecht ass, wann ee keng besser Idee huet!

    Déi gréissten Oppositiounspartei wëll och den Sprochenunterrecht änneren. An d’Zukunft soll Däitsch a Franzéisch als Friemsproch ennericht ginn.

    Hein?! Wéi ginn déi dann lo ennericht??? Wéi kann een eng aner Sprooch iwwerhaapt ennerrichten, wann net als Friemsproch?!

    esou engem genannntenen “Alphabetisierung”-Cours

    Gudd Idee. Schäiss Numm, Alphabetiséirung heescht Liesen an / oder schreiwen léiren, an huet näischt mat enger Sprooch ze dinn (et muss emol net d’Alphabet sinn).

    “cycle d’orientation”

    Wéi soll deen dann ausgesinn?

    An dann sollen regional Lycée’en gebaut ginn fir dass d’Unzuel vun de Schüler pro Classe méi kléng gett.

    Dat geschidd dach souwisou schon.

    Am beschte wäer et dann och wann et giff zu fachiwwergréifende Projecten an éise Schoule giff kommen.

    An dann stinn se wéi am neie Lycée fir op der Bänk an maacheng cool Power Point Presentatioun. -_- Oder et geet wéi am LGL an d’Proffen sinn all mat Projeten fir déi niddreg Klassen beschäftegt, während se sech op 1ere froen op se de Programm nach firun den Examen duerch kréien.

    d’Vakanzdaueren an d’Wocheprogrammer

    Zwou Wochen grouss Vakanz am September ewech, dofir jeweils eng bei Allerhellgen an Päischten. Mécht biologesch och méi Sënn, well de Kierper 10 Deeg brauch fir sech un ee neie Rythmus unzepassen an eng 7 Deeg Vakanz näischt bréngen. An d’Schoul kéinnt réischt um 9 ufänken. Si hunn dach mettlerweil genuch Etuden déi soen dass een um 8 Auer nach net konzentréiert genuch ass.

    Reply

  2. Kuerz gesot “et misst alles iwwerduecht gin”; als Grondsaz secher ze vertrieden, mais ech denken, dass et kaum ee gett dee mam status quo zefridden ass.

    Wat soll de médiateur konkret als Aufgaben hun?
    Souabl ee Leit zesummen an engem Raum huet gin sozial Kompetenzen developpéiert, méi intressant waer wéi eng spezifesch do gefördert solle gin..

    Waren Daitsch a Franséisch net emmer scho Friemsproochen? Wéi waer et als alternativ mol mat enger Trennung vu Sproochen a Literatur-Unterrecht, do kéint ee vill Stonnen aspueren (Literaturkenntnis als essentiel Kompetenz, Skepsis), an dofir an noweisbar praktesch wichtegen Domainer Schwéierpunkte setzen.

    Méi kleng Klassen a méi autonomie fir Léierpersonal, domat mecht een sech bei den enseignanten secher vill Frenn, ob et eppes ass wat de Schueler eppes bréngt steet op engem aanere Plang.

    just e puer Gedanken, ech hun déi 21 Saiten elo nach net gelies (i will), mais sin alt gespant wéivill konkretes doran ze fanne waert sin. Fir dass sech dann hei e blogpost och net muss wéi e presseartikel aus der PR Maschin vun der DP liesen (genre “déi gréissten oppositiounspartei”, “d’Partei em de Claude Meisch”, den eidelen Claim “gerecht fordern” Bold a prominent placéiert, …), mais inhaltlech Kritik (positiv a negativ) kann ausgeschwat ginn.

    Reply

  3. @ Thierry
    Jo, dat seet all Partei. Trotzdem hun ech beim aktuelle Papéier vun der DP méi Hoffnung, dass eppes geschidd. D’LSAP haat jo 2004 als Waalslogan “Mir packen et un.” bis ob den “Néie Lycée” (ewou d’Reaktiounen vun de Léit, déi hier Kanner do hun, veschidde sinn) ass net esouvill ugepack ginn. A jo, 1999-2004 ass och am Educatiounsministère net alles richt gelaaf, trotzdem konnt een eng kloër Ligne erkennen -eppes waat zenter 2004 (an do gett mer bestemmt jiddereen Recht) net de Fall ass. Ech wëes awer och dass dëse Sujet emmer een kriddelegen ass, mee eent dierf een net vergiessen et ass och e schwieregen Dossier, wuel och well eise Schoulsystem -vun der CSV- an den Drëck geworf gouf.

