US-Wahlkampf: Tipp Nr. 1

Oktober 31, 2008 at 10:15 | In Allgemeines | Leave a Comment

Ewéi versprach gett et dëse Weekend e puer Tipps fir esou lues a lues an déi grouss Wahlstemmung zekommen.

Ugefaangen gett haut mam Film „The War Room“. Dësen handelt vun der Campagne vum Bill Clinton vun 1992. Vun den Virwahlen bis hinn zur Wahlnuecht gett alles aus… der Siicht vun der Camagne gewissen. E Kamerateam huet den James Carville & co. deemols „verfollegt“ an hunn alles am Bild festgehaalen. Empfehlenswert ass dësen 90-minütegen Dokumentarfilm alle mol, setzt et dach schliesslech déi Léit en evidence déi ewuel am meeschten zu enger erfollegräischer Campagne beidroen. De Film gouf Ufank dës Joëres vum „edbdpt1″ op YouTube gesaat.

Déi interesséiert Léit kennen sech de Film mat Bonus-Material och op amazon.com kaafen.

USA: Déi Grouss Wahlprognos

Oktober 26, 2008 at 8:05 | In Allgemeines | 8 Comments

All 4 Joër kuckt d’ganz Welt op dat grousst Land déi Säit dem Ozean. Praktesch jiddereen bild sech eng Meenung iwwert déi 2 Topkanidaten. Déi aaner Kanidaten ewéi Barr oder Nader packen et éischter selten an d’Käpp vun den Léit. Selten gett iwwert déi aaner Léit diskutéiert a geschriwwen déi och um Ziedel stinn. 2000 haat een vun hinnen – den Ralph Nader – awer d’Wahl entscheed. Seng Wieler am US-Staat Florida hätten mat engem Kräiz bei „Gore/Liebermann“ den deemolegen Vize-Präsident kéinnten zum Präsident maachen.
Op wéi eng Stied kennt et dëst Joër un? Erem Florida? Oder Ohio, ewéi 2004? Oder gett et dëst Kéier e Landslide fir ee vun den Topkanidaten?
Hei ass déi grouss Wahlprognos (Durée: 20 min):

Den Obama wäert iwwrengs e Mettwoch mam Bill Clinton zu Florida optrieden. D’Hillary Clinton wäert net bei dësem Event dobäi sinn, mee ewuel an engem aaneren Staat eng Rally ofhaalen. D’Obama Campagne huet dann elo och zu West Virginia ugefaangen mat kämpfen. Den Joe Biden war dëse Weekend do an och d’nächst Woch soll d’Obama Campagne laut Rumeuren Léit dohinner schecken.

2,2 Milliounen Amerikaner hu schons gewielt. Dëst am „early voting“ Prozess. Och wann offiziell näischt bekannt ass, esou ass sech d’Obama Campagne secher – sie sollen et duerch Léit an den Wahllokaler matgedeelt kritt hunn – méi Demokraten schons gewielt hunn ewéi Republikaner. Gudd ass dat wëll grad séng Campagne vill doropper gesaat huet. Esou sinn déi Léit fräi fir um Wahldaag aaner Léit zu den Wahllokaler z’brengen. Do wäert ewuel déi nämlecht Taktik ugewand ginn ewéi bei dem Obama sénger Victoire den 3. Januar zu Iowa. Do haat hien jo bekanntlech de Léit e Chauffeur oder/an Babysitteren ugebueden, falls se selwer keen hätten.

Indiana wäert och schons interessant ginn. Dësen „red state“ kéinnt ebenfalls den Demokrat Obama wielen. Emfroën wéissen och do nemmen e klénge Virsprong fir den McCain. Zu Indiana sinn iwwerengs 4,5 Milliounen Léit ageschriwwen fir wielen zegoen an bis e Freiden si schons 221,000 Bréifwahlziedelen erakomm. Zumools d’Lake Counties wäerten ewuel décidéieren ewou déi 11 Wahlmänner aus Indiana hi ginn.
A wëll am US-Bundesstaat Georgia d’Emfroen elo ganz knapps den McCain nach vrun den Obama sëtzen, huet d’Obama Campagne décidéiert fir Volunteers aus aaneren Stied elo op Georgia zeschecken. Dëst sinn zumools Volunteers aus „secheren“ Obama-Stied ewéi New York, Illinois, Delaware oder California.

