USA: McCain bréngt d’Madame Palin op den Ticket
August 29, 2008 at 8:33 | In Allgemeines | Leave a CommentTags: Barack Obama, DNC, Joe Biden, John McCain, RNC, Sarah Palin, USA
[Fir d'alleréischt well ech jhust hei soen, dass ech natiirlech iwwert dem Obama séng Ried wäert schréiwen, mee ech wäert dëst erréicht am Wochereckbléck maachen, wa kloër ass waat d'Convention dem Obama an den Emfroën bruecht huet.]
An elo zur grousser Nooricht vun haut: den republikaneschen Presidentschaftskanidat John McCain huet d’Madame Governor Sarah Palin vun Alaska op den Ticket geholl. D’Madame Palin ass 44 Joër aal an huet (zanter dem Abrëll) 5 Kanner. Sie huet Journalismus studéiert an ass zanter baal 2 Joër Gouvernorin vun Alaska. Dëst ass hieren éischten „gréisseren“ Job, deen se kritt huet. Sie war ni am US-Senat, ni am Kongress an esouguer nach ni am „State Senate“ vun Alaska. An domatter dierft dem John McCain säin Haaptargument fort sinn. Hien huet emmer widderholl, dass den Obama keng Erfahrung hätt an huet dann elo eng Fra als „running mate“ geholl, déi nach manner Erfahrung huet ewéi säin Géigner. Dass dat Argument fort ass, huet elo och d’Obama Campagne dem amerikaneschen Noorichtesender CNN matgedeelt.
Firwaat wäer Erfahrung beim „running mate“ net schlecht?
Ma wann d’Sarah Palin mam John McCain d’Wahlen gewënnt, ass sie Vice-President. Sollt den John McCain, deen haut säin 72. Gebuertsdaag féiert, schwéier krank ginn oder esouguer stierwen, giff de Vice-President den „commander in chief“ ginn.
Dass um CV vun der Madame Palin nach vill Erfahrung feelt, huet een och un der Ukennegung gesinn. Vill méi ewéi d’Opzielen vun de Kanner an d’Aussoe, dass sie Gov. zu Alaska wäer, ass net komm.
Den John McCain spillt mat dëser Card e ganz geféierlecht Spill. Vielleicht geet et op a jiddereen luewt hien, oder de Schoss geet no hanne lass an d’Republikaner erliewen en „nightmare“ den 4. November.
Firwaat dann elo d’Madame Palin?
Méi kloër konnt den McCain et awer elo net maachen. Mam Palin als „running mate“ geet et drems déi Fraen vum Hillary Clinton zekréien. Dofir huet d’Madame Palin jo och direkt d’Madame Clinton ernimmt. Komesch, wëll am Ufank vun den Virwahlen hun d’Republikaner d’Hillary Clinton nach „this bitch“ genannt. Ewéi séier een dach kann séng Meenung iwwert een änneren.
Kloër ass awer och, dass den McCain domatter déi Konservativ aus sénger Partei well hannert sech kréien. D’Madame Palin ass komplett géint d’Ofdréiwung a komplett dogéint Homosexuellen méi Rechter zeginn.
Laut éischten Aussoen schéngt dat geklappt zehun an vun den Konservativen gouf et nemme Luew fir dëse Choix. Mee aaner Republikaner sinn onzefridden, well d’Madame Palin keng Erfahrung huet. Een huet esouguer alleguerten seng John McCain Schelder, déi hien vru séngem Haus opgestallt haat, elo erausgeholl an zerappt.
Wäerten d’Fraléit sech blende loosen?
Dat ass eng ganz interessant Fro. D’Fraen hu schons oft (zumools an Amerika) eng Waal entscheed an dierft ee gespaant sinn ewéi sie drop reagéieren. Allerdéngs sinn déi jonk Fraen, déi Clinton-Supporteren waaren, éischter d’accord Defaite vun hierem Kanidat anzegesinn an fir den Obama zestemmen. Et sinn zumools déi äler Fraen, déi nach Problemer mam Obama hun, ob déi et dann och wäert ukommen. Op déi eng 44-jähreg Mamm wäerten gäeren hun?
