Commentaire: 2008 – D’Joër vum John King

Dezember 31, 2008 at 1:56 | In Allgemeines | 1 Comment

Och wann d’Times décidéiert huet den Barack Obama zum „Person of the Year“ zemaachen an och aaner Zeitungen a Blogs nogezunn sinn, hunn ech mech décidéiert fir den John King zur Persoun vum Joër zernennen.

Den John King huet net nemmen privat säi gréissten Coup gelandt (hie gouf den 25. Mee dëst Joër mam Dana Bash bestued), mee och den berufleschen Duerchbroch definitiv gemaach. Hien haat jo schons 1992 am Alter vun 28 bekanntlech deen Scoop schlechthin. Hien huet, dunn am Optrach vun der AP, nämlech erausfonnt, dass den Bill Clinton den Al Gore giff mathuelen, mee dëst Joër sollt et awer nach besser ginn.

Et gouf nämlech net nemmen een weideren Scoop (deen dass den Obama den Biden mathëllt), nee hien huet och un der „Magic Map“ vun CNN den Léit den amerikaneschen (Vir-)Wahlkampf extrem interessant gemaach. Hien huet alleguerten d’Zuelen an d’Map bruecht an erklärt ween wou wéivill misst gewannen fir nach eng Chance zehunn fir Nominéierten/President zeginn.

john king
John King un der „Magic Map“

Noom trageschen Doud vum Tim Russert huet ewuel jiddereen no engem „perfekten“ Nofolger vun dësem Superjournalist gesicht. Jiddereen heescht natiirlech och den Fernsehsender vum Russert NBC, déi wollten den John King fir d’„Meet the Press” an domatter als Nofolger vum Russert. Den John King, deem säi Vertrag bei CNN haut op Silvester ofgelaaf wäer, huet dësen awer verlängert gehaat Ufank dës Mounts an domatter NBC een „Nee“ ginn.

Mee natiirlech huet den John King net einfach esou „Jo“ zu CNN gesoot. Hien kritt nämlech elo (endlech) séng eegen Sendung. Déi aktuell „Late Edition with Wolf Blitzer“ gett komplett geännert. Momentan kennt se all Sonnden an dauert 2 Stonnen (11-13 Auer ET), vum 18. Januar un dauert se dann 4 Stonnen (9-13 Auer ET) an mam John King als Moderator. Trotzdem wäert den John King den „National Chief Correspondent“ vun CNN bléiwen.

Säi Joër an domatter säi groussen nationalen Duerchbroch huet eigentlech esou richteg um Super Tuesday ugefaangen. Et waar jo bekanntlech deen gréissten Super Tuesday an der Geschicht vun den USA an do kann ee scho liecht den Iwwerbléck verléieren. Fir dass dat awer net geschidd, haat een den 5. Februar den John King:

Du schon huet den John King vill Luew kritt a wéi dunn den Tim Russert gestuerwen ass an den King séng „Magic Map“ emmer méi beherscht huet, haaten d’USA an den politeschen Journalismus an den USA e wéideren Topjournalist fonnt.

An heiandsdo ass et och zu enger aanerer Aart Interview komm. Mat do dobäi waar dann natiirlech och d’Magic Map. Sou zum Beispill bei der DNC Enn August, ewou den John King e besonneg Interview gemaach huet:

Haat ee geduercht den John King a CNN hätten alles aus deenen Wahlen erausgeholl gehaat, kennt CNN an den John King net. Natiirlech ass an der „Election Night“ den 4. November nach een dropgesaat ginn. Net nemmen d’„Holograms”, nee och den Senat an den Kongress goufen aanescht wéi bis elo duergestallt an d’Rennen analyséiert. Haaptmann natiirlech den John King:

Och wann den John King (an d’Campbelle Brown) an der Hecktick den George W. Bush vergiess haat, waar nierwend dem Obama och den King den Gewënner vum Owend. Du soll nämlech bei CNN a bei NBC ferm em hien gekämpft gi sinn. Glëckleche Gewënner waar dann eben CNN oder jo, eigentlech den John King. 2008 waar definitiv säi Joër an 2009 versprëcht net méi schlecht zeginn. Nee eng eegen Sendung heescht ewuel éischter dass séng Carriere nach wéider biergop wäert goen.

