EU: Juncker oder Blair?
Oktober 26, 2009 at 11:42 | In Aussepolitik, Lëtzebuerg, UK | 8 CommentsWann ech et richteg matkréien, schéngt et wéi wann zu Lëtzebuerg d’Iwwerzeechung do wier, dass ‘eise’ Jean-Claude de gudden Tony wäert bei dësem Duell klappen. Tjo, demno wéi eng Press dass een hei a Groussbritannien liest, gesäit dat ganz aanescht aus:
„At 56 [Blair] brims with the energy of a much younger man; he has international standing and experience and an undoubted feel for the needs and ambitions of the big players. By comparison his nearest rival, poor Jean-Claude Juncker, the prime minister of Luxembourg, seems like a harmless worthy who has no better chance in this contest than the mayor of Harrogate.“ (Guardian, 25.10.09)
The debate is being seen as “Blair or someone else”, a recognition that there is no rival who has the stature of the former Prime Minister. (Times, 26.10.09)
One source held up the examples of the two candidates at either extreme – the affable but relatively obscure Luxembourg prime minister, Jean-Claude Juncker, and Blair – to show how the name will shape the job. „The job is whoever they choose. Do they want a Jean-Claude Juncker person who can chair meetings or have someone who can make the EU count for something?“ (Guardian, 26.10.2009)
Dass souguer d’Times e gudde Saatz fir den Tony Blair schréiwt huet mech am meeschten verwonnert. Och wann de Rescht vum Artikel net grad esou 100% positiv ass. Trotzdem bléiwt den Tony Blair an net de Jean-Claude Juncker *deen* grousse Favorit. Well den néie President (wa mer dann souwäit mol bis sinn, wann nämlech de Klaus séng Fuerderung fir Tschechien duerchkritt, kéinnt et demno wéi sou kommen dass all 27 Staaten den Traité nach eng Kéier mussen ratifizéieren) gett net vun den EU Bierger gewielt, mee vun 27 klengen Léit. An den Tony Blair huet eigentlech de Support vun Frankräich, Däitschland, Italien a Groussbritannien. Bléiwen also nach 23 Stemmen.
En ongeschriwwent Gesetz mécht et iwwrengs ‘onméiglech’ dass e Pole (Leader vum EU Parlament), en Däne (NATO) oder e Portugies (EU Commissioun) de Posten vum President kritt.
Nierft dem Posten vum President gett et dann och nach e.a. deen vum Ausseminister. Dass den David Miliband sech aus dem Rennen gezunn huet, kann een novollzéien. Net well hien komplett hannert dem Tony Blair giff stoen an séng Campaign net well op d’Kopp puchen, mee mat engem wackelegen Gordon Brown hei heem, ass säin Draam fir eng Kéier Prime Minister zeginn sécherlech momentan am greissten. Esou ass et schons e besschen Schued, well den Miliband secherlech een vun de kompetentesten Ausseministeren aus der EU ass. Dat eenzegt waat een net well ass dass ‘eise Jang’ elo giff probéieren EU Ausseminister zeginn. Well wéi soot d’läscht Woch een zu mir: ‘Wéi du kenns aus *Lëtzebuerg*? Du kanns awer definitiv *vill* *vill* besser Englesch schwätzen wéi äer Politiker.’ (waat natiirlech eng Uspillung heiropper war.)
Mee bon, ech fannen et zumols flott wéi am UK an zu Lëtzebuerg iwwert d’Chancen vum Blair resp. Juncker geschwaat gett.
P.S. Ech ennerstetzen net den Tony Blair. Au contraire, glewen ech dass de Jean-Claude Juncker de richtege Mann ass fir de Posten vum President. Ech glewen souguer, dass et haut Europa giff besser goen, wann de Jean-Claude Juncker 2004 EU Kommissiounspresident gi wäer.
Bestätegt: Schoss nohanne lass gaang. Faschistesch BNP wennt dobäi.
Oktober 24, 2009 at 5:45 | In Emfro, Innenpolitik, UK | 7 CommentsDat waat ech hei schons ugekennegt haat dass kéinnt geschéien, schéngt lo Realtitéit zesinn. Direkt no der Emissioun Question Time um BBC vun en Donneschten huet d’BNP (British National Party) eng 3,000 néi Memberen kritt. Demno war dat den erfollegräischsten Dag an der Geschicht vun dëser faschistescher Partei. Bis haut kruuten se am Ganzen eng 9,000 néi Memberen zenter dem Optrett vun en Donneschten.
