Don’t forget „We are the world!“

Juni 26, 2009 at 1:17 | In Aussepolitik, USA | Leave a Comment

Ech haat hei an hei schons op de Problem Nordkorea higewissen. Et ass e Problem deen méi schlemm ginn ass, jiddefalls emol verbal.

Den President Obama huet decidéiert fir d’Sanktiounen géint Nordkorea em 1 Joër zeverlängeren. Hien huet dovunner geschwaat dass den nuklear Programm vun den Nordkoreaner „an unusual and extraordinary threat“ fir d’USA wier. Nordkorea huet gescht dann den 59. Anniversaire vum Ausbroch vum Koreanesche Krich benotzt fir zebehaapten, dass sech „dark clouds of nuclear war“ giffen forméieren. Mee net nemmen dat sie sinn nach méi wéit gaangen an hu gewarnt bei enger „Provokatioun“ eng “fire shower of nuclear retaliation” zebidden. Gläichzeiteg sinn eng 100,000 Nordkoreaner op d’Stroos gaangen fir géint d’USA zeprotestéieren.
protest
Protestanten gescht um Kim Il Sung Square zu Pjonjang

Nordkorea kéinnt d’USA „ausläschen“ sou déi Responabel zu Pjonjang. Eng Reportage doriwwer – mat Reaktiounen vum Pentagon – gouf et beim Lou Dobbs. De Video kann een hei kucken. Eng Décisioun iwwert d’Kang Nam giff, sou d’Wäisst Haus, zesummen mat Partner geholl ginn. Iwwerdeems d’Pentagon gescht mellt, dass sie méi Booter enner Verdacht hunn déi Waffen sollen am Gepäck hunn. (via)

The United States said it was monitoring “multiple” North Korean ships suspected of carrying weapons and that it would discuss with its allies what to do with one suspect vessel it is tracking.

While the United States has been tracking the Kang Nam since last week, the Pentagon said it is closely monitoring several other North Korean ships allegedly carrying weapons. “We have been interested in this one ship [the Kang Nam], but we’ve been interested in, frankly, multiple ships,” Pentagon press secretary Geoff Morrell said.

D’Madame Defence Undersecretary Flournoy ass dann haut vun Bejing op Seoul geflunn an huet do, der AFP no, eng 30 Minuten Conversatioun mam Lee Sang-Hee, dem südkoreaneschen Defence Minister, gehaat.

Wann vun Atomwaffen geschwaat gett, muss een awer och soen, dass d’USA nawell och zimlech „flott“ Waffen hunn. Hei nemmen e kuerzen Extrait aus enger Discussioun mam Scott Ritter an Seymour Hersh iwwert eigentlech den Iran, mee nuklear Waffen sinn och bei der Diskussioun opkomm. Interessant ass d’Ausso vum Scott Ritter iwwert d’„useable nucs“, mee lauschtert selwer:

(Déi ganz Diskussion mam Titel „Target Iran“, déi wirklech empfehlenswert ass, kann een sech hei ganz ukucken.)

Eigentlech bléiwt mer do nemmen nach (aus aktuellem Anlass souzesoen) zejäizen: „WE ARE THE WORLD“ Damnit!!!

EDIT: Dat hei passt dann och dobäi:

USA/Welt: Don’t forget Pearl Harbor! — Obama teschend Roosevelt a Kennedy (2)

Juni 22, 2009 at 12:27 | In Aussepolitik, USA | 1 Comment

Den éischten Deel vun „Don’t forget Pearl Harbor! — Obama teschend Roosevelt a Kennedy“ fannt dir hei.
—————————————————————————————————————————————————————————–

(22.06.2009 / 12:29 Auer): Wow! Elo erréicht huet RTHell en Deel vun dëser Story matkritt a schréiwt e puer Sätz driwwer (hei) Also d’Schnellegkeet hunn se um Kierchbierg secherlech net erfonnt. Scheinbar hunn sie och nach guer näischt vum Kang Nam matkritt. Respekt!

Fir meng Lieser awer um aktuelle Stand zehaalen: Singapore, e Frend vun den USA, ass laut Aussoen „ready to act“ am Fall wou konfirméiert gett dass Kang Nam wirklech Waffen u Board huet. Laut FOX, huet d’USA och hiert Scheff USS John McCain (nee dat ass net nom Senator vun Arizona benannt, mee no séngem Papp a séngem Grousspapp, déi jo och am Krich gekämpft hunn) schons an d’Géigend gescheckt fir d’Kang Nam zestoppen. E Rappel: sollt d’USA dat maachen giff Nordkorea et als Krichserklärung unhuelen an „mat 100 bis 130 %“ zereckkämpfen.

