Lëtzebuerg: E vollen Atelier huet den éischten Schrëtt vun den néie Weeër gemaach

Januar 27, 2009 at 1:09 | In Allgemeines | 13 Comments

Demokratesch Partei haat agelueden an alleguerten sinn se komm. Esou oder sou ähnlech kéinnt een ewuel den Owend vum 26. Januar 2009 iwwerschréiwen. An haaten d’Sozialisten nach Problemer fir d’Léit zesummenzekréien, esou waar den Atelier dësen Owend voll vu Léit.

Et luch schons eng komesch Stemmung an der Luucht, ewéi een déi läscht Meteren richtig Atelier gaangen ass. An och am Atelier sëlwer waar déi Stemmung nach emmer -bis zum Ufank vun der Presentatioun vun den Kandidaten- do. Jiddereen deen do waar, wusst dass et net nemmen en Méindenowend war, net nemmen e politeschen Evenement, et waar méi. Vill méi. Jiddereen deen am Atelier waar haat de schwierege Wee gewielt, wëll géint den Status Quo zegoen ass net einfach. Géint konservativ Haltungen goen ass schwéier. Mee all puer Joëren mussen et Léit ginn, déi dëse Wee maachen, fir eis Gesellschaft wéider zebréngen. All puer Joër gett et eng Generatioun déi aaner, néi Weeër wielt.

An wann een sech esou duerch den Atelier emgekuckt huet, ass ganz séier opgefall, et ass dës Generatioun déi et muss maachen. Zimlech vill Jonker haaten de Wee an de Staater Quartier fonnt a gemach an och d’Lescht vun der DP schwätzt mat 20 (vu 60) jonken Kandidaten eng ganz kloër Sproch. An alleguerten déi 60 Kandidaten hunn Kompetenz an allen Beräicher wou Lëtzebuerg endlech muss néi Weeër goen. Vun Kompetenzen am Finanz- an Wirtschaftswiesem iwwert Schoul- a Sozialpolitik bis hin zum Logement. Fir all Beräich wou et momentan happert ginn et Léit an däer Equipp em den Claude Meisch, dee jo och bekanntlech dee jéingsten vun alle Spëtzekandidaten ass.

Nodeems 59 vu 60 Kandidaten vum Claude Meisch op d’Bühn erop geruff gi sinn, goungen d’Luuten e beemol erem aus an de Claude Meisch waar verschwonn… an ee Mann ass op d’Bühn komm, deen och e Spëtzekandidat vun der Demokratescher Partei ass, awer fir d’Europawahlen. Den Charel Goerens sollt also den Claude Meisch op d’Bühn bieden an huet eng kuerz Laudatio op hien gehaalen.

„Mir stinn als eng Equipp, als ee Mann hannert dem Claude Meisch.”

Dëse Saatz vum Charel Goerens huet deen längsten Applaus vum Owend mat sech bruecht. De ganzen Atelier, voll bis op déi läscht Plaatz, huet dem Politiker aus dem Norden Recht ginn. Dat minutelang. Demokratesch Partei schéngt hieren néie Leader definitiv fonnt zehunn. An ewéi den Häerr Goerens um Enn vu sénger Ried nach eng Kéier bestätegt huet, ass d’Ära Meisch nach laang net eriwwer an déi wäert nach laang undaueren.

