USA: Rettungsplang mat 228 géint 205 Stëmmen OFGELEENT!! (Updates)

September 29, 2008 at 8:38 | In Allgemeines | Leave a Comment
Tags:

Ewuel net zenter dem Crash vun der Fortis (an dem méiglechen vun der Dexia), interesséieren sech d’Lëtzebuerger fir d’Finanzkriis an den USA (a jo net nemmen méi do).
De Weekend koum dunn eng kléng Erliichterung, mee haut um Méinden ass déi schon erem fort. Den Rettungspakt vun 700 Milliarden US-Dollar gouf vum „House“ ofgeléent. Et haat awer näischt bruecht, dass béid Partéien den Rettungspakt mat opgestallt hunn an béid Presidentschaftskanidaten Obama an McCain den Pakt ennerstëtzt hunn.
Mat 228 Stemmen gouf de Pakt elo ofgeléent an dëst wäert ewuel elo net nemmen dem US-President Bush Kappzebrieches maachen. Den Republikaner Paul Ryan (Wisconsin) haat vrum Vote gesoot: „Colleagues, we’re in this moment and if we fail to do the right thing, heaven help us.“

Elo ass et also esou komm. An et dierft een ewuel gespaant sinn ewéi en Dennschten d’Welt reagéiert. Wahrscheinlech wäerten DAX, Dow Jones an Nikkei wäerten ma ewuel net gudd ofschnéiden. Mee emol kucken, ewéi et dann geet…

EDIT (29.09.2008; 20:54 Auer):
Ween huet dofir a ween dogéint gestemmt?
140 Demokraten an 65 Republikaner hunn dofir gestemmt= 205
95 Demokraten an 133 Republikaner hunn dogéint gestemmt= 228

EDIT 2 (29.09.2008; 21:37 Auer):
Den Dow Jones ass schons haut drastesch gefall. Kuerz no der Ofstemmung ass den Dow Jones em ganzer 600(!!) Punkten gefall.
Den Börsenindex an Groussbritannien huet mat engem Minus vun 5,3% zougemaachen a steet haut den Owend bei 4818.8 Punkten. Dëst ass dat schlemmsten Resultat zenter dem Abrëll 2005. Den Sky News-Economy Expert Jeremy Thompson huet gesoot gehaat: „We are witnessing perhaps one of the most dramatic economic and financial moments in modern history on both sides of the Atlantic.“

EDIT 3 (29.09.2008; 22:06 Auer):
Zu Paräis ass den CAC-40 em 4,9% gefall an den däitschen DAX huet 3,87% haut verluer. Allerdéngs muss een och soen, dass déi europäesch Mäert kuerz no der Ofstemmung zougemaach hunn.
Déi britesch Bank „Bradford & Bingley“ gouf dann haut och opgekaaf, soss wäer et och fir déi Bank Sense gewiercht.
An Amerika maachen dann elo béid Parteien déi aaner verantwortlech. An den Barack Obama ass optimistesch, dass et trotzdem nach wäert en Accord ginn, während den John McCain dem Obama firwerft versoot zehunn an hien kéinnt net féieren (=“lead“).
Elo jhust huet dann och den republikaneschen Majoritätsleader am Kongress ugekennegt, dass et haut NET méi zu engem wéideren Vote wäert kommen.
Den Dow Jones schéngt momentan 748.21 Punkten zeverléieren. Mee nach ass den Marché an den USA net zou…

EDIT 4 (30.09.2008; 8:15 Auer):
Waat een geschter jhust konnt eraanen ass haut dann elo Realitéit. Den Nikkei ass kuerz nodeems d’Bourse opgemaach huet em ganzer 579.87 Punkten gefall. Dat sinn 4,94%. Déi japanesch Zentralbank huet dann direkt 2 Trilliounen Yen eragepompelt. Dat sinn 10,6 Milliarden britesch Pond.

(Politico ; Sky News ; CNN)

Bayern: Sensatioun perfekt! CSU verléiert Majoritéit!!