    Direkter an Médiateur
    Also ech waar 2 Joër laang zesumme mat mengen Klassekomeroden éischter e Sekretariat ewéi eng Klasse. Mir hu missten déi administrativ Saachen vun der Schoul maachen (vum Cantinesiesse bei der Gemeng bestellen bis hin zur Faxiwwerpréifung wann den Häerr Inspekter an d’Klasse komm ass fir een fort zeschecken. Ech sinn also do éischter fir een Direkter an de Primärschoulen fir dass deen déi administrativ Saache mécht an net d’Schüler.

    Beim Médiateur sinn ech mat der averstaanen.

    Schoulmeeschhteren a Gemeng
    Dat ass ewuel déi eenzeg Saach an denen 21 Säiten, déi ech net 100% well ennerschréiwen. Ech hun et awer an de Post geschriwwen, well dësen éischter e kuerze Résumé sollt bidden.

    Punktesystem
    Dass den aktuelle Punkten/Notensystem muss geännert ginn si mer eis jo eens, oder? Déi Alternativ hängt zesumme mat der Reform vun den Unterreschtsstonnen. (Den aktuelle Frontalunterrescht bréngt et net, do si mer eis jo och eens, nee?)

    Sprochen
    Also Däitsch fannen ech gett elo direkt net als eng Friemsproch an éise Schoulen geléiert.

    Et freet mech awer, dass mer beim Cours (fir den Numm dann elo net nach eng Kéier zeschréiwen :)) fir Franzéisch resp. Däitsch eis eenz sinn. 🙂

    Passage 6-7e
    Wéi genee e soll ausgesinn gett een aus deem Papéier net gewuer (d’Pressekonferenz ass léider nach net um Site vun der DP).

    Méi Lycée’en
    Et geschidd jo, mee d’DP hätt gären dass och an d’Zukunft méi Lycée’en uerchter d’Land gebaut ginn. Och wann ee muss soen, dass hei am Land emmer méi laang iwwert d’Bauen vun enger Saach geschwaat gett ewéi iwwert soss eppes, an dann stinn erem Wahlen um Programm an deen éischte Steen léit nach emmer net.

    Vakanzendauer
    Si frou, dass mer eis och do eenz sinn. 🙂

    Reply

  4. @Checo
    Also du wäerst staunen wéivill Léit, dass sech bei enger Emfro giffe fir den Status quo entscheeden. 😉

    Zum Médiateur:

    Natürlich ist der DP bewusst, dass die Individualisierung der Bildungswege, eine konstantere
    Bewertung der Schüler und ein diversifiziertes Schulangebot nicht ohne Konflikte
    einhergehen. Tatsächlich beruhen viele dieser Reformen weniger auf der Basis einer
    unbestreitbaren Objektivität denn auf dem Gesamteindruck des kontinuierlich evaluierenden
    Lehrers. Diese Bewertung ist jedoch juristisch nicht unanfechtbar. Dem Urteil der Lehrer
    vertrauend und im Sinne einer konfliktfreien Schule schlägt die DP die Schaffung eines
    „médiateur scolaire“ vor, der als unabhängiger Mittelsmann helfen soll, eventuell
    zwischen den Schulpartnern auftretende Probleme zu lösen.

    Dass sozial Kompetenzen developpéiert ginn, wann een Léit an engem Raum huet, ass kloër. An dofir wëll DP jo dann och, dass déi sproochleg an déi sozial Kompetenzen schons am Précose gefuerdert ginn.

    Eng “Trennung” vu Sproochen a Literatur-Cours kéinnt een teschenden Zéilen vum desem Papéier erausliesen.