Anschliessend huet de Claude Meisch du sëlwer eng Ried gehaalen, ewou hien nach eng Kéier kloër gemaach huet waat dann den Ennerscheed teschend däer reckstänneger, ängstlecher Politik ass, déi hei am Land zenter Joërzéngten bedriwwe gett, an däer wéi hien sech se virstellt. Logement, Chômage, Kannerbedréiung – déi ennert der DP gratis wäert ginn-, Educatioun, Sozialproblemer sinn nemmen e puer Punkten vu sénger Ried a vum Programm vun der Demokratescher Partei. Eent huet den Spëtzekandidat vun der DP awer och kloër gemaach: d’LSAP an d’CSV sinn net Emstand fir déi Problemer zeléisen. Béid Partéien haaten zesummen, esou den Claude Meisch wéider, an deenen läschte 25 Joër 20 Joër d’Responsabilitéit an deenen Beräicher. Sie hunn bis elo näischt gemaach fir se zeverbesseren a wäerten och an Zukunft näischt dogéint maachen. D’CSV an d’LSAP hunn awer net nemmen näischt géint Problemer gemaach, sie hunn se – laut dem Buergermeeschter vun Déifferdéng- och méi schlëmm gemaach an heiandsdo sëlwer verursacht. Demokratesch Partei giff och nemmen dat verspriechen waat se kéinnten haalen, sou den Häerr Meisch.
Ewuel ganz kloër eng Kritik a Richtung LSAP, déi éischtens e gratis öffentlechen Transport versprach haaten an zweetens „Mir packen et un“ zum Chômage gesoot hunn. Dass d’LSAP elo nach eng Kéier deen nämlechte Slogan benotzt wéisst net grad grouss Intelligenzverméigen bei den Léit vun der LSAP. Oder sie sinn däer nämlechter Meenung wéi den Jean-Claude Juncker a mengen dass d’Lëtzebuerger net richteg „ticken“ an den Intelligenzquotient vum lëtzebuerger Bierger net grad héich ass.

De Claude Meisch huet sech och giergert, dass bei all néier Propose gesoot gett „dat geet net“ oder „dat ass net finanzéierbar“. Fir den Status Quo zebekämpfen muss een eben duebel esouvill Kraaft hunn. Mee no dem Méindenowend am vollen Atelier ass d’Demokratesch Partei wuel staark genug fir zesummen den Status Quo zebekämpfen an de Wieler vun engem besseren a méi liberalerem a méi gerechtem Lëtzebuerg z’iwwerzeegen.

D’Lëscht vun der Demokratescher Partei:
Norden

1 Bauler André, Erpeldange
2 Dahm François, Erpeldange
3 Durdu Agny, Wincrange
4 Etgen Fernand, Feulen
5 Hansen Marc, Useldange
6 Hansen Pascale, Bettendorf
7 Koeune Marco, Harlange

8 Mertens Edy, Troisvierges
9 Poiré Mike, Mertzig

Osten

1 Baum Gilles, Junglinster
2 Gloden François, Remich

3 Hartmann André, Echternach
4 Jaminet Armand, Mertert
5 Nagel Maggy, Mondorf
6 Sertznig René, Grevenmacher
7 Wagner Carlo, Wormeldange

Zentrum

1 Als Claudine, Luxembourg
2 Arendt Guy, Walferdange
2 Beissel Simone, Luxembourg
4 Bettel Xavier, Luxembourg
5 Brasseur Anne Député, Luxembourg
6 Colabianchi Frank, Bertrange
7 Daleiden Guy, Steinsel
8 Elvinger Joëlle, Walferdange
9 Fischer Marc, Strassen

10 Flesch Colette, Luxembourg
11 Gudenburg Georges, Bourglinster
12 Haller-Feith Christiane, Hesperange
13 Helminger Paul, Luxembourg
14 Henkel Albert, Mersch
15 Kremer Anne, Howald
16 Krieps Alexandre, Medingen
17 Lamberty Claude, Howald
18 Mart Colette, Luxembourg
19 Polfer Lydie, Luxembourg
20 Radoux Claude, Luxembourg
21 Welsch Nicolas, Schuttrange

Süden

1 Berger Eugène, Roeser
2 Cillien Eric, Differdange
3 Frieden Daniel, Steinfort
4 Graas Gusty, Bettembourg
5 Grethen Bob, Esch/Alzette
6 Hahn Max, Dippach

7 Jeitz Martine, Dudelange
8 Joachim Benoît, Mondercange
9 Klopp Alfred, Mamer
10 Knaff Pim, Esch/Alzette
11 Krings Patrick, Kayl
12 Lammar Jean, Dudelange
13 Lentz Léon, Bascharage
14 Lickes Jean-Paul, Sanem/Soleuvre
15 Meisch Claude, Differdange

