Däitschland: Eis Nooperen ginn rem méi liberal!

August 30, 2009 at 6:44 | In Däitschland, Innenpolitik, Wahlkampf | 7 Comments

Vill Kloeres steet zwar nach net fest, mee eppes schéngt kloër zesinn: d’FDP ass DEE grousse Wahlgewenner vun dësem „Super-Wahlsonntag“ wéi eis Nooperen dësen Sonnden nennen ob deem an 3 Bundesländer gewielt ginn ass. Eppes steet och fest déi fréier Kommunisten elo déi Lénk genannt wannen am Saarland och dobäi a sinn lo souguer méi staark wéi d’SPD.
Sollt et am Saarland zu enger Roud-Roud-Grénger Koalitioun kommen, gett wuel den Oscar Lafontaine den néien Ministerpresident am Saarland. Hien wäer deen éischten lénksextremen Ministerpresident a Westdäitschland. D’Unioun verléiert iwwert 10%, bléiwt awer déi stäerksten Partei. Nierft dem Linksrutsch gett et am Saarland d’Méiglechkeet fir eng „grouss“ Koalitioun teschend CDU an SPD. Déi drett a läscht Méiglechkeet ass déi sougenannten „Jamaika“-Koalitioun mat der CDU, FDP an déi Gréng – déi de Sprong an de Landtag och gepackt hunn.

An Thüringen verléiert d’Unioun och staark, bléiwt awer och hei déi stäerksten Partei. Trotzdem ass de Verloscht vun der Unioun Schold drunn dass et keng Koalitioun vun der Mett mat der FDP, déi staark dobäi gewonnen huet, zemaachen. D’Linkspartei kann och hei hoffen ob eng Regierungsbedeelegung an och déi Gréng hunn hei de Sprong an de Landtag gepackt.

Eenzeg an alleng zu Sachsen kann d’Unioun roueg bléiwen. Hiert d’Ziel vun 42% gouf zwar wahrscheinlech laut héichten Heichrechnungen liicht verfeelt, mee well d’FDP esou e staarkt Resultat gemaach huet, ass eng Koalitioun CDU-FDP méiglech. D’FDP huet et souguer fäerdeg bruecht fir zu Sachsen d’SPD ob déi 4. Plaatz zesetzen. Zwar léien déi Liberal jhust knapps vrun der SPD, mee déi Demütegung fir d’SPD ass nawell zimlech grouss. Et ass och fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der FDP dass sie vrun d’SPD bei enger Wahl komm sinn. „Daran könnte ich mich gewöhnen” soot den Guido Westerwelle lachend bei sénger Ried haut den Owend. D’Linkspartei verléiert zu Sachsen ganz knapps während et momentan ausgesäit wéi wann d’NPD et fäerdeg bréngt an zur 2 Kéier an de Landtag erakommen. D’NPD léit momentan bei 5,4% also nemmen ganz knapps iwwert der 5% Grenz.

Allgemeng bléiwt zesoen, dass d’CDU zwar déi stäerksten Partei an alle Länner muss awer -bis op Sachsen – ganz grouss Verloschter abéissen. Duerch déi Verloschter ass eng Koalitioun mat der FDP alleng net méiglech (ausser a Sachsen).
D’Linkspartei gewennt zwar am Saarland, verléiert awer – méi oder manner iwweraschendend – a Sachsen an zu Thüringen.
Déi Gréng sinn nierft der FDP déi eenzeg richteg Wahlgewenner vun dësem Sonnden.
D’FDP wäert wuel a Sachsen mat ob d’Regierungsbänk setze kommen, zu Thüringen an am Saarland verduebelen si hiere Score. Dofir huet dann och de Spëtzekandidat vun der FDP fir d’Bundestagswahl a sénger Ried d’Wahlvictoire fir séng Partei erkläert.
guido

An och wa Steinmeier a Müntefereng sech als Wahlgewenner duergestallt hunn, huet d’SPD méi e grousse Misère wéi d’Unioun a méi grousse Misère wéi nach vrun 24 Stonnen. A kengem Land sinn sie déi stäerkst Partei. Si léien ronn 10% am Saarland, ronn 20% zu Thüringen a ganzer 30% a Sachsen hannert der CDU. Unioun an FDP hätte keng Majoritéit an de Länner huet de Steinmeier gesoot gehaat, allerdéngs huet SPD a Gréng definitiv keng.
Fir d’SPD hätt dëse Sonnden nemme kéinnten besser verlaafen, well elo muss Steinmeier a „Münte“ déi ‘Roud-Fro’ beäntwerten. Roud-Roud-Gréng och ob „Bundesebene?“ Jo oder Nee?