Eischt Reaktioun vun den Fraléit ass éischter ganz zereckhaalend an verschiddener soen, dass sie giffen „doduerch gesinn“, duerch dësen Choix vum McCain.
D’Madame Palin muss also an der VP-Debatt géint den erfahrenen Joe Biden untrieden. D’Madame Palin, déi 3 Joër méi jonk ass ewéi den Barack Obama, kinnt et do schwéier kréien. Mee zumools den Joe Biden muss oppassen. Bréngt hien zevill op, gesäit et aus ewéi wann hien, de groussen aale Mann, déi kléng jonk Fra a Grond a Bueden giff fäerdeg maachen. Dat giff Sympathiepunkten fir d’Palin bedéinten. Et wäer ewuel am beschten, wann den Joe Biden Debatt mat 7-10% giff gewannen.
Mee egal wéi, Geschicht gett och op der RNC (Republican National Convention) zu St. Paul (Minnesota) geschriwwen, wann fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun den Republikaner eng Fra offiziell wäert de Kanidat vun hinnen sinn fir den Posten als Vice-President.
Commentaire: Mr. Obama, elo oder (wahrscheinlech) nii!
August 28, 2008 at 10:57 | In Allgemeines | Leave a CommentTags: Barack Obama, USA, John McCain, Wahlen, DNC
Haut um 45sten Gebuertsdaag vun der weltberühmter „I Have A Dream“ Ried vum Dr Martin Luther King, gett den Barack Obama als éischten Schwarzen séng „Acceptance Speech“ fir de Posten als Presidentschaftskanidat vun enger grousser Partei, an domatter theoretesch gudd Chancen huet am November zegewannen.
Den August war awer bis nach Ufank der Woch deen vu séngem Géigner John McCain. Dësen huet de Krich am Kaukasus genotzt fir séng Punkten an der Aussepolitik zeverbesseren a konnt ganz am Ufank vum Mount d’Republikaner e besschen méi op séng Säit zeihen an deems hien den Barack Obama als „the biggest celebrity in the world“ duergestallt huet.
Mee trotzdem schéngt d’Enn vum August dem Junior Senator vun Illinois zegehéieren. Vill Léit hun geduercht d’Demokraten giffen sech op dësem Parteidaag zu Denver (Colorado) d’Käpp aschloen. Mee esou sollt et dach net kommen. Den Barack an zumools d’Michelle Obama konnt sech nach eng Kéier wéissen. Wichteg, wëll seng Popularität dach stark ennert dem laangen Virwaalkampf gelidden huet. Den Senator Edward „Teddy“ Kennedy huet vun „new hope“ geschwaat. Op sénger –ewéi hien selwer gesoot huet– läschter Convention, huet de Brudder vum JFK an RFK de Staaf wéiderginn un déi nächst Generatioun, un den Barack Obama.
An um Dennschten huet den Dennis Kucinich Amerika erwescht, den Sen. Bob Casey Jr. (Pennsylvania) huet „only 4 more months“ fir d’Bush/McCain-Republikaner ugekennegt an d’Hillary Rodham Clinton huet ewuel eng vun hiere beschte Riede ginn.
Geschter dunn koum ewuel eng vun deenen beschten Rieden (wann net esouguer déi bescht iwwerhaapt) vum John Kerry, déi hien je ginn huet. Et freet een sech elo nach firwaat hien vrun 4 Joër de grousse Fehler gemaach huet d’Republikaner net op sénger Convention unzegräifen. An den Bill Clinton huet et geschter op de Punkt bruecht: d’Hillary wäert fir den Obama stemmen. Dat mécht der schons 2 vun éis. Dat mécht der esouguer 18 Milliounen vun éis.
