Wahlen ‘09: Jonker am Wahlkampf (1)

März 30, 2009 at 7:50 | In Allgemeines | Leave a Comment
Tags: , , ,

Och déi Jonk machen Wahlkampf an esou hunn dann déi 4 Jugendparteien vun den „groussen“ Parteien décidéiert fir sech e puer Mol quesch uechter d’Land fir Table ronde’en zetreffen. Déi éischt Table ronde ass dann – an dat ass kee Witz – den 1. Abrëll (Mëttwochs). Dës Table ronde fennt am Bezierk Osten statt an zwar méi genau zu Réimech an der aaler Schoul. Notéiert iech also alleguerten den 1. Abrëll an äerem Kalenner.

Dann sollt der iech awer och Donneschtes den 2. Abrëll notéieren. Do ass nämlech och eng méi lass. D’Jeunesse Démocrate et Libérale organiséiert eng „Act Blue Soirée“ am Melu an der Staat. Den Entrée ass natiirlech gratis an déi jonk Kandidaten op der DP Lëscht wäerten sech Zäit huelen fir mat Jonker iwwert d’Politik hei am Land awer och an Europa zediskutéieren an da wäert awer och nach e spezielle Gaascht en Donneschten am Melu sinn:

ACT BLUE SOIREE

A wa mer schons dobäi sinn dierf natiirlech Freides, den 22. Mee net feelen. Dëst ass den Freiden vrun der Päischtvakanz an dann ass Owes zu Iechternach eng méi lass. D’JDL Sektioun Iechternach, déi sech fir d’Jugend am Bezierk Osten asetzt, organiséiert beim Wohli (Café de la Poste – Place du Marché zu Iechternach) en „Act Blue Baal.“ Do wäerten wuel och déi eng oder aaner „grouss“ Politiker dobäi sinn an dat kann een elo wuel schons verspriechen wäert et och déi eng oder aaner Iwweraschungen deen Owend ginn. Den 22. Mee muss een also zu Iechternach beim Wohli passéieren fir den „Act Blue Baal.“

Wéider Datumer wäerten an deenen nächsten Deeg a Wochen nach no kommen. Sou baal se bestätegt ginn wäert dir se hei um Blog fannen. ;) Mee nach eng Kéier, den 1. Abrëll op Réimech kommen, den 2. Abrëll an den Melu an den 22. Mee bei de Wohli op Iechternach.

Wahlen ‘09: Op déi jonk Léit lauschteren!

März 27, 2009 at 10:42 | In Allgemeines | 7 Comments
Tags: , , , ,

Dexia, Fortis, héiche Chômage, Klimawandel, jee… wann ech lo giff all Problem vun eis hei opzielen, wier ech wuel nach bis iwwert den 7. Juni eraus beschäftegt. All Kéiers gett driwwer geschwaat, all Kéiers kréien d’Léit Wahlkampf-Cadeau’en (dëst Joër vun der CSV dann awer nemmen „Wahlkampf-Cadeauspabéier“ (Claude Meisch)). Heiandsdo gett dann och dem Wieler gedroot an eng aaner Kéier maache mer alles dofir fir nach e Stadion opzebauen a schenken domatter eisen Nooperen déi Arbeschtsplaatzen, déi mir och gebraucht hätten. D’Belge, Däitschland oder Frankräich – egal wou dann den Akaafszenter wuel hikennt – soen Merci. „E gudden Iesselchen stéisst sech nemmen ee Mol“, seet meng Bom mer. Et schéngt ewéi wann déi lëtzebuerger Regierung den Ikea schon erem vergiess hätt.

Wann een als Jonken déi läscht Joëren verfollegt huet, muss ee scho soen, dass dat Ganzt dach zimlech frustrant ass. Déi Regierung an déi „jonk“ Chamber [nemmen 4 vun 60 Deputéiert si méi jonk wéi 40 dorenner 2 vun der Demokratescher Partei] verbauen d’Zukunft vun der Jugend. Am Januar huet den François Biltgen (CSV) nach stolz behaapt, dass d’Jugend net ennert der Finanzkriis leit, e puer Deeg méi spéit huet hien dunn awer (alt erem) missten agestoen, dass den Chômage Taux bei deenen Jonken kräfteg an d’Luut gaangen ass. Elo probéiert den Fränz Biltgen dann alt erem den 5611 zebenotzen fir dat Ganzt z’erklären. Ech mengen den Herr Biltgen wäert och nach noom 7. Juni net verstaanen hunn, waat hien domatter ugeriicht huet. An dann gesäit een dann wéi op däer aanerer Säit mutwelleg Arbeschtsplaatzen op d’Spill gesaat ginn fir e néien Footballstadion, deen ausser e puer Léit am M-Block keen esou richteg wëll.