Bonne Chance un meng Persoun vum Joër 2008, den John King:
king

___________________________________________________________________________________________________________________
Ech wëll natiirlech dës Méiglechkeet notzen fir iech alleguerten e gudden Rutsch, eng gudd Gesondheet an privaten wéi berufleschen Erfolg fir 2009 zewenschen. Op e wéidert Joër. :)

Commentaire: Mir mussen eis alleguerten schummen!

Dezember 24, 2008 at 12:32 | In Allgemeines | 2 Comments

(E kriteschen Reckbleck, elo wou vill Reliounen féieren (vun Hanukkah bis Chrëschtdag), op dat waat eis Gesellschaft an deenen läschte Méint a Joëren am Beräich Armutsbekämpfung gemaach huet.)

Joërelaang hunn tapfer Léit gekämpft fir dass mir – déi räich Länner am Norden – deen aarmen méi hellefen. Den Héichpunkt ass et ewuel 2005 ginn mat der Aktioun „Make Poverty History“ oder „Deine Stimme gegen Armut„, déi Aktioun also mat e.a. den wéissen Armbännecher. Ganz vill Léit waaren dobäi an hunn du gesinn wéi G8 Afrika d’Scholden gestrach hunn, also déi Scholden déi se bei eis „Räichen“ haaten. Déi meescht hunn sech op d’Schëller geklappt an d’Liewen ass erem wéider gaangen.

Just dass d’Léit an Afrika genee dat nämlecht Liewen elo liewen ewéi vrun 2005. Nach emmer stierwt all 3 Sekonnen e Kand an Afrika wëll et näischt méi z’iessen an/oder ze drenken huet. 20% vun der Weltbevölkerung hunn iwwrengs 80% vum weltwäiten Drënkwasser zur Verfügung. Gerecht gell? All Daag ginn an Afrika 6 HIV-Infizéierter gebuer, also Kanner deenen hiert Schicksal schons geschwaat gouf ouni dass se iwwerhaapt konnten der Sonn an der Welt Moie soen. An all 15 Sekonnen verléiert e Kand an Afrika seng Elteren wéinst dem HI-Virus. Dass verschidden Stämm an Afrika nach emmer glëwen, dass wann de Mann sech am Séi buede geet, hien net méi HIV-positiv ass an dann erem kann mat enger Fraa schloofen, déi da schwanger gett, leid secherlech och un der Haltung vun der kathoulescher Kierch géigeniwwer den Verhütungsmettelen. Mee elo nemmen der Kierch d’Schold zeginn, ass dach vill zevill einfach.

Dass mer momentan och de Risk laafen, dass en néien AIDS Virus entsteet, ass zwar nach net esou bekannt ewéi et villeicht misst sinn, mee un der Tatsaach dass dee Risk do ass, ännert dat elo och näischt. Wann et en néien schlëmme Virus gett, da si mir hei am Norden erem direkt do, wahrscheinlech kritiséieren mer d’Léit aus dem „Süden“ dann och nach. Dat ass jo dann nemme fair, oder? Nee, eigentlech net. Wëll den Virus ewuel nemmen entsteet, wëll d’Léit am aarmen Süden näischt z’iessen fannen, an dann e beemol en Déier fannen an dat dann – ween kann hinnen et veriwwelen- iessen. Dass déi Déier mat Bakterien an Virusen verseucht sinn wëssen d’Léit zwar (jiddefalls heiandsdo), mee wéi gesoot, ween kéinnt se vernennen?

