Oppenen Bréif

Lëtzebuerg: Petitioun fir eng méi zeitgemäss an kritisch Wertevermettlung an eise Schoulen

Endlech muss een do scho baal soen. Endlech dinn sech e Group vu Léit zesummen. Endlech probéiert dee Group en Deel vun dësem Land z’änneren. Endlech gett deen aktuellen Reliounscours attakéiert.

A ween ass haaptsächlech mat dobäi? Jo, déi Jonk. (“What gives me the most hope is the next generation”). D’JDL (déi jonk Liberaldemokraten), d’JSL (déi jonk Sozialdemokraten), déi jonk Gréng an d’Unel. Dobäi kommen nach d’Léit vun der “Libre Pensée”, déi Lénk, d’Léit vun der “Liberté de Conscience a.s.b.l.” an d’Léit vun sokrates.lu!

D’Relioun huet näischt an der Schoul zesichen. Momentan ass den katholeschen Unterrecht, deen eenzegen deen een kann “wielen”, fir alleguerten déi déi net glëweg sinn (also laut dem Vatikan de Satan an sech hun), oder déi déi sech zu enger aanerer Relioun ugezunn fillen (laut dem Vatikan déi “falsch” Relioun) ginn an den sou genanntenen “morale laïque”-Cours gepucht.
Et leeft momentan een “Pilotproject” am néie Lycée, ewou déi Kanner d’Chance hun un engem Werteunterrescht deel zehuelen. De Succès soll grouss sinn an esouguer d’Madame Delvaux huet virun kuerzem bekannt ginn, dass et super giff laafen. Allerdéngs, esou d’Madame Ministesch wéider, wäer et net méiglech vun “haut op ma” dëse Cours an aaneren Schoulen unzebidden. Ech wëll jhust drun erenneren, dass momentan d’LSAP mat der CSV(!) zesummen an der Koalitioun ass. [Den Auteur wollt domatter keen Lien zum Thema maachen. All Lien, déi d’Lieser maachen, war net gewollt.]

Et ass also elo de Moment. Mir hun elo (bis den Juni 2009 bei den Wahlen) d’Chance emol wéinstens eppes hei am Land unzepacken. Relioun (op katholesch, buddhistesch, …) huet näischt an éise Schoulen verluer. Kommt mir maachen et méiglech, dass d’Kanner SELWER kennen entscheeden, op a wa jo wéi eng Relioun se wëllen bäitrieden.
Kämpf och du mat eis zesummen mat, dass éis Kanner an Enkelkanner keen Glawe méi vun der Schoul opgezong kréien. Dass d’Relioun och an der Politik keng esou eng grouss Roll méi spillt.

Waat kanns du maachen?
Als alleréischt kanns de d’Petitoun ennerschréiwen an deno kanns de d’Petitoun am Internet an an der realer Welt wéider verbreeden.

Zesummen kenne mer et schaffen. Zesummen ännere mer een Deel vun dësem Land zum Besseren.