UK: Déi Liberal elo 2. stärkste Partei!
September 28, 2009 at 11:22 | In Finanzpolitik, Gedanken, Innenpolitik, UK, Wahlkampf | Leave a CommentGeschter ass Däitschland méi liberal ginn an elo gesäit et deno aus wéi wann déi Liberal hei a Groussbritannien ebenfalls kéinnte féieren. No däer duerchwuessener Conference an enger duerchwuersener Ried vum Leader Nick Clegg gesinn néi Emfroen d’Liberal Democrats vrun der aktuell regéierender Labour Partei vum Gordon Brown! Laut der néister Ipsos Mori Emfro gesäit et elo esou aus am UK:
Conservatives (Tories) mat 36% ( -7%)
Liberal Democrats (LibDems) mat 25% ( + 8%)
Labour mat 24% ( -2%)
Dëst ass fir déi eischte Kéier zenter 1982 dass déi Liberal vru Labour léien. De Gordon Brown séng Reaktioun doropper? Laut Sky News well hien um TV Debat vrun de Wahlen d’nächst Joër elo deelhuelen. Als Erennerung: de britesche Fernsehsender huet d’Leaders vun den 3 grousse Partei’en zu engem TV Debat agelueden, bis ewell hunn awer nemmen den David Cameron (Tories) an den Nick Clegg (LibDems) zougesoot. Sollt den Premier Brown net deelhuelen, esou wäert hien duerch en eidelen Stull representéiert ginn. Dat huet Sky News bekannt ginn.
Dat kann natiirlech net geschéien an dofir soll anscheinend den Gordon Brown an sénger Conference Speech séng Participatioun bekannt ginn. Waat awer maachen géint déi emmer méi staark Liberal Demokraten? Ganz einfach seet sech de Premier. Hien well laut der BBC gréisstendeels d’TV Debatten (Jo, Mehrzahl!) mam David Cameron maachen OUNI den Nick Clegg. Clever, sou vergesst vielleicht en Deel vun de Léit d’Liberal Demokraten oder vielleicht och net. Dat aktuellsten Beispill dierft do Däitschland sinn. Déi „kléng“ Parteien waren net beim groussen TV Duell dobäi an hunn sech geiergert a gewiert an d’Konsequenz ass haut bekannt. Natiirlech kann een d’Wahlen an Däitschland net mat deenen am UK vergläichen, mee ob dat déi richteg Taktik ass vu Labour? A schliesslech hunn d’LibDems mam Vince Cable, deen éischten Mann am UK (an an Europa) dee vrun dëser Kriis gewarnt huet an dunn vun de Sozies an de Gréngen bis hin zu den Konservativen ausgelaacht gouf, nach en Ass am Ärmel.
Egal wéi déi Liberal kréien jiddefalls dëser Deeg vill zeféieren.
Paus!
September 17, 2009 at 4:21 | In Divers, Däitschland, Gedanken, Wahlkampf | Leave a Comment
Passend zur Ronträ mécht dëse Blog eng kleng Paus. Grond ass de Faite dass ech an e puer Stonnen d’Land verloosen, op Birmingham wunne ginn a keng Ahnung hunn wéini ech dohannen Internet kréien. Ob ech fir d’Bundestagswahl an eppes méi wéi enger Woch erem do sinn, ass demno ongewess.
Dofir dann e kléngen Prognostik: Wann de Guido Westerwelle an d’FDP sech net wéider sou staark attackéiere loosen ouni zereck zekämpfen an d’Madame Merkel weider een op Ech-hu-kee-Bock-op-Wahlkampf mécht, bléiwt et bei der schéiner grousser Koalitioun. Mee bon, schau’n mer mal…
Bis d’nächste Kéier
Tom
Gedanken: Firwaat brauche mer Reliounen?