Mir mussen eis dann selwer vernennen. Jo, mir! Wëll mir näischt gemaach hunn. An ech schwätzen elo net nemmen vun den Politiker, déi näischt gemaach hunn, nee ech schwätzen och vun all deenen aaneren Bierger. D’Léit sëlwer hunn d’Aan zougemaach vrun der Realität a maachen dëst nach emmer. D’Bierger hunn hiere Politiker geglëwt, egal ob se elo Juncker, Sarkozy, Bush, Clinton, Brown, Blair, Schröder, Leterme, oder egalwéi geheescht hunn/heeschen. Mir hunn hinnen einfach geglëwt. Hu geglëwt, dass mir schon de Maximum maachen. Hu geglëwt, dass mer jo richteg gudd wäeren. Hunn eis sëlwer een deem aaneren op d’Schëller geklappt an an d’Hänn, wann eis (Spëtze-)Politiker alt erem eppes versprach hunn.

Zumools dass mer de Maximum gemaach hun/maachen, hu mer dach alleguerten geglëwt. Dëst ass net wouer! An dat wësse mer alleguerten spéistens zenter dem September. D’Finanz- a Wirtschaftskriis ass do an e beemol huet all Land vum klénge Lëtzebuerg bis hin bei déi grouss USA Milliounen an jo esouguer Milliarden op der Säit léien. Déi gi mer natiirlech direkt aus fir dass eise Wuelstand net drenner léit. Mir wëlle jo wéiderhin déi „Räisch“ bléiwen.

Dobäi misste mer emol net esou vill Suen ausginn fir bspw. den Honger an der Welt zebekämpfen. Wann an all Land aus dem „Norden“, all Bierger giff 1 € all Woch spenden giff, wäer de Problem schons geléist. 1 €/Woch! Dat sinn 4 € de Mount oder 48€ d’Joër. De Prozentsaatz vun den Léit, déi dat net kennen all Joër spenden, ass ewuel awer ganz kléng. An esouguer wann dat awer soll de Fall sinn, kann een trotzdem eppes ginn. Well wéi CNN Hero Maria da Silva gesoot huet: „You don’t have to be Bill Gates to give.“

Wann mir net endlech hellefen, d’Liewen op dëser Welt fir JIDDEREEN méi liewenswäert zemaachen, wou landen mer dann. Wou ass eis Gesellschaft iwwerhaapt schons hikomm? Wou si mer hikomm, wa mer nemmen e besschen vun eisem Räichtum un méi aarm Léit spenden, wann an och nëmmen wa mer Suen vum Staat dofir eremkréien? Wou si mer hikomm? Wou si mer hikomm, wann Hellefsbereetschaft als en ausergewéinlechen Charakterzuch duergestallt gett? Wou si mer hikomm? Wou si mer hikomm wann Frendlechkeet a Respekt vrun net nemmen den Matmenschen mee awer och den Déieren eppes Onbekanntes ginn ass? Wou ass eis Gesellschaft higeroden?

Hun d’Suen eis villeicht dohiner bruecht? Kann et net sinn dass mir eigentlech nach räich musse ginn, räich un der Liewensfreed, déi jo bekanntlech an Afrika extrem grouss ass. Kann et net sinn, dass mir alleguerten, eis ganz Gesellschaft, Hellef brauch.
Kommt…

„May we all find the hero inside us by reaching out to others so that we may find ourselves the one being helped.”

~ Tad Agoglia

—————————————————————————————————————————–
Interessant Links:
* Unicef Lëtzebuerg
* SOS Villages d’Enfants – Monde (Lëtzebuerger Säit)
* SOS Faim (Lëtzebuerger Säit)
* CNN Heroes 2008
* Planet in Peril: Battle Lines
* „Creating a World Without Poverty: how Social Business Can Transform Our Lives“ by Muhammad Yunus
* LSE Lectures -> „Creating a World Without Poverty: how Social Business Can Transform Our Lives“ (gratis)
* The Politics of Poverty -> „An End to Poverty in 30 Years“ + „A World Free of Poverty“ (gratis)

Commentaire: Vum Jean-Claude bei de Claude?