September 28, 2008 at 6:36 | In Allgemeines | Leave a Comment

Et haat sech schons e besschen ugekennegt gehaat, mee elo huet d’Vollekspartéi et dann schwaarz op wéiss. D’CSU verléiert hier absolut Majoritéit a kennt op nemmen 43% vun den Wielerstemmen!
D’SPD verléiert och 1% a kennt op nemmen 19,1%. Trotzdem hunn sech d’Sozialdemokraten gefreet, wëll d’CSU verluer huet. Optimistesch waaeren se dann och bei der SPD, dass sie kéinnten mat aaneren Partéien Koalitiounen schléissen.
Déi Gréng kommen op 9,3% a kennen domatter e klénge Plus verzeechnen.
D’Linkspartéi kennt op 4,7% a verpasst domatter d’5%-Hurd a kennt demno net an den bayereschen Landtag eran.

Dat huet fir vill Freed bei der FDP gefouert. An och ewuel dat eegent Resultat hunn déi Liberal jubele geloos. Sie kommen op 8,1% a kommen domatter endlech erem an den Landtag eran.

Fazit
D’CSU schwätzt vun engem „schwarzen“ Daag fir d’Partei. Et wäer eng „Katastrof“. D’Duo Beckstein/Huber kréien elo ewuel keng einfach Stonnen an Deeg. Et kann een ewuel dovunner aus goen, dass dat d’Enn vun dësem „Draamduo“, ewéi et nach vrun e puer Méint bei der CSU geheescht huet, ass. Ganz komesch ass et dann awer schons wann een a Bayern muss eng Koalitioun sichen. D’absolut Majoritéit ass dohinner an elo kann et zB mat der FDP fir d’CSU duergoen. Eng Schwaarz-Gréng Koalitioun ass och méiglech an eng Koalitioun mat engem wéideren Gewënner vun haut, den „Fréier Wähler“. Hieren 3. Ulaaf waar de richtegen an sie setzen dann elo am Landtag. Eng Koalitioun kéinnt et ginn, mee ass ewuel net unzehuelen. Déi extrem-konservativ Partei ass souzesoen de Sammelpunkt fir roosen CSU-Léit.
D’CSU befennt sech also haut den Owend an engem totalen Chaos a verschiddener wäerten ewuel méi wéit schons denken: op d’Bundespräsident-Wahl an d’Bundestags-Wahl d’nächst Joër.

Eisteräich: Rietsradikal Parteien verduebelen hiere Score!

September 28, 2008 at 6:23 | In Allgemeines | Leave a Comment

D’Néiwahlen an Eistréich hu Verloschter fir d’SPÖ an d’ÖVP mat sech bruecht. D’Sozialdemokraten hunn éischten Héichrechnungen no 28,6% vun den Stemmen kritt a faalen domatter em 7%. Sie bléiwen awer nach emmer déi stärksten Partei.
Déi konservativ ÖVP huet ganzer 9% u Wielerstemmen missten ofginn a komme jhust nach op 25%. Dëst ass dat schlechtesten Resultat fir d’ÖVP zenter hierer Grennung.

Profitéiert vun den Streideréien an der grousser Koalitioun hunn notamment déi Rietsextrem. D’BZÖ (Bündnis Zukunft Österreich) vum rietsradikalen Jörg Haider kruuten 12% an hunn domatter hiert Resultat praktesch verdréifacht!
Déi zweeten rietsradikal Partei d’FPÖ kruut e Plus vun 7% an stinn domatter bei 18% vun den Wielerstemmen.
Schwach Leschtungen gouf et op der aanerer Säit dann fir déi Gréng. Sie hunn 1% verluer a stinn nach bei 10% Wielerstemmen.

Déi 2 rietsradikal Parteien kommen demno op 30 Prozent an hunn domatter hiere Score am verglach zu den läschte Wahlen verduebelt.

D’Sozialisten kommen dann also op 56 Sëtz, d’Vollekspartei ÖVP op 49. D’FPÖ kennt op 35 an d’BZÖ op 23 Députéiert. Déi Gréng packen et alt nach op 20.