    Also ech waar vru kuerzen nach mat 24 Matschüler an enger Klasse an ech konnt genee feststellen, dass mer de Stoff net esou séier a gudd duerchgeholl kritt hun ewéi nach vrun engem Joër ewou ech 13 Matschüler haat. (Note: esouguer an deenen Fächer ewou d’Proffen déi nämlescht bliwwe sinn, gouf et Problemer). A wann ech da kucken, dass mir zu 25 am Educatiounsministère als eng “kleng Classe” gellen, sinn ech frou, dass ech dann net an enger “grousser Classe” waar.

    Also ech si secherlech net d’PR Maschinn vun der DP oder vu soss enger Partei. Ech hu kee Kontakt mat der DP a falls ech je sollt eng Kéier Kontakt mat enger Partei hun, wäert ech dat hei op de Blog schréiwen. An ech gouf an éise Schoule geléiert fir net emmer déi nämlescht Wierder fir eng bestemmte Saach zebenotzen. Wann een aaner Wierder kéinnt benotze sollt een dat maachen, kritt een an de Schoulen agetrumpt. An dass d’DP déi stärksten Oppositiounspartei ass ass notamment e Fakt. Demokratesch Partei huet 10 Sëtz an der Chambre des Députés, déi Gréng huet der 7 an den adr der 4 (bléiwt nach een Onofhengeschen). An 10>7>4>1, also ass d’DP déi stärksten Oppositiounspartei.
    Dass den Claude Meisch Parteipresident ass, ass genee esou ee Fakt. Also kann een ewuel schréiwen, dass d’DP d’Partei em den Claude Meisch ass.

    Reply

  5. Fir Ziedlen ze zielen wéivill Leit mëttes an d’Kantinn wëllen kanns de och eng Secretairin astellen. Déi géing och manner Geld kaschten.

    Ech sinn schon averstanen, dass den aktuelle System net stëmmt. Mee ech ginn awer kengem engem Stëmm, deen meng Meenung huet, ouni dass en och eng Léisung kann proposéiren. Dann halen ech léiwer de Status Quo a wees wat ech kréien.

    Och wanns de sees, du géings net fir d’DP schreiwen, et liest een awer ganz kloër deng liberal Astellung an Ennerstëtzung fir déi Partei hei eraus. Du soos an engem fréiren Post, du wéillst d’Saachen ennert d’Lup huelen. Wou ass dann deng Lup elo?

    Reply

  6. Dat mat den Ziedelen ass jo och nemmen eng Saach. Ech wëes, dass mir och hu missten dann Saachen (Matdeelungen vun der Gemeng) an d’Klassen droen oder mir hu missten durchgoen wéi en Schoulgebäi dann elo sollt gebaut ginn (un Hand vun den Zeechnung). An nach villes méi, waat ech elo hei alles guer net kann opzielen, soss setzen ech nach bis d’nächst Woch hei un däer Äntwert. 😉

    Also ech fannen zwar schon dass dëse Papéier (an déi ganz Educatiounsarbescht vun der DP) an deenen läschte Joëren eng klöer Ligne no fir wéist an dass se Léisung fir d’Verbesserung vun eise Schoulen firgesäit.
    Jo, ech schréiwen net fir d’DP. Jo, ech hu villeicht déi eng oder aaner liberal Astellung. Mee dat dierft mer jo erlaabt sinn.

    Ech hun déi Saach ennert d’Lup geholl. An ech sinn mat dem ganze Papéier (bis eben op déi Saach mat de Schoulmeeschteren an der Gemeng) domatter averstanen. An ech ka mer och firstellen, dass d’DP an Zukunft nach wéider de Sujet wäert behandelen. Dee Papéier do geet secherlech net duer fir d’Wahlen d’nächst Joër zewannen, mee et ass fir déi Demokratesch Partei secherlech e gudde Start – een déi bis op déi Gréng Partei bis elo nach keen higeluercht huet.

    De grousse Problem ass dass emmer vrun de Wahlen iwwert eis Schoulen geschwaat gett an deno heescht et “Loos de mol gewärden”.
    Et muss wéi gesoot nach wéider geschafft ginn, mee menger Meenung no ass d’DP momentan op deem “sechere Wee”, deen d’CSV bei de läschte Wahle versprach haat…

    Reply

  7. Salut,

    kaum een betreit datt eis Bildungspolitik virun engem serieuxen Problem steet… ma wei deen ze léisen ass doriwwer kann een streiden.

