Lëtzebuerg: (Nach) net en Wahlprogramm, mee schons eng kléng Skizze [Demokratesch Partei]

November 21, 2008 at 9:29 | In Allgemeines | 6 Comments
Tags: , , ,

D’Demokratesch Partei haat sech jo schons fréi festgeluegt ween hieren Spëtzekandidat soll sinn an an der rezenter Emfro vun TNS IlRes huet een och direkt e Sprong an der Popularität vum Claude Meisch gesinn (+3 Plaatzen). Och wann ech perséinlech net vill vun däer Emfro haalen (1001 Wieler sinn net representativ!), dierft et ewuel d’Strategen vun der DP gefreet hunn.
An haut um Freideg huet den Claude Meisch dunn folgendes ugekennegt:

Im Hinblick auf die anstehenden Parlamentswahlen ist es mir wichtig Ihnen, aber auch allen anderen Menschen, die politisch interessiert sind, aufzuzeigen, wofür die Demokratische Partei und ich als ihr Spitzenkandidat einstehen. Es ist mir wichtig, dass die Menschen in unserem Land wissen, welche Politik sie nach 2009 von liberaler Seite aus zu erwarten haben. Die Menschen sollen wissen, welche Reformen die DP in die Wege leiten will, um unser Land angesichts der anstehenden Herausforderungen fitzumachen.
Aus diesem Grund werde ich am kommenden Dienstag im Rahmen einer Pressekonferenz einen Text vorlegen, im dem sowohl die Grundlinien und -überzeugungen meiner Politik skizziert, die Probleme und Herausforderungen unseres Landes beschrieben und die notwendigen Reformen vorgestellt werden. Bei dem vorgestellten Text handelt es sich nicht um ein Wahlprogramm und an einigen Stellen werden Sie auch vergeblich nach detaillierten und durchgerechneten Vorschlägen suchen. Konkrete Reformvorschläge und Maßnahmen werden Sie allerdings in unserem Wahlprogramm wiederfinden, das in den kommenden Monaten vorgestellt werden wird.

Et wäert een also en Dennschten schon eng kléng éischt Idee kréien wéi d’Demokratesch Partei d’Wahlen d’nächsten Juni wëll gewannen. Ugekennegt gouf vum Claude Meisch dann och den néien Internetsite vun der DP, deen ebenfalls en Dennschten soll online goen.

Nom éischten wanterlechen Weekend, kommen also en Dennschten (endlech!) déi éischt Idee’en fir den Wahlkampf d’nächst Fréijoër…

USA: D’Wahlen 2008 sinn nach laang net eriwwer! [Recount an Runoff]

November 21, 2008 at 9:18 | In Allgemeines | Leave a Comment

Jo, d’Wahlen an den USA sinn nach laang net gelaaf. Souwisou ginn den Barack H. Obama an den Joseph R. Biden jo erréicht den 15. Dezember vum „electoral college“ gewielt. D’Resultat gett dann un den Kongress gescheckt, wou dann am Januar den aktuellen Vice President Dick Cheney am Numm vum President Bush d’Resultat firliest.

Momentan kommen jo dann och baal all Daag néi Nimm fir dem Obama seng „administration“ an d’Gespréich. Sou zum Beispill d’Hillary Clinton als Ausseministesch, mee och den John Kerry huet Chancen op dëse Posten schliesslech kéinnt den Bill Clinton (a séng Charity) e Problem fir d’Hillary Clinton ginn. Aaner Nimm sinn Gates, Richardson an Schweitzer. Den Schweitzer (Brian), den aktuelle Gov. vun Montana, gett jo gehandelt als potentielle Emwëltsminister, mee och den Numm vum Al Gore fällt an dësem Zesummenhang. Eent steet jiddefalls fest, den Brian Schweitzer wäert en Mettwoch zu Dublin sinn fir do e Präiss entgéint zehuelen.

Sëcher bestätegt sinn bei der Obama „administration“ d’Plaatz vum „President’s Senior Adviser“ an déi vum „Vice President’s Chief of Staff“. Den Senior Adviser vum Obama gett den genialen David Axelrood, deen jo bekanntlech den „Top Strategist“ war vun der Obama Campaign. Den Chief of Staff vum Joe Biden gett den genialen Ronald A. Klain. Hien war jo bekanntlech schon den Chief of Staff vum Al Gore an en Adviser 2000 fir séng Campaign a waar jo den Haaptmann fir d’Gore-Liebermann Campagne am „Florida Recount“. Am Film „Recount“, deen ech hei als Wahlkampf Tipp uginn haat, gett den Klain iwwrengs vum Kevin Spacey duergestallt.

SENAT
Sou elo dann awer endlech zum US-Senat ewou d’Demokraten elo bei 58 Sëtz stinn, nodeems sie en Dennschten endlech den Sieg zu Alaska konnten féieren.

Elo bléiwen nach 2 Rennen opstoen. Theoretesch kéinnten d’Demokraten also nach déi 60-Sëtz-Majorität kréien. Zu Minnesota gett elo nogezielt, wëll den Republikaner elo jhust nach eppes méi ewéi 200 Stemmen Virsprong huet. An deen „Recount“ kéinnt nawell knaschteg ginn. D’Deadline ass iwwrengs an der éischter Woch am Dezember an et ass ewuel unzehuelen dass et nach esou laang wäert daueren bis dass e Resultat do ass. Nogezielt gett ennert den Aan vun béiden Campagnen, den Medien an Wahlobservateuren.

