#stoppACTA: 70 Joer no der Wannseekonferenz…
February 12, 2012 at 9:03 pm | Posted in Aussepolitik, Divers, Gedanken, Lëtzebuerg | 8 CommentsDen 20ten Januar 1942 hu sech 15 héichrangech Nazi’en zu Berlin getraff. Dëst Treffen sollt herno als “Wannseekonferenz” an d’Geschichtsbicher stoe kommen. Um Ordre du Jour stoung d’”Endlösung der Judenfrage” an Europa “ze fannen.”
E Symbol vun der Propaganda war déi sougenannten “Judenkrake”:

(Quell)
Dëse Weekend haaten d’Geigner vum “ACTA” Ofkommes, wat zënter 2006 schons diskutéiert gouf & zënter 2010 schonns fäerdeg do steet, zu Lëtzebuerg an an aaneren EU Stied dogéint protestéiert. Benotzt gouf folgend Bild:

70 Joer no der Wannseekonferenz ass et also rëm ok fir sech mat der “Judenkrake” – engem vun de gréissten antisemiteschen Biller déi et ginn – knippsen zeloosen. Souguer Politiker hu kee Problem domat, eent, zwee, dräi a laachen:

(Quell)
P.S. Dierf ech och soen dass een sech wirklech muss schummen?! Op der “stoppACTA” Demo waren scheinbar iwwer 300 Leit, e besschen méi spéit waren um “Marche de Solidarité” vun Amnesty International fir d’Leit a Syrien just 50 Leit. Wou waren do d’Parteien? Wou waren do déi engagéiert Leit? Zum Glëck war de “Marche de Solidarité”, deen d’Amerikaner am läschten Joerhonnert fir d’Europäer gemaach haaten besser besicht.
It’s Halftime in America
February 6, 2012 at 12:28 pm | Posted in USA | Leave a commentGëschter Owend war bekanntlech de Super Bowl XLVI zu Indianapolis tëschent den New York Giants an de New England Patriots. D’Giants hu bekanntlech 21 – 17 gewonnen –– och wëll de läschte Pass vum Tom Brady (Quarterback vun de ‘Pats’) an der allerläschter Sekonn vum Mätch keen an der Endzone vun den Giants fir en Touchdown konnt opfänken.
Super Bowl, dat heescht net nëmmen Football, Chips, Béier, Sandwich etc etc, mä all Joers och extrem vill Reklammen, déi extra fir deen Dag produzéiert ginn. D’Käschten fir eng Reklamm vun 30 Sekonnen huet dëst Joer 3.5 Milliounen US Dollar kascht, wat op den Zuschauer gerechent wuel eng $0.03(5) wäert gewierscht sinn. Dëst Joer gouf et e.a. eng Reklamm vum Gay Rights an Anti-Bullying Movement hirer langjähreger Campagne “Think B4 you speak” an… dës Reklamm mam Clint Eastwood:
(P.S. ech hätt gäeren de Video vun der Chrysler YouTube Säit geholl, mä do huet d’NFL de Video wéinst ‘Copyright’ erofhuele geloss. WTF?)
Zréck zur Reklamm…
… bei där engem direkt 2 Presidenten & 1 Presidentschaftskandidat afaalen. Dir hutt 5 Sekonnen Zäit.
[5… 4… 3… 2… 1… 0]
Ronald Reagan, Barack Obama … an Mitt Romney.
Firwat? Ganz einfach. D’Reklamm ass eng Uspillung un eng vun de berühmtesten Reklammen aus enger Course ëm d’US Presidentschaft. Ech schwätzen hei natierlech vun der “Morning in America” Reklamm vun der 1984 Campaign vum President Reagan.
President Obama well hien d’Autoindustrie mat massive Steiergelder vun der Faillite gerett huet. Eppes wat den republikaneschen Presidentschaftskandidat Mitt Romney net gemaach hätt. Hien wollt d’Automobil Industrie, eng vun de wichtegsten Industrien (wann een op d’US Geschicht kuckt), faillite goe lossen. De Marché regléiert dat schonn. Déi economesch neoliberal Astellung, déi déi Konservativ zënter 1980 hunn, hätt dofir gesuergt, dass den US Staat Michigan lo eigentlech sou gudd wéi doud wier.
Dat ass en awer net. Den US Autosecteur ass lo rëm d’Nummer 1 op der Welt.
Heiandsdo muss een eben och bei Super Bowl Reklammen e besschen eppes vun der US Politik an US Geschicht kennen, fir alles ze verstoen. ![]()
P.S. De Clip kennt net vun der Demokratescher Partei oder dem President Obama, mä eng “Thank You” Email dierft wuel op Detroit gaangen sinn. hehe…
Blog at WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.