    Bezüglech dem Positiounspabeier vun der DP stellen sech fir mech en puer Froen: wann d’Schoulen een Recht op Selbstverwaltung kréien… kréien d’Schüler resp. hir Elteren dann och een Recht op Selbstbestemmung… kann een dann decidéieren op een an senger Gemeng an d’Schoul geet oder an der Nopeschgemeng? Well ansonsten gi d’Elteren ënner Emstän an ee Konzept gezwongen mat deem Si sech net identifizéieren kennen… wat ganz kontraproduktiv dierft si an Schoulen wei der Ste. Sophie oder am Ausland weideren Zoulaf garantéieren.

    D’Iddie fir datt Schüler wielen kennen op se op Däitsch oder Franséisch leieren schreiwen fannen ech ganz gutt… allerdéngs muss sécher gestallt gi datt Schüler dann net laangfristeg unhand vun deem Critère getrennt bleiwen! Prinzipiell si ech der Meenung datt net jiddereen onbedéngt 4 Sproochen perfekt muss kennen… och bei eis am Land missten 2 vun deenen 3 offiziellen Sproochen duer goen… eng dofunner Lëtzeburgesch (geschwat!). Zumindest bei e Koup Beruffer ass etnet néideg (Handwierker, Bréifdréier, Bankier’en, medezinescht Personal…) 4 Sproochen ze kennen. Wann jiddereen opmanst 2 vun den offiziellen Sproochen comme il faut beherrscht kennen mir eis weiderhin all verstännegen. Ma momentan gi besonnesch auslänneg Matbierger massiv benodeelegt well se schlecht am Däitschen si… obwuel se daat minimal brauchen wäerten deemno wei eng Berufsrichtung se wielen.

    Christian

    Reply

  8. Jo, do ginn ech der Recht iwwert d’Bildungspolitik an dee Wee, deen se soll goen gett (a soll och) emmer e besschen méi staark diskutéiert ginn. Et geet schliesslech em d’Zukunft vun der Generatioun vu ma, déi déi ma dëst Land sollen wéider brengen…

    Op d’DP bei der Selbststemmung vun den Elteren op denger Ligne ass wëes ech net. Ech sinn et jiddefalls. 😉 An ech kéinnt mer awer och firstellen, dass déi Demokratesch Partei och op däer Wellelängt sech ophält. Et wäer eigentlech mam liberale Gedanken nemmen déi logesch Konsequenz. 😉

    Dass een a verschiddenen Beruffer keen Sproochen-Ass muss sinn, ginn ech der Recht. An dass auslänesch Matbierger momentan benoodelegt ginn stemmen ech der ebenfalls zou. Ech sinn awer och der Meenung, dass een de grousse Plus vun eisem Land (waat notamment den Multilingualismus ass) och net op d’Ofstellgleis soll setzen. Mee secherlech muss et aanescht geregelt ginn ewéi bis elo 😉

    Reply

  9. Moien dir Dammen an Hären
    Waat haalt dir dann dôfun,wann déi Auslännesch Kanner och Lëtzebuergesch geléiert gin,an nett wéi mai Jong “Portugiisech” am 2ten Schouljo’er,en huet den 3ten Dâg Schoul schon geléiert bis 10 ze zielen,do haale mir awer op
    Mat frëndleche Gréiss

    Reply

  10. An dann wëll ech nach viirschlo’en,dass D’Schoulmeeschteren méi fräiheeten kréien fir ee Schüler ze bestroofen,daat ka jo nett sin dass d’Schüler kenne maan waat se wëllen,och an dem Bus an am Zug,wéi wär et mat Videoiwerwaachung déi verplompt ass,ann nëmmen gekukkt get wann Elteren sech beschwéieren,an an 48 Stonnen iwerspillt gin.
    An watt haalt dir vun enger Pai vum Staat,mat soziaallaaschten, fir all Frâ déi doheem bleift bei den Kanner.An fort mam RMG.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s