Iwwert mech

Mäin Numm ass Tom Heles an ech sinn am Januar 1989 an eiser schéiner Heemescht op d’Welt komm. Ech hun am Alter vun 11 Joër ugefaangen mech fir Politik z’intresséieren. Am Joër 2000 ass et eigentlech esou richteg lass gaangen an dat e puer Wochen vrun den Presidentschaftswahlen. Ech hunn einfach fonnt, dass d’Wahlen an esou engem groussen Land och wichteg sinn fir d’Liewen vun de kléngen Europäer a Lëtzebuerger. Oder soen mer emol sie waaren fir mech wichteg. Op der mer et elo glëwt oder net, mee ech wollt – nodeems ech e puer Reportagen iwwert béid Kandidaten (Bush/Cheney , Gore/Liebermann) gesinn hunn, dass den Al Gore giff deen nächste President ginn. Den Ausgang vun deenen Wahlen ass gewosst an ech hunn erréicht an de kommenden Joëren lues a lues verstaanen waat wirklech a Florida an aaneren US-Stied deen Daag am November gelaaf waar.
Mee d’Wahlen 2000 an den USA waaren de Startschoss fir mech. Ech haat mer kloër als Ziel gesaat d’nächste Kéier méi iwwert Kandidaten zewëssen an nach méi iwwert d’Situatioun. Dat ass natiirlech nemmen méiglech wann een sech och teschend den Wahlen fir dat intresséiert fir dat sech soss (baal) keen (Europäer) intresséiert: d’Arbescht vun den Politiker. Mee ech wollt net nemmen méi fir d’Wahlen an den USA informéiert sinn, Politik huet mech am Allgemengen méi intresséiert an esou huet et eigentlech ugefaangen, dass ech mech och emmer méi fir d’Arbescht vun den lëtzebuergeschen, franzéischen an däitschen Politiker intresséiert hunn.

2008 ass mäin groussen “Draam” an Erfëllung gaangen. Dee Kandidat deen ech fir den Presidentschaftsposten an den USA favoriséiert hunn, haat ech wéi vill Amerikaner schon 2004 kenne geléiert a séng Carrière verfollegt. Säi Podcast hunn ech nawell emmer gäer gelauschtert a ganz éierlech elo ewou hien President ass, ass dat eppes waat mer fehlt. Et fehlt mer, dass ech keen “Lieblingssenator” méi hunn deem seng Meenung iwwer e bestemmtenen Project oder Gesetz kann lauschteren wéini a wou a wéi oft ech wëll. Séng Podcastepisoden – mat alt iwwert 1 Stonn – hu mer einfach erméiglecht fir e kloëren Abléck an d’Liewen vun engem US-Senator zekréien. Och wann ech elo schons Léit hunn, deenen hier Carrière ech méi genee verfollegen (e.a. den Gov. Brian Schweitzer vun Montana) esou ass et awer Schued, dass weder am Senat nach am Kongress an och keen Governor dem Obama séng Plaatz am Web 2.0 anhellt.

Duerch den Barack Obama a säi Podcast, mee och duerch d’Kucken vun Sendungen wéi “Meet The Press” (mam Tim Russert ✝ 2008), eng Sendung déi ech emmer gäere gekuckt hunn, “The Situation Room” (mam Wolf Blitzer), “This Week” (mam George Stephanapoulos), “AC 360°” (mam Anderson Cooper), hunn dozou beigedroen, dass ech Léit hannert de Politiker “kennengeléiert” hunn. Vun eenegen sinn ech e grousse Fan ginn a verschiddener goufen och schons hei um Blog erwähnt. Am Allgemengen bewonneren ech den James Carville (Chief Strategist/Campaign Manager – “Clinton For America” an “Clinton and Gore For America” Campaign 1992), Ronald A. Klain (aktuellen Chief of Staff vum Vice-President Joseph R. Biden Jr.), David Axelrod (aktuellen White House Senior Advisor), David Plouffe (Campaign Manager – “Obama For America” an “Obama and Biden For America” Campaign 2008).