Haut huet dunn eng Emfro vum YouGov dann och erginn, dass all 5 Britt „seriously consider“ fir d’BNP bei den nächsten Wahlen well wielen. Ganz genee 22% stinn also méi oder wéineger hannert der Partei vum Nick Griffin. Domatter awer net genuch, well 4% hunn uginn „definitiv“ fir d’BNP lo zewielen, 3% kennen sech virstellen fir fir se zestemmen an nach eng Kéier eng 15% soen dass et „méiglech“ wäer dass sie sech fir d’BNP wäerten entscheeden bei den nächsten Wahlen hei am UK. Dat mecht no Adam Riese eng 44% vun de Britten déi net ofgeneigt sinn fir dës Partei zewielen.
Dir mengt domatter hätt et sech dann awer? Den Erfolleg hätt sech „a Grenzen“ gehaalen? Nee. Net wirklech oder?
Méi wéi 50% (!) hunn uginn, dass den Nick Griffin schons Recht haat an dass een onbedengt mist „speak up for the interests of the indigenous, white British people… which successive governments have done far too little to protect.“ Vun deenen Befrootenen waren eng 43% déi gesoot hunn, dass sie zwar keng Sympathie fir d’BNP hätten, se awer missten unerkennen dass verschidden Suergen déi se hunn vun däer Partei scheinbar am beschten vertruede ginn.
12% soen dann dass se komplett mat der Politik vun der BNP averstaanen wieren, wären nemmen 38% dogéint sinn.
D’BBC kruut zenter dass d’Sendung ausgestrahlt gouf eng 350 Kloen, dorenner waren déi meescht géint d’BBC well déi zevill „bias“ géint d’BNP gewierscht wären. Och den Nick Griffin selwer huet sech deno driwwer opgereegt an gefuerdert, dass hien nach eng Kéier soll ageluede ginn. Dës Kéier soll dann och w.e.g. iwwert d’Politik geschwaat ginn, iwwert bspw. den Streik bei der Post, déi héich Arbeschtslosegkeet etc. etc. D’BBC kéinnt ech mer virstellen wäert däer Propositioun wuel nogoen, well schliesslech kennen se lo net méi aanescht. D’Faschisten setzen lo am Boot, ob een dat well oder net.
A wéi soot den aktuellen Secretary of State for Wales Peter Hain, deen bis zum Schluss géint en Optrett vun der BNP gekämpft huet, op dës Nooricht hin:
„This is exactly what I feared and warned about. The BBC has handed the BNP the gift of the century on a plate and now we see the consequences. I’m very angry about this.”
Ech ka mech dem Rt Hon Peter Hain nemmen uschléissen.
Happening Now: Sen. Snowe ass dobäi, e Climate Change Gesetz an méi Truppen an den Afghanistan
Oktober 13, 2009 at 11:48 | In Aussepolitik, Innenpolitik, USA | 4 CommentsHach ech wollt emol mol eng Kéier Wolf Blitzer spillen an „Happening Now“ op mäi Blog schréiwen ^^ Haut huet d’Madame Senatorin Snowe vu Maine (R) bekannt ginn, dass sie wäert fir den Health Care Project vum Barack Obama stemmen. Dat ass eng zimlech wichteg Stemm, och wann d’Sen. Snowe seet dass sie net dat Gesetz net 100% gudd giff fannen, mee et wäer dat Bescht wat momentan eben méiglech wäer. Tjo, hier Partei huet jo och nach keng Alternative bruecht. Vrun méi wéi 100 Deeg haaten d’Republikaner gesoot dass sie eng Géigenpropositioun maachen, souguer haut léit déi nach emmer net um Desch. D’„Party Of No” an ‘hieren’ Fernsehsender FOX kréien dann och vum Weissen Haus eng staark Oppositioun gemaach. D’Weisst Haus attackéiert öffentlech e Fernsehsender. Boah… wéi d’Politik sech kann vun haut op muer veränneren…
Aaner Saach ass do dann och nach den Climate Change Bill, deen vun de Senatoren Kerry a Boxer geschriwwe gouf. Et ginn dann och scho gudd Grenn firwaat dass dat Gesetz wäert duerchgoen:
1. mam Support Sen. Graham ass e Key Republican op hierer Säit
2. Ganzer 77% vun den Amerikaner glewen dass hier Regierung muss eppes a Saachen Klimaschutz maachen
3. Copenhagen kennt no Oslo