16 Roemen Rob, Leudelange
17 Saeul Christiane, Differdange
18 Scheibel Mara, Schifflange
19 Scholl Daliah, Esch/Alzette

20 Schroell Marco, Kehlen
21 Schummer John, Bridel-Kopstal
22 Thill Lucien, Dippach
23 Welter Gilbert, Pétange

* Fett = Alter <40 Joër

Lëtzebuerg: Chômage geet an d’Luut an de Jean-Claude Juncker an Däitschland

Januar 23, 2009 at 9:56 | In Allgemeines | 1 Comment

Den Chômage ass laut der ADEM am Dezember em 700 Léit an d’Luut gaangen. Dat heescht et sinn elo 11.500 Léit hei am Land op der Sich no enger Schaff, vrun 12 Méint waaren et der nach 9,815. Mir hunn also d’Mark vun 10,000 kloër iwwerschratt. A waat mech op esou engem Daag den Jean-Claude Juncker, dee jo emmer alles zur „Chefsaach“ erklärt an de groussen Held spillt? Hien geet a säi Lieblingsland: Däitschland. Hien gouf vun den däitschen Gréngen fir hieren Europakongress invitéiert. Ech wëes dat war sëcherlech alles schons geplant, mee symbolesch passt et einfach bei déi läscht Joëren. De Léit hei am Land geet et emmer méi schlecht, de Jean-Claude Juncker seet hinnen, dass se net méi richteg ticken, a verschwend dann erem an d’Ausland. Fir d’éischt waaren et Virstellungsgesprächer fir de grousse Posten an der EU, elo wuel éischter als Defence géint den franzéischen President Sarkozy, deen probéiert dem Juncker séng Roll anzehuelen.

Mee zum Glëck huet hien jo säi kléngen Gordon Brown hei geloos: de Luc Frieden. De Luc Frieden huet haut an der Voix du Luxembourg gemengt, dass 2008 e ganz gudd Joër fir d’Finanzplaatz Lëtzebuerg waar an seet dass hien schons d’Zäit no der Finanzkriis virbereed. Optimistesch ass gudd, mee realistesch muss een och bléiwen. Et bréngt näischt de Lëtzebuerger Sand an d’Aa zestrëen fir dass se am Wahlkampf net méi richteg a kloër gesinn. Waat Lëtzebuerg elo brauch si Léit, déi sech em hier Land kemmeren, déi hei bléiwen. Déi hei schaffen. Déi ganz kloër de Léit soen wou eis Land drun ass a waat vun der Zukunft z’erwaarden ass.
„We are saving the world”, soot de Gordon Brown am Dezember bei der wöchentlecher PMQ. De Luc Frieden huet genee ewéi den Gordon Brown Problemer realistesch zebléiwen.

Lëtzebuerg brauch weder e Jean-Claude Juncker nach eng lëtzebuergesch Versioun vum Gordon Brown. Lëtzebuerg brauch keng Baustell CSV. Lëtzebuerg brauch e néit Fundament, wëll dat waat d’CSV an deenen läschten 30 Joër gebaut huet ass ganz kloër „Einsturzgefährdet.“

USA: Den 20. Januar 2009 war en Rekorddaag

Januar 23, 2009 at 9:24 | In Allgemeines | Leave a Comment

Ech hu mech emol duerch sëllegen Artikelen an Fernsehbeiträg gelies/gekuckt an wëll emol e puer Zifferen nennen déi am Zesummenhang mam 20. Januar 2009 stinn a méi konkret mat der „Inauguration“ vum néien US-President Barack H. Obama.

* 5,000 Dixie Toiletten waren op der „Mall“ vrum Capitol Hill.

* Eng 10,000 Busser goufe gebraucht fir d’Léit op Washington D.C. zekréien. Dat heescht wann déi Unzuel vu Busser een hannert deem aaneren giff fueren, hunn se eng Schlang vun 137 Kilometer.

* Iwwer 8,000 $ huet en Ticket fir eng „gudd“ Plaatz bei der Zeremonie kascht.

* Den Internet gouf an Nordamerika 20% méi oft benotzt wéi op „normalen“ Deeg. Hei an Europa ass et souguer em 22% an d’Luut gaangen.