Léit op deenen hier Meenung ech vill ginn sinn der eigentlech ganz vill an och erem net. Eigentlech soll een jo esou Nimm net nennen fir dass déi Léit net agebildt ginn, mee déi déi ech elo nennen wäerten dee Blog hei souwisou net liesen: Anderson Cooper (Journalist – CNN), John King (Journalist – CNN), Tim Russert (✝) (Journalist – NBC), Adam Boulton (Journalist – Sky News), David Gergen (politeschen Beroder (e.a. bei den Presidents Nixon, Ford, Reagan a Clinton)). Natiirlech kommen do elo och alleguerten déi dobäi déi ech bewonneren an den Gov. Schweitzer, den Joseph R. Biden Jr., den Barack H. Obama an Bill Clinton.
An dann natiirlech nach e puer Léit, déi ech wirklech privat kennen, mee déi Nimm hunn hei näischt verluer. :)

Ech wëll awer och soen, dass ech mech och ganz vill eben fir déi lëtzebuergesch Politik intresséieren. Wann ech 2004 hätt kéinnten matwiele goen, hätt ech mäi Kräiz ganz sëcher gemaach. Ouni ze zecken. Ech wousst Bescheed iwwert d’aktuell Situatioun hei am Land, iwwert d’Partei an hier Verspriechen an haat mer schons laang vrun de Wahlen eng Meenung gebild an décidéiert ween ech giff ennerstëtzen. Ech hunn awer meng Meenung no 2004 nawell stark iwwert déi Partei geännert. Villeicht waar et och nemmen, dass ech am Alter vu 15 Joër nach net genee wousst, wou ech am politeschen Specktrum richteg stinn. Et kann een d’Situatioun hei am Land jo net mat Amerika vergäichen ewou d’Demokraten praktesch eng Meschung aus éisen Gréngen, Sozialisten a Liberalen sinn. Mee trotzdem huet sech teschend dem 16. an dem 17. Liewensjoër eng staark Tendenz fir eng Partei erausgestallt. Däer sinn ech dann och beigetrueden oder besser gesoot “hierer” Jugendpartei. Natiirlech schwätzen ech hei vun der JDL, der Jeunesse Démocrate et Libérale.
Ech sinn momentan Comitésmember an Trésorier vun der JDL Sektioun Iechternach, waat déi eenzeg JDL-Sektioun am Osten ass an dofir net nemmen fir déi Jugendlech an der Abteistaat schafft, mee och fir d’Emgéigend. Da sinn ech och Member vum Nationalcomité vun der Jeunesse Démocrate et Libérale. De Blog an déi eenzel Beiträg entspriechen awer enner kengen Emstenn der expliziter Vue vun der JDL an/oder der JDL Iechternach. Ech schréiwen hei a mengem Numm a net an deem vun enger Partei. Ech schréiwen esou ewéi ech d’Saachen gesinn an net esou wéi villeicht aaner Léit (och aus der Partei oder d’ganz Partei sëlwer) et gesinn. Wëll dat nemmen eng Kéier hei kloërstellen. Et ass kee Blog vun der JDL. :)

No 13 Joër hunn ech dann am Juli 2008 och endlech mäi Wee aus den Urwald “lëtzebuerger Schoulsystem” geschafft. Et ass e richtegen Urwald, deen zumools an den läschten Joër wéinst der Aufgab vun der LSAP Ministesch nach méi schlëmm ginn ass. Ech hunn dunn décidéiert fir fir d’éischt nach e Joër hei am Land zebléiwen an sinn mat mengem “Diplôme de fin d’études secondaires techniques” op d’Uni Lëtzebuerg getreppelt. Do maachen ech dann elo zanter dem September mol fir 1 Joër “English Literature and Linguistics”, deen zum “Bachelor en Cultures Européenes” gehéiert. Dat Ganzt erméiglecht mer fir déi éischte Kéier a mengem Liewen e Wahlkampf, erem op eng aaner, nach méi politesch Aart a Wéis kennen zeléieren.

Mee mäin Drang nach méi Politik a mengem Liewen zehunn ass awer nach emmer net gestoppt a vielleicht wäert dat och nie geschéien. Mee esou hunn ech dann dunn décidéiert fir a Groussbritannien Politik studéieren zegoen. Bis ewëll waarden ech nach op e puer Äntwerten, mee Offeren kruut ech awer alt schons, e.a. vun der University of Birmingham. Déi Universitéit ass laut internationaler Studie déi 4. bescht Uni a Groussbritannien fir Politikwëssenschaft (direkt hannert Oxford a vrun Cambridge), déi 5. bescht an Europa an déi 22. bescht op der Welt.

Et wäert also nach hoffentlech vill politesch Aktivitéiten a mengem Liewe geschéien a vill politesch Wëssen a mech eran stiermen.

D’Liewen huet lo grad eréicht esou richteg ugefaangen…

(7. Mäerz 2009)

TrackBack URI

Blog at WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.

Follow

Get every new post delivered to your Inbox.