Dezember 23, 2008 at 2:25 | In Allgemeines | 7 Comments

Stréich den Jean aus dem Numm vun eisem aktuelle Staatsminister an du hues den Virnumm vun dem néien. Jo? Wee wees. D’Emfro vum Tageblatt, déi teschend dem Mee an November gemaach gouf, wéisst jiddefalls en Negativtrend fir d’CSV, déi an allen Bezirker giff verléieren. Souguer am Süden, dem Jean-Claude Juncker séng Heemescht, kéinnt et fir d’CSV an de Keller goen. Mee giff den Claude Meisch den nächsten Premier ginn? Kucke mer emol op déi aaner Parteien, wou ganz séier kloër gett dass (momentan) nemmen den adr der Demokratescher Partei kann geféierlech ginn.

Den adr giff nämlech dobäi wannen an dat richteg. Sie maachen sech momentan zimlech vill Frënn, wuel och wëll d’Konkurrenz vun CSV bis déi Greng net wëssen wéi een se ka stoppen. Zumools den Gast Gyberien ass jo en ganz gudde Riedner a kann d’Ideen vun der extremrietser Partei ganz gudd verpaacken, leider hunn weder d’LSAP nach d’DP nach déi Greng esou een Riedner ewéi den Häerr Gyberien. An och d’CSV mam Jean-Claude Juncker kann net drun erun kommen. Esou eng Partei wéinst hieren Ideen ze verbidden ewéi den Wolfgang Schäuble et erem wëll an Däitschland mat der NPD probéieren, ass net de richtege Wee. Et muss een de Léit kloër maachen fir waat déi Parteien stinn an hinne kloër wéissen dass et net gudd ass, wann déi méi zesoen hunn. Mee dat bréngt momentan hei am Land keen fäerdeg, do muss och den Claude Meisch nach drun schaffen.

Zumools d’Jugend muss him „nolaafen“ an hien muss déi Jonk, déi sech villeicht duerch d’Aktiounen vum ADRenalin e.a. op der Foire de l’étudiant blende loosen, op séng Säit kréien. D’DP sëtzt mam Spëtzekandidat Claude Meisch ganz kloër op déi eege Jugend an dann muss een och d’Jugend op séng Säit kréien. Dass an deenen läschten 4 Méint gläich zwou néi JDL-Sektiounen quesch duerch d’Land opgemaach goufen ass ewuel gudd fir den Claude Meisch, mee et geet natiirlech net duer, wëll fir hei am Land zewannen muss een och op d’Finanzwelt reagéieren kennen.

A genee do huet sech d’DP schwéier gedoen, oder besser: sie konnt net all zevill un der Aarbescht vun der Regierung kritiséieren. Waat natiirlech emmer schwéier ass an enger Krisesituatioun, wëll een do an der Oppositioun éischter nokucke kann a selten vun engem bericht gett.

An do ass och schon den nächste Punkt: Medien. Dass déi hei am Land nach méi eng grouss Roll spillen ewéi am Ausland muss ewuel kengem méi extra erklärt ginn, mee genee do muss den Claude Meisch och wéider nach usetzen. Briefinger an co. op de Site setzen, d’LIVE-Iwwerdroung vum Nationalkongress, en wöchentlechen Newsletter (mat Virwuert vum Claude Meisch), „Opbroch“ an iwwerhaapt den néien Site vun der DP, deen alles drop huet a schéin grouss huet waat international Politologen vrun e puer Méint gesoot hunn, dass misst op e Site vun enger Partei am 21. Joërhonnert kommen, léisst awer fir d’Zukunft hoffen, wann…

