Endlech muss een do scho baal soen. Endlech dinn sech e Group vu Léit zesummen. Endlech probéiert dee Group en Deel vun dësem Land z’änneren. Endlech gett deen aktuellen Reliounscours attakéiert.

A ween ass haaptsächlech mat dobäi? Jo, déi Jonk. (“What gives me the most hope is the next generation”). D’JDL (déi jonk Liberaldemokraten), d’JSL (déi jonk Sozialdemokraten), déi jonk Gréng an d’Unel. Dobäi kommen nach d’Léit vun der “Libre Pensée”, déi Lénk, d’Léit vun der “Liberté de Conscience a.s.b.l.” an d’Léit vun sokrates.lu!

D’Relioun huet näischt an der Schoul zesichen. Momentan ass den katholeschen Unterrecht, deen eenzegen deen een kann “wielen”, fir alleguerten déi déi net glëweg sinn (also laut dem Vatikan de Satan an sech hun), oder déi déi sech zu enger aanerer Relioun ugezunn fillen (laut dem Vatikan déi “falsch” Relioun) ginn an den sou genanntenen “morale laïque”-Cours gepucht.
Et leeft momentan een “Pilotproject” am néie Lycée, ewou déi Kanner d’Chance hun un engem Werteunterrescht deel zehuelen. De Succès soll grouss sinn an esouguer d’Madame Delvaux huet virun kuerzem bekannt ginn, dass et super giff laafen. Allerdéngs, esou d’Madame Ministesch wéider, wäer et net méiglech vun “haut op ma” dëse Cours an aaneren Schoulen unzebidden. Ech wëll jhust drun erenneren, dass momentan d’LSAP mat der CSV(!) zesummen an der Koalitioun ass. [Den Auteur wollt domatter keen Lien zum Thema maachen. All Lien, déi d’Lieser maachen, war net gewollt.]

Et ass also elo de Moment. Mir hun elo (bis den Juni 2009 bei den Wahlen) d’Chance emol wéinstens eppes hei am Land unzepacken. Relioun (op katholesch, buddhistesch, …) huet näischt an éise Schoulen verluer. Kommt mir maachen et méiglech, dass d’Kanner SELWER kennen entscheeden, op a wa jo wéi eng Relioun se wëllen bäitrieden.
Kämpf och du mat eis zesummen mat, dass éis Kanner an Enkelkanner keen Glawe méi vun der Schoul opgezong kréien. Dass d’Relioun och an der Politik keng esou eng grouss Roll méi spillt.

Waat kanns du maachen?
Als alleréischt kanns de d’Petitoun ennerschréiwen an deno kanns de d’Petitoun am Internet an an der realer Welt wéider verbreeden.

Zesummen kenne mer et schaffen. Zesummen ännere mer een Deel vun dësem Land zum Besseren.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Du hues flait rescht datt den aktuellen Reliounsunterricht alles anneres wei optimal ass, ma och wann dei Petitioun do ass vun der Argumentatioun hier bessen fragwürdeg.

    Religion in Form von Glaubensbekenntnissen hat als Privatangelegenheit keinen berechtigten Platz in einer öffentlichen Schule […] sondern sollte in der Kirche oder in einem privaten Religionsunterricht stattfinden.

    Nunja… mat deer doter Argumentatioun kann een och soen datt den Sport Unterricht nët an d’Schoul ma an d’Fraizait geheiert… Leit dei wellen gesond, sportlech an aktiv sin kennen daat dann jo doheem maan. Et gett secherlech och Leit dei argumenteieren datt eng Relioun oder een Glaawen e Mensch kann am Glaichgewicht behaalen.

    Die Aufteilung der Schüler in den katholischen Religionsunterricht und das „Morale-Laïque Sammelbecken” steht für einen äußerst mangelhaften weltanschaulichen Pluralismus, da die katholische Lehre gegenüber anderen Weltanschauungen privilegiert wird.