Als Fazit kéinnt ee vielleicht soen, dass d’FDP, déi Gréng an d’Linkspartei elo méi „roueg“ kennen déi läscht 4 Wochen vrun der Bundestagswahl ugoen. D’Unioun muss mat der Kanzlerin elo och endlech Wahlkampf maachen an d’SPD muss 500% ginn fir eng Minimalchance zehunn an eng Koalitioun kennen zekommen.

EDIT (1.09.2009 – 13:21 Auer): Wéi ierch dierft obgefall sinn, gouf dëse Post direkt no den éischten Heichrechnungen geschriwwen. Den Haaptmessage stemmt wuel (menger Meenung no :) ) trotzdem sinn e puer Zuelen nach falsch. Hei dat virleefegt Resultat aus den 3 Länner:
Saarland
CDU: 34,5 % – 19 Sëtz
SPD: 24,5% – 13 Sëtz
Lénk: 21,3% – 11 Sëtz
FDP: 9,2% – 5 Sëtz
Gréng: 5,9% – 3 Sëtz
Aaner: 4,6% – 0 Sëtz

Sachsen
CDU: 40,2% – 58 Sëtz
Lénk: 20,6% – 29 Sëtz
SPD: 10,4% – 14 Sëtz
FDP: 10 % – 14 Sëtz
Gréng: 6,4% – 9 Sëtz
NPD: 5,6% – 8 Sëtz
Aaner: 6,8% – 0 Sëtz

Thüringen
CDU: 31,2% – 30 Sëtz
Lénk: 27,4% – 27 Sëtz
SPD: 18,5% – 18 Sëtz
FDP: 7,6% – 7 Sëtz
Gréng: 6,2% – 6 Sëtz
Aaner: 9,1% – 0 Sëtz

Da waaren awer och e puer Gemengenwahlen e Sonnden an Däitschland, wou zu Münster et eng kléng Iwweraschung gouf. Mat 1,989 Stëmmen goufen d’Piraten do mat engem Sëtz eragewielt. Hei ass d’Wahlresultat nozeliesen.

And the dream shall never die!

August 26, 2009 at 11:41 | In USA | Leave a Comment

Ween mecht kennt wëes dass ech e grousse Bewonnerer a Supporter vun de Kennedys sinn. Ech si souguer der Meenung dass den Bobby Kennedy en nach besserern President gewierscht wäer wéi säi Brudder. A wéi den Teddy säin Tribute op der DNC 2008 kritt huet an hien gesoot huet dass dëst séng läscht Convention wäer, kruut ech wéi vill aanerer Tréinen an d’Aan. (Ried vum 25.08.08) Elo, haut, huet dann den Teddy Äddi gesoot. Irgendwéi haat ech mer vrun e puer Deeg esou eppes geduercht wéi ech eng Foto gesinn haat op däer hien wirklech net méi gudd ausgesinn huet.
A wéi am Musée „THE KENNEDYS“ zu Berlin an der Ausstellung steet:

Die Kennedys sind einzigartig in unserer Geschichte, und der Tag an dem sie wieder aus dem Rampenlicht treten, wird ein trauriger sein; denn dann verlieren wir eine Familie, die zu unserer eigenen geworden ist. – Gore Vidal, 1967

Besser hätt wuel keen et kéinnten formuléieren. Zum Schluss vum Post muss ech dem Teddy séng Wierder benotzen aus sénger läschter grousser Ried, déi läscht grouss Kennedy Ried:
„The work goes on, the cause endures, the hope still lives, and the dream shall never die.“

EDIT (26.08.09 – 13:08 Auer): Vielleicht erklärt dës Nouvelle dann och mäin Tweet aus der Nuecht [via].
Rest in peace, Teddy!

