D’US Studenten ginn och op Stroos a verschidden Uni’en „brennen“

November 21, 2009 at 11:05 | In 6861 | Leave a Comment

Et schéngt wéi wann de ganzen Movement an der Studentewelt net nemmen hei an Europa wäer. An den USA gett momentan och richteg demonstréiert bspw. zu Kalifornien awer och zu North Carolina an zu Michigan. D’Time Magazin vergläicht verschidden Szenen wéi „a scene out of the angry 1960s.“ An ech ka mech jhust nach eng Kéier widderhuelen: „Eppes wéisst et awer alt erem allemool: déi Jonk sinn do. An entweder déi „eeler“ Léit gesinn an akzeptéieren dat oder e greisseren Generatiounskonflikt wäert an den nächsten Joëren entstoen.”

Et schéngt jhust wéi wann de Generatiounskonflikt nach méi no vrun der Dir steet wéi e vielleicht denkt. Zäit leeft of.

Méi iwwert d’Protester an den USA fannt der hei. Witzeg fannen ech dass d’Wall Street Journal schréiwt, dass d’Protester op der Berkeley „peacefully“ op en Enn gaangen sinn, nodeems d’Police 41 Demonstranten déi en Deel vun der Uni besaat haaten festgeholl hunn. [hei] D’Saach ass jhust déi dass een der Idee, déi hannendrun steet, der Rooserei, déi déi Jonk an sech un, keng Handschellen kann uléeen. Wéi gesoot hoffe mer dass déi eeler Léit endlech agesinn dass hier Zäit un der Spëtzt eriwwer ass…

Tim Russert.

November 20, 2009 at 2:56 | In Divers, Gedanken, USA | Leave a Comment

Déi tréi Lieser wessen dass ech den Tim Russert einfach nemmen immens fonnt hunn. Dofir: ech well dohinn!!!!!

UK: #SOS dréit eischt Friichten [Studentenprotest]

November 20, 2009 at 2:17 | In Edukatioun, Gedanken, UK | Leave a Comment

Nodeems ech hei schons op „Uni Brennt“ an zumools „Tell David“ agaangen sinn, well ech haut jhust e puer Wierder iwwert d’Aktioun #SOS hei op menger Uni verléieren.
Am Oktober gouf d’Sociology Departement vun menger Uni ennert d’Lupp geholl nodeems et d’läscht Joër an engem Ranking net gudd ofgeschnidden haat. Dat geet net wann een als Motto vun der Uni „Per Ardua Ad Alta“ huet. Also e Review. Den 10. November dunn huet den Prof. Edward Peck (Head vum College of Scoial Sciences) dem Chef vum Departement séng Decisioun matgedeelt:
Sociology Departement soll zougemaach ginn. Den Bachelor an Sociology soll an d’Social Policy Departement kommen an de Bachelor an „Media, Culture and Sociology“ soll ganz gecancelt ginn. Domatter kann d’Uni d’Zuel vum akademeschen Staff vun 17 op 3, an d’Zuel vum administrativen Staff vun 3 op 1 reduzéieren.

Eng Decisioun déi natiirlech fir vill Opreegung gesuergt huet, an nach emmer suergt. Sou gouf et en Mettwoch erem e Protest ausserhalb vum Aston Webb Building (d’Haaptgebai vun der Administratioun). [Foto] D’Studenten goufen vum Staff bei dëser Aktioun ennerstetzt. A wéi den Zoufall et sou wollt war – well d’Queen hier Ried am Parlament ginn huet- d’BBC bei eis op de Campus komm fir mat diversen Léit en Interview iwwert d’„Queen Speech“ zemaachen a kruuten och vrum Protest mat. Ob d’Journalisten vun der BBC awer lo och d’Petitioun ennerschriwwen hunn ass onkloër. Jiddefalls waren schons e Mettwoch eng 5,600 Ennerschreften zesummen.
D’nächsten Donneschten soll de Council eng Entscheedung iwwert d’Sociology Departement huelen. Dofir gett et dann och e Begriefniss um Campus. E Mettwoch den Owend dunn huet awer den Vice Chancellor vun eiser Uni de Léit versechert dass „all options, not just closure“ giffen diskutéiert ginn an all Optioun „equal consideration“ kritt. Dat ass zwar vielleicht nemmen sou een normalen Ausdrock, mee de gudden David wäert scho geléiert hunn (en ass jo reischt zenter Ufank dës Joëres hei op der Uni), dass an der Vergaangenheet d’Studenten hei op der Uni emmer vill matentscheed an décidéiert hunn. Ech denken do un d’Idee 5 Pond/Woch extra zefroen (dat wäeren eng 200-300 Pond/Joër), wann een en Zemmer mat Bleck op den Vale Lake huet; Studenten hunn sech gewiert an et gouf ofgeleent, oder un d’Idee fir vun dësem Joër un Studentenwunnengen méi déier zemaachen; Studenten hunn sech gewiert an et gouf ofgeleent (in fact si verschidde Wunnengen souguer méi belleg ginn!) Never underestimate the strength of young people!