Fazit
Et schéngt also ewéi wann dës Néiwahlen näischt bruecht hätten. Et wäert ewuel bei enger grousser Koalitioun bléiwen an d’SPÖ wëll dann och mat der ÖVP zesumme goen. Koalitiounen mat den rietsradikalen Partei schléisst d’SPÖ aus. Den rietsradikalen FPÖ-Chef Heinz-Christian Strache huet awer och schons ugekennegt wëllen Kanzler elo zeginn!

USA: Obama vs. McCain – 1. Debat [LIVE BLOGGING]

September 27, 2008 at 2:25 | In Allgemeines | 1 Comment

+ 4′: Den éischten Deel (iwwert d’Welteconomie) waar ewuel kloër Obama-Land, dunn ewéi et ugefaangen huet iwwert d’Auslandspolitik zegoen huet den McCain erem lues a lues opgeholl.
Et ass awer ewuel esou, dass keen dës Debatt grouss wäert gewonnen. Esou kéinnt een behaapten, dass dann den McCain (deen mat méi heichen Ufuederungen eragaangen ass) ewuel de „klénge“ Verléier ass.
Mee bon, wéi genee et ausgaangen ass an ob et iwwerhaapt eppes an den State Polls ausmécht, wäert sech ewuel an den nächsten Stonnen resp. Deeg entscheeden. An 39 Deeg stinn d’Wahlen un an dem Obama séng Debatt kennt erréicht. Déi läscht Debatt iwwert d’Economie an dat kuerz vrun den Wahlen.
Falls den McCain net grouss hei den Owend eraus kennt, gett et ewuel schwéier. Am beschten wäer wann hien min. giff gläichzéien, wann net esouguer liicht firléien. Fir dass d’Sarah Palin e besschen e „Polster“ hätt.

Mee egal. Ech ginn mech elo mol an d’Bett leen. Maacht et gudd. Nach eng schéin Nuecht an e schéinen Weekend. An natiirlech e grousse Merci fir d’Liesen bei dësem Live-Blogging. :)

97′: An dat waar et dann also. D’Michelle Obama an d’Cindy McCain kommen op d’Bühn. Déi éischt Debat ass eriwwer an déi nächst ass déi vum 2. Oktober teschend dem Joe Biden an dem Sarah Palin.

93′: Obama schwätzt dovunner, dass säin Papp an Amerika komm ass wëll een do alles konnt fäerdeg bréngen. Dass dat waat vill Léit net méi giff gesinn, wann se op Amerika kucken an et ass dat wou den Obama giff drun schaffen.
Den McCain schwätzt dann dozou, dass wéi hien vum Prisong am Vietnam eremkomm ass e Mann gesinn huet den och gefoltert gouf. Den McCain wëes ween d’Frenn a ween d’Feinden vun den USA sinn.

89′: Den McCain bréngt den Irak erem eran an den Obama äntwert, dass dat eben den McCain an d’Bush-Regierung gemaach hätt. Während den Bin Laden am Afghanistan ass an während d’USA wéider Milliounen $ vun den Chinesen geléint hunn.
McCain probéiert elo zum Schluss nach den Obama mam Bush ze verlinken. Et schéngt ewéi wann him net nemmen „change“ gefall huet. Den McCain giff keen Training méi, hien kéinnt elo direkt President ginn.

88′: Amerika misst méi mat Frenn zesummeschaffen, so den Obama. Mee hien wéillt och dass d’USA erem gudd ugesinn gett an der Welt. D’USA wäer dat beschten Land op der Welt an hätt momentan méi en schlemmen Ruf ewéi nach 2004 oder 2000.

85′: McCain fennt, dass Amerika elo méi secher wäer ewéi nach 9.11.2001. An et misst méi mat hieren Frenn zesumme schaffen an hien wisst ween d’Frenn vun den USA wäeren.