* Twitter haat 5 mol méi Tweets an der Sekonn ewéi „normal.“

* CNN haat zesummen mat Facebook den Event live um Internet iwwerdroen an ganzer 7,7 Milliounen Menschen waar dobäi. Iwwer 27 Milliounen Menschen hunn d’Saït vun CNN a Facebook um Dennschten opgeruff.

* NBC huet ebenfalls um Internet e Live Stream gemaat, a méi ewéi 9 Milliounen Menschen hunn et do gekuckt.

* Den „iReport” vun CNN haat um Dennschten méi wéi 12,000 néi Béiträg.

* Facebook meld dass sie ganzer 4,000 Status Updates haaten während der „Inaugural Address“ vum Obama haaten an et goufen alt pro Minutt néi 8,500 Kommentarer.

* Eppes manner wéi 2 Milliounen Menschen hunn déi ganz Zeremonie live op der „Mall“ vrum Capitol Hill verfollegt.

* 37,8 Milliounen Fernsehen an den USA hunn en Dennschten den Barack Obama gewissen. Domatter ass dat déi 2 héchsten Einschaltquot fir d’Inauguration vun engem President. Do war nemmen den Ronald Reagan 1981 ‘besser’. Mee et ass leider net gewousst wéivill wirklech nogekuckt hunn, wëll et honnerten vun „Inauguration Parties“ a ganz Amerika gouf. Et kann een also wuel nach déi eng oder aaner Millioun dobäi zielen. :)

* A Frankräich waaren knapps 9 Milliounen Léit vrum Fernseh fir den éischten schwarzen President zegesinn.

* Bei eisen Nooperen déi Säit der Mousel waaren eppes méi wéi 10 Milliounen Léit vrum Fernseh.

* Am Kenya oder fir méi genee zesinn am kléngen Duerf Kogelo, wou dem Barack Obama säi Papp gebuer gouf, hunn 3,000 – dat ass dréimol déi normal Bevölkerung vun dohannen – an enger ‘Schoul’ hierem „son“ séng Ried gelauschtert.

An den Barack H. Obama an den Joseph R. Biden Jr. hu jo schons e richtegen Start dohinner geluecht: Schléissung vu Guantanamo, keng Foltermethoden méi an och d’Lobbyisten hunn d’Wäisst Haus missten verloosen. Verschiddener sinn iwwerascht, waat och iwweraschend ass, gouf dach „alles“ am Virfeld ugekennegt vun Obama a Biden awer och vun hierem Staff. Egalwéi den 20. Januar 2009 wäert an d’Geschichtsbicher agoen, wëll souvill Menschen e kléngen Bléck op dat „promised land“ gesinn hunn. Nemmen e kléngen Blëck wëll Amerika ass nach net do, wou den Dr. Martin Luther King Jr. säi Land gesinn huet. Zum Beispill sinn nach emmer duebel souvill „Schwarzer“ an de Prisongen wéi op den Unien. Mee e kloëren Message vun den USA ass awer do. An wéi den Obama gesoot huet sie wéillten erem d’Welt leeden. Waat den Haas op „Auslänner“ a „Schwarzer“ ugeet sinn se et jiddefalls erem an déi aaner Länner op der Welt kennen sech e grousst Stëck ofschnéiden.

„God bless the first Family and God bless the United States of America and the World.“ (Dat huet einfach elo missten kommen :) )

USA: Obama kritt an dëser Stonn éischt wichteg Informatiounen

Januar 20, 2009 at 2:26 | In Allgemeines | Leave a Comment

Wéi den George Stephanopoulos op séngem Blog George’s Bottom Line meld, kritt den Barack Obama an dëser Stonn (14 Auer CET) déi éischt wichteg Informatiounen, déi hien als President muss hunn. Et ass déi sougenannten „Football“ Informatioun. Mat dëser Informatioun wëes den Obama dann waat hien muss maachen fir eng Atombomb „zezünden.“ D’Meigleckeet fir et zemaachen huet hien awer erréicht wann hien séin Eed um 18 Auer (MEZ) ofgeluecht huet.