Suen soll een ausginn, haat den Häerr Juncker gemengt, fir d’Wirtschaft erem unzekuebelen. Ma, Häerr Juncker, ouni Arbescht huet een och keen Euro fir auszeginn. A wann dann nach wéi an äerer Legislatur Stéieren gehéicht ginn, néi Stéieren dobäi kommen an elo souguer schons vun enger Hausse vun der Solidaritéits-Steier geschwaat gett, wäerten d’Léit wuel nie esouvill Suen ausginn, ewéi d’Experten sech dat erhoffen. Dat nennt een dann wuel „sozialistesch?“
An donieft gouf ee jo och an den Debatten iwwert de Staatsbudget um „Chamber TV“ gewuer, dass de gréissten Deel vun eisen Staatsfinanzen geléint ass. „Wann een an d’Jugend investéiert, dierf een och dovunner ausgoen, dass déi déi Saachen matdréit” [citation par mémoire], soot den Rapporter Haupert (CSV). Problem ass jhust dass déi aktuell Regierung net vill an d’Jugend eben investéiert huet.

Alles waat mer an deenen läschten 50 Joër geléiert hunn, wäert sech an deenen nächsten 5-10 Joër änneren. Alles. Lëtzebuerg muss mam Tanktourismus ophaalen, net nemmen wéinst Kyoto mee wëll d’Jugend vun haut och nach wëll dass d’Jugend vu ma op dësem Planet ka liewen. Lëtzebuerg verléiert d’Suen aus dem Internetgeschäft duerch eng EU-Resolutioun, déi am nächsten Joërzéngt a Kraaft trett. Global gesinn verléieren d’Amerikaner hier Weltmuecht an deen nächsten amerikaneschen President kann sech net méi als Weltpresident féieren loosen. China an Indien sinn um kommen. Do wäert d’Liewen sech an deenen nächsten Joërzéngten ofspillen. Dat dierf eis net ofschrecken, nee, mir mussen déi Chance notzen an elo schons eis Relatiounen mat de Länner aus Südost-Asien verbesseren.
A firwaat solle mer net och probéieren fir – wa mer schon sou vill Suen duerch den Tanktourismus verléieren- Suen duerch „grengen Tanktourismus“ zeschaffen. Loost eis dach den Tanktourismus an d’Internetgeschäfter vun deenen nächste Joërzéngten fannen. Dat huet och den jéingsten vun allen Spëtzekandidaten, den Claude Meisch vun der Demokratescher Partei gefuerdert.

Mee hei am Land ginn et och sou nach aaner Problem. Schwangerschaft bei Mannerjähregen beispillsweis. Momentan kréien all Joër 70 Meedecher e Bebe. Dat sinn méi wéi 1 d’Woch. Demokratesch Partei fuerdert dass een op déi Jonk lauschtert, dass een den Opklärungscours an der Schoul reforméiert, dass all Mannerjähregt Meedchen gratis Spriechstonnen beim Fraendokter kritt an dass Kondomer gratis mussen ginn. De Problem vun den Crèches. Während d’CSV net richteg wëes wéi een déi gratis kritt, huet d’Demokratesch Partei alt erem eng Formule fonnt. All Joër soll et 20% méi belleg ginn, domatter wäert dësen Service um Enn vun der Legislatur gratis sinn. A fir dass d’Jugend vu ma sech net muss schummen, dass sie hei am Land iwwert eng Majoritéit (Net-Lëtzebuerger) herrscht, fuerdert d’Demokratesch Partei mat der Jeunesse Démocrate et Libérale, dass d’Net-Lëtzebuerger d’Walrecht kréien. Grad esou fuerderen d’DP an d’JDL dass déi Jonk ab 16 Joër endlech d’Walrecht kréien.
Zumools d’Walrecht ab 16 giff eis Demokratie op eng jonk Art a Weis wéider brengen. Mat engem Walrecht giffen d’Politiker (am Wahlkampf) probéieren fir déi Jonk dozou zebrengen fir hiert Walrecht zenotzen. Fir dëst zemaachen mussen sie sech mat de Problemer vun den Jonken befaassen an Léisungen fannen.

