Sondage am Süden: Juncker séng CSV an Asselborn séng LSAP verléieren! Claude Meisch séng DP wënnt dobäi!
April 29, 2009 at 5:24 | In Allgemeines | 5 CommentsTags: Asselborn, DP, Juncker, Luxemburg, Meisch
Et kuckt ee wuel mat gemeschte Gefiller op d’Sondagen vum Tageblatt. E richtegen Favorit fir d’Wahlen ass nach net bekannt. An ausser dem Norden wënnt déi rietsextrem, populistesch Partei adr an all Bezierk bei. Och am Süden.
Do gett et jo wuel den spannesten Kampf vun dëse Wahlen: Juncker, Asselborn, Meisch an Gybérien.
CSV: 33,9 % (2004: 35,6 %)
LSAP: 29,6 % (2004: 32,25 %)
DP: 10,3 % (2004: 9,48 %)
ADR: 10,9 % (2004: 8,45 %)
Déi gréng: 10,5 % (2004: 10,25 %)
KPL: 2,1 % (2004: 1,68)
Déi Lénk: 2,7 % (2,28 %)
(via)
Den Jean-Claude Juncker an den Jean Asselborn hier Partei’en verléieren. D’CSV muss 1,7% vun den Stemmen ofginn, d’LSAP ganzer 2,65%. Den adr gewennt wéi gesoot dobäi, och déi Gréng wannen liicht dobäi. KPL an déi Lénk wannen ebenfalls ganz liecht dobäi. Nieft dem adr huet awer zumools d’Demokratesch Partei em hieren Nationalen Spëtzekandidat Claude Meisch dobäi gewonnen. Baal 1% geet et fir den jéngsten Spëtzekandidat an d’Luut.
Verléieren den Juncker an den Asselborn an ‘hierem’ Bezierk am meeschten? Kann de Claude Meisch an d’DP grad an deem fir déi Liberal sou schwieregen Bezierk punkten? Eppes méi wéi 5 Wochen nach da wësse mer Bescheed. Mee jiddefalls am Süden ass d’DP an den Claude Meisch gudd an den Wahlkampf gestart.
Emfro: Wéi hutt Dir dem Herr Juncker seng Ried fonnt?
April 23, 2009 at 9:27 | In Allgemeines | Leave a CommentTags: CSV, Etat de la Nation, Hoffnung, Jean-Claude Juncker, LSAP, Luxemburg
D’Medien waren sech scheinbar eenz: d’Ried zur Lag vun der Natioun 2009 vum CSV-Spëtzekandidat a aktuellen Regierungschef Jean-Claude Juncker war net besonnesch. D’Tageblatt huet fonnt dass den Herr Juncker „recht hilflos“ gewierkt huet, de Lëtzebuerger Journal op der aanerer Hand war der Meenung dass hien „Lösungsvorschläge schuldig“ bléiwt. De Quotidien huet geschriwwen gehat:
Hier, Jean-Claude Juncker n’a pas vraiment donné l’impression de vouloir mobiliser le pays en faveur d’une politique anticrise dynamique et orienté vers le futur.
De Claude Meisch vun der DP hat jo e Méinden schonns vum Premier gefuerdert Hoffnung ze verbreeden. Laut de Medien huet hien dëst awer net gemaach.
Mee dat Wichtegst ass jo op Dir erem néi Hoffnung hutt, Hoffnung dës Kriis kennen zebewältegen. Ass dëst de Fall oder war Dir wéi d’Medien enttäuscht?
Wahlen ‘09: Jonker am Wahlkampf (2)
April 18, 2009 at 8:35 | In Allgemeines | Leave a CommentMuer, also dëse Sonnden 19. Abrëll ass vun 10:00 Auer un déi sou genannten „Journée politique“, déi vun der CGJL organiséiert gett. Vun 10-14 Auer ass e politesche „Brunch“, deno kommen och Vertrieden vun den ‘grousse’ Parteien bis laanscht. Dat Ganzt dauert bis 17 Auer an fennt an der Staat, méi genee an der Abtei Neimenster statt.
