[Hei dann elo awer deen “richtegen” éischten Post vun dësem Blog]

Salut an häerzlech Wellkomm op dem éischten lëtzebuergeschen Politblog (falls dat net stemmt w.e.g. mam Thierry maulen :)).
Dësen Politblog soll net nemmen déi national Politik ennert d’Lupe huelen, mee och heiandsdo déi international. Ech schréiwen hei op mech. Ech schréiwen dat waat ech denken. Ech schréiwen net am Optrag vun enger Partei oder vun Lobbyisten (wéi wann déi mech giffen kennen :)).
Ech well awer och heiriwwer mat verschiddenen Bierger iwwert eis aktuell Politik schwätzen. Ech well ganz einfach probéieren op verschidden Saachen opmierksam zemaachen. Gläichzéiteg wäert ech awer probéieren net den Däiwel un d’Mauer zemolen. Den lëtzebuerger Bierger an déi ganz Menschheet kritt vun allen Säiten agetrichtert, dass mer op engem schlechten Wee sinn, dass mer géint eis d’Klima verléieren, dass mer aus der Finanzkriis villäicht net méi erauskommen, dass mer an d’Zukunft emmer manner fir z’iessen kréien.
Eis Welt brauch och erem vill Hoffnung. D’Bierger -net nemmen vun dësem, mee vun all Land- mussen erem un sech selwer glëwen. Den Norman Vincent Peale soot emol: “Never talk defeat. Use words like hope, belief, faith, victory”. D’Menschheet huet scho vill Saachen missten konfrontéieren an an deenen meechten Fäll si mer als Gewenner vum Terrain gaangen. Et gett keen Nazi-Däitschland méi, et gouf keen Atom-Weltkrich teschend der Sovietunioun an den USA. Ech glëwen, dass mer -wa mer emol erem ufänken un eis selwer zeglëwen- och déi aktuell Krisen kennen befälltegen. Mat der Hellef vu Politiker, déi net nemmen iwwert Problemer schwätzen, mee déi se zesummen mat den Léit upacken. D’Léit hun d’Recht op Politiker, déi hier d’Land wellen an eng besser Zukunft léeden an dëst net nemmen am Waalkampf undéiten.
D’Léit hun d’Recht op “Leaderen”, déi se hoffen loosen op besser Zäiten. Déi zesummen mat hinnen wëlle kämpfen. Déi zesummen mat hinnen d’Krisen befälltegen. Politiker, déi net d’EU bei eis representéiern, mee déi eis an der EU a ronderem d’Welt representéieren.
Un eppes musse mer awer emmer denken an dat ass den Fait, dass keen Mensch onfehlbar ass. Jiddereen, jiddereen mécht Fehler an een deen säin Fehler agesäit ass an senger Personalität méi staark ginn, a wann de Fehler och nach esou graaf waar. Mee a wann eis Fehler och nach esou grouss sinn, dierfe mer net ophaalen wéider zekämpfen. Dat Wuert “kämpfen” kritt een jo souwisou an der heiteger Zäit schons baal mat an d’Wéi geluecht. Kommt mir kämpfen fir dass d’Kanner vu muer och dat Wuert “Hoffnung” an d’Wéi geluecht kréien. Sie hun et verdéngt.

Ech maachen dat hei fir sie, fir d’Kanner vu muer, fir hier Zukunft. Awer och fir meng Generatioun an eis Zukunft. Ech hun d’Gefill, dass ech et muss maachen. Einfach fir déi “äler” Generatioun drun ze erenneren, dass se zwar schons vill gemaach hun, mee dass a ville Beräicher nach (baal) näischt ennerholl gouf. Ech well déi Generatioun net kritiséieren, au contraire ech well hinnen hei nach eng Kéier Merci soen fir all dat waat sie schon fir meng Generatioun an dës Welt gemaach huet (méi Rechter fir d’Léit, méi Gläichberechtegung, d’Verhennerung vun engem 3. Weltkrich etc.). Ech well hinnen vill méi wéissen, dass meng Generatioun do ass. Mir si prett fir d’Relêve z’iwwerhuelen. Prett fir déi Saachen unzepacken, déi bis elo nemmen am Eck léien bliwwe sinn. Prett fir langerwarten Reformen duerchzesetzen.
Ech well heimatter awer net soen, dass ech net ob déi Generatioun giff lauschteren an dass mer se net (méi) brauchen. Mir brauchen se. A wann et och nemmen heiandsdo deen bekannten “gudden Rood” vun hinnen ass deen mer brauchen. Et soll einfach wéisen, dass meng Generatioun do ass d’Saachen an d’Hand zehuelen an dass mer et villeicht endlech fäerdeg brengen, dass Jonk an Aal net nemmen béieneen, mee mateneen liewen.

Och wann ech bei verschiddenen Posts secherlech wäert “gemault” kréien, wäert ech net mat dësem Blog an och net mat dësem Webcast (deen all puer Wochen soll hei erauskommen) ophaalen. Ech wäert op den John F. Kennedy lauschteren, dee mol eng Kéier soot: “A man does what he must inspite of personal consequences, inspite of obstacles and dangers and pressures. And that is the basis of all human morality”.

Kommt mir gin der Jugend vu ma an natirlech däer vu gescht ee besschen Hoffnung. Kommt gi mer eis all e besschen Hoffnung.

Wellkomm op dësem Politblog.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] D’Hoffnung op eng besser Welt (hei sief och nach eemol un de Weltwaasserdag ërennert, dee mir perséinlech och vill um Häerz läit) hunn ech nach net opginn, a sou geet et dann och hei nach mol eng Zäitche weider. 🙂  […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.