83′: Läscht Fro: Wéi „secher“ ass et dass et e wéideren 9/11 wäert ginn?

82′: McCain kennt zereck op Offshore Oil Drilling: „Offshore Oil Drilling is very important.
Läscht Fro…

78′: Obama seet dass natiirlech d’Relatioun zenter dem August misst iwwerduercht ginn an Georgien misst (wann se d’Konditiounen erfellen) an d’Nato kommen. Trotzdem dierft een net an en 2. Kaale Krich kommen.
McCain gleewt net, dass en 2. Kaale Krich kéinnt elo entstoen an ass komplett op der Säit vun Georgien an hierem President. An hien hätt an dem Putin sengen Aan 3 Buchstaawen gesinn: e K, e B an e G…

73′: Russland steet un!

69′: Den Obama kennt op dem McCain säin Statement zereck, dass hien net wisst op hien sech giff mat dem spueneschen Premier (!!) zesummesetzen, well deen villeicht net déi nämlecht Ideen ewéi hien hätt. Obama: Spuenien. Dat ass e langjähregt Nato-Land!
McCain kennt drop zereck, dass et net nemmen „naif“ wäer fir den Ahmadinejad zetreffen, mee et wäer „dangerous“. Et wäer ganz geféierlech fir d’USA an d’Welt…

67′: Den McCain kennt op dem Obama séin „Face-to-Face“ Meeting ouni Konditiounen.
Den Obama seet, dass den Ahmadinejad net den wichtigsten Mann am Iran wäer. [Blogger Meenung: Endlech seet dat emol e Politiker!!] An domatter wäer et jo villeicht och net hien mat deen e muss schwätzen…

64′: Den McCain seet dass keen 2. Holocaust dierf geschéien an kritiséiert och direkt China an Russland. Den Obama fennt, dass den McCain zum Deel Recht huet. Esou dierft Iran keng Atombomb dierf kréien, mee bei Russland an China sinn se op 2 verschidden Punkten…

61′: Iran steet um Programm!

56′: McCain kennt mat enger schéiner Story, vun enger Fra däer hiere Jong am Irak gestuerwen ass, an déi him a Aarmband geschenkt huet. Schéngt awer net super ukomm zesinn.
Obama: Ech hun och esou eent. An déi Mamm huet zu mir gesoot, w.e.g. suergt dofir dass keng Mamm muss doduerch goen, ewou ech hu missten doduerch goen.
Schéngt ewéi wann an dëser „schéiner“ Story den Obama e besschen méi gepunkt huet.

52′: Obama: „No one says we should attack Pakistan„. Gett dem McCain awer Recht, dass et eng extrem schwiereg Situatioun do wäer. Amerikanesch Truppen giffen vun der pakistanescher Grënz aus attackéiert ginn…

49′: Obama seet, dass hien jo vun Ufank un dofir waar fir méi US-Truppen an den Afghanistan zeschecken.
McCain seet, dass den Obama jo wéillt Pakistan militäresch ugräifen, wann et misst sinn. Dat giff een net soen.

47′ Elo kennt et dann offiziel zum Afghanistan… :)

44′: Obama seet dass hien dat giff verstoen, an kennt zereck, dass den Afghanistan jo den Haaptpunkt ass. Den McCain soot Ufank 2003 (Start Irak-Krich), dass den Afghanistan elo secher wäer a keen den USA an den internationalen Truppen do méi kéinnt schueden. Während den Bin Laden an d’Taliban nach emmer do aktiv waaren… (a sinn…)

42′: Den Obama hellt den McCain wéider am Irak-Krich Dossier op d’Horner. Hien giff nemmen vun der Surge schwätzen (déi 2007 ugefaangen huet), de Krich hätt awer 2003 ugefaangen. Den McCain huet deemols gesoot gehaat, dass de Krich schnell eriwwer wäer an d’USA wissten ewou d’Massenvernichtungswaffen wäeren.
McCain fennt et traureg, dass den Obama net den Ennerscheed teschend enger Strategie an enger Taktik versteet…

39′: McCain fennt, dass den Krich am Irak am Gaangen wäer eng Victoire fir d’USA zeginn an dat wéinst der „Surge“ déi vun him komm ass.
Obama widderhellt, dass hien dogéint war vun Ufank un. Och wëll d’Aufgaab am Afghanistan nach net fäerdeg war.