Edukatioun ass de Jonken och zimlech wichteg, dofir kennt et Mettwochs den 29. Abrëll um 20 Auer zu enger Konferenz ennert dem Titel „Nei Weeër wielen – Och an der Edukatiounspolitik.“ D’Konferenz fennt a Präsenz vun den 7 DP-Kandidaten aus dem Osten statt. Sie fennt dann och am Festsall vun der Iechternacher Primärschoul statt. D’Konferenz, déi vun der JDL Sektioun Iechternach organiséiert gett, huet folgend Léit invitéiert fir iwwert dat wichteg Thema Edukatioun z’schwätzen:
- Eugène Berger, Députéierten, Member vun der Edukatiounskommissioun an fréieren Schoulmeechter
- Eric Cillien, JDL, Enseignant am EST, régime préparatoire
- Jérôme Jaminet, Uni Lëtzebuerg, Member vun der Fuerschungseenheet LCMI, assistant-doctorant
Da kennt den Fréides den 8. Mee zur 4. a läschter Table ronde vun den Jugendparteien. Dës 4. wäert am Zentrum stattfannen, méi genee am Centre Civique zu Hesper. E Spriecher ass hei schons bekannt: fir d’JDL schwätzt den Hesper Schëffen a JDL Nationalpresident Claude Lamberty.
Dann sierf awer och nach eng Kéier un den „Act Blue Baal“, Freides den 22. Mee erennert. Dëse Baal wäert zu Iechternach beim Wohli (Café de la Poste – Place du Marché) stattfannen. E gett organiséiert vun der JDL Sektioun Iechternach.
Nach e Gedanken: Mat 9 Joër schons erwuessen?
April 10, 2009 at 6:28 | In Allgemeines | 1 CommentEch hunn endlech den läschte Kloërtext iwwert d’Kierch gekuckt. Komesch hunn ech zumools eng Ausso (enner villen aaneren interessanten) fonnt. Déi chrëchtlech Kierch ass dofir dass Kanner am Alter vun 9 Joër hier Kommunioun maachen, well se dann schon „dat Gudd vun deem Béisen“ kennen ennerscheeden an domatter schons „erwuesse“ wäeren.
Ok, wann sie dat denken. Domatter hunn ech direkt kee Problem. Mee dat passt net an d’Logik vun der CSV an der CSJ, déi jo eigentlech staark un d’lëtzebuerger Kierch gebonnen sinn. Ass et dach grad déi Partei, déi net well dass Jonker ab 16. Joër d’Wahlrecht kréien, well sie eben nach net richteg erwuesse sinn.
Also, am Alter vun 9 kann e schons fir 1 Stonn (oder wéi laang déi Kommuniounsmass eben dauert) „richteg“ dat Gudd vum Béisen ennerscheeden an dann net méi bis een endlech déi 18 um Compteur huet?
An dësem Senn dann… schéi Féierdeeg.
Commentaire: Waat eng Woch!
April 10, 2009 at 6:28 | In Allgemeines | Leave a CommentEigentlech hat ech welles an deene Woche bis de 7. Juni net iwwert d’Aktualitéitssujeten aus dem Ausland ze schréiwen, déi folgend fannen ech awer wichteg. Zumools och wéinst enger Aktioun hei am Land, dozou awer méi e bëssche méi spéit.
Während de Barack H. Obama zu Stroossbuerg zu enger Grupp Studente gesot huet: “America is changing”, hunn sech wirklech an den USA scho bal dramatesch Szenen ofgespillt. Et sollt eng grouss Woch gi fir déi Leit, déi méi Gläichberechtegung wëllen.
Genee haut vrun enger Woch, eng Woch also vrum hellege Fest vun de Katholiken, ass Iowa méi mënschlech ginn. De Supreme Court vun Iowa huet decidéiert gehat, dass d’Ofléenung vun de Bestietnisser vun homosexuelle Koppele géint Constitutioun vun Iowa verstéisst. Et war e grousse Schrëtt zemools no der Geschicht aus Vermont.
An deem Staat war nämlech och décidéiert gi fir homosexuelle Koppelen d’Recht op e Bestiednes ze ginn. Dunn huet awer de Governor vu Vermont, de Republikaner Jim Douglas décidéiert säi Veto beim deem Gesetzestext zebenotzen.