Wann eis Politiker op déi Jonk giffen lauschteren, kéinnte mer zesummen aus dëser Kriis erauskommen. Déi Jonk sinn net domm. Déi Jonk hunn Idee’en a sinn iwwert hier Zukunft besuergt. Et ass alt gudd, dass d’Demokratesch Partei net nemmen mam jéingsten Spëtzekandidat (Claude Meisch) mee och mat 20 Jonken vun insgesamt 60 Kandidaten an d’Chamberwahlen a mat enger jonker engagéierter Politikerin an d’Europawahlen ginn [Europa]. Domatter scheckt d’Partei em Claude Meisch an Charel Goerens e kloëren Message net nemmen un déi Jonk hei am Land, mee un all Lëtzebuerger an un all Bierger deen hei an onsem Ländchen wunnt.

Kommt… loost eis den Opbroch woen.

Loost eis néi Weeër wielen.

Wahlen ‘09: JDL reagéiert op néien Motto vum adr

März 27, 2009 at 9:09 | In Allgemeines | 8 Comments

Déi selwer ernannten Reformpartei adr huet bekanntlech hiren Motto geännert. Si trieden elo ënnert dem Slogan “mir wëllen erhaalen, wat mer hun” op. Den adr war jo bekanntlech géint Duebelnationalitéit, géint d’Euthanasie an Matustëfter vun enger Referendum Initiativ, si sinn géint d’Walrecht vun Net-Lëtzebuerger, déi momentan 42% vun eiser Bevëlkerung ausmaachen, wëllen dass d’Fonction publique nemmen fir Lëtzebuerger op ass, an gesinn déi lëtzebuergesch Sprooch als *dat* Kommunikatiounsmëttel un. Do donierft wëll déi “Reformpartei” jo och net, dass Homosexueller méi Rechter kréien. Am Juni sinn sie och déi eenzeg Partei déi hier Lëschten net getrennt hunn.
Haut den Owend huet dunn d’JDL, d’Jeunesse Démocrate et Libérale, als éischt (Jugend-)partei op déi rezent Aktioun vun dëser Partei, déi si als “arrogant, domm a reaktionnär” (zu Recht!) bezeechent hunn, reagéiert.

La Jeunesse Démocrate et Libérale est révoltée par le nouveau slogan primitivement nationaliste du ADR, « mir wëllen erhaalen, wat mer hun » – une insulte à la fois aux citoyens étrangers et à l’intelligence de tout Luxembourgeois un tant soit peu cultivé.

Les jeunes libéraux constatent également la remarquable (quoique peu étonnante au vu de ses membres) méconnaissance du ADR de l’histoire luxembourgeoise. En effet, si le Luxembourg est encore – gare à la crise économique – un pays jouissant d’une qualité de vie élevée, c’est justement grâce au concours de nombreux étrangers qui se sont pleinement investis et ont ainsi largement contribué à la richesse économique dont nous profitons aujourd’hui. Il va sans dire que les vagues d’immigration successives ont été une réelle bénédiction pour un Etat dont l’économie était à tel point ravagée que nombre de ses nationaux ont dû émigrer.

Par ailleurs, le contexte multiculturel présente des avantages non encore tous exploités, mais à partir duquel pourrait se développer un vrai « melting pot » culturel permettant l’épanouissement de tous les citoyens, luxembourgeois autant qu’étrangers.

Dans ce contexte, il est totalement injustifiable de vouloir enfermer les citoyens étrangers dans une situation de semi-participation intenable et ne pouvant que se traduire, à long terme, par des frictions sociales considérables et le repli des différentes communautés sur elles-mêmes.

Les jeunes libéraux réaffirment leur enthousiasme pour une société véritablement pluraliste et multiculturelle qui permette la participation de tous les citoyens à tous les niveaux, y compris politique, ce qui implique l’ouverture du droit de vote aux élections législatives ainsi que, bien évidemment, la double nationalité et l’accès à la fonction publique – soumis à des conditions satisfaisables, et non pas à des écueils insurmontables. Un pays d’accueil ne saurait verrouiller ses portes.