    Ech hun keng genee Statistiken hei virleien wei heich den Undeel un Katholiken zu Lëtzebuerg ass, ma et bestreit jo keen datt et d’Majoriteit vun den Lëtzeburger dei Originen hun. Secherlech kann een argumenteieren datt just nach eng Minoriteit praktizeiert… waat stemmt. Annersaits, kennen ech keen deen gestuewen ass dunn nët op engem Kiewegt begruewen gouff… Also sin d’Originen awer nach do… (interessanten Commentaire zu deem Thema: http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche/36670.html)

    Mit Hinblick auf die sozial verbindende Funktion der Schule ist es grundlegend falsch und kontraproduktiv, die Schüler aufgrund der Religionszugehörigkeit (ihrer Eltern) voneinander zu trennen.

    Och daat doten Argument ass durchaus fragwürdeg. Ech denken nët datt d’Integratioun an Zesummenliewen dorunner scheitert datt een en puer Stonnen Reliounsunterricht haat. Soulaang en net ufenkt Klassen permanent dono obzedeelen op se Chreschten oder soss eppes sin, dierft daat keen seriö’en Problem gin.

    Lo zu hieren Fuerderungen:

    Aus diesem Grund fordern wir die Kündigung der aktuellen Konventionen zwischen Staat und Glaubensgemeinschaften sowie eine Verfassungsänderung im Sinne einer Trennung von Kirche und Staat.

    Interessant Fuerdung iwwer dei een diskuteieren kann… wier flott wann et giff een Sondage gin weivill Leit daat dooten giffen ennerstetzen.

    Aus diesem Grund fordern wir für den Werteunterricht in den Schulen eine zeitgemäßere Lösung anstelle der aktuellen Aufteilung in katholischen Religionsunterricht und „morale laïque“.

    Dei Ausso do kann ech ennerschreiwen… allerdings sin Fuerderungen emmer schéin an gut, selwer Leisungen fannen ass vill mei komplizeiert. Wann do naischt nokennt riskeiert et einfach nemmen eng populistesch Ausso ze sin mat deer sech dei aaner Partei’en (endlech mol nees eng Keier) vun der CSV kennen oofsetzen.

    Aus diesem Grunde fordern wir, dass dem Einfluss der Religionen auf Politik und Gesellschaft konsequent entgegengewirkt wird. Einzig und alleine eine Trennung von Kirche und Staat kann die notwendigen Voraussetzungen schaffen, um die Errungenschaften der aufgeklärten Gesellschaft vor religiöser Einmischung zu bewahren.

    Naja, ët ass jo awer net wirklech sou datt d’Kierch een Monopol zu Lëtzebuerg huet… gett verschidden Presseorganer, Parteien etc. Leit, y compris d’Politiker, kennen sech op en Koup plaatzen informeieren an ausdrecken. Secherlech wier et besser wann d’Politiker kinnten onofhängeg vun allen Gruppen dei beschten Decisiounen fir d’Allgemengheet huelen… ma daat ass en bessen naiv oder? Politiker kucken emmer schons ween sie als nächst wielen kann! Lobbyisten hud et nach emmer gin, an sie huelen ganz divers Formen un: Gewerkschaften, Reliounsgemeinschaften, Industrie, Schoulmeeschter, jo souguer ganz Generatiounen mussen als Lobbyen gewärt gin, dei sech als aller eischt fir hier interesse ansetzen. Do kann een naischt dogeint maache, ma daat ass an enger Demokratie nunmol sou. An wei dei Initiative selwer seet sin mir an enger opgeklärtener Gesellschaft… soulaang sou Aflossnahmen publik gescheien kann een naischt geint se anzewerfen hun.

    Fazit: Ech giff also virschloen nët einfach blannenmännerchers eng Petioun ze ennerschreiwen, ma amplaatz eng öffentlech Diskussioun ufenken weieng Form soueen Unterricht dann soll huelen. Wann een dann den Leit eng Alternative zu der aktueller Situatioun bidd kennen sie selwer oofstemmen waat hinnen am beschten gefällt… andeems sie hier Kanner fir deen Unterricht umellen. Well d’Fraiheet selwer Decisiounen ze huelen geheiert zu enger Demokratie… inklusiv d’Fraiheet an den Reliounsunterricht ze goen.