Op dat awer antrefft? Je verschidden Hardcore-Clinton Supporteren, oder och ewéi se sech d’ailleurs sëlwer nennen P.U.M.A.s (Party Unity, My Ass) wäerten ewuel awer de 4. November net fir den Obama wielen.
Wann een sech „State polls“ ukuckt, schéngt sech den Obama lues a lues erem ze erkréien. Läschten Emfroën (gefroot gouf um den Dennschten!) léit hien elo mat iwwer 10 Prozent fir am „swing state“ New Mexiko, huet e Virsprong am „red state“ Colorado an am „red state“ Virginia kritt, huet e kléngen Virsprong zu Nevada erausgeholl a konnt dem McCain säi Virsprong zu Ohio elo ausgläichen.
Et kéinnt also en méiglechen „convention bounce“ ginn fir den Obama. Dee gréissten „Convention bounce“ huet 1992 den Bill Clinton aréscht gehaat, mat engem 16% Sprong ass hien aus der DNC erauskomm. An de Bill Clinton kruut deemols vun de Republikaner och virgeworf „ze jonk“ zesinn a „keng Erfahrung“ zehun. Seng Äntwert geschter dorops: „It didn’t work in 1992 because we were on the right side of history. It won’t work in 2008 because Barack Obama is on the right side of history.“
Mee den Barack Obama huet et haut (an dofir den Titel) selwer an der Hand. Och wann den Gov. Bill Richardson vun New Mexiko, de Parteipresident Howard Dean, den Musiker Stevie Wonder, de Musiker Will.I.Am, d’Sängerin Sheryl Crow an den Nobelpreisträger Al Gore d’Publikum waarm maachen, esou MUSS haut den Owend eng kloër Nooricht eriwwer kommen. Hien muss nach eng besser Ried haalen ewéi déi déi hien schons an de Virwaale gehaalen huet. Hien muss nach méi d’Léit matrappen. D’Hillary Clinton wäert och ennert deenen baal 80.000 Léit am Footballstadion sinn, an vielleicht wäer et jo net schlecht och d’Madame Clinton op d’Bühn zeruffen. E kloërt Bild mussen d’Léit kréien. Den Barack Obama hätt sech d’Laat selwer net méi heich kennen setzen. Zesummen mat der Demokratesch Partei, mat dem DNCC (Democratic National Convention Committee), haat den Obama bis ewell e super Programm opgesaat.
Lues a lues huet sech dat Ganzt gestéigert. An elo muss hien et selwer maachen. Seng Campagne huet d’Supporteren opgefuerdert „Convention Watch Party“ zemachen an honnerten vu Léit organiséieren der haut den Owend quesch duerch ganz Amerika. Baal 80,000 Léit am Stadion sëlwer. Dass d’ailleurs zenter dem John F. Kennedy keen Politiker méi gewiercht, deen seng „Acceptance Speech“ vrun de Léit an net nemmen“ vrun den Delegéierten gehaalen huet. Milliounen vu Léit déi vrun den Télé’en setzen an nokucken. Mécht den Obama haut eng schlecht Figur, wäert den McCain ewuel d’nächst Woch no der RNC e Virsprong eraushuelen, deen schwéier gett erem opzehuelen.
Amerika kuckt haut ganz op den Junior Senator vun Illinois. Séng gréissten a wichtegsten Ried steet un. Eng déi iwwert de Verlaaf vun dëse Wahlen entscheede kéinnt.
Also, Mr Obama elo oder (wahrscheinlech) nii.
[Edit (28. August 2008; 23:32 Auer): Et heescht wirklech elo oder nii fir den Obama. An enger néister Gallup-Emfro huet den Obama am ganze Land wäerend deenen éischten 2 Deeg 6% u Popularität gewonnen an léit elo erem 6% vrum McCain. Gallup-Emfroën sinn bekannt dofir extrem genee zesinn, bis elo hunn déi sech an der Geschicht vun den USA selten verschätzt gehaat.]