Déi kommend Woch wäert also nach eng Kéier gekämpft ginn. Laut Rumeuren soll den Obama e Samsden bei „Saturday Night Live“ optrieden. Eppes ass awer schons kloër an zwar, dass d’Obama Campagne hier Campagne souzesoen ofschléisst mat engem 30-minütegen Spot. Dësen Spot wäert an dëser Woch iwwert déi amerikanesch Télé gejoot ginn an, esou gouf CNN gewuer, wäert et keng Ried vum Obama sinn, mee éischter e Video ewou hien dann eben och schwätzt. D’„closing arguments”- Woch steet vrun eis. An leider (fir d’Republikaner) gesäit et esou aus ewéi wann d’McCain Campagne keng kloër Taktik fir dës Woch hätt.

Mee loose mer d’„Race for the White House” elo mol kuerz op der Säit a kucke mer op d’Wahlen am US-Senat. Ech hunn emol déi folgend erausgepickt:

* New Hampshire
Déi fréier Gov. vun New Hampshire an Top-Advicer an den Virwahlen 2004 fir den John Kerry d’Madame Shaheen huet nawell gudd Chancen fir dësen Staat am Senat blo zekréien. Laut den läschten Emfroen huet sie e Virsprong vun 13% op hieren republikaneschen Géigner Sununu.

* Georgia
An dësem „red state“ kritt et den aktuellen Senior Senator wuel schwéier fir sech géint säin demokrateschen Konkurrent ze behaapten. Läscht Emfroen wéissen do e ganz knapps Rennen teschend den Häerren Chambliss (R) an Martin (D). Momentan hätt den Republikaner Chambliss e Virsprong vun 2%. Dësen Sëtz kéinnt also och blo ginn.

* Virginia
D’Bierger aus dësem groussen „red state“ kennen sech zwar scheinbar (bis elo) net komplett hannert Obama oder McCain stellen, mee e Mann fir hieren Senior Senator John Warner (R) hunn se scheinbar schons fonnt. Dësen ‘rouden’ Sëtz am US-Senat wäer ewuel un den ‘bloen’ Mark Warner goen. Dësen haat jo d’Keynote op der DNC ginn an huet momentan e Virsprong vun 25% an den Emfroën.

* Oregon
Och hei kéinnt et e wéideren „bloen“ Sëtz ginn. Mee eent schéngt kloër, hei zu Oregon mussen se méi laang auszielen ier e Resultat do ass ewéi zu Virginia. Emfroën wéissen en „dead heat“ mat dem demokrateschen Kanidat Jeff Merkley nemmen 1% vrum Republikaner Gordon Smith. Iwwer 20% sinn awer do nach komplett „undecided“.

* North Carolina
Eng wéider Victoire fir d’Demokraten? Ka sinn. Momentan deet sech nämlech déi aktuell junior Senatorin vun NC schwéier an d’Madame Hagan (D) huet d’Chance fir hieren Sëtz zehuelen. Emfroën wéissen och hei en „dead heat“, momentan mat enger klénger Féierung fir d’Madame Hagan: +1%.

Fazit
D’Demokraten kéinnten iwwert déi wichteg Mark vun 60 Senatoren kommen an kéinnten domatter alles am Senat maachen, waat sie wéillten. Sollt den Obama President ginn, wäeren d’Demokraten d’Herrscher iwwer Amerika. Daat ass och dat woufir den McCain elo séng Unhänger warnt. Esou eppes wäer net gudd fir d’Land, esou den McCain. Komesch nemmen dass hien et awer ganz gudd fonnt huet ewéi d’Republikaner 2001-2006 dës Roll konnten spillen.
Virginia wielt ewuel secher den Mark Warner an New Hampshire d’Madame Shaheen. Op d’Resulater zu Oregon, North Carolina an Georgia dierf en gespaant sinn.

Komm mir ginn och emol an den Kongress kucken. Hei hunn ech der elo mol 2 erausgepickt déi interessant wäerten ginn:

* Alabama 2nd District
Den aktuellen Kongressmann vun dësem District, den Häerr Everett zitt sech zereck, an dat bréngt den Republikaner nawell vill Kappzerbrieches. Den Everett haat 2006 nach mat 39% Virsprong géint säin demokrateschen Géigner gewonnen. Dëst Joër ass et dann um Rennen teschend dem Republikaner Jay Love an dem Demokrat Bobby Bright. Läscht Emfroën wéissen elo jhust nach e Virsprong vun 2% fir den Love. E sëcher geglëwten roude Sëtz schéngt a Gefor zesinn…

* Minnesota 6th District
Och hei kéinnt et e Changement ginn. Momentan huet d’Madame Bachmann (R) dësen Sëtz, mee Emfroën wéissen nawell en zimlech knapps d’Rennen. Déi läscht 2 Emfroën wéissen souguer e Virsprong vun 2 respektiv 3 Prozent fir den Demokrat Tinklenberg. E wéideren groussen rouden Sëtz ass a Gefor…

Prognos
D’Rennen a béiden Districter waar nawell bis elo zimlech flott nozekucken an esou wäert et wahrscheinlech och wéider goen bis den 4. November. Mee den 6. District vun Minnesota wäert ewuel éischter blo ginn ewéi den 2. aus Alabama.