Och wa mer alleguerten hoffen, dass den jonken Politiker nie esouwäit muss goen, esou ass et dach e wichtegen Schrëtt am „Transition to Power“ Prozess. Während d’Welt op 18 Auer MEZ waart, ass et eigentlech schons am Gaangen, den Transfer vum George W. Bush bei den Barack H. Obama. Den George Stephanopoulus résuméiert d’Situatioun a sénger gewiehntener Manéier an engem eenzege Saatz:
„The true transfer of power has begun.”

USA: Déi bis ewell beschten „Inaugural Addresses“ an wéi gett dem Obama séng?

Januar 20, 2009 at 1:13 | In Allgemeines | 1 Comment

Haut ass elo also esou wäit. 8 Joër Bush/Cheney ginn op en Enn an no iwwer 2 Joër Wahlkampf kritt Amerika mam Barack Obama säin 44. President. Hien ass déi 43. Persoun déi sech dierf President vun den USA nennen an den alleréischten Schwarzen. Enner aanerem ass hien den 3. President vun Illinois a schwiert op déi nämlech Bibel wéi säin Virbild den läschten Mann aus dem Illinois deen President waar: Abraham Lincoln.

Deem séng 2. Inauguration Ried gellt haut nach als déi beschten déi je vun engem President gehaale gouf. An och wann d’Sasha Obama se zimlech laang fonnt huet, esou ass se dach eng vun deenen kierzten déi je gehaale goufen. [Lincoln Second Inaugural Address] Den Barack Obama sëlwer huet sech d’Ried vum Lincoln an deenen läschten Deeg zimlech oft ugekuckt. Ob séng Ried esougudd wäert sinn ewéi déi vun sengem Idol bléiwt nach ofzewaarden, mee jiddefalls huet d’Malia Obama séngem Papp kloër gemaach dass se jiddefalls muss gudd sinn. „First African American President… better be good”, huet hatt sengem Papp gesoot. Séng Fra, déi nächst First Lady d’Michelle Obama haat jo och bekanntlech e Samsden e Lapsus wéi sie den Medien gesoot huet, dass d’Ried vun hierem Mann wäert gudd ginn an sie sech schons drop frëet se en Dennschten zehéieren. „Sshh… that’s not what you supposed to say in front of the press”, waat d’Reaktioun vum Barack Obama.

D’Laat, déi hien sech sëlwer zwar scheinbar héich setzt, dierf net ze héich sinn. Scho vill Presidenten sinn dunn un hierer Ried geschéitert. Politologen hoffen, dass den Barack Obama haut dem Abraham Lincoln séng Ried mat däer vum Franklin D. Roosevelt [hei] an däer vum John F. Kennedy [hei] combinéiert. Den David Axelrod haat e Sonnden dem George Stephanopoulos (ABC) an dem John King (CNN) gesoot, dass sie [Obama-Favreau-Axelrod] déi dréi Rieden „méi no“ gekuckt hunn. Am beschten wäer ewuel och wann den Obama an dëser Ried dat mescht waat hien an deenen läschten och gemaach huet: „lower expectations“ an no fir kuckt, wëll wéi den Thomas Jefferson schons soot: „I like the dreams of the future better than the history of the past.”

Mol gespannt, waat den Favreau dann do zesumme schriwwen huet. An eent ass jiddefalls elo schons kloër, och wann déi ganz Inauguration, déi mat Partys e Samsden ugefaangen huet, wuel iwwer 150 Milliounen US Dollar wäert kaschten, wäert et ewuel e gudden Daag fir d’Wirtschaft sinn. Den Verkaaf vun Dixie Toiletten an Iessen am Allgemengen ass an deenen läschten Deeg esou staark an d’Luut gaang wéi nach nie. 1 bis 4 Milliounen Léit ginn an der Haaptstaat Washington D.C. haut erwaard, méi wéi jeemols. D’Amerikaner hoffen, dass vun haut un bis den 1. Februar (Super Bowl) hier Wirtschaft nach eng Kéier an d’Luut geet.

Egal wéi kann ech (elo nach) nemmen soen,
Good Luck Mr. President Elect. Good Luck Mr. Vice-President Elect.

Ab 18 Auer (MEZ) ass et dann endlech,

Good Luck Mr. President. Good Luck Mr. Vice-President.

Nächste Seite »

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.