September 12, 2009 at 12:12 | In Divers, Gedanken | 1 CommentVrun 8 Joër stierwen iwwer 3000 Léit bei Uschléi vun islamisteschen Terroristen an den USA. (1)No der Victoire a Sachsen d’läschte Mount fir d’NPD seet hiere Chef, dass hier Victoire eng Victoire „gegen die anti-deutschen Kriegsbetrüger“ wier. D’läschte Samsten goufen 90 Léit zu Birmingham (UK) verhafft nodeems d’„English Defence League” – eng rietsradikal Grupp déi haaptsächlech Anti-Islamesch ass – bei enger Demonstratioun no bei der Haaptgare ‘New Street’ op Anti-Faschisten stoussen. (2) Haut, baal eng Woch méi spéit, kennt et am Norden vu London zu enger ähnlecher Kampfszene. (3)
Wéi ech vru kuerzem mat enger ganz ganz ganz ganz ganz verpafftener Frendin iwwert d’Reliounen geschwaat haat an d’Fro gestallt haat: „Firwaat brauche mer Reliounen?” an et soll sech emol firstellen wa keng Reliounen do wieren (Kreizzich, WW2, 9/11 etc. etc.) wéi et dann ob der Welt wäer. D’Äntwert: „You know what I see? Nothing, we wouldn’t have even made it to there.”
Ech selwer verstinn net firwaat een sech als Chrëscht, Muslim oder wat och emmer gesäit an dat als ‘richteg’ ugesäit. Ech sinn do éischter enger Meenung mam Dawkins:
[…]You’re not a Muslim, you’re not a Hindu. Why aren’t you a Hindu? Because you happen to be brought up in America not in India. If you had been brought up in India, you’d be a Hindu[…]
An dass mer Reliounen brauche fir eis ze guidéieren, well soss alles d’Baach ofgeet, well ech den Steven Weinberg zitéieren: „With or without religion, you would have good people doing good things and evil people doing evil things. But for good people to do evil things, that takes religion.”
Wat mengt dir: Firwaat brauche mer iwwerhaapt Reliounen?
USA: 2 Wierder, déi alles kenne veränneren!
September 11, 2009 at 11:53 | In Innenpolitik, USA | Leave a CommentKennen 2 Wierder wirklech eppes veränneren? Den Barack Obama huet an de Méint vrum Iowa Primary ganz oft bei Rallys an de Mikro geruff: ‘One voice can change a room. […] Your voice can change the world.’ Et schéngt wéi wann villeicht net direkt d’Welt e Mettwoch verännert ginn ass, mee d’Stemm vum Rep. Joe Wilson (R – SC) huet am Demokraten-Lager nawell villes verännert. Während der Ried vum President Obama vrum Congress, huet den Barack Obama probéiert verschidden Liggen iwwer säin Health Care Programm kloerzestellen. Zum Beispill huet hien kloergestallt, dass mat séngem Health Care Bill keng Finanzéierung fir Ofdréiwungen drasinn. Doropps huet den Repräsentant Wilson geruff: „You lie!” Eigentlech war den den Joe Wilson bis vru kuerzem nach komplett onbekannt, mee déi 2 Wierder hunn hien a ganz Amerika an doriwwer eraus bekannt gemaach. Et ass eppes wat een net mécht, de President ennerbriechen wann dee schwätzt a scho guer net eng Beleidegung entgéint ruffen.
Den Joe Wilson haat sech zwar direkt no der Ried beim President entschellegt, och wann den Rush Limbaugh (ween wonnert et?) gesoot dass den Wilson sech net hätt sollten entschellegen. Demkraten am Kongress fuerderen awer dass den Rep. Wilson och am Kongress selwer sech entschellegt, schliesslech huet hien géint d’Regelen vum ‘House’ verstouss. Den Joe Wilson ass dann och laut enger néier Emfro (PPP – 11.09.09) an engem sougenannten ‘Dead heat’ mam Demokrat Miller. D’läscht Joër haat den Wilson de Setz fir säin District géint de Miller mat 54-46 gewonnen, elo léit hien mat 43% een Prozent hannert dem Miller (44%) an den Emfroen. Mat 2 Wierder huet hien säin Setz am Kongress zu engem Wackelsetz fir 2010 gemaach.
Mee eppes huet dat Ganzt der Ried vum Obama scho bruecht: d’Demokraten stinn erem hannert hierem President! Net nemmen d’Politiker, mee laut dem CBS Poll och d’Memberen vun der Partei. 85% vun den Demokraten fannen dass hiere President den Dossier vun der Gesondheetsreform gudd meeschtert. Och bei den Republikaner a bei den Onofhängegen geet d’Zuel vun den Supporter no der Ried vun e Mettwoch an d’Luut.
Eng „liberal“ (amerik. Politikspektrum!) Politikerin vun Kalifornien, d’Madame Woolsey, huet geschter dunn e Meeting mat aaneren Demokraten ofgehaalen. Eigentlech waren d’Liberals jo net ganz mat dem Plang vum Obama zefridden. Elo seet d’Madame Woolsey dass sie ganz anescht iwwert d’Gesondheetsreform denkt wéi nach vrun der Ried vum President.