Däitschland: Gréng op der 1. Plaatz, läscht Plaatz fir déi Lénk

August 24, 2009 at 7:12 | In Allgemeines | 2 Comments

De 27. September wielen eis Nooperen an Däitschland en néien Bundestag, dowéinst – mee net nemmen dowéinst – haat ech mech déi läscht Woch bis an hier Haaptstaat gemaach fir mer op der Platz eng Meenung iwwert den Ufank vun dësem Wahlkampf zemaachen.
Wéi hei zu Lëtzebuerg am Mee/Juni, mierkt een och an Däitschland net direkt dass lo e Wahlkampf leeft. Op engem öffentlech rechtlechen Sender sooten se nach vrun e puer Deeg „Steinmeier macht Wahlkampf und keiner macht mit.“ Recht hun se. Mee souguer de Steinmeier selwer mecht kee gudde Wahlkampf. Wann e beispillswéis op engem Grillfest bis laanscht kuckt fir en Thüringer z’iessen, dësen dann awer léiwer an der schwarzer Limusine esst, mécht e kee gudde Wahlkampf. An och hier Wahlplakater sinn zimlech moor. Keng grouss Informatioun. D’Idee fir déi „normal“ Bierger an de Mettelpunkt zesetzen ass zwar net schlecht, mee um Enn vun enger Campagne gett nach emmer e Politiker gewielt an do – léider ganz oft- nemmen déi déi d’Léit an de Wochen vrun de Wahlen am meeschte gesi goufen. D’läscht Woch huet „d’Verräterpartei” zwar e Prozent op d’Unioun gutt gemaach, mee eng Ophueljuegd wéi se 2005 den Gerhard Schröder higeluecht haat schéngt sengem „Frank” net zegelengen.
E Punkt gudd gemaach huet dann och déi Gréng Fraktioun an dëser Woch. Ech féieren dat elo einfach emol ouni irgendwelch wéider Informatiounen zehunn op déi super Leeschtung vum Trittin bei „hart aber fair“ zereck. Dat war keng schlecht Show an och d’Wahlplakater hunn mech staark iwwerascht. Keng 4 Fangeren, mee e Spill mat de Farwen gett vun deenen Gréng benotzt fir fir sech selwer Reklamm zemaachen. Beispillswéis gesäit een en Atombehälter, dee giel ass mat engem schwarzen Atomzeechen drop, an drenner steet „Nicht Schwarz-Gelb. Grün aus der Krise!“ Obwuel e muss soen, dass sech zum Beispill de Guido Westerwelle mat der FDP dofir asetzt dass Däitschland an der nächster Legislaturperiod endlech atomfrei gett. Mee eng Kéier oder méi oft net 100% d’Wouerecht soen, gehéiert och zum Wahlkampf dobäi.
Dovunn kann souguer eise Jean-Claude e Lidd sangen. Huet hien nach vrun de Wahlen hei am Land sech géint déi däitsch Regierung gewiert, sou konnt een an der Emissioun „Kanzlerin Merkel“ um ZDF materliewen wéi hien dës an héichen Téin geluewt huet. Hien kéinnt am Krisenmanagement vun der däitscher Regierung (also dann och um Kämpfen géint d’Stéieroasen an d’Opsetzen vun enger groer Lescht) näischt Falsches erkennen, huet hien ganz stolz behaapt. Dëst dann ganz noom Motto „De Juncker seet waat Saach ass. Elo. No de Wahlen.“ Firwaat mécht hien dat? Keng Ahnung. Et ass scho verwonnerlech schliesslech brauch d’Madame Merkel an dësem Wahlkampf keng international Ennerstetzung, dofir ass d’Konkurrenz einfach zeschwaach. Den (spéiden) Optrett beim US President Obama an den USA war zwar net onbedengt wichteg fir dee Wahlkampf, mee huet dach an enger gewessener Form de Sputt teschend der Kanzlerin an dem Kanzlerkandidat Steinmeier nach eng Kéier méi grouss gemaach an den President Obama huet noo séngem Optrett vrun der Siegessäule dann elo noom Motto „return the favour“ gehandelt. Deen Optrett war vielleicht schons daat definitiv Enn vun allen Dreem vum Steinmeier a sengen „Genossen.