D’Severn Cullis ass een 12 Joër alt Meedchen waat elo am Juni op der “United Nations Conference on Environment and Development” eng Ried gehaalen huet. Virun 3 Joër huet déi jonk Teenagerin , déi zu Vancouver gebuer gouf, den Group ECO (Environmental Children’s Organization) gegrennt. Dës Organisatioun soll aaner Kanner iwwert d’Emweltproblemer opklären an hellefen, dass sie et sëlwer aaneren kennen erklären. D’Severn Cullis huet dunn mat der Hellef vun ECO probéiert Suen zesammelen fir op deen ugeschwaatenen UNO Emwëltsommet kennen zegoen.
Et ass hier gelong, an esou konnt sie Ufank dës Mounts mam Michelle Quigg, Vanessa Suttie an Morgan Geisler de Sommet besichen. Hei ass de Video vun däer ganz emotionaler (awer wouerer) Ried vun däer jonker Madame:

Entschellegt w.e.g. déi e besschen méi schlecht Qualitéit, mee dëse Video ass schons 16 Joër aal!

Jo, déi jonk Madame huet der haut 28 an huet sech zanter hierer Ried am Juni ’92 wéider fir d’Emwelt agesaat. Esou huet se 1993, hiert éischt Buch geschriwwen, waat als Titel “Tell the World” haat. En 32-säiteg Buch iwwert déi eenzel Schrëtter déi all Famill ka maachen fir der Emwëlt zehellefen.
Am Joër 2002, huet d’Severn Cullis hieren Bachelor an Ecology an Evolutionary biology zu Yale gemaach.
Ausser dass se méi aal ginn ass, huet sech net vill am Liewen vun däer jonker Madame verännert.

D’Severn ass nach emmer em eis Emwelt besuergt,
an verschidden Politiker schéngen nach emmer net am Interet vun der Jugend bei dësem Sujet zehandelen.

[Wéider Informatiounen iwwert d’Severn Cullis-Suzuki gett et hei an en Interview kann een hei noliesen.]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s