Also misst wéinst dem 3. Punkt dem Obama säin Weisst Haus esou e Project gudd fannen. Trotzdem war virdrun den John Kerry beim President, well „there’s no way to negotiate a bill like this without the involvement of the Administration that they’ve promised – and they’ve been producing. If we’re going to talk about oil and gas, we need to know that the Administration will sign off.“
Den David Axelrod (Senior Advisor to the POTUS) soot dann och schons dass hiert Team schons mat 100 Buergermesschteren geschwaat an eng 50 Climate Change Events ofgehaalen huet. Trotzdem schéngt dëse Besuch eppes zesoen, vielleicht well d’Weisst Haus e Climate Change Bill, mee vielleicht réischt an 13 Méint… no den Midterms. Mee am Dezember geet de President fir d’éischt op Oslo säi Friddensnobelpräiss sichen, déi Woch drop op Copenhagen op de Sommet an d’Welt kuckt ganz genee no. (Uni Birmingham och… méi dozou Enn November/Ufank Dezember ^^)
Eppes wou d’Welt och nokuckt ass séng Entscheedung iwwert den Afghanistan. Anscheinend well den President Obama nach méi Truppen dohinner schecken wéi bis ewell iwwerhaapt ugeholl gouf. D’Welt an d’USA… jo dat sinn ganz oft 2 verschidde Saachen. (Ech iergere mech haut souguer nach emmer greng a giel wann ech op YouTube Kommentare gesinn vun vrun der Wahl mat „Please vote for Obama. The US needs to vote for change.“ an „Welcome back USA“ an „Europe really wants you to vote for Obama. Please, vote for change.“) En interessant Zitat vu mengem „Kolleg“ David Gergen iwwert déi Relatioun am Context vum Friddensnobelpräiss, engem gudd ugesinnen amerikanesche President am Ausland an dem Afghanistan Krich:
[…]All my experience in the White House points the idea that if an American President is popular in publics overseas, it strengthens his hands in negotiation and diplomacy. But let me say this, it complicates it back home. In this sense, on Afghanistan: if he makes a decision now not to […] go for a big troop increase, he will immediately be attacked for playing to the European audience. […]
(AC 360° – 9. Oktober 2009)
Gedanken: Fight wars and get re-elected?!?
Oktober 12, 2009 at 6:54 | In Aussepolitik, Gedanken, USA | Leave a CommentDe folgende Post ass entsprecht net direkt menger Meenung an ech glewen, dass Krich zu all Zäitpunkt muss probéiert ginn zeverhenneren. Mee eppes interessantes fällt engem schons op wann een op Kricher kuckt.
Fänke mer beim John F Kennedy un. Hien haat wuel déi gréissten Meiglechkeet fir an en direkte Krich géint d’Soviets zezéien, huet awer eng „diplomatesch“ Léisung fonnt. Dat war am Oktober 62. Am Juni 1963 gett hien eng historesch Ried iwwert ‘World Peace.’ Am November ‘63 gett hien erschoss. Deen laut rezenten Emfroen 6. beleiwsten US President iwwerhaapt haat kuerz virdrun ugeuerdnet fir eng 1,000 Mann aus dem Vietnam erauszehuelen.
Den LB Johnson gett President. An nemmen e puer Deeg noom Mord um JFK veto’t hien deem säin Reckzuch aus dem Vietnam. De Faite dass hien 1968 net erem gewielt gouf léit wuel net drunn dass hien kee Krich gefouert huet, mee wéi hien mat der amerikanescher Bevölkerung an de Medien driwwer geschwaat huet a iwwert déi aktuell Situatioun gelunn huet. Wéi den RFK dunn an d’Rennen em d’Nominatioun gaangen ass war d’Democratic Party sou zerstridden dass den Johnson for the sake of it sech zreck gezunn huet.
Den Bobby Kennedy war de grousse Kandidat a keen, wirklech keen, huet geduercht dass hien net giff d’Renne maachen a President ginn. Och wann hien deen éischte Kennedy war deen eng Wahl verluer huet (Primary zu Oregon) esou waar zumools de Support vun de Jonken ob sénger Säit. Déi Jonk wollte kee Krich an et war déi Platform déi den Bobby benotzt huet. Mat him als President hätt de Vietnam Krich en Enn. Am Juni 1968 gett hien erschoss.