Deen aaneren Staat, deen nach net kloër ass, ass Georgia. Dass et do spannend an knapps gett haat ech jo schons a menger grousser Wahlprognos geschriwwen. Je… den Republikaner Chambliss huet zwar d’Wahl gewonnen, mee laut den Gesetzer vun Georgia brauch den Gewenner 50%+1 fir eranzekommen. Dat ass domm gaangen, wëll den Chambliss déi Mark verfeelt huet. Esou huet den Demokrat Martin, deen jo nemmen knapps verluer haat, awer nach eng kléng Chance eranzekommen. Et kennt elo eben Ufank Dezember zu engem Runnoff.

Affaire à suivre… :)

USA: Gläichberechtegung zu Connecticut an net méi zu California

November 13, 2008 at 8:08 | In Allgemeines | 3 Comments

Mam Titel ass eigentlech schons baal alles gesoot. Connecticut ass et also geglëckt fir no firzegoen. D’Riichter haaten entscheed an hunn sech eben fir d’Creatioun vum „gay marriage“ ausgeschwaat. Nemmen Sekonnen si vergaangen hier sech déi éischt Koppel bestued huet. D’Barbara and d’Robin Levine-Ritterman, déi mat gekämpft haaten, goufen als éischt bestued an hunn deno gesoot: „It’s a great day for Connecticut.“

Mee d’Freed iwwer Connecticut hellt sech wéinst dem Referendum zu Californien a Grenzen. D’läscht Woch (4. November) gouf et do en Referendum iwwert d’„Prop 8”, déi virgesäit d’„same sex marriages” erem illegal zemaachen. Vrun e puer Méint gouf et jo zu Californien erlaabt, dass gleichgeschlechtlech Koppelen sech dierften bestueden. Mee an dem Referendum huet sech eng Majorität vun den Bierger vun Californien fir d’„Proposition 8” ausgeschwaat. D’Léit vum „No to Prop 8″ hunn och schons hier Nidderlaag unerkannt, och wann d’Resultat erréicht an deenen nächsten Deeg offiziell erauskennt. Verschidden Bierger beschréiwen et als „Victoire“, wëll „it’s a sin of God”.

EDIT (14.11.2008 ; 7:45 Auer): Eng interessant Diskussioun iwwert dat ganzt Thema gouf et geschter am „AC 360°“ op CNN. Ennert folgendem Link kann een de Video aus dem Anderson Cooper sénger Sendung nach eng Kéier kucken: hei.

Lëtzebuerg: „Rent a Kleeschen“ fir e gudden Zweck

November 10, 2008 at 6:14 | In Allgemeines | 4 Comments
Tags: ,

Esou lues a lues faalen d’Temperaturen dobaussen an d’Deeg ginn emmer méi kuerz. Moies wann een d’Haus verléisst ass et déischter an Owes wann een heem kennt och. All Kand wëes waat dat heescht. Spéistens wann den Himmel fir déi éischte Kéier „roud“ ass, wëes et jiddereen.

Zäit ass erem do. De Kleeschen kennt! Waat huet esou eppes op engem Politblog verluer, froot der iech elo? Ma ganz einfach, ech wëll de Kleeschen firstellen. Oder besser gesoot, d’Spendenaktioun vum Kleeschen. De Kleeschen ennerstëtzt nämlech dëst Joër ganz speziell an sénger Spendenaktioun d’Fondatioun Kriibskrank Kanner. Fir deenen Kanner e kléngt Laachen an Freed zeschenken, baut d’Fondatioun eng Spillplaatz mat allem waat dozou gehéiert. Dass esou eppes net ganz belleg ass dierft gewousst sinn.

An elo komm dir an d’Spill! Nee dir sollt net „nemmen“ spenden, dir sollt e Kleeschen, pardon, DE Kleeschen fir äer Soiré engagéieren. Ob Veräin, Firma, Schoul oder bei iech doheem, de Kleeschen kennt iwwerall hinn (an natiirlech ass säi Frend den Housecker och dobäi). Allerdéngs ass de Kleeschen schons den 5. an den 6. Dezember ausgebucht.

D’Präiser a wéider Informatiounen fannt der um Internetsite vum Kleeschen a vum Housecker: op kleeschen.com.

(Un d’Elteren: D’Outfits vum Kleeschen a vum Housecker sinn nawell 1A! Dovunner konnt ech mech d’läscht Woch sëlwer iwwerzeegen. Eng flott Aktioun also, déi nom Succès vun 2007 natiirlech och dëst Joër erem e grousse Succès soll kennen. Et ass jo fir e gudden Zweck!)

USA: Obama léist och 2. Wahlverspriechen schons an!

November 7, 2008 at 3:24 | In Allgemeines | Leave a Comment
Tags: , , ,

Den Obama haat schons ugekennegt säin 1. Wahlverspriechen zehaalen. Dëst war/ass d’Uschaafung vun engem Hond deen d’Malia an d’Sasha Obama schons am Januar 2007 wollten. Dunn kruuten sie awer vum Michelle an Barack gesoot, dass se deen erréicht kriiten wann alles (d’Campagne) eriwwer wäer. Je… dunn ass de Papp e beemol awer den demokratesche Kandidat ginn an esou ass d’Saach wéider gaangen. Mee en Dennschten den Owend (Ortszeit) huet den Obama et vrun engem Millioune Publikum versprach: „I love you both more than you can imagine. And you have earned the new puppy that’s coming with us …to the new White House.”

An haut ass dunn och dat 2. Wahlverspriechen realiséiert ginn. Den President-Elect Obama an den Vice President-Elect Joe Biden wäerten och wéiderhin iwwert den Internet mat de Léit kommunizéieren. D’Léit kenne kucken an noliesen waat um Programm vun deenen 2 steet, et gett och erem e Blog an an deenen nächsten Deeg wäert sech de Site ewuel nach vergréisseren. Den Obama huet et am Wahlkampf jo als „Google For Government“ ugekennegt.
D’URL vum Site ass déi folgend: www.change.gov

Nächste Seite »

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.