Zur gläicher Zeit sinn eng dozen Senatoren, déi een wuel als „moderate“ kéinnt bezeechnen, an d’Weisst Haus getreppelt. Eppes wat een scho laang net méi gesinn huet. Den Leader am Senat Harry Reid hofft dass hien d’Gesetz nach kann Enn dës Mounts duerch säin Haus kréien. Während d’Speaker of the House d’Nancy Pelosi sech nach emmer fir eng „public option“ ausschwätzt, well dëst dat Bescht fir jiddereen wier. An d’Senatorin Snowe seet dass sie net ofgeweicht wäer fir géint hier Partei zestemmen a fir den Health Care Project.
‘You lie!’ … oh jo… wee wëes vielleicht steet eng Kéier an de Geschichtsbicher dass grad déi 2 Wierder den Amerikaner eng Gesondheetsreform bruecht hunn. An da gett emmer gesoot, et soll een net fluchen…
Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.



Däitschland: Wuert haalen bezillt sech fir déi Liberal aus!
September 28, 2009 at 6:56 | In Commentaire, Däitschland, Innenpolitik, Wahlkampf | 4 CommentsEt kann een dem Guido Westerwelle vielleicht vill firwerfen, mee eent ass awer ganz kloër: déi Liberal haalen Wuert. Ech wëes dat hätt een eigentlech schons missten vrun 4 Joër schréiwen wéi de Gerhard mat deenen Gréngen alles dru gesaat haat fir d’FDP an hiert Boot zekréien an de Guido Westerwelle dankend ofgeleent huet. An och dëst Joër hunn d’SDP an déi Gréng erem alles probéiert fir déi Liberal op hier Säit zekréien. „Man wird ja momentan sogar schon von den Grünen umworben. Dass ich das noch erleben darf, meine Damen und Herren. Aber das passt nicht zusammen“, soot den Dr. Westerwelle nach Ufank vum Joër. Dunn koum d’SPD emmer méi dobäi wéi de Steinmeier öffentlech mam Westerwelle bei der Sendung vum Johannes B Kerner um ZDF geflirt huet. Mee d’Aussoe vun de Liberalen ware kloër: keng Stéiererheichungen! 2005 waren se dogéint an och 2009. Da passt eng Koalitioun mat Parteien déi d’Stéiern (e.a. TVA) erhéichen wirklech net zesummen.
Dass déi fréier Kommunisten, d’Linkspartei, déi 4. stärksten Partei gi sinn ass bedenklech, dass d’Piratepartei 2% kritt huet e beachtlechen Erfolleg, deen zumools déi Gréng dierft weider fäerten doen. Iwwert d’Verräterpartei muss een net méi vill soen, ausser dass ech et giff Schued fannen wann de Münte giff fort goen, dat war sou eng gudd Zielscheiff. D’Unioun verléiert zwar, mee huet trotz Wahlkampfmangel vun der Kanzlerin nach e gudd Resultat gemaach. D’CSU muss sech awer wéider Froe stellen wéi et soll wéider goen. D’Resultat a Bayern war jo méi katastrophal wéi d’Landtagswahl vrun engem Joër an do gouf jo bekanntlech deno en „Néiufank“ gestart.
Komesch ass dass déi Gréng sech féieren geloos hunn, nodeems sie am mannsten vun de Verloschter vun deenen Groussen profitéiert hunn an hannert d’Linkspartei op déi 5. Plaatz komm ass. Et schéngt wéi wann d’Deeg vun Rout-Gréng definitiv fir eng Zäitchen gezielt wäeren. Ausser… jo… ausser… Rout gett erem méi rout wéi bis elo. Noo deem Wahldebakel dierft ewuel keen grousse Widderstand géint déi an der Partei sinn, déi wellen mat der Linkspartei och op Bundesebene zesumme schaffen. A 4 Joër kann et also duerch aus zum Kampf teschend Unioun-FDP an SPD-Linke-Gréng ginn… allerdéngs ass unzehuelen dass d’Piratepartei d’nächste Kéier iwwert déi 5 % kéinnt kommen an domatter eng wéider Kraft am Bundestag wäer.
Alles an allem ginn et da wuel 2 Politiker déi gewonn hunn an zwou Parteien: Angela Merkel an de Guido Westerwelle, an ob däer aanerer Säit d’FDP an d’Linkspartei.