Wou Kang Nam wirklech hifiert ass momentan nach onkloër. D’New York Times schwätzt dovunner dass Myanmar d’Ziel vum Boot wäert sinn. D’NYT beriwwt sech do ob den südkoreaneschen Fernsehsender YTN, déi sou eng Nooricht geschter erausginn hunn. D’NYT schréiwen an hierer Onlineausgaab vun haut:

Myanmar, formerly known as Burma, is ruled by a military junta and has long been suspected of buying North Korean arms as well as providing transit services for North Korean vessels engaged in illicit trade. (…) The resolution forbids North Korea to traffic in a wide range of nuclear and conventional weaponry and calls on United Nations members to search North Korean ships, with the crews’ consent, if there are “reasonable grounds” to suspect that banned cargo is aboard. If the crew does not accept inspection on the high seas, North Korea is to direct the vessel to a port for inspection by local authorities there.
Because Myanmar is another nation defying international weapons sanctions, a port there would be unlikely to comply with the resolution.

Nordkorea iwwerdeems akuséiert den President Obama a kritiséiert d’Relatioun teschend den USA an Südkorea ganz scharf. D’läscht Woch war den US-Südkorea Gipfel an dat huet den nordkoreaneschen Autoritéiten guer net geschmaacht, e.a. haat den President Obama jo den Südkoreaner versprach sie vun Nordkorea wäerten zeschützen. An der Staatszeitung Tongil Sinbo vun e Samsden gett dovunner geschwaat dass den President Obama an den südkoreaneschen President Lee Myung-Bak am Gaangen wäeren „to ignite a nuclear war.“ Dat mellt jiddefalls d’AFP.

„The US-touted provision of ‘extended deterrence, including a nuclear umbrella’ (for South Korea) is nothing but ‘a nuclear war plan,’“ Tongil Sinbo said.
It said it wasn’t a coincidence that the United States has brought „nuclear equipment into South Korea and its surroundings and staged massive war drills every day to look for a chance to invade North Korea.“

D’Asia Times Online schwätzt dovunner, dass

United States President Barack Obama’s Asian team is embarking on an effort to realign political forces in North Asia, draw Japan and South Korea closer to the United States, and undercut Chinese and Russian influence by exploiting North Korea’s posturing.

Dëst kann duerchaus de Fall sinn, well den Lee Myung-Bak dëse Weekend a Japan ass fir do Gespréicher zeféieren. De ganzen Artikel vun der Asia Times Online iwwert eng méiglech d’Strategie vun den USA an d’Problemer déi d’Léit am West Wing momentan bewältegen mussen, awer och d’Feeler déi momentan scho gemaach goufen, ass nemmen z’empfehlen. Dir kennt en hei liesen.

A während den Obama haut am Interview mat CBS seet dass „This administration — and our military — is fully prepared for any contingencies.“ (dat ass déi eenzeg Nouvelle déi déi „grouss europäesch Medien“ matkritt hunn), huet Nordkorea vrun e puer Minutten d’USA an d’Welt gewarnt, dass sie nuklear Waffen hunn an och giffen direkt zereckkämpfen soubaal sie attackéiert ginn. Sie beschréiwen sech haut selwer als “ [a] proud nuclear power.“

Ofschléissen well ech dësen zweeten Deel vun „Don’t forget Pearl Harbor!“ dann mat engem Zitat vum JFK, waat hien am Hierscht 62 gesoot huet:

My fellow citizens: let no one doubt that this is a difficult and dangerous effort on which we have set out. No one can foresee precisely what course it will take or what costs or casualties will be incurred. Many months of sacrifice and self-discipline lie ahead—months in which both our patience and our will will be tested—months in which many threats and denunciations will keep us aware of our dangers.
But the greatest danger of all would be to do nothing.

–> Wann dir iwwert déi aktuell ganz schwiereg a geféierlech Laag wellt informéiert sinn, da bléiwt ierch scheinbar just dëse Blog. Eis national (an europäesch) Medien versoen komplett. Mee bon et ass jo och net fir d’éischt. Ech bléiwe jiddefalls drunn a sollt sech eppes doen, ob elo Nationalréierdaag ass oder net, gidd dir et hei als éischt gewuer. Ech well eben net näischt maachen.

