Nationalfeierdag sollt eigentlech emmer en Daag vun der Freed an der Hoffnung sinn. Leider konnt ech net ganz vill Hoffnung a Freed an der Ried vum Jean-Claude Juncker erkennen. Et gouf alt erem op déi “grouss” Problemer higewissen, déi mer scheinbar net kennen besiegen. Den Staatsminister waar dann och em déi héich Energie- an Liewensmëttelpräisser besuergt, déi “de Portemonnaie zesummendrécken”. Do ass et jhust komesch, dass esou eng Aussoe vum Staatsminister kennt. Wann hei am Land een eppes un däer Saach änneren kéinnt ass dat dach deen Mann, deen un der Spëtzt steet, also den Jean-Claude Juncker. Déi ganz Upassung vum Index un d’Inflatioun gouf et net, eppes waat d’Demokratesch Partei ee puer Mol gefuerdert haat.

Da gett alt léiwer selwer vun verschiddenen Politiker d’Opferroll gespillt an et gett fir méi Solidaritéit ennert de Bierger opgeruff. Den Häerr Juncker well de Begrëff “Solidartitéit” awer änneren. An d’Zukunft soll et heeschen: “net e bësschen vun allem fir jiddwereen, mee méi fir déi, déi méi brauchen, well se net genuch hunn”. Wollt den Häerr Juncker domatter villéicht den Verkaaf vun deenen Hektar Bësch mam Grand-Duc rechtfertegen? Oder sollt et nemmen eng “Warnung” sinn, dass mer dëst an d’nächst Joër (esoulaang soll deen ‘Programm’ goen) eis mussen op wéider komesch Aktiounen teschendem Staatsminister an dem Grand-Duc bereed maachen. Ech hoffen et jidderfalls net. An dëst net, well ech dem Grand-Duc a senger Famill eppes Schlechtes wëll, mee well ech ganz einfach hoffen, dass de Staatsminister trotzdem emol erem méi fir all Lëtzebuerger mécht. Mee mat däer Aussoe vu geschter Owend ass déi Hoffnung emmer méi kléng ginn.

An dann gouf och nach iwwert d’EU an deen läschten Sommet geschwaat. Et wäer erem diskutéiert ginn. Villéicht ass dat de grousse Problem vun der Europäescher Unioun, dass emmer vill muss diskutéiert ginn an d’Handlen an den Hannergrond gesaat gett. Hei an der EU diskutéieren déi meescht Politiker nach emmer drem wéi een de Klimawandel ka stoppen, an den USA sinn se am gaangen zehandelen. An deenen läschten Wochen sinn d’Amerikaner emmer manner mam Auto gefuer, hu méi op déi öffentlech Transportmëttelen gesaat, an zu New York ass demnächst en auto-fräien Daag. Jo, zu Lëtzebuerg gett et eng auto-fräi Woch, an däer een allerdengs méi Autoen op der Stross gesäit ewéi soss nii. Nee, zu New York sinn deen Daag d’Strossen fir d’Autoen gespaart. Et dierf een jhust nach zu Fouss, mam Vélo, mam Skateboard… iwwert d’Stross goen/fueren.

Ech giff mer wënschen, dass éis Politiker och emol erem d’Handlen virun d’Schwätze sëtzen. Et hëlleft näischt sech zeverspriechen bis e bestemmten d’Joër den CO2-Ausstouss em e gewëssen Prozentsatz erofgesaat zehunn an een dann awer näischt mécht fir et z’errechen. Ech giff mer wënschen, dass éis Politiker den Optimismus erem vrun den Pessimismus sëtzen. Den Häerr Juncker huet vun dem Prozentsaatz vun den Europäer um Enn vun dësem Joerhonnert geschwaat, ech giff mer wënschen, dass et dann nach en Europa gett, ewou ee ka liewen, ewou een ka Spass a Freed hun.
Loost eis dach zesummen dorunner schaffen. Loost eis dach endlech den Status Quo bei villen Politiker briechen. Loost eis erem hoffen. Loost eis kämpfen fir eng besser d’Zukunft.

Ech wëll ophaalen mat engem Zitat vum Barack Obama, deen d’läscht Joër op enger Rally gesoot haat: “The world as it is, is not the world as it has to be”. Kommt mir maachen eppes fir d’Welt z’enneren, dass mer endlech emol eppes upaacken an dëser Welt am Plaatz emmer nemmen am Wahljoër driwwer zeschwätzen.

Ierch alleguerten e schéinen Nationalféierdag.

Vive de Grand-Duc.

Vive eis groussherzoglech Famill.

Vive d’Hoffnung. Vive d’Handlen.

Vive eist Land!

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s