Il ne reste qu’à faire confiance au bon sens des électeurs qui observent cette campagne et de faire appel aux autres partis, surtout aux chrétiens-sociaux qui malheureusement en ont la tendance, à ne pas se laisser tenter par de tels calculs abjectement xénophobes.

[via]

Wahlen ‘09: CSV Emfroen fir den „normale Bierger“ net verständlech!

März 22, 2009 at 6:49 | In Allgemeines | 6 Comments
Tags: , ,

Jo, ech schéisse mech grad op déi Léit mam „C“ a mam „S“ a mam „V“ an hierem Parteinumm an. Ech haat mer op dësem sonnegen Sonndenowend geduercht, dass ee jo mol roueg kéinnt eng Kéier kucken waat sie dann sou op hierem Internetsite dréiwen. Schons beim Header „Mat Iech am Gespréich“ si mer dem Joël seng zwee Kollegen Anscht a Schrecken begéint.
Mee bon, ech wollt der Säit jo eng Chance ginn an hu mech emgekuckt. No 2 Sekonnen hu meng Aan eng Emfro op der Startseit gesinn. Et ass em d’Weltwirtschaftskriis gaangen, déi jo vum Premier Jean-Claude Juncker nach vrun e puer Méint als „einfach amerikanesch Imobiliekriis“ bezeechent gouf déi nie hiere Wee an Europa giff fannen an wann dach nie hei am Land giff fir Schued suergen. Ech wollt dann bei der Emfro matmaachen an hu mer d’„Äntwerten“ méi genee ugekuckt. Ech si mer emmer méi wéi de Joël firkomm, deen séng 2 Kollegen wuel fir den éischten sonnege Weekend vum Joër fräi ginn haat an sie mech dann eben elo nerve komm sinn. D’„Äntwerten” waaren keng Äntwerten.
Waat dunn nach bliwwen ass, waar d’Flucht an déi haat alt e besschen Hoffnung – Hoffnung dass d’CSV Politikerin Frank erem eppes ännert fir dass den „normale Bierger“ d’Emfro versteet an matmaache kann – an huet hei um Blog mat engem Post opgehaal.

[Den Text ass e besschen inspiréiert um Joël séngen "Angscht a Schrecken" Texter, déi ech mengen Lieser och heimatter wëll recommendéieren. :) ]

Mee zreck zum Politeschen. Ech froen mech wirklech wéi een op dës Emfro soll äntweren:
CSV Emfro

Esou eppes nennt sech dann „Mat Iech am Gespréich“? Sou eppes ass dann eng Vollekspartei? Sou eppes soll de Kontakt zum „normale“ Bierger sinn?
D’CSV hätt besser wann sie hier biergerfeindlech an homophob (Octavie Modert) Hennere giffen op d’Oppositiounsbänk setzen. De Wahlkampf wäert fir sie jiddefalls méi wéi nemmen schwéier ginn.

Wahlen ‘09: „Riicht eraus“ um 100,7 an „Blog ‘09″

März 21, 2009 at 11:21 | In Allgemeines | Leave a Comment
Tags: , , ,

Haut gouf et erem eng néi Emissioun vun der Sendung „Riicht eraus“ um Radio 100,7. Den Invité vun dëser Emissioun war den liberalen Politiker, Staater Scheffen, Députéierten an Affekot Xavier Bettel.

Et war eng ganz interessant Emissioun wou aktuell Thema’en wéi d’Enn vun Villeroy & Boch natiirlech och eng wichteg Roll gespillt hunn, awer och d’Justiz hei am Land gouf ferm ennert d’Lupp geholl. Alleguerten déi déi d’Emissioun haut de Mëtten teschend 12 an 13 leider verpasst hunn, kennen se nach eng Kéier lauschteren. Dëst ennert folgendem Link: click hei.

Dann ass et awer och ganz luewenswert, dass den jéingsten vun alle Spëtzekandidaten den Claude Meisch vun der DP sech entscheed huet fir bis d’Wahlen vum 7. Juni zebloggen. Hien bloggt ennert dem Titel „Blog ‘09″ an dir fannt den Blog mat séngem éischten Post „Sozialistisch ist noch lange nicht sozial !“ ennert dp.lu/blog09.

Nächste Seite »

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.