Den Nixon gett President. Loose mer deen emol aussenfir well do aaner Saachen geschidd sinn (Watergate).
Als nächst koum den Gerald Ford. De Ford setzt sech wéider fir d’Entente am Kaale Krich an. Am Mäerz 1975 schréiwen 76 US-Senatoren him e Bréif an deem sie fuerderen dass d’USA hierem Partner Israel eng 2,85 Milliarden US Dollar fir d’Militär an d’Economie léinen. De Ford ass beonrouegt a bréngt et fäerdeg d’Sinai Interim Agreement teschend de Staaten opzebréngen. Kee Krich. Am Dezember 1975 besicht de President Ford mat China e kommunistescht Land. De Ford gewennt d’Nominatioun fir d’Republikanesch Partei géint den Ronald Reagan knapps a verléiert am November 76 d’Wahlen.
Den Jimmy Carter gett President. Den Jimmy Carter bréngt SALT II, en Friddensvertrag teschend Israel an Ägypten, d’Camp David Accorden an e „gréngt“ Weisst Haus mat Solarenergie. Séng Beméihungen fir Diplomatie a kee Krich zeféieren sinn zu Enn wéi am Iran Amerikaner als Geisel geholl ginn. Séng „Äntwert“ geet schief an hien gewennt zwar knapps d’Nominatioun vu sénger Partei géint den Teddy Kennedy, mee muss sech dem Republikaner Reagan geschloe ginn.
De Reagan gett also President. D’Soviets waren rem déi beiss an en „evil empire.“ Et gett rem Milliounen a Milliounen an d’Militär gestach. Jo, souguer den Iran kritt finanziell eng Ennerstetzung. Obwuel zur gleicher Zait deen am Krich ass mat hierem Partner dem Irak, deen och ennerstetzt gett. Grad esou kréien Israel, Taiwan an Saudi Arabien déi passend militäresch Ausrüstung. De Reagan gewennt 1984 séng Wiederwahl.
Dunn war alles gedoen an et konnt een gemittlech mam Gorbachev iwwert d’Enn vum Kaale Krich diskutéieren.
1988 kennt den George H.W. Bush un d’Muecht. Den 1. Oktober 1990 ass den fréieren Partner de néie Feind. Den Irak em den Saddam Hussein gett attackéiert. Mee dee „groussen“ Kaale Krich ass eriwwer, dat grousst Feindbild ass fort. D’Economie gesäit och net gudd aus.
An no 4 Joër kennt 1992 den Demokrat William Jefferson Blythe III. (haut bekannt als Bill Clinton) an d’Weisst Haus. 1993 kennt et zu engem Kampf am Somalia, 95 geet d’USA mat der NATO an de Krich a Jugoslawien eran. 1996 gett de Bill Clinton erem gewielt.
1998 kennt d’Al-Qaeda an d’Spill wéi sie an Afrika Amerikaner embréngen. De Krich am freiren Jugoslawien geet wéider. Och 98 warnt den Bill Clinton a sénger State of the Union Ried d’Amerikaner vrun engem nuklearen Irak mam Saddam Hussein a bombéiert am Dezember 98 während 4 Deeg den Irak. Dëst nodeems hien mat engem Gesetz am Oktober ‘98 en „regime change“ am Irak ‘gefuerdert’ huet. An jo de Bill Clinton probéiert souguer den Bin Laden zefänken, ouni Erfolleg. De Bill Clinton geet vill Militärasetz aus dem Weissen Haus, dëst mat 65% ‘Approval Ratings’, deen heechsten fir e President zenter dem 2. Weltkrich.
2000 gett rem gewielt. Den Al Gore benotzt den Bill Clinton a sénger Campaign awer guer net a verléiert géint den George W. Bush.
Den 11. September geschidd an d’USA ginn an de Krich géint den Terror a géint den Afghanistan. Eng „axis of evil“ entseet. Am November 2001 probéiert d’Bush Administration dat fäerdeg zemaachen waat dem Bill Clinton net gelongen ass. Den Donald Rumsfeld kennt mat engem Plang fir en „regime change“ am Irak. An 2003 geet et dann eben an deen Irak, dem Papa an dem Bill säi Krich fäerdeg maachen. 2004 gewennt de Bush d’Wahlen.