36′: Elo geet et em den Irak!

34′: Obama hellt den McCain erem a kennt op déi ominéis „90%“ zereck…

32′: Den Obama (op Fro vum Lehrer) seet dass déi aktuell Kriis natiirlech d’Finanzlaag fir hien als President giff beafloosen.
McCain seet, dass dat net esou gudd wäer. Mee trotzdem, seet hien, missten manner Suen aus der Staatskees goen…

31′: McCain: „We need nuclear power and offshore oil drilling here in the US.

29′: Obama seet hien wäer nemmen den liberalsten Senator well hien emmer all falsch Politik vum Bush ofgeléent huet. Gett un, dass hien zesummen mat engem Rep. en „Google for Government“ gemaach huet ewou d’Léit kennen kucke goen wou wéivill Suen higinn…

26′: McCain seet, dass den Obama deen liberalsten Senator momentan an den USA ass. (Dat ass net besonneg do ugesinn :/) Trotzdem ass dem McCain net esou gudd beim Publikum ukomm. Waar eigentlech jhust nach eng Widderhuelung vun virdrun. Et muss geännert ginn. Wuel „change“ iwwerholl awer nach net richteg définéiert? Mol kucken…

24′: Den Obama kennt mat besserer Schoul, Schoulmeeschteren ennerstëtzen, Gréng Energien -> méi Aarbeschsplaatzen an den USA. Ewuel e grousse Punkt fir den Obama. Rep., Dem. an Indep. am Raum kloër do op sénger Säit…

21′: McCain: „D’Léit mussen op eis Geschicht kucken.“ Hien hätt emmer dofir gestemmt wann et eppes guddes fir d’Amerikaner waar (Stéierreduzéierung), den Obama hätt dogéint gestemmt…
Obama seet et wäer net wouer. Wuel awer e klénge Punkt fir den McCain.

17′: Interventioun vum Obama: Den McCain gett do keng Reduzéierung an huet déi nämlecht Politik ewéi den GW Bush…

15′: Den McCain kennt erem op d’earmarks zereck an seet, dass déi an deenen läschte 5 Joër verdréifart ginn sinn. Den McCain seet dann elo dass hien Stéierreduzéierung fir d’Middle Class bréngt…

13′: Den Obama gett him Recht a seet, dass hien „earmarks“ fir Illinois ofgeléent huet. A kennt elo op dem McCain séng Stéierreduzéierung fir déi räichsten Léit an den USA…

11′: Laut dem McCain misst zu Washington „earmarks“ gestoppt ginn. Washington wäer futti. Scheinbar schéngt et och haut em „change“ zegoen…

8′: Den John McCain seet, dass et misst méi Responsablitéit ginn an der aktueller Economie. Den Obama äntwert, dass dat net nemmen während enger Finanzkriis misst esou sinn. A kennt dann op dem McCain säin „Fundamentals“-Argument zereck. Punkt Obama!

6′: Wou stinn d’Kanidaten um aktuellen Plang fir d’Welteconomie? Den Obama huet säi 4 Punkten Plang firgestallt. Déi 2 Minuten déi him nemmen fir z’äntwerten bléiwen huet hien ewuel gudd genotzt an haat teschenduerch d’Indep. am Raum grouss op sénger Säit. Et giff och em d’Main Street goen an net nemmen iwwert d’Wall Street.
Den McCain huet fir d’éischt den Teddy Kennedy ugeschwaat, deen an der Klinik elo erem ass. An huet ugekennegt, dass et him sëlwer och net giff gutt goen ewéi Milliounen vun Amerikaner.