„The young do not know enough to be prudent, and therefore they attempt the impossible — and achieve it, generation after generation.“

More to come, stay tuned!

P.S. Den Hashtag #SOS steet fir ‘Save Our Sociology (Departement)’ ;)

EU: 20 Joër nom Mauerfall – Back To The Future?

November 14, 2009 at 2:43 | In Aussepolitik, Gedanken, Innenpolitik | 11 Comments

Et wäert an den nächsten 3 Wochen ewuel e besschen méi roueg hei ginn, well ech fir den 7. Dezember alleguerten meng Essay’en an Critical Reviews muss ofginn. Fir eng Arbescht muss ech Europa noom Kaale Krich ennert d’Lupp huelen, e.a. heescht et do natiirlech den 53-säitegen „Artikel“ vum JJ Mearsheimer (Back to the Future: Instability in Europe after the Cold War) duerchgoen. En aaneren interessanten Artikel well ech ierch awer net firenthaalen. Déi vielleicht wichtegst Zitater vum Artikel, voilà ^^

[…]The reality of the expanded European Union is a far cry from former German Chancellor Willy Brandt’s suggestion that „what belongs together is growing together.“ There is still a considerable gap in wealth between the „old“ and „new“member states. Especially worrying is the fact that the lower classes in the new member states, compared to similar groups in the old member states, are significantly further from the average European standard of living.[…]

[…T]he deficiencies of European foreign policy have […] been exposed in the European Union’s handling of the genocides in Africa, both in Rwanda in 1994 and in present-day Darfur. The European Union and its member states were very active in expanding the protection of international human rights; they have also given their support to the international principle of the „responsibility to protect,“ which offers protection from genocide and massive human rights violations to the populations of all countries. But, in the past 20 years, whenever these words had to be backed up with actions, Europe has been content to let other countries, especially the United States, take the lead. At the same time, the Bush administration has left behind not only various disasters in international relations, but alsoa vacuum in global leadership. President Barack Obama will need years simply to restore the legitimacy of American foreign policy. In the meantime, Europe will be urgently needed to help fill the leadership gap.[…]

[…] Since 1992,when a French referendum over the introduction of a common currency nearly failed, it has been clear that the era of „permissive consensus“ has come to an end: In other words, most Europeans are no longer willing to passively and silently accept European unification. Underscoring that point are the French and Dutch rejections of the 2005 constitutional treaty and the Irish“no“ to the Lisbon Treaty in 2008.
The question of legitimacy is not restricted to intra-EU policies. […] It will not be long before populists on the far left and right draw political capital from this situation. […]

[…]Until now, the European Union — despite its inclusion in the Middle East Quartet — has always been reluctant to propose solutions to the conflict between Israel and Palestine. Instead, Europe has essentially hidden behind the United States. Now, after eight years of the Bush administration, America has lost nearly all of its credibility, and it is going to be a while before President Obama can do anything to significantly reestablish it. There is a need, in other words, for the European Union and its member states to play a larger role — not least, because the European Union has pro-Arab as well as pro-Israeli positions represented in its institutions and among its member states.
The European Union could credibly serve as an honest broker in the region — if it only wanted to. […]

De ganzen (klengen) Artikel, deen vum Thomas Risse – Direkter vum ‘Center for Transnational Relations, Foreign and Security Policy’ un der Freie Universität Berlin an dem Gregor Walter-Drop en „research assistant“ an deem Centre geschriwwe gouf, kennt der hei ganz noliesen.

UK/Eisterräich/Däitschland/Italien: „Uni brennt“ & „Tell David“ [The Youth Of Today]

November 10, 2009 at 7:08 | In Commentaire, Divers, Edukatioun, Gedanken, Innenpolitik, Lëtzebuerg, UK | 4 Comments

Wéi ech vrun baal 1,5 Joër dësen Politblog gestart hunn, hunn ech geschriwwen gehaat dass déi jonk Generatioun „prett [ass] fir d’Relêve z’iwwerhuelen. Prett fir déi Saachen unzepacken, déi bis elo nemmen am Eck léien bliwwe sinn. Prett fir langerwarten Reformen duerchzesetzen.“ an hunn dëst am Laaf vun der Zäit emmer erem wiederholl [1, 2).
De Bobby Kennedy soot vrun iwwer 40 Joër schons zu engem Grupp Studenten, déi an enger revolutionärer Welt geliewt hunn, dass "young people must take the lead." An net méi spéit wéi dëst Freijoër soot den David Plouffe op der Convocation vun der Cornell University zu de Studenten: „We now live in a time where you can lead. And you can lead right now!”