    Reply

  2. Ech fannen et net gudd wann Fächer mateneen verglach ginn an dofir fannen ech dat Argument mam den Sportsstonnen -dat jo schons méi oft vun verschiddenen Léit gesoot gouf- net gudd. Wa mer d’Saachen giffen esou maachen, dann misste mer eis ganz Schoulpolitik änneren. Obwuel dat zwar och net all zeschlecht wier. An nach eng Saach zum Turnen: et ginn zimlech vill Turnproffen, déi dach zimlech laarch mat hiere Klassen emginn, vun den Reliounsproffen kann ech dat net behaapten.

    Du hues Recht wanns de sees, dass hei am Land emmer manner d’Relioun pratizéiert gett. Mee eng Saach ass awer och kloër: den Undeel vun der muslimescher Relioun geet an Europa (an och hei am Land) an d’Luut a wäert ewuel an e puer Joëren, déi katholesch iwwerholl hun. Mir kennen also net higoen, an déi Kommunitéit (an allguerten déi aaner) vun éisen Schoulen ausschléissen- sprech hinnen net dat Recht zeginn hier Relioun an der Schoul wéider kennen zeléieren. D’Reliounsproffen sooten sie hätte keen Problem wann déi aaner Reliounen giffen an d’Schoule kommen. Mee do stellt sech ee ganz grousse Problem. Da ginn -fir et méi “einfach” zemaachen- d’Katholiken, d’Juden, d’Moslem… an jeweils eng Klasse gesaat (aanescht wäer et ewuel mat den Stonnepläng vun Klassen a Proffen net méiglech), an dann kréien mir esou Ausdrëck ewéi “Dat sinn d’Juden.” oder “Dat sinn d’Buddhisten.” op äisen Schoulhäff. 60 Joër hu mer esou Ausdrëck schons kléng gehaalen, loost eis se dach elo net de Kanner scho praktesch fäerdeg an de Mont léen.

    Fuederungen
    Also Sondagen ass emmer eppes kriddeleges. Et soll een de Sondage net allzefill Glaawe schenken, zumols wann nemmen 1,000 Léit (ewéi beim läschten Politometer am Wort) gefroot ginn. Mee dass een muss iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat diskutéieren begréissen ech 🙂

    Ech haat et schons am Post geschriwwen. Et gett momentan ee Pilotprojet am “Néie Lycee”, ewou d’Kanner (wann se da wëllen) sech kennen an ee Werteunterrecht aschréiwen. Anscheinend, esou d’Ministesch sëlwer, soll et ganz gudd laafen.
    Et ass also schons en Entworf do, deen och funktionnéiert, also hätt d’CSV an deem Punkt kee Moyen méi fir zestreiden.

    Leider ginn et vill Politiker, déi éischter kucken wéi se déi nächste Wahle kennen gewannen am Plaatz dass se giffen eppes upacken an dat maache waat se dem Wieler versprach gehaat hun. Mee ech sinn ganz kloër géint Lobbyisten. Lobbyisten schaffe fir sech, kucken nemmen no sech. An ech mengen elo déi “richteg” Lobbyisten (net Schoulmeechter, Gewerkschaften, etc. déi giff ech net als Lobbyisten bezeechnen).

    Fazit
    Ech hun déi Petitioun net blannenmännerchers ennerschriwwen keng Suerch. 😉 Secherlech huet jiddereen d’Recht an e Relioununterrecht zegoen, dofir muss jo d’Relioun aus de Schoulen eraus. Well momentan gi mer engem Deel vun de Schüler keng Chance hier Relioun zeléieren. Mir sinn also an dem Punkt nach net besonneg demokratesch hei am Land. De Problem wäer geléist, wann een d’Relioun an de Kirche bspw. kéinnt a Coursen léieren an an de Schoulen e Werteunterrescht (villäicht deen vum Néie Lycee) huet. Wann e wëll an de Reliounsunterrescht goen, kann en dat maachen. Wann een net wëll, well een zum Beispill en Atheist ass, kritt en (zesummen mat denen aaneren) awer durch de Werteunterrescht d’„Haaptwerter” vun eiser Gesellschaft vermettelt.
    Dat wäer a mengen Aan vill méi demokratesch ewéi den aktuelle System.

    Reply

  3. […] 1, 2008 Haat ech nach hei de Gedanken vun enger dringender Schoulreform geäussert, esou schéngt eng Partei et elo an […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s