2005 probéiert hien de Fridden am Noen Osten zekréien, scheckt awer deno wéider Truppen an den Irak. Um Enn vu sénger 2. Amtsperiod setzt hien sech d’Ziel eng friddlech Welt ze hannerloosen an seet souguer dass et un der Zäit wier fir d’Truppen ofzezéien.
2008 gewennt den Barack Obama d’Wahl. Am Januar 2009 beschléisst hien Guantanamo an den nächsten 12 Méint zouzemaachen a kuerz drop setzt hien e Plang op fir sech aus dem Irak zereck zezéien. No sénger Ried zu Berlin, fuerdert hien och um Sommet vun der NATO, a méi spéit um UN Sommet eng Welt ouni Atomwaffen. Am Oktober 2009 kritt hien de Friddensnobelpräiss zougesprach. (Firwaat net?).
An elo muss hien sech d’Fro stellen ob hien méi Truppen an den Afghanistan scheckt – eppes waat hien a sénger Campaign gesoot haat dass hien giff maachen – oder dach net. Mäin kléngen Historic hei giff eigentlech wéissen, dass wann een well 2 Amtsperioden maachen een scheinbar d’Militär net dierf vergiessen…
„No war, no money. The organizing principle of any society, Mr. Garrison, is the war. The authority of the state over its people resides in its war powers.” (Mr. X to Mr. Garrison, JFK (movie))
„A prince must not have any other object nor any other thought . . . but war, its institutions, and its discipline; because that is the only art befitting one who commands.“ (Machiavelli, The Prince)
(Wéi gesoot ech well heimatter keng „positiv“ Stellung zu Krich(er) huelen, mee einfach e ‘Problem’ vun eiser Gesellschaft obwerfen.)
Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.



Commentaire: Nach nie esou stolz gewierscht mech e Jonken zenennen!
Oktober 22, 2009 at 11:45 | In Aussepolitik, Commentaire, Divers, Gedanken, Innenpolitik, Lëtzebuerg, Secherheetspolitik, UK | 5 CommentsAm Fréijoër 2008 haat d’BBC déi super Idee fir eng néi Sendung mam Numm „The White Season“ an de Programm zesetzen. Wéi sie demols an hierem Communiqué matgedeelt haaten: „The White season features a series of films that shine the spotlight on the white working-class in Britain today.” Alleguerten d’Parteien hunn sech driwwer opreegt… alleguer? Nee, d’BNP (British National Party) war begeeschtert. Endlech giff mol een d’Suergen vun de Weissen an Groussbritannien eescht huelen. D’BNP haat der BBC direkt félicitéiert fir dee „grousse“ Schrett.
E Joër méi spéit bréngt d’BNP et fäerdeg fir bei den Europawahlen 2 Setz zekréien. An déi éischt Léit hunn sech gefroot wéi dat dann nemmen konnt geschéien.
Baal 5 Méint méi spéit waar haut ee vun den 2 MEPs vun der BNP, hieren Leader den Nick Griffin, an der Politsendung „Question Time“ um BBC. Firwaat? Dat kann een sech secher froen. Waat huet e Mann, deen den Holocaust leugnet an sou enger Sendung zesichen? Waat huet e Vertrieder vun enger Partei, déi behaapt dass den Hitler dat beschte wäer waat den Däitschen an den 30er Joëren konnt geschéien, an sou enger Sendung zesichen? D’BBC verteidegt natiirlech hier Entscheedung. An divers Léit dorenner Politiker hunn d’Décisioun gudd geheescht, well sou wäer et méiglech fir d’BNP richteg blous zestellen an zewéisen firwaat dass sie stinn. Eng gudd Idee?
Naja, ech muss dem aktuellen Inneminister Alan Johnson Recht ginn, deen d’läscht Woch hei behaapt huet:
Dass dee Schoss kann nohannen lass goen, wéisst schliesslech och d’Geschicht. Kommt mir ginn mol an d’Geschichtsbicher kucken:
1984 gett den Front National – nodeems se virdrun vun de Medien boykottéiert goufen, kaum méi Suen am Budget waren an eigentlech keng signifikant Wielerschaft haaten – vun der Antenne 2 (e vun den 3 grousse Fernsehsenderen a Frankräich) an d’Emissioun „L’Heure de Vérité” agelueden. De Jean-Marie LePen schwätzt haut nach gäeren wann en iwwert deen Optrett quasselt vun däer „Stonn déi alles verännert huet.“ Den FN kennt direkt no der Sendung op 30,000 Memberen. Bei den Europawahlen 84 verdueblen sie hiere Score a kommen op 7%, bei de Wahlen a Frankräich souguer op 11% (dat sinn 2,2 Milliounen Stemmen!). D’Erfolleggeschicht geet sou weit weider dass den Jean-Marie LePen 2002 als éischten rietsextremen Presidentschaftskandidat an den zweeten Tour vun de Wahlen kennt.