EDIT (22.06.2009 – 17:37 Auer): Den Artikel vun der Asia Times Online schéngt emmer besser zepassen. Wéi d’Associated Press elo schréiwt wäert d’Michèle Flournoy mat enger amerikanescher Delegatioun muer op Bejing fléien fir do während 48 Stonnen Gespréicher mat China, dem gréissten Frend vun Nordkorea, zeféieren. Defence Undersecretary Flournoy wäert dann e Freiden wéiderfléien op Seoul fir wéider Gespréicher mat den Südkoreaner.

EDIT 2 (22.06.2009 – 22:57 Auer): Begréissen an dësem Dilema well ech dann elo och d’Léit vun der BBC, an d’Léit vum Luxemburger Wort. Och wann déi genee wéi den RTL nach näischt vum Kang Nam matkritt hunn.
Muer wäert den President Obama eng Pressekonferenz iwwert d’Situatioun am Iran, d’Situatioun mat Nordkorea an iwwert e puer innepolitesch Saachen haalen.

EDIT 3 (23.06.2009 – 19:50 Auer): Den President Obama huet a sénger Pressekonferenz awer net iwwert Nordkorea geschwaat. Déi Decisioun soll anscheinend e puer Stonnen virdrun erréicht geholl gi sinn.

USA/Welt: Don’t forget Pearl Harbor! — Obama teschend Roosevelt a Kennedy

Juni 20, 2009 at 12:55 | In Aussepolitik, USA | 4 Comments

Ech well e bësschen vun der „Twitter-Revolutioun“ ofweischen, net well et mech net giff interesséieren – au contraire – mee well et an de leschte Stonnen och nach aner beonrouegt Nouvelle gouf.

Et war de Moien vum 7. Dezember 1941 wéi déi japanesch Navy Amerika attackéiert haat. Den deemolege President Franklin D. Roosevelt huet et an enger Ried vrum Kongress ganz einfach an e puer Wierder gesoot: „December 7th, 1941 — a date which will live in infamy“. An huet dunn d’Bedeelegung vun den USA am zweete Weltkrich ugekennegt:

Our country has been attacked by force of arms, and by force of arms we must retaliate. We must now turn every effort to building the greatest and most efficient Army, Navy and air force in the world.

68 Joër méi spéit sinn et net d’Japaner déi den Amerikaner Angscht maachen, mee d’Nordkoreaner. Jo, Nordkorea ass geféierlech. Elo wuel nach méi wéi je virdrun. Japanesch Medien berichten, an dat passt bei d’Biller déi d’Pentagon anscheinend soll hunn, dass de Regime am Nordkorea schonns d’nächst Woch eng weider Rakéitewaff (Missile) wäerten „testen.“ Dëst Kéier soll déi Rakéit Hawaii areeche kennen. D’US Regierung verhält sech nawell zimlech bedeckt. Den Defence Secretary Gates huet d’Militär opgefuerdert Rakéitenofwiersystem am Hawaii ze stationéieren. En plus huet hien an enger Pressekonferenz behaapt: „We are in a good position should it become necessary to protect American territory.“ Och wa weder de Secretary of Defence nach de Pressespriecher vum Secretary of State genee Äusserungen iwwert d’Situatioun an e méiglechen Plang vun den USA wollte maachen, sou huet den Pressespriecher vun der Madame Clinton awer behaapt, dass d’Leit dëse Film schonns kennen a sécher dach wuel keng Fortsetzung dovunner wëlle gesinn. Op déi Rakéit tatsächlech wäert Hawaii erreechen ass momentan onkloër, mee de Faite dass déi amerikanesch Regierung sech zimlech bedeckt hellt (déi eenzeg grouss Reaktioun haut war nëmmen „We are ready“) erennert ganz staark un d’Verhalen vun der Kennedy Administration 1962 während der „Cuba Missile Crisis“…

… an do ass schonns e weidere Problem fir d’Amerikaner. Et ass nämlech momentan en nordkoreanescht Boot um Mier ënnerwee an dat läit der US Regierung nawell zimlech um Mo.
nk boat
Kang Nam kéint nukleär Waffen am Gepäck hunn