An esou ass et dann och… an Eisterräich, Däitschland an Italien "brennen" beispillsweis d'Uni'en. [hei eng Kaart mat de besaatenen Uni'en] Den Edukatiounsproblem ass keen nationalen, dofir huet sech d’UNEL zesummen mat déi Jonk Gréng an den Jonken Demokraten (JDL) och direkt solidaresch mat de Studentenprotester gewissen.
Geschter gouf hei am UK d’Review Board bekannt, also déi 7 Léit déi sollen eng Analyse maachen ob d’Tuition Fees (momentan £3,225/Joër) sollen gehéicht ginn op £7000/Joër oder net. Dat „Board“ gett eigentlech als net biased duergestallt, trotzdem si 4 vun den 7 Memberen aus dem Business (déi eigentlech eng Erheichung op £7,000 fuerderen). E wéideren Member ass den Vice Chancellor vu menger Uni, den David Eastwood (deen vrun e puer Méint schons gesoot haat, dass een dat mat £7000 misst duerchkucken). Natiirlech konnten sech d’Studenten déi Chance net entgoe loosen an hunn e spontanen „Flashmob“ vrum Haaptgebai vun der Administratioun geplangt.
Eng knapp 24 Stonnen haaten se sech Zäit ginn. An déi meescht Organisatioun ass iwwert Twitter, Facebook an d’Homepage vun Redbrick (eis Studentenzäitung) gaangen. Keng 24 Stonnen méi spéit stungen haut de Metten um 12:50 Auer eng 400-500 Studenten do zejäizen, zepäiffen an op d’Kachdeppen zeklappen. Extra op Birmingham war och de President vun der NUS kommt a séng kléng Ried plus déi éischt Sekonnen vun engem 10 Minutten „Kaméidi“ kennt der ierch hei ulauschteren (Opgepasst, wann der Kopfhörer unhutt. Et ass haard!).

tell david
Och spontan bréngt et. 400 bis 500 Studenten protestéieren géint Higher Tuition Fees.

D’Zuel vun den Protestanten wäer wuel nach méi grouss gewierscht, wäer méi Zäit dogewierscht (mee schons muer ginn d’Protester wéider dann zu London vrum House of Parliament – wou d’Regierung an d’Police lo scho probéiert dat sou kléng wéi méiglech zehaalen). Zweetens war et duerch d’Auerzäit fir verschiddener net méiglech. 12:50 Auer, do soutzen déi eng nach am Cours* an aanerer waren op hierer Arbescht. Aanerer (déi Aktioun war jo net 100% op Birmingham Uni Studenten limitéiert waren dann och -meeschtens duerch Unicoursen- verhennert, wéi zB den Joe (Vice-Chair Campaigns of Liberal Youth) [hei] Trotzdem ass den „Turnout“ beachtlech a wéider Foto’en kennt der ierch hei ukucken. „Tell David” huet sech dann och noom Flashmob iwwer Facebook an Twitter verbreed, sou huet zB d’Michaela Neild – waat an der Cardiff Uni SU schafft – driwwer getwittert (hei).
No den 10 Minutten Kaméidi gouf et e Meeting an der „Guild“ (eist Studentewierk), wou e.a. Propose komm sinn dass een den eisterräichen Modell soll benotzen wann d’Léit net welle lauschteren. „Weem séng Uni? Meng Uni!“ Eng eischt a nach vill méi grouss Aktioun gouf awer nach méi diskutéiert. Zesummen mat der „Birmingham City University“ wellen mer d’nächst Kéier déi ‘ganz’ Staat erstiermen. Wéi soot eisen Guild President zu mir (déi vielleicht 10/20 Sekonnen wou e kuerz nierfent mer stung), dëst war nemmen de Start vu enger grousser Campagne. „It’s gonna be huge!”
E Video vun der Protestaktioun vun haut kennt der ierch iwwerengs hei ukucken. (Jhust zur Informatioun: Et war eis Guild déi et organiséiert huet, net d’NUS.)