Nach net ganz kloër waat ka geschéien? Nee?
Kommt mir ginn ob Lëtzebuerg. Do setzt den adr jo och emmer mat um Desch a wann net da probéieren verschidden aaner (Jugend)parteien fir se mat ob den Desch zehuelen. Ok. Dës Kéier ginn ech awer net ganz weit zereck, well ech fir e vun den schrecklechste Beispiller net all zewäit muss siche goen. Am Mee 2009, trett den Ralph Hellinckx bei RTL.lu op an d’Internauten kenne Froen eraschecken, deno ass dee Member vun der rietsextremer adr (resp. adrenalin) e Star zu Lëtzebuerg. Praktesch jiddereen huet de ganze Video (oder d’Zusammefassung) gekuckt. De 7. Juni gett den Ralph Hellinchx den 3. Gewieltenen op der adr Lescht am Zentrum. Hien muss sech um Enn nemmen dem Députéierten Jacques-Yves Henckes an dem Generalsekretär Roy Reding geschloe ginn. Sëcherlech kee schlecht Resultat waat hien gemaach huet, oder soe mer: secherlech extrem vill Léit déi hien gewielt hunn.
Dass déi Idee fir Politiker vun enger rietsextremer Partei op esou eng öffentlech Plattform anzelueden méi wéi nohannen goe kann, dierft domatter bestätegt sinn. An och hei am UK ass d’Saach wuel nohannen lass gaangen, no der Sendung sinn d’Quoten vun der BNP fir bei nächste Wahlen d’nächst Joër dobäi zewannen kräfteg an d’Luut gaangen.
Ier d’Sendung vun haut awer iwwerhaapt konnt opgeholl ginn, si d’Léit massiv op d’Stroos gaangen. An zumools déi Jonk. D’Police war eigentlech komplett iwwerfuerdert, waat een tip top an dësem Video hei gesäit. Wéi eng 1000 Protestanten sech vun dem grosse Demonstratengrupp, dee vrun der Haaptentrée vun der BBC stoung, fortgaangen sinn fir d’Stroos zespäeren (et handelt sech hei bei em d’Wood Lane waat eng Haaptstroos ass a wou Owes nawell vill Verkéier ass), hunn d’Polizisten sech schéin propper e beemol an d’Stroos gestallt fir datt dat Ganzt sech net wéider „ausbreet.“ Wou een sech erem freet: firwaat? D’Stroos war gespaart, d’Autoen a Busser sinn net duerchkomm. D’Ziel vun de Protestanten war erreecht. Huet ee gemengt, dass d’Police nemmen 1 Fehler gemaach hätt, huet e falsch iwwerluecht: vun däer aanerer Säit – do wou d’Autoen eben am ‘Stau’ stungen – koumen wéider „nei“ Protestanten un. D’Police war fir e puer Momenter vun den Demonstranten ageschloss. Domm gaang!
Nix geet méi! Protestanten leen fir e kurze Moment den Traffic laam!
Obwuel een jo muss soen, dass ech schons vun der Police erstaunt sinn. Schliesslech liewe mer jo hei a Groussbritannien an engem eenzeg grousse Prisong. Alleguerten d’Freiheeten déi et zenter dem Zweete Weltkrich fir d’Bierger gi sinn, goufen an de läschten Joër ofgeschaaft. Wéinst dem Terrorismus. Wéinst dem „Terrorism Act“ kann d’Police zum Beispill och einfach esou eng Persoun no hieren Donnéen froen (wéi se heescht, wou se wunnt, wéini dass se gebuer ass) an jo et well een schon sou wäit goen, dass e Kanner schons vrun der Gebuert well vrun enger Famill well ewech huelen, wann déi zevill ‘terroristesch’ ass. (Dat huet de gudden Tony sou gesoot: vrun der Gebuert!) E genialen Dokumentarfilm doriwwer ass Taking Liberties deen der ierch hei kennt ukucken. (De Film ass net nemmen empfehlenswert, well e weist waat en Tony Blair un der Spetzt vun enger EU kéinnt maachen.)
