D’Politik an den politischen Journalismus steet enner Schock, nodeems se hieren beschten Mann verluer huet. Esou kéinnt een d’Situatioun ewuel résuméieren.
Geschter Owend lëtzebuergescher Zäit nämlech koum déi traureg a schockéiernt Nouvelle aus Amerika. Den Tim Russert ass am Alter vun nemmen 58 Joër gestuerwen. Hien war dee Kapp vun der NBC Sendung “Meet the Press” a waar bei allen politischen Sendungen vun NBC an MSNBC dobäi.
Den Tim Russert war jhust aus der Vakanz erem komm mat senger Fra, dem Maureen Orth an hierem Bouf Luke. Sie hun do dem Luke seng “Graduation” geféiert. Den Tim Russert ass bei “Voice-over”-Arbeschten, fir d’Sendung Meet the Press vun ma, am NBC News Headquarter zu Washington DC zesummegaangen. Hien gouf an Sibley Memorial Klinik zu Washington ageliwwert, wou se nemmen nach den Doud feststelle kennen. (Autopsie: Herzinfarkt)
Um Punkt 15:40 Auer (Amerikanesch Ortzeit) ennerbrecht NBC, MSNBC an CNBC hieren Programm:

Kuerz drop geet den Republikaner John McCain vrun d’Press. E puer Minutten méi spéit ass et den Demokrateschen Presidentschaftskanidat, Barack Obama, deen ee kuerzen Statement ofléet. Den Obama veröffentlecht säi Statement op senger Homepage a léist den Léit d’Fréiheet d’Kommentarer zebenotzen fir der Famill Russert hiert d’Matgifill a Bäileed ausschwätzen. Elo (5:44 Auer ET) sinn et schons 975 Kommentarer.
Gläichzäiteg leeft YouTube mat Video’en vum verstuerwenen iwwer. An op der “Social Network”-Säit Facebook ginn 2 Gruppen opgemaach fir alleguerten, déi déi em den Russert trauren. Et verginn nemmen Minutten bis dass déi 2 zesummen iwwer 300 Memberen hun.
An an den Blogs gett et nemmen een Thema. Et konnt een d’Wordpress Tag Säit “Tim Russert” am Minuttentakt lueden, et haat een emmer néi Posts, néi Blogs, néi Léit, déi d’Nouvelle erausginn hunn.

Den Tim Russert waar een gebiertegen “Buffalo” Kärel an d’Autoritéiten vun do hu kuerz noom Doud, d’Léit direkt opgefuerdert a ganz Buffalo d’Fändelen op Halbmast zesetzen.

Mee wee war den Tim Russert?
Den Tim Russert waar ee Politolog, deen et fäerdeg bruecht huet, d’Léit d’Politik méi verständlech zemaachen. Hien wousst genee wéini hien dem Politiker wéi eng Fro misst stellen. Hien wousst waat den Politiker net gären haat a waat d’Léit awer onbedengt wollte wëssen.
A ganz oft huet hien scho Saachen virausgesoot, déi vun denen aaneren “aalen” Medien nach keen wollt soen. Esou haat hien 2000 virun allen aaneren virausgesoot, dass alles giff op Florida ukommen an e sollt Recht behaalen:

Seng weiss Tafel ass legendär ginn, genee ewéi hien. Léit, déi sech net besonneg fir Politik interesséieren, hun trotzdem seng “Meet the Press” gekuckt. An all d’Léit, déi déi ganz Wahlen an den System komplizéiert fonnt hunn, hunn an der Waalnuecht den NBC gekuckt, fir dass den Tim Russert et hinnen soll erklären.

Eppes waat, an dat huet een un deenen vereenzelten Reaktiounen gesinn, wäert vun him an Erennerung bléiwen, ass awer och seng Reaktioun, déi hien no den Virwaalen (dëst Joër) zu North Carolina an Indiana ofginn huet. Ewéi nach keen vun den “aalen” Medien d’Victoire (an dësen Virwaalen) fir den Obama wollt zouginn, ass hien higaangen an huet ganz einfach gesoot:

Den Tim Russert waar deen éischten Amerikaner, deen 1985, den deemolegen Popst Jean-Paul II interviewen duerf. 1991 gett hien den Kapp vun “Meet the Press”, déi äalsten Fernsehsendung iwwerhaapt. 2004 huet hien säin éischten Bestseller geschriwwen (“Big Russ and me”), 2005 gewennt en een Emmy fir seng Arbescht bei dem verstuerwenen President Reagan sengem Begriefniss. 2006 schréift hien säin 2ten Bestseller, “Wisdom of Our Fathers”. An net méi spéit ewéi dëst Joër, gouf hien vum TIME Magazin als een vun den 100 “most influential people in the world” genannt.
Hien waar 17 Joër laang, dee Kapp vun “Meet the Press”, esou laang ewéi nach nii een virun him. Hien hannerléist e grousst d’Laach an der Welt vun der Politik an dem Journalismus. Säin “wichtegst Joër”, ewéi hien 2008 genannt huet, konnt en net ganz mat erliewen. D’Berichter an der Wahlnuecht am November wäerten secherlech net déi nämlecht sinn.

Tim Russert
RIP Tim Russert
Der ganzer Famill Russert drecken ech op dësem Wee nach eng Kéier mäi Bäileed aus.
He will be missed as he was loved — greatly
– Tom Brokaw (NBC Journalist, e puer Sekonnen nodeems hien d’Nouvelle der Welt bekannt ginn huet)

[Bis dem Tim Russert säin Begriefniss bléiwt dësen Blog an dem schwarzen Layout. An et wäert bis dohinner keen wéideren Post ginn.]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] trageschen Doud vum Tim Russert huet ewuel jiddereen no engem “perfekten” Nofolger vun dësem Superjournalist gesicht. […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s