…jo wann een eben fir en Wiessel ass hei am Land. Nee! Dat ass net vum Barack Obama geklaut. Wann een an der Oppositioun elo d’Wuert Wiessel net méi an de Mond dierf huelen, gett et ewuel schwéier fir do je eng Kéier eraus zekommen. Dat war schon vrum Obama de Fall, et ass elo de Fall an d’Wierder „Wiessel“ an „Verännerung“ wäerten och an der Zukunft wéider d’Haaptargumenter vun den Oppositiounsparteien bléiwen, egal wéi eng „Faarf“ se dann elo hunn. An och den Barack Obama huet „Change“ net erfonnt, och den George W. Bush haat et 2000 benotzt an och de Bill Clinton huet 1992 geruff: „America needs change.“
Ech perséinlech gesinn hei am Land nemmen d’Demokratesch Partei als eenzeg Alternativ zur CSV, déi 2009 hieren 30sten Gebuertsdag als stärksten Regierungspartei féiert.
Firwaat net d’LSAP? Also déi LSAP déi elo erem sozial gett, also déi LSAP déi den Léit den gratis öffentlechen Transport versprach haat an dunn no e puer Deeg en gehéicht huet? Also déi LSAP, déi 2004 gesoot huet „Mir paacken et un.“, an et awer net gemaach huet?
An déi Gréng? Also déi Partei, déi sech zenter e puer Joër emmer op d’Säit vun deem stellt, deen grad an den Emfroen firléit. Op elo no der CSV an dem Jean-Claude Juncker, och dann den adr vun deenen Gréngen ronderem den Fränz Bausch „ugeschleimt“ ginn, bléiwt secherlech ofzewaarden. Wonneren giff et mech perséinlech net… menger Meenung no huet déi Partei (leider) an deenen läschte Joër sech selwer an hier Idee’en verkaaf fir dach endlech op déi Majoritätsbänk zekommen.

Also CSV oder DP?
Juncker oder Meisch?
Jean-Claude oder Claude?

Een deen léiwer duerch d’Welt reest an am däitschen Bundestag behaapt, dass déi faschistesch Nazien genee esou léiw Opferen gewierscht wäeren vum Krich ewéi d’Amerikaner déi Europa befréit hunn – oder – een deen sech elo mol wëll em Lëtzebuerg kemmeren, ewéi hien et méi wéi nemmen eng Kéier an Interviewen gesoot huet?

Een deen déi Jonk fir Lidderhänneschen hällt (Ausso 5611) oder een deen déi Jonk ewuel méi versteet, wëll en sech sëlwer ewuel nach zu hinnen dierf zielen. (Jiddefalls emol an der Chamber :) )

Lëtzebuerg huet 2009 de Choix: entweder wéider fueren ewéi bis elo. Also mat vill Chomage, ganz vill Jugendchomage, mat vill Drogenkonsum (zumools bei Jugendlechen), mat vill Suiciden (zumools bei Jugendlechen), mat vill Näischt-maachen (Jean-Marie Halsdorf, deen jo bekanntlech vum Juncker um Radio versprach kruut, dass hien „egal wéi“ och 2009-2014 Minister wäer), mat vill Möchtegern-Macher (Fränz Biltgen, deen elo säin Gesetz 5611 och emol verstaan huet an wëes dass et net fonktionnéiert. Respekt Härr Biltgen!), mat villen Reesen (Jean-Claude Juncker), mat villen Liigen (Luc Frieden iwwert den Nuka Kujtim), mat villen Frechheeten geigeniwwer den Lëtzebuerger Bierger (richteg ticken, „léiwer an d’Vakanz“ (Juncker, 5611), „Hotel Mama“ (Biltgen, 5611).

Oder soll e Wiessel kommen?

Ech perséinlech glëwen, dass Lëtzebuerg e Wiessel brauch, dass Lëtzebuerg e Leader brauch. Genee dat ass d’DP momentan mam Claude Meisch am Gaangen zemaachen, wëll -ewéi den RTL vrun e puer Wochen gewuer gouf – gett et jo bei der DP „nemmen“ 1 Spëtzkandidat a keng regional Spëtzekandidaten. Falls et 2009 net sollt duer goen, dierf een d’DP awer 2014 scho guer net ennerschätzen, wëll do gett eben e Leader „opgebaut.“

Sëcherlech ass d’DP nach net um Maximum ukomm, mee hier Supporteren dierfen ewuel déi läscht Debatten teschend Juncker an Meisch an der Chamber wéissen dach bei der DP e kloëren Opwertstrend. Ech si jiddefalls emol op den Wahlkampf 2009, deen als „haard awer fair“ vum Jean Asselborn ugekennegt gouf, gespaant. Emol kucken op den Jean „Wo ist mein Bengel?“ Asselborn do och richteg léit…