Déi gréissten Unzuel vu Protestanten haut dierften och wuel déi Jonk ausgemaach hunn. Et war och gréisstendeels Jonker deenen et gelongen war fir laanscht d’„Secherheetsmesüren” zekommen an d’Gebei vun der BBC zestiermen. Am Nometten waren et gréisstendeels Studenten vun den Unien zu London déi sech schons op de Wee Richtung BBC Gebäi gemach hunn, méi spéit koumen dunn Busser mat Studenten aus dem ganze Land, sou zum Beispill och vun der Sussex University un. D’Protestanten hunn dann och emmer schéin „We’re black, white, Asian and Jew, BBC shame on you“ am Chor geruff. An déi déi net de Wee bis op London wollten oder konnte maachen, hunn sech op aanere Plaatzen am Land getraff, sou zum Beispill vrum Gebäi vun der BBC zu Hull oder vrum Gebäi vun der BBC Wales zu Cardiff.
Hei zu Birmingham goufen dann och verschidden Ziedelen ausgedeelt mat der Opfuerderung un d’Studenten, déi eng TV Lizenz hunn, de Programm haut den Owend net zekucken, an am beschten hier TV Lizenz zeverbrennen. Et soll een net hellefen fir Nazi’en finanziell z’ennerstetzen. E Mann huet dann och wéi een op dësem YouTube Video gesäit séng „TV Lizenz“ bei de Protester verbrannt. Scheinbar war déi Idee duerch d’ganzt Land gaang. Hehe. [Déi Ziedel goufen net vun der offizieller Säit vun der Uni ausgedeelt!]
Protestanten vrun der Haaptentrée vum BBC Television Centre [via]
Et gett jo ganz oft behaapt, dass ee muss fäerten dass déi Jonk op Rietsextremer erafaalen, well déi jo schliesslech den Zweete Weltkrich net materliewt hunn. Dat soen jiddefalls déi Generatioun, deenen hier Elteren de Krich eigentlech richteg matkritt hunn an sie net allzevill oder souguer guer näischt. Da stellt een sech natiirlech froen wann da grad déi Generatioun higeet, déi hier Elteren vielleicht am Krich verluer hunn, an esou Léit, déi einfach nemmen krank am Kapp sinn, eng Plattform fir sech wéider auszebreeden gett. Zumools d’Unzuel vu Studenten léist hoffen a wéisst der eelerer Generatioun definitiv, dass mer an enger néier Welt liewen. Déi Jonk sinn do, hunn d’Welt eigentlech lues a lues schons ennert hierer Kontroll. Déi eeler Generatioun huet 2 Méiglechkeeten: entweder sie maache mat, huelen eng Biischt fir deen Dreck, deen se iwwerall gemaach hunn, mat op zebotzen, oder sie setzen sech weider an de Canapé a schloofe wéider. Mee wann der mol rem eng Kéier erwescht, soot w.e.g. net „fréier war alles besser“, well dat waar et net. Déi Welt déi dir eis iwwereescht hutt ass eng Welt an däer kee well liewen, an an däer och keen et verdengt huet fir zeliewen. Nazi’en kréien eng öffentlech Plattform. Fir d’éischt de Klimawandel verursacht, an elo kennt jhust warm Loft aus dem Mond vu villen eeleren Léit. Fir d’éischt déi gréissten Bankekriis zenter den 30er Joëren gebaut, dunn riese Scholden op äer Kanner iwwerdroen. Fir d’éischt Afrika nemmen ongäeren entkolonialiséiert, dunn trotzdem wéider ausgebeut a verhongere geloos.
Eigentlech ass et jo esou dass eng Generatioun emmer soll der nächster eng besschen besser Welt iwwerloosen. Tjo, äer Generatioun huet nawell zimlech gudd gerascht. Hu profitéiert, gudd geliewt an zimlech vill Blödsinn a Knascht gemaach…
also… „grab a mob and help us clean up this mess!“
P.S. E Video vun 7 Minutten iwwert d’Protester kennt der ierch hei bei Guardian.co.uk ukucken.