Mee ze fréi gefreet fir alleguerten d’Homophoben am Vermont. Well och zu Vermont klappt dëse Veto net sou richteg mat der Verfassung iwwerteneen. Dofir huet 4 Deeg no der Decisioun am Iowa, och Vermont e grousse Schrëtt no fir gemaach.
Domatter ass da lo Vermont mat Iowa a Massachusetts a Connecticut schonns de 4. Staat an den USA déi homo- a bisexuelle Koppel’en déi nämmlecht Rechter gi wéi den heterosexuellen. Ween hat no der Proposition 8 [méi hei um 'Oppenen Bréif'] nach geduecht? Wuel keen. An déi gutt Noriichte fir méi Gläichberechtegung sollten dës Woch einfach net ophalen. Firwat och.
Den Staat mat der Haaptstad, den District of Columbia, huet décidéiert fir Homo-Marriagen unzeerkennen. Och wann een sech zwar nach net dierf als gläichgeschlechtlech Koppel am DC bestueden, ass dat trotzdem schonns e Schrëtt no fir. E Schrëtt an déi richteg Richtung.
An aner Stied sollen och schonns geschwënn no zéien. Anscheinend kinnt et zu Hawaii, Rhode Island, New York an New Hampshire zu enger Ännerung an de Gesetzestexter kommen. An da waarde mer jo nach alleguerten op d’Äntwert vum Gericht zu Kalifornien, déi dach an deenen nächsten Deeg a Woche misst kommen.
Dat Ganzt ass awer lo sécher net dem Barack Obama säi Verdéngscht. Au contraire, ass hien och géint den Homo-Marriage, erlaabt awer gären, dass sech homosexuell Koppelen an der Klinik gesinn ouni dass se den Accord vun der Famill mussen hunn. Et war e ganze Prozess deen matgemaach gouf. De Senator Bill Frist huet 2007 opgehaalen, den Tom DeLay ass och net méi am “House” dobäi. Déi “social conservatives” wéi se genannt ginn, sinn momentan komplett an der Minoritéit. Dat ass firwat een och an dëser Woch net vill Protester gesinn huet.
“Being powerless forces you to do things differently. You have an awakened and energized liberal base. … But the liberalism in power is energizing conservatives to stop bad things.”
Dëst soot d’Madame Gallagher, d’Presidentin vun enger “anti-gay marriage” Organisatioun.
Zemools déi liberal Gruppen an den USA hunn mat Hëllef vum Internet schonns zu engem méi politeschen Drock gefouert. Dass och an deene leschten Deeg d’Obama Administration vun sou unerkannten a beléifte Republikaner wéi Dick Cheney, Rush Limbaugh a Karl Rove kritiséiert ginn, wéisst ganz einfach dass déi Konservativ an den USA momentan e ganz grousse Problem hunn.
Mee och wann et dës Woch gutt Nouvellen aus der Siicht gi sinn, sou däerf een net erwaarden dass guer keng Reaktiounen an deenen nächste Wochen a Méint wäerte kommen. Egal wéi, de President hat Recht wéi hien de franséischen, däitschen an amerikanesche Studente versprach hat, dass säi Land am Gaang wier sech z’änneren.
Et ass eng Ännerung déi och hei am Land muss stattfannen. Mir sinn nach laang net sou wäit wéi Iowa, Vermont, Connecticut a Massachusetts. Hei am Land dierfen sech déi Homosexuell NET bestueden an hunn dofir och net déi nämlecht Rechter wéi heterosexuell Koppelen. Jo, och wann se sech “paxen”, hunn se net déi nämlech Rechter. Et geet duer lo. Et ass lo endlech un der Zäit, dass mir hei am Land endlech méi Gleichberechtegung kréien. Ugefaange mat dem Bestietnes vun Homosexuellen, dann awer och endlech d’Walrecht fir d’Net-Lëtzebuerger. Dofir den Appel u meng Lieser fir muer Samste bei der Ënnerschrëftenaktioun vun “Och fir eis – Recht op e Bestiednëss fir gläichgeschlechtlech Kopplen” matzemaachen. D’Aktioun start um 14:30 Auer um Knuedler. Méi Informatiounen op Facebook.
Kommt… loosst eis an enger méi gerechter Welt liewen!
Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.