P.S. Nee, den DP Kongress huet den Claude Meisch och net als Obama duergestallt. Den Kongress hei am Land ass jo gleichzesetzen mat den Parteideeg an den USA. Do stung den Obama hannert engem Pult, den Claude Meisch huet daat dëst Joër net gemaach. Hien huet et esou gemaach ewéi et an Groussbritannien zanter enger Zäitchen gemaach gett, sou zB am September dëst Joër vum Nick Clegg (Leader LibDems) op hieren Parteideeg zu Bournemouth. A ween elo den Nick Clegg als Obama ofstempelt, kennt ewuel net den groussen Ennerscheed teschend europäesch liberal an amerikanesch liberal. Mee dat ass schons erem en aaneren Commentaire wäert… :)

Alternativen Nobelpräis an d’Participatioun bei der „Web 2.0 OUNI RIETS“ Aktioun

Dezember 13, 2008 at 11:38 | In Allgemeines | Leave a Comment

Sou lues a lues berouegt sech d’Studenteliewen erem, mee mäin Commentaire iwwert den Claude Meisch an d’DP wäert ewuel erréicht nächste Weekend kommen.

Ech wëll awer op den alternativen Nobelpräis oder richteg genannt den „Right Livelihood Award“ opmierksam maachen. Dësen gett all Joër Ufank Dezember zu Stockholm verginn a geet un déi Léit déi Léisung fir d’Problemer vun der Menschheet fannen an dës dann och emsëtzen. De Präiss ass dëst Joër e.a. un d’Amy Godman gaang, déi dësen Präiss méi ewéi verdengt huet. D’Madame Godman haat d’Idee fir den Politmagazin Democracy Now, deen eenzegen net-kommerziellen politeschen Magazin. Ween aus enger neutraler Siicht verschidden aktuell Saachen wëll wëssen, kuckt Democracy Now. D’Amy Godman war jo och bekanntlech dëst Joër op der RNC (Republican National Convention) vun der Police, genau esou ewéi vill aaner Léit, festgeholl ginn. D’Amy Godman haat mat enger Equip vun hierer Sendung wollten den Streikmarsch vrun dem Gebäi zu St. Paul (Minnesota) filmen. D’Amy Godman, déi et fäerdeg bruecht huet fir „developing an innovative model of truly independent grassroots political journalism that brings to millions of people the alternative voices that are often excluded by the mainstream media“, ass iwwrengs déi éischt Journalistin déi den alternativen Nobelpräis kritt huet.

—————————————-
Komme mer dann elo zum 2. Punkt vun dësem Post. Déi déi sëch am Netz emkucken gesinn et zimlech séier: déi Extremriets bauen sech zu Lëtzebuerg iwwert den Internet erem op. Gruppen op Facebook à la „Lëtzebuerg de Lëtzebuerger“ sinn ewuel nemmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Ech fannen dat net gudd. Ech si géint déi Extremriets an dofir wëll ech och bei der Aktioun „Web 2.0 OUNI RIETS“ vun Pianocktail matmaachen an ech giff iech alleguerten opfuederen do matzemaachen.
Mir brauchen „Friemer“, ewéi se vrun e puer Deeg op rtl.lu genannt goufen. Mir brauchen déi 43% vun eiser Populatioun. Si maachen genee esou gudd Arbescht ewéi mir, si droen genee esou zum Wuelstand bei an alles. Ouni si geet et hei am Land net!

Natiirlech muss ech do elo och eng Kritik un d’Politik maachen: den Net-Lëtzebuerger keen Wahlrecht ginn ass eng Frechheet an dréit noutgedrongen zu dëser Situatioun bäi. Zum Glëck fuederen alt Jugendparteien ewéi d’JDL dass déi Léit och dëst Recht kreien.

Nach eng Kéier: maacht mat!

P.S. All déi Léit déi net domatter averstaanen sinn, sollen dann hier Konsequenz zeien an dësen Politblog vun elo un net méi besichen. Souwisou ass et jo net hei um Blog erlaabt rassistesch oder/an ausländerfeindlech Äusserungen ofzeginn. Au revoir!