SCHLUSS FAZIT
Mat jhust nach e puer Deeg bis zum Wahldag hunn d’Republikaner méi Kappzerbrieches ewéi d’Demokraten. Wann alles esou wéider leeft, kéinnt den 4. November den groussen „Zahltag“ ginn fir d’Republikaner an déi Politik, déi sie an den läschten 8 Joëren gemaach hunn. D’Amerikaner schéngen d’Republikaner „saat“ zehunn an den George W Bush an den Dick Cheney kennen ewuel zum gréissten Deel responsabel dofir gemaach ginn.
Waat vrun e puer Wochen kuerzerhand vun den Medien als „onméiglech“ duergestallt gouf (den absoluten Pouvoir un d’Demokraten) wéinst dem „Streit“ teschend Obama a Clinton, ass elo erem denkbar. Vielleicht gett ab Januar d’Wéisst Haus, den Kongress an den Senat vun den Demokraten grouss geféiert an domatter stingen schwéier Zäiten fir d’Republikaner un. Verschiddener vun hinnen kucken elo schons op 2012 an eng méiglech Palin Kanidatur. Mee och bei den Demokraten trieden déi éischt Gedanken iwwer 2012 schons op.
Mee elo steet emol d’Wahl 2008 un. Nach e puer Deeg da geet den „längsten Wahlkampf an der Geschicht vun den USA“, ewéi dës Wahlen schons vrun den éischten Virwahlen zu Iowa genannt goufen, op en Enn. Mee den Héichpunkt steet eis alleguerten nach befir…

An dofir gett et och d’nächste Weekend hei e puer Tipps souzesoen fir dass der ierch esou lues a lues an Wahlféiwer beweegt. :)

D’Sarah Palin séngt…

Oktober 17, 2008 at 3:41 | In Allgemeines | Leave a Comment

E Video mécht momentan säi Wee duerch d’Internet-Welt. D’Sarah Palin „séngt“ als Chipmunks. Absolut kuckenswert.

Deen eppes aaneren politeschen Video:

USA: Ginn dem McCain/Palin déi 23 verbléiwend Deeg duer?

Oktober 12, 2008 at 7:07 | In Allgemeines | Leave a Comment

Dat haat sech d’Campagne vum John McCain an Sarah Palin secherlech aanescht virgestallt. Et waar hiere Mann deen ewuel déi meeschten „Townhall Meetings“ ofgehaalen huet- zwar och wëll hien alleng net esouvill Léit unzitt ewéi zum Beispill den Obama- mee trotzdem sollt et dach dem McCain an der 2. Debatt teschend den zwee Kanidaten e Virdeel ginn. Thema’en waren d’Economie an d’Auslandspolitik. Also eigentlech keen richtegen Virdeel fir ee vun deenen 2. D’Froen vun den Léit waren kloër an direkt. Am Ufank huet den Obama sech zwar schéier gedoen fir méi no bei d’Léit zegoen, mee dat huet sech am Laaf vun dëser 90-minuteger Debatt geännert.
Natiirlech war déi éischt Hallschend iwwert d’Economie „Obama-Land“, mee iwweraschenderwéis huet den Barack Obama och déi zweet Hallschend gewonnen. Den John McCain ass net richteg eriwwerkomm, ewuel och wëll den McCain – an den Emfroën hannendrann – den Obama huet missten attackéieren. Dëst mecht sech awer bei engem Townhall-Meeting zimlech schlecht. Eng kléng Kritik muss een (leider) och géint den Tom Brokaw (NBC) ausschwätzen, deen den Moderator vun der Debatt war. Dësen haat zimlech Schwieregkeeten an et ass ewuel onkloër op hien iwwerhaapt nach eng Kéier eng Debatt dierf moderéieren.
D’Emfroen no der Debatt konnten fir den Obama net besser sinn an esou huet séng Campagne och direkt e Video online gesaat mam Titel „The Results Are In!“:

Krass ass den Fait, dass den Obama an der Economie 20% méi kruut ewéi den McCain. Dem John King vun CNN säi Commentaire doropper:

Ass et wirklech eriwwer fir den John McCain?
Dem Senator vun Arizona bléiwen jhust nach 23 Deeg an méi schlemm jhust nach 1 Debatt fir säin Retard opzehuelen. Dass et an däer Debatt em d’Economie geet kann positiv oder och negativ Auswirkungen fir den McCain hunn. Mee momentan gesäit et an den Emfroen alles aanescht ewéi gudd aus fir den McCain/Palin Ticket:

Iwwer 10% Retard an den „National Polls“ an d’State Polls soen folgendes:
oct

Virginia (VA; 13 Wahlmänner) ass elo vun engem „Toss Up State“ zu engem „leaning Obama“-State komm. Domatter ass elo den Obama an den Biden iwwer déi wichteg Mark vun 270 Wahlmänner komm. Wichteg fir den Obama och dass New Jersey (NJ; 15 Wahlmänner) elo erem „solid Obama“ ass. New Hampshire (NH; 4 Wahlmänner) ass och elo „solid Obama“.
Schlecht fir den McCain ass och dass hien Georgia (GA; 15 Wahlmänner) nach emmer net sëcher huet an och d’Red States North Carolina (NC; 15 Wahlmänner), Indiana (IN; 11 Wahlmänner), Missouri (MO; 11 Wahlmänner) an Colorado (CO; 9 Wahlmänner) sinn momentan nach „Toss-Up States“. Schlecht fir d’Republikaner ass och de Fait, dass West Virginia (WV; 5 Wahlmänner) vun „solid McCain“ elo zu engem „Battleground State“ ginn ass.

Da bléiwen elo jhust nach d’Klassiker Florida an Ohio. Bis elo ass nach keen Republikaner an d’Wäisst Haus komm OUNI Ohio gewonnen zehunn. An och den John McCain brauch déi 20 Wahlmänner aus dësem Staat.

Den John McCain huet nach 23 Deeg och fir d’Republikaner am Senat an am Kongress zestärken. Do si jo och Wahlen a läscht Emfroën wéissen, dass momentan d’Demokraten giffen grouss wannen an béiden Héiser.
Villeicht hoffen se am McCain-Lager och op den Bradley-Effekt oder villeicht hoffen dat och nemmen séng Supporteren. Et muss een dem McCain nemmen urechnen, dass hien op engem Townhall-Meeting dës Woch (et waaren der esouguer 2) ewou hien d’Léit berouegt huet, déi sech géint den Obama opgereegt hunn. Den Obama giff hinnen „Angscht“ maachen an si hätten och gelies gehaat dass säi „Familienliewen wäer…“ dunn huet den McCain hier den Mikro ofgeholl an huet den Obama verteidegt.
Op enger Rally vum Sarah Palin dës Woch goufen et och Supporteren, déi „kill him [Obama]“ an „cut his [Obama's] head off“ geruff hunn. D’Sarah Palin huet sech awer do net besonneg vrun de Géigner gestallt. De Wahlkampf an den USA huet also eppes méi ewéi 3 Wochen vrum Wahldaag d’Gürtelligne méi ewéi nemmen iwwerschratt.

Et gett schwéier fir den McCain vir dat do elo 23 Deeg vrun der Wahl nach emzedréien. Den Obama wäert nämlech mat dëser „Map“ op déi nämlecht Strategie ewuel sëtzen ewéi déi déi hien an den Virwahlen géint d’Hillary Clinton scho benotzt huet. Mol kucken op et och eng zweete Kéier klappt…

Commentaire: E puer Bravo’en awer och e besschen Kritik

Oktober 12, 2008 at 7:07 | In Allgemeines | Leave a Comment

Ween mécht kennt, wëes dass ech net grad e Fan vun eisem Wirtschaftsminister Jeannot Krecké sinn, mee ech zéie mäin Hutt vrun sénger Leeschtung um Radio. Ech schwätzen natiirlech hei vun der RTL-Background Sendung vun läschter Woch ewou den Jeannot Krecké d’Fauscht op den Desch gepucht huet an kloër an direkt séng Rosserei begrënnt huet, Rosserei och op d’lëtzebuerger Bevölkerung. Dës wëll zwar méi „gréng“ Energien, mee natiirlech wëll keen Wandmillen bspw. bei sech an der Gemeng. Jiddereen deen deen Background nach net gelauschtert huet, sollt dës dach w.e.g. maachen. Ennert dësem Link kennt der iech d’Episode eroflueden.