En Senior US Official huet en Donneschden behaapt dass dat Schëff Waffen an/oder Technologie kéint u Bord hunn. Bei de Waffen ass nukleär Waffen guer net ausgeschloss ginn. Alles nëmmen „blöd Virwërf“ vun der ‘westlecher Welt’? Wuel net, d’Boot Kang Nam ass nawell schonns oft benotzt ginn fir sou Material ze transportéieren. Den Michael Mullen, Virsetzenden vum Joint Chiefs of Staff huet den amerikanesche Medien matgedeelt, dass sie [d'USA] net wäerten dat nordkoreanescht Boot mat Force zum Stoppen bréngen an et dann z’inspizéieren, mee sie giffen mat Hëllef vun enger rezenter UN Resolutioun, d’Erlaabnis froen fir d’Boot zeduerchsichen dëst soubal d’Boot u Land undockt. D’USA, sou konnt een haut an der CNN-Sendung The Situation Room gewuer ginn, verfollegen de Wee deen dëst Boot zeréckleet iwwert d’Loft an iwwert hier eege Booter déi si am Pazifik installéiert hunn. Nordkorea huet iwwregens d’USA gewarnt dass all Effort fir e vun hire Booter zestoppen giff direkt als „act of war“ vun hinnen ugesi ginn.

D’Obama Administration huet also momentan net nëmmen d’Situatioun am Iran, ob déi se mussen oppassen, nee Nordkorea spillt momentan mat de Muskelen dëst nach vill méi wéi se dat schonns an de leschte Méint gemaach hunn. Traureg ass do nëmmen dass déi europäesch Medien dovunner guer näischt berichten. Weder BBC nach Guardian oder d’Zeit oder den RTL Journal verléieren e Wuert driwwer. Déi eng schréiwen probéieren iwwert d’Twitter Revolutioun zeberichten, déi aner iwwert de Faite dass och de Jean-Claude Juncker e Mann ënnerstëtzt deen net am Interessi vu Lëtzebuerg gehandelt huet.
Dobäi muss den Obama lo nierft dem Balanceakt Iran en weideren gréisseren Balanceakt hiléen. Eigentlech misst et e Politiker freen wann e mam Roosevelt a Kennedy a Verbindung bruecht gett, an dësem Fall dierft dat beim US President net de Fall sinn. Déi nächst Deeg gi jiddefalls weider vun der Aussepolitik dominéiert…

USA: John King (CNN): „Of course, there’s a void“

Juni 14, 2009 at 8:50 | In Divers, USA | 2 Comments

Lo gett et dëse Weekend 1 Joër dass den genialen Tim Russert eis verloos huet. Dat heescht awer dann och – am Liewen léien eben béid Saachen emmer bei eneen – dass dëse Blog säin 1. Gebuertsdag féiert. Mee wéi vrun engem Joër soll haut och nemmen op den Tim Russert Opmierksam gemaach ginn. (Dëst Kéier zwar och well ech nach an den Examen hänken).

Wat den Tom Brokaw nach nemmen d’läscht Joër konnt erahnen ass wirklech geschidd: „He will be missed as he was loved – greatly!”
tim
„I still, on Sunday mornings, look up at the wall of monitors we have at CBS, and, when he’s not on that NBC monitor, it just doesn’t seem right to me.“ ~ Bob Schieffer („Face the Nation“)

Ofschléissend en Tribute Video deen d’läscht Joër bei den Emmys gewissen ginn ass:

(E Bilan vun engem Joër ‘Oppenen Bréif’ gett et wuel an 1/2 Woch(en) ;) )

Wahldag 2009: Interaktiv Liveblogging

Juni 7, 2009 at 3:28 | In LIVE-Blogging, Lëtzebuerg, Wahlkampf | Leave a Comment

Liveblogging 1.0 war am November fir d’US Wahlen. Liveblogging 2.0 ass fir Lëtzebuerg. Ab elo bis haut den Owend kritt dir hei op dëser Plaatz Informatiounen iwwert den Wahlausgang. Mee net nemmen kennt dir et hei verfollegen, dir gestallt dësen Liveblogging mat. Dir kennt Kommentarer schréiwen oder un Emfroen deelhuelen. Dir kennt souguer mat Twitter matmaachen. Einfach #Wahlen09 oder #EU09lux benotzten a schons fléisst äere Tweet mat an dësen Liveblogging.

Klick hei a sierf dobäi:
Wahlen 2009

Nächste Seite »

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.