Commentaire Spezial: Constitutiounsännerung zu Lëtzebuerg! Ass dat alles?

Dezember 2, 2008 at 8:14 | In Allgemeines | 1 Comment

D’Fraktiounspresidenten Charel Goerens (DP), Fränz Bausch (Déi Gréng), Ben Fayot (LSAP), Gast Gyberien (adr) an Michel Wolter (CSV) hun also zesummen mat dem Staatsminister an Representant vun der Regierung Jean-Claude Juncker décidéiert d’Verfassung z’änneren.

Geet dat duer? War et dat elo? Et kann een nemmen hoffen, dass dat net alles war. Esou eng Ausso vun engem Monarch muss am 21. Joerhonnert méi Konsequenzen hunn. Minimum fir hien. Maximal fir déi ganz Famill.

Eigentlech ass dat jo schons e komplette Cadeau waat den „Heng“ elo vun eiser Chamber an der Regierung kritt. Nach manner Rechter a Verpflichtungen awer nach emmer vill Suen. An Zäiten vun enger internationaler Finanz- a Wirtschaftskriis, misst een jo elo eigentlech fuederen, dass d’Gehalt vun der groussherzoglecher Famill drastesch gesenkt gett. Erennere mer och villeicht nach eng Kéier drunn dass vrun e puer Méint d’ganz Land huet missten en Deel vu séngem onbrauchbare Bësch kaafen, wëll hien roud Zuele geschriwwen huet. Jiddereen hei am Land huet him missten hëllefen. Ob een elo wollt oder net.
An als Aufgab vum Grand-Duc (villeicht déi eenzeg wirklech wichteg bis dato) ass eben dass hien sech politesch neutral verhält an d’Gesetzer ennerschréiwt.

Zum Glëck hunn ech awer nach Hoffnung, dass et dat net alles waar, waat op dësem 2. Dezember ausgeléist gouf. Et muss een nemmen d’Facebook Groupe „République de Luxembourg“ (mat 145 Memberen [Stand: 20:00 CET]) ukucken, oder déi sëllechen Kommentarer op rtl.lu.

Lëtzebuerger Land huet elo déi eemoleg Gelegenheet sech endlech vun dëser Famill zeléisen. Sou wäer et méiglech endlech Suen fir d’lëtzebuerger Bierger auszeginn an net fir e Grand-Duc, deen seng Privatintressen vrun déi vun enger Majorität aus dem Vollek setzt.

Lëtzebuerg, dat hei ass deng Chance. Notz se! Wann’s de eng demokratesch Republik wëlls, dann muss de elo schwätzen.

Loos déi Frechheet vum Grand-Duc Konsequenzen mat sech bréngen. Richteger, déi déi eppes veränneren. Déi déi eist Land wéider bréngen.

Ofschléissend en Deel aus dem Communiqué vun der Jeunesse Démocrate et Libérale (déi éischt Jugendpartei déi reagéiert haat):

Les jeunes libéraux tiennent à rappeler au Grand-Duc, avec tout le respect qu’on lui doit, qu’on ne l’a pas interrogé sur son avis à propos de la question de l’euthanasie. Si pourtant SAR insiste à le mettre en débat, les jeunes libéraux ne peuvent s’empêcher de considérer que cet avis semble faire preuve de réminiscences d’une attitude réactionnaire et impérialiste, dictant sa volonté personnelle au lieu de faire confiance à l’individu et de respecter son choix.

Il est évident que par son refus irresponsable et inacceptable, le Grand-Duc tente d’influencer négativement le second vote parlementaire. Les jeunes libéraux lancent un appel aux Députés de persévérer dans leur voie et de se montrer conséquents, ce qui devrait mener à l’acceptation de la loi Err-Huss. Il en va de la crédibilité, de l’indépendance et de l’intégrité de nos institutions démocratiques.

Wéi wäer et dann mat engem Referendum? Monarchie, jo oder nee?

Lëtzebuerg, du muss handelen. Elo, soss ass et ze spéit!

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.