0′: Den John McCain an den Barack Obama kommen elo op d’Bühn…

- 1′: Den Obama soll laut Experten éischter méi „waarm“ eriwwer kommen net esou cool ewéi an den Virwaal-Debatten. Den McCain éischter méi „cool“. Mol kucken ob se sech drun haalen…

- 4′: Eppes waat awer bis elo nach net geklärt ass, ass firwaat den John McCain dann elo awer bei der Debatt dobäi ass. Hien haat ugekennegt dëst nemmen zemaachen wann eng Léisung am Kongress fonnt gouf. Demokraten am Kongress maachen hien iwwerengs verantwortlech dass den Deal a läschter Sekonn gebrach ass an elo muss wéider un enger gemeinsamer Léisung geschafft ginn. Mee bon. Den McCain ass do. Den Obama ass do. A gläich geet et lass…

- 8′: Läschten Emfroen no mengen iwwerengs d’Majorität vun den US-Amerikaner, dass den Obama d’Debatt haut gewënnt. Komesch, wëll grad dëst Thema eigentlech laut Emfroen „McCain-Land“ ass. Mol kucken…

- 13′: Den John McCain huet fir den Irak-Krich gestemmt an ass der Meenung, dass een Truppen am Irak net direkt soll ofzéien. Hien huet baal all „War on Terror“-Budget fir den President Bush gestemmt. Hien ass dofir fir och wéiderhin net mat Kuba zeschwätzen a fennt et „naif“ fir mat den Géigner vun den USA zekommunizéieren. Hien ass dofir fir méi eng staark Presenz vun den USA an der NATO am Darfur. D’ „Citizens for Global Solutions” haaten dem John McCain een „F“ ginn fir séng Positiounen an der Aussepolitik.
(A+ = excellent; F= schlecht)

- 18′: Waat sinn (e puer) Punkten am Obama sengem „Foreign Policy“ Dossier? Hien huet bekanntlech den Irak-Krich vun Ufank un ofgeleent. Hien wëll eng Ännerung an der aktueller US-Kuba Politik an wëll iwwerhaapt mat den „Feinden“ schwätzen, sou zB mat Iran. Hien hätt gären, dass d’USA eng Virréiderroll spillen, wann et em „gréng“ Energien geet. An d’ „Citizens for Global Solutions” haat dem Obama eng „A+“ Note ginn op sengen Positiounen an der Auslandspolitk.

- 25′: Dass d’Presidentschaftsdebatten net emmer –oder eigentlech baal nii– en „game changer“ sinn, ass bekannt. Net méi spéit ewéi 2004 haat nämlech den John Kerry ALL Debatt kloër géint den George W. Bush gewonn. D’Wahlresultat… bon… dat kenne mer alleguerten… :)

- 30′: Den Moderator vun dëser Debatt ass iwwerengs den Jim Lehrer vun PBS. Hien huet scho vill Erfahrung waat Presidentschafts-Debatten ubelaangt. An deenen läschte 5 Wahlen goufen insgesamt 10 Debatten vun him moderéiert. Hien gellt als een deen éischter méi eng roueg Debatt féiert an dofir gett hien dann och heiandsdo kritiséiert. Hien soot sëlwer iwwert d’Moderéieren: „You should be the coolest you’ve ever been and the most sober in realizing this is historical and important for the democratic process and the American voters, and you are the least important part.

- 35′: Salut an häerzlech wëllkomm bei dësem éischten LIVE-Blogging op Oppenen Bréif. Fir alleguerten déi déi net wëssen waat LIVE-Blogging ass: LIVE-Blogging heescht dass de Blogger iwwert bspw. en Event bloggt während dësen Event nach am Gaangen ass. Esou wäert sech also dësen Post bis no der Debatt nach e puer Mol veränneren. An dir sidd dann hei iwwert alles informéiert, falls der dann eben net vrun der Télé setzt an iech d’Debatt ukuckt. Elo ass et dann also och jhust nach eng Hallefstonn ier d’Debatt ufänkt an déi geet jo bekanntlech haaptsechlech em „National Security & Foreign Policy“ (jo, net iwwert d’Economie!). Iwwert d’Economie geet et erréicht an der 3. an läschter Debatt den 15. Oktober.

