Wahlen ‘09: Vergangenheet trett géint d’Zukunft un
Mai 29, 2009 at 9:15 | In Lëtzebuerg, Wahlkampf | 28 CommentsDe Jean-Claude Juncker haat jo soss näischt zedi wéi am TV Duell géint de Claude Meisch vun 1989 zeschwätzen. Ech sinn wéi meng Lieser villeicht wëssen an deem Joër gebuer an ech muss dem Herr Juncker ganz eierlech soen, dass ech dach elo net op déi läscht 20 Joër kucken. Ech kucke gäeren no fiir. Fir zereck zekucke bléiwt nach emmer Zäit wann ee mol eng Kéier an d’Pensioun geet, mee villeicht mecht den Jean-Claude Juncker dat jo och geschween. Am TV-Duell huet et jiddefalls dono ausgesinn:
Da well ech awer och iwwert déi zweetläschter Table ronde um Fernseh (29.05) schreiwen. Ech fannen et nawell allerhand schockand dass wann ee Politiker vun der Mëttelschicht schwätzt, déi aner hien froen „Wat ass d’Mëttelschicht?“ Et wéisst villäicht dass déi Leit sech ze vill bei déi sougenannten „Deck“ zielen an sech an dem Beräich ophalen, villäicht awer och nëmmen e Beweis dofir dass d’Politik hei am Land e groussen Opbroch néideg huet. Wéi kenne mer verlaangen dass d’Bierger sech hei am Land méi fir Politik sollen interesséieren, wann gläichzäiteg praktesch null Intressi vun de Politiker an d’Richtung vun der Bevëlkerungsschicht geet déi d’Duerchschnettsakommes kréien? Déi wann een da well krass schwätzen „‘nëmmen’ Duerchschnëtt“ sinn. (no offence)
„Middle class refers to people between the labouring masses and the ruling class.“
Ass et net traureg dass nodeems an den leschte Joeren déi Mëttelschicht ausgepresst gi sinn, dëst hei am Land an an aneren EU Länner, nëmmen eng Partei sech dëser Schicht zouwend? Ech hat vrun engen 12 Méint alt geduecht dass dëst giff vu méi Parteien opgegraff ginn. Domm gaang.
Während d’CSV, d’LSAP an déi Gréng weider wëllen Stéieren an d’Lut setzen, wäert d’Kafkraaft ëmmer méi erof goen. An et ass jo grad déi déi sollt an d’Lut goen, dat huet souguer den Statsminister nach vrun enger Zäitchengesot gehat. Mee (nach) méi héich Stéieren heescht manner Suen am Haushaltsbudget vun den eenzelnen Familljen. Dat heescht manner Ausgaben, ceci dit manner Kafkraaft. Eng Verklengerung vun der Nofro dréckt d’Produktioun erof an da stinn alt erëm d’Gewerkschaften mat den Arbeschter op der Strooss. Et ass schonns richteg wat den Herr Meisch seet. An et ass jo och net esou wéi wann hien guer näischt vun der Economie giff verstoen, och wann den Premier bezweiwelt dass hien esoulaang kann Finanzminister ginn ewéi hien, huet den Claude Meisch Mathé an Economie studéiert gehat.
„Zur Mittelschicht zählen jene Bürger, die 70 bis 150 Prozent des Durchschnittseinkommens verdienen.“
D’Mëttelschicht muss gestäerkt ginn. Wéi d’Welt vrun e puer Joer extrem op de Klimawandel opmierksam gemaach gouf, huet et geheescht „Dat musse mer verhënneren“, wéi e.a. d’Welt Online d’läscht Joer getitelt huet: [via]
MCKINSEY-STUDIE: Die deutsche Mittelschicht droht wegzubrechen
Düstere Prognose für Deutschland im Jahr 2020: Eine breite Mittelschicht wird es nicht mehr geben. Weniger als 50 Prozent der Bevölkerung werden in der Lage sein, ein Einkommen auf Durchschnittsniveau zu erzielen. Schuld ist das geringe Wirtschaftswachstum der vergangenen 15 Jahre.
froen den Staatsminister Juncker, de Gast Gybérien an den Fränz Bausch: „Waat ass déi Mettelschicht?“
An wéi de Klimawandel wäert wuel och de Reckgang vun der Mëttelschicht net vru Lëtzebuerg halt maachen. Mir mussen elo handelen. De 7. Juni hunn d’lëtzebuerger Bierger d’Chance hier Zukunft zewielen…
„Upper classes are a nation’s past; the middle class is its future.”
~ Ayn Rand
Emfro: Ween huet den Face-à-Face „Meisch vs. Juncker“ gewonn?
Mai 20, 2009 at 7:41 | In Allgemeines | 6 CommentsInfo: „Meisch vs. Juncker“ haut den Owend
Mai 20, 2009 at 3:42 | In Allgemeines | Leave a CommentEt haat schons eng gudd Woch gedauert ier den Staatsminister sech entscheed haat an d’Herausfuerderung vum Oppositiounsleader Claude Meisch ugeholl huet. Nodeems 2004 schons den Jean Asselborn als Oppositiounsleader op den Staatsminister Jean-Claude Juncker getraff waar, ass et dann haut den Owend op RTL Télé den aktuellen Oppositiounsleader Claude Meisch an den Staatsminister déi sech an engem Face-à-Face geigeniwwer stinn.
Bezierk Osten: Liberal um Virmarsch
Mai 9, 2009 at 11:05 | In Allgemeines | Leave a CommentEt ass wuel fir déi meescht Léit nemmen eng Randnotiz an dësen Zäiten wou den Peer Steinbrück an den Jean-Claude Juncker gemeinsam „bellege Wahlkampf“ (Manuel Huss) maachen. Mee haut um Europadaag huet sech d’Jeunesse Démocrate et Libérale am Bezierk Osten vergréissert. Zu Jonglenster gouf no e puer Joëren am Stellstand erem eng JDL gegrennt. Et ass eng jonk an dynamesch Equipp déi an den nächste Wochen a Méint wäert mathellef dee Bezierk am Land deen déi mannsten Obmierksamkeet kritt, ze moderniséieren an erem méi attraktiv zemaachen.
Vun hei aus wensche mer der ganzer Equipp nemmen dat Bescht!
Et sierf ob deser Plaatz och nach eng Kéier drun erennert dass d’JDL Iechternach no der Edukatiounskonferenz vrun 2 Wochen, déi d’Noolauschterer als eng „ganz interessant an informativ Konferenz“ ugesinn hunn, den 22. Mee eng Act Blue Party beim Wohli (Café de la Poste) maachen. Den Virverkaaf (2 €) mat Tombola huet lo ugefaangen. D’Tickets ginn et bei alle Memberen a beim Wohli. Den 22. Mee muss een also ob Iechternach kommen bei de Wohli. Fräi Nuecht ass ugesoot. Den DJ Joey wäert obléen an ze drenken gett et e.a. en extra’en „Blue shot.“
Gedanken: Kommunisten an déi Lénk d’Retter an der Nout?
Mai 8, 2009 at 11:11 | In Allgemeines | 6 CommentsJhust e kuerze Gedanken iwwert d’KPL an déi Lénk. An der éischter offizieller Table ronde um Fernseh haut, hunn béid Parteien nawell ganz staark den aktuelle „System“ kritiséiert. Ok, mee ass hiere System, op deem hier Partei’en obgebaut sinn, net schons vrun méi laangem gescheitert an huet en de Léit net nach méi Leed bruecht wéi den aktuellen.
Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.


