Mir schréiwen den 27. Juni 2007. Et ass een Mettwoch an a Groussbritanien trëtt dee Mann zreck, deen d’Land aus enger schlemmer Kriis erausgeholl huet an zum Schluss vu senger Karriere – duerch seng extrem Loyalitéit zum amerikaneschen President Bush – erem zu engem Deel dohinner gefouert huet. Rieds geet natierlech vum Tony Blair. Hien iwwergett d’Nummer 10 an der Downing Street dem Gordon Brown.

E Joër méi spéit…

Mir schréiwen den 27. Juni 2008. Et ass e Freiden an a Groussbritanien hällt sech d’Freed vum Premier Brown a Grenzen. No der grousser Defaite fir Labour vrun e puer Wochen, ewou d’Labour esouguer hannert d’Liberal Demokraten gefall ass, stinn erem Wahlen un. A déi nemmen well et vrun e puer Wochen eng Victoire fir den konservativen Boris Johnson zu London gouf. Dowéinst gouf haut zu Henley (South Oxfordshire, Oxfordshire) gewielt, well den Johnson elo als Buergermeeschter vun London net méi den MP fir Henley ka sinn. A vun enger Nidderlaag fir Labour (déi vun de Wahlen zu London) zu enger wéider Defaite fir d’Partei vum Gordon Brown!

Net nemmen dass déi Konservativ mam John Howell dëse kléngen Deel vun Oxfordshire konnten behaalen, nee Labour gouf nemmen déi 5. (!) “stärkste” Partei. D’Liberal Demokraten ginn déi 2. stärksten Partei, hannert hinnen déi britesch Greng Partei. Iwwerraschenderwéis gouf Labour awer och vun der BNP, der “British National Party” (eng riedsradikal Partei, gläichzesetzen mat der NPD an Däitschland oder dem FN a Frankräich), geschloen.
D’Resultat fir Labour kennt net méi schlecht ausfaalen:
Howell (Konservativ): 19,796 Stemmen
Stephen Kearney (Liberal Demokraten): 9,680 Stemmen
Mark Stevenson (Greng Partei): 1,321 Stemmen
Timothy Rait (BNP): 1,243 Stemmen
Richard McKenzie (Labour): 1,066 Stemmen

Während déi Liberal an déi Konservativ dobäi konnte wannen, fällt d’Labour em ganzer 11% erof.

Et muss een sech also ganz kloër d’Fro stellen wéini den Premier Brown endlech Wahlen aberifft. D’Opposition gett emmer méi stark an hun sech et dann och haut net endgoe geloos fir op déi aktuell Kriis bei der Labour Partei hinzewéisen. Esou huet den David Cameron (Chef vun den Conservativen an Oppositiounsleader) haut gesoot: “It’s an absolutely excellent result in Henley” [Et ass en absolut exzellent Result zu Henley] an et fir awer een “disastrous result for the Labour Party” [desastréist Result fir Labour]. Den Nick Clegg (Leader vun den Liberal Demokraten) soot esouguer ganz einfach dass Deeg vum Gordon Brown an der Downing Street Nr. 10 gezielt wären. Déi Liberal giffen déi Konservativ am Süden attakéieren an d’Labour am Norden, esou den Clegg wéider.
Genee dowéinst gouf et haut vun den Konservativen nemme Luew fir déi Liberal. Den David Cameron soot esouguer, dass béid Partei’en giffen an de Käpp vun den Léit eng “alternativ Regierung”, un déi sie kéinnte glëwen, duerstellen. Mee déi Liberal schengen déi Léiwt fir den Moment jiddefalls net ze erwiederen. Den Kearney, Kanidat vun den Liberalen, huet gesoot, dass hien keen positiven Enthusiasmus fir déi Konservativ huet. Net nemmen hätt hien keen positiven Enthusiasmus fir d’Partei vum Cameron, mee hien haat och direkt e wéideren Kritikpunkt zemaachen: d’Konservativpartei wäer zwar emmer gudd dran, d’Fehler vun deenen aaneren zekritiséieren, mee sie giffe selwer net soen fir waat dass sie giffe stoen.

Während deen gréissten Deel vun der Labour Partei séch haut zereckgehaalen huet an dës Wahlen wollt erofspillen, huet een vun hinnen, den Gesondheetsminister Bradshaw (Labour), dat ganzt als “terrible result” duergestallt. Mee laut Labour léit de Problem net beim Gordon Brown, nee et giff un der schlechter Economie léien. Wann de Premier do näischt ka maachen, huet hien wuel awer besser zereckzetrieden an Néiwahlen anzeberuffen.
Iwwert d’Thema Néiwahlen schwätzt een bei Labour awer iwwerhaapt net gären. Wuel och well laut enger néier Emfro elo jhust nach 16% (!) vun den Englänner mengen den Brown giff gewannen. Vrun engem Joër, ewéi hien an d’Nummer 10 agezunn ass, waaren et der nach 62%. Mee esouguer dat ass manner ewéi dat waat déi Konservativ momentan fir een Support hun. 67% glëwen nämlech, dass den David Cameron néien Premier wäert ginn esoubaal et zu Wahlen kennt.

1 Joër no senger Iwwernahm, décidéiert den Premier Brown also elo sëlwer wéini hien d’Nummer 10 erem muss verloosen. Eppes ass sécher, déi Konservativ em den David Cameron, an déi Liberal em den Nick Clegg – a villeicht elo och e besschen méi déi Gréng an den BNP – wäerten alles probéieren fir d’Decisiounszäit vum Gordon Brown zeverklengeren…

Brown
Picture (c) by Times Online

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s