USA: Schlecht Emfroresultater fir den McCain = Participatioun bei der 1. Debat

September 26, 2008 at 7:02 | In Allgemeines | Leave a Comment

Mam Titel vun dësem Post ass eigentlech scho baal alles gesoot. No e puer gudden Deeg fir den John McCain huet d’Finanzkriis an den USA d’Spill erem op d’Kopp gedréit. Den Obama haat am Feld vun der Economie souwisou d’Nues kloër fir, mee nodeems et dann elo grouss an den Medien waar, huet sech dat nach vergréissert. Awer och ewuel d’Ausso vum John McCain: „The fundamentals of our economy are strong.“ op deem Daag ewou e puer Dausend Amerikaner hier Aarbescht verluer hunn, waar ewuel net grad de cleversten Schachzuch vum Republikaner.

A wann een dann elo an d’State Polls kuckt esou gesäit een dass zimlech vill geschidd ass.
Elo muss een dann eigentlech nemmen soen, dass den John McCain Montana (MT; 3 Wahlmänner) ewuel sécher wäert kréien. Mee eppes waat d’läschte Kéier nach net ganz kloër waar ass de Faite dass Colorado (CO; 9 Wahlmänner) wäert ewuel blo ginn. Fir den Obama heescht et dann och d’Staaten Minnesota (MN; 10 Wahlmänner) erem ofginn an Wisconsin (WI; 10 Wahlmänner). Alerdéngs, an dat ass ewuel vill méi schlëmm fir den McCain, dësen muss nämlech elo erem em Missouri (MO; 11 Wahlmänner) an Indiana (IN; 11 Wahlmänner) ‘oofginn’. Dëst sinn eigentlech 2 „red states“. An och de Faite dass hien elo jhust nach 4% fir léit zu West Virginia (WV; 5 Wahlmänner), waat ebenfalls als „red state“ dierf agestuft ginn, wäert sénger Campagne net gefaalen.
Dozou kennt dann nach dass den Obama wéiderhin ganz staark den McCain an aaneren „red states“ enner Drock setzt ewéi zum Beispill zu Virginia (VA; 13 Wahlmänner) an North Carolina (NC; 15 Wahlmänner).
Eenzegen Liichtbléck fir den McCain. Pennsylvania (PA; 21 Wahlmänner) ass elo en Toss-Up State. Eigentlech wielt PA blo, mee schéinbar ginn et dëst Joër e puer Problemer fir d’Demokraten.

Da bléiwen natiirlech nach déi aal Bekannten: Florida (FL; 27 Wahlmänner), Ohio (OH; 20 Wahlmänner), New Hampshire (NH; 4 Wahlmänner).

Jiddefalls mellt CNN elo dass den John McCain elo awer wëll den Owend un der Debat deelhuelen. Dat aanert wäer och e zeschéinen Cadeau fir den Obama gewiercht. Alleng vrun Milliounen vu Léit de Géigner seng Positiounen kritiséieren an séng zeluewen. Ewéi den Obama an der Woch selwer gesoot huet: „Als President muss een och e puer Saachen gläichzäiteg kennen maachen.“ Als „inoffizielle“ Grond waar jo am Internet kurséiert, dass den McCain sech net gudd firbereed huet. Mol den Owend/an der Nuecht kucken op dat stemmt.

[Falls et klappt. Dh ech net zemidd sinn oder soss eppes do teschend kennt, wäert ech probéieren während der Debatt LIVE-Blogging hei zemaachen. Falls et net klappt, gett et ewuel spéistens ma den Owend e kompletten Post driwwer mat éischten Emfroresultater no der Debatt.]

EDIT: (26. September 2008; 19:54 Auer):
Den Jon Stewart a sénger genialer Manéier iwwert den John McCain séng Aussoen zenter dem Ufank vun der Finanzkriis (15. September 08):

Nächste Seite »

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.