A wann den David Eastwood (an aaner Léit am UK) mengt (mengen) dass d’Studenten dann lo roueg wäeren huet en sech eben ferm geierrt, well wéider Aktioun vun der Campagne „Tell David“ sti schons vrun der Diir. Eppes wéisst et awer alt erem allemool: déi Jonk sinn do. An entweder déi „eeler“ Léit gesinn an akzeptéieren dat oder e greisseren Generatiounskonflikt wäert an den nächsten Joëren entstoen. Zevill gouf op dës Generatioun (an zum Deel schons op déi nächst) gedreckt, jhust dass een sech nach e puer Joër/Joërzéngten et konnt gudd goe loosen. Wei soot den Volker Pispers (dunn jhust iwwert en aanert Thema, mee vum Bildlechen an der Idee hier passt et och op dëse ‘Konflikt’):

„[…] Sie haben sie benutzt wie Klopapier. Und dann haben sie sie weg geschmisssen. Ist aber kein Klopapier[…]. Es sind Menschen. […] Die kommen wieder zurück und packen genau an dem Arsch an dem sie abgewischt worden sind.”

Vielleicht si jo déi eng oder aaner „eeler“ Léit duerch de Kaméidi haut erwescht, de gréissten Deel wäert awer wuel nach fest schlofen an ech hoffe wirklech dass se geschwenn erweschen. Et gett héich Zäit! Et mussen néi Weeër gewielt ginn! Et muss (an am beschten soll et och) net zu engem Generatiounskonflikt kommen. Erwescht, akzeptéiert dass eng „new generation of leadership“ do ass a gidd mat!

Maybe if you were some spearheaded guy
I would listen to what you have to say
But you’re just some incapable figure
Thinking you’re bigger than me, but you’re not
Yet you don’t know a thing about the youth of today

Stating your opinion making it ring in my head all day
And you say,
„My children weren’t the same“
„My children’s children they’re the ones to blame“
And you say,
„In my day we were better behaved“
But it’s not your day no more…

And we are the youth of today
Change our hair in every way
And we are the youth of today
We’ll say what we wanna say
And we are the youth of today

———————–
* Wann een onentschellegt fehlt, hellt d’Departement hunn dass een dee Cours well faale loosen. Problem dann wéi een op déi neideg Credits kennt, resp. wann et en obligatoreschen Cours ass, wäer d’Joër da souwisou scho gelaaf.

————————
Méi iwwert „Tell David“:
* Birmingham Post – University of Birmingham Students stage protest over review of tuition fees
* Redbrick – Flashmob gathers in #telldavid campaign
* Wes Streeting (President NUS) at Birmingham clock tower flashmob [Audio]
* Interview with Guild President on #telldavid [Audio]
* Guardian – Student fees review must have depth

More to come… stay tuned! #telldavid :)

———————————————————————
EDIT (11.11.2009 – 17:55 Auer GMT): 153(!) President vun Studentenwierker aus ganz UK – dorenner Birmingham University, Aston University, Oxford University, Cardiff University, LSE etc. – hunn haut en oppenen Bréif un d’Zeitung ‘The Guardian’ gescheckt an deem sie hier Fuerderungen kloër nennen. Well Labour an d’Tories probéieren den Review eréicht no de Wahlen vum nächsten Mee erauszeginn (fir dass et kee Wahlkampfthema gett), fuerdern sie dass d’Politiker den ‘Pledge’ géint higher tuition fees ennerschréiwen. A wann d’Politiker net ennerschréiwen? Ganz einfach: „Students will name and shame MPs who refuse to oppose rise in tuition fees“ Et sollen Ziedelen, Email asw un d’Studenten gescheckt ginn mat den Nimm vun de Politiker déi refuséiert hunn den Pledge z’ennerschréiwen.
Honnerten vu Studenten sinn dann haut op London marschéiert fir do am House of Parliament zefuerderen, dass Politiker de Pledge sollen ennerschréiwen. Laut dem President vun NUS, Wes Streeting, war d’Aktioun och souwäit e Succès: ‘Ex-cabinet ministers, MP’s from all parties signing our generalelection pledge’ [via].
Eng rezent Emfro huet iwwrengs och erginn, dass 88% vun der britescher Bevölkerung géint d’Erhéichung vun Tuition fees sinn. Eppes waat ganz kloër wéist, dass demno wéi dës Sach wéider geet, vielleicht Labour an déi Konservativ d’Wahlen verléieren an déi Liberal – déi als eenzeg gréisser Partei géint „tuition fees“ sinn – d’Wahlen gewannen. Mee genee wéi an de States mam Health Care Project, heescht et och am UK, „still long way to go…“ ;)

Nächste Seite »

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.