“ D’Wahlplakater vun der Unioun sinn och net extrem, mee sie si ganz clever well se scho baal mat 2 Kandidaten an d’Rennen ginn. Do wäer d’Kanzlerin Merkel an den nach vrun e puer Wochen onbekannten zu Guttenberg. Dass de Wirtschaftsminister esou ageschloen huet an direkt e vun de beléiwsten Politiker an Däitschland ginn ass ass schons verwonnerlech.
D’FDP ass déi 3. stärkst Partei a spillt och esou am Wahlkampf. Et gett ob d’Léit gesaat an ob en (ganz oft) klengen Message. Zum Beispill stinn ‘normal’ Bierger ronderem de Spëtzekandidat Westerwelle an ennen am Eck dann „Deutschland kann es besser“ oder „Mehr Netto von Brutto.“ D’FDP sinn dann och déi eenzeg déi den „Steuerschwur“ an der Bild Zeitung ennerschriwwen hunn. Kommen si an eng Regierung, ginn d’Stéieren net erop. Dass een esou e Versprichen muss anhaalen ass kloër. Et kann een zwar denken waat e well iwwert d’Bild Zeitung mee ech giff mer déi als Politiker net onbedengt zum „Feind“ maachen. Trotz allem bléiwt d’FDP bei ronn 14/15 Prozent. Am Januar a Februar haaten se nach un der 19/20 Mark gericht. Ob déi Liberal erem kenne beileen, gett wuel spannend nozekucken.
Ob déi Lénk iwwerhaapt bei dëse Wahlen eppes brengen och. No der Reportage vum Gysi op Phoenix Mett vun der Woch dierft et wuel net grad an d’Luut goen fir d’Linkspartei. An och den Lafontaine ass och net grad dee Garant fir Stemmen zefänken. Souguer an den néien Bundesländer verléiert d’Linkspartei an Emfroen. Dëst a verschiddenen Stied fir déi éischte Kéier zenter hierer Grennung. D’Partei selwer ass och gespleckt, sou gouf et um Parteidaag vrun e puer Wochen baal e Sträit op deen d’Medien natiirlech gewaard hun. Et gouf alles awer enner 4 Aan „geklärt“, also… et gouf keen öffentlechen Protest. D’Wahlplakater vun der Linkspartei sinn awer den absolute Glanz. „Da legt’s di nieder.“ Op all Plakat (jiddefalls all déi déi ech an däer Woch gesinn hunn an dat waren der schon e puer) schréiwt d’Linkspartei „Wir wollen…“ Dat sinn Wahlversprichen déi kennen se anhaalen ouni Zweifel. Sie wellen zum Beispill dass méi Arbeschtsplaatze geschaaft ginn. Dat ass eppes waat all aaner Partei op lénks, liberal oder konservativ direkt giff mat ennerschréiwen. Wann d’Linkspartei sou bei den TV Dueller optrett, jee… et wäer e Cadeau un déi aaner Partei’en. Ween dovun net profitéiert an d’Linkspartei dann net a Grond a Buedem schléit, huet et och net verdengt an enger Regierung zesetzen.

Mee ier eng Regierung opgestallt gett muss fir d’éischt nach gewielt ginn an dat setzt viraus dass d’Léit iwwerhaapt wiele ginn. 2005 waren iwwer 20% net gaangen an dat WAR e Wahlkampf, een deen definitiv polariséiert huet. Elo, 2009… jee… momentan giff ech schätzen dass vielleicht knapps 60% wiele ginn. Eng wéider Chance fir kléng Parteien wéi zum Beispill d’NPD, déi jo zu Thüringen scho fir vill Wirbel gesuergt hunn.

De 27. September sinn d’Wahlen. Hoffentlech geet et an den nächsten Wochen endlech mat engem richtege Wahlkampf lass…

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.