Vun dem engen béi deen aaneren. Den Luc Frieden. Hien wäert ewuel frou sinn, dass elo net méi esouvill iwwert d’Gesetz (Protokoller) geschwaat gett. Esou huet hien séng Aarbescht eigentlech gudd gemaach an ech ennerstëtzen och d’Initiativ vun der Regierung. Mee esou ganz konnt och den Luc Frieden net ouni „Fehler“ – wann een et dann wëll esou nennen- bléiwen. Am RTL-Journal huet den Minister Frieden ganz frou bekannt ginn, dass Lëtzebuerg „iwwert de Bierg“ wäer. Ewéi hien déi Ausso konnt zu deem Zeitpunkt iwwert eis Situatioun hei zu Lëtzebuerg maachen ass mir haut nach emmer net ganz kloër. Lëtzebuerg ass als Banken-Zentrum vun der EU sëcherlech net „iwwert de Bierg“, wëll mir ganz staark vun deenen aaneren Länner an hiere Reaktiounen ofhänken. A vrun e puer Stonnen koum dunn och d’Nouvelle dass d’Kaupthing Bank zou wäer. Mee soss huet sech den Minister Frieden richteg gudd an deenen läschten Deeg gemaach an och an aaneren Interviewen huet hien d’Saach dach zimlech gudd kloër gestallt.

Natiirlech huet een während esou enger Kriis d’Méiglechkeet fir als Majoritätspartei bei de Léit besser unzekommen. Déi 2 eenzeg déi dat eigentlech net fäerdeg bréngen ass den George W. Bush an den Briteschen Premier Gordon Brown. Dësen mécht einfach emol e puer Stenckereien géint Island, waat sech 4 Milliarden bei de Russe gefroot huet. E Land oofhängeg maachen vun den Russen hätt vrun e puer Joër nach vill Stoff gebueden fir en drëtte Weltkrich, momentan ass dat awer (zum Glëck) net méi de Fall. An trotzdem sinn d’Europäer net besonneg zefridden iwwert dëse Schrëtt. Mee wann e sëlwer schons matten an der „Kriis“ hänkt, dierf een sech ewuel net bekloën, wann aaner Länner keng Suen bei een léinen kommen.

Schued ass dat Ganzt wirklech fir déi Gréng. Net wëll esou vun „hierem“ Thema – der Emwëltpolitik- (baal) kee méi schwätzt, nee esou ass hier Europalëscht ganz wäit no hannen an der Prioritätslëscht vun den Medien gelandt. Dobäi huet se dës net verdéngt. Well ausser dem Spëtzekanidat Claude Turmes, waar et dach schons eng Iwweraschung. Déi Gréng schecken – oder wëllen et emol probéieren- 2 Léit aus hierer Jugend gäeren an Europa. D’Núria GARCIA huet nëmmen 24 Joër an den Manuel HUSS huet der 28. Béid sinn an den jonken Gréngen aktiv. Den Spriecher vun den jonken Gréngen Philippe Schockweiler haat an engem RTL-Interview vrun der Summerpaus nach d’CSV kritiséiert hier Politiker an d’„Fréirent” an Europa zeschecken an esou dierft hien ewuel zefridden sinn, dass séng Partei dëst net mécht. Den Altersduerschnett léit iwwerengs bei 41 Joër.

Eng aaner Jugendpartei huet sech dann och an dësen Deeg zu Wuert gemeldt. Déi jonk Sozialisten hunn sech iwwert déi déier Wunnengen beschwéiert, déi zumools vun den Jonken net méi kéinnt bezuelt ginn. Déi jonk Gréng hunn direkt mat engem oppenen Bréif geäntwert. Sie giffen do op enger Ligne mat der JSL léien, mee sie fannen et net akzeptabel, dass d’JSL den Oppositiounsparteien DP, Déi Gréng an ADR Passivität an dësem Dossier firwerft. Komesch wëll dach grad hier Partei an der Majorität ass an do zesummen mat der CSV näischt gemaach huet, esou den oppenen Bréif vun den jonken Gréngen, deem ech mech nemmen kann uschléissen. An esouguer muss een soen, dass et DP waar déi sech schons méi laang mat deem Project beschäftegt an haaten sie dach schons den 14. Januar eng vu villen Pressekoneferenzen iwwert dës Thema ofgehaalen.

Ech wëll dann och mat der DP dësen Commentaire ofschléissen oder besser gesoot mat den jonken Liberalen. Déi féieren nämlech e Freiden hieren 60-Gebuertsdag. Alles Gudds.

Nächste Seite »

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.