DNC Daag 3: Obama schréiwt Geschicht
August 28, 2008 at 1:08 | In Allgemeines | 2 CommentsTags: Barack Obama, Convention, Denver, DNC, Geschicht, Geschichte, Obama, USA
En éischte kléngen Update vum dretten Daag vun der Convention vun den Demokraten zu Denver, Colorado.
Dir musst iech den 27. August 2008 an äerem Kalenner ukräizen. Op dësem Daag schréiwt d’Demokratesch Partei an Amerika Geschicht an huet per Akklamtioun (ugefroot vum Hillary Rodham Clinton) fir déi éischte Kéier en schwarze Mann als Präsidentschaftskanidat vun enger grousser Partei gewielt.
Den 27. August 2008. E grousse Schrëtt fir d’Menschheet. Den Barack H. Obama, gebuer zu Hawai, Bouw vun engem Kenianer an enger Fra vu Kansas, liewt fir e puer Joër als Kand an Indonesien, kennt zereck an Amerika, schafft sech mat Stipediumen erop, schafft dunn als „community organiser“, gett en State Senator zu Illinois, gett deno en US-Senator an ass elo offiziell Präsidentschaftskanidat!
Den 27. August 2008. En Daag deen an d’Geschicht ageet. Baal 45 Joër no deser Ried:
Markéiert iech dësen Daag am Kalenner. Verhaalt en. D’Welt huet sech wéider verännert an eng besser Richtung. Vun haut un liewe mer nach e besschen méi zesumme ewéi nach geschter.
[Méi an e puer Stonnen…]
Edit (28. August 2008; 3:25 Auer): Fir alleguerten déi dësen Moment vun der Geschicht net live materliewt hun, hei dann de Video:
Parteidaag zu Denver (2)
August 27, 2008 at 5:42 | In Allgemeines | Leave a CommentTags: Barack Obama, Denis Kucinich, Denver, DNC, Hillary Clinton
Elo jhust ass den 2. Daag vum Parteidaag vun den Demokraten op en Enn gaangen an hei gett et schons deen éischten Résumé.
E.a. mat engem Ausschnett aus der Ried vum Denis Kucinich vun haut den N’Owend.
DNC: Daag 1 (Zesummefassung) [Vid]
August 26, 2008 at 5:44 | In Allgemeines | Leave a CommentTags: Barack Obama, USA, DNC, Michelle Obama
Sou den éischten Daag vun der Democratic National Convention ass eriwwer. 5 Stonnen voll „Showbiz“ ewéi et den genialen Anderson Cooper (CNN) gesoot huet. Ech hu probéiert kuerz nodeems d’Madame Sebelius déi 4400 Delegéiert eng gudd Nuecht gewenscht hun, schon en éischte Bilan vum Daag zezéien.
Zesummefassung + Bilan vum éischten Daag
Also ech wëes elo net ewéi den Audio ass, ech sinn elo vill zefill midd fir dat.
Falls also do eppes schief gaangen ass, deet et mer Leed.
Auerzäiten
Soulaang ech zu Birmingham setzen, sinn d'Auerzäiten op déi britesch Zäit agestallt. Also einfach 1 Stonn dobäi rechnen fir ob déi lëtzebuergesch Zäit zekommen. ;)Auteur vum Oppenen Bréif
Fraiheet
Web 2.0 ouni Riets
Interessant Blogs
- Are you in the queue?
- Ben Smith’s Blog
- Blog.hr
- Blogbuerg
- bloGeescht
- bloggold
- Boulton & Co.
- Cafferty File
- Croatia Blog
- Daily Kos: State of the Nation
- effleurage
- enjoying the postapocalypse
- Eyewitness
- Gefühlskonserve
- gloda.net
- Greening so Green!
- Grommel deLuxe
- L for Liberty
- Les jeunes mélancoliques
- Liberalscum Buster
- London Leben
- Mol Sonn, mol Reen
- myclaude dot org
- New Libertas
- Obama HQ Blog
- Sad Autumn
- StockholmStreetStyle
- Wortgefecht
Politik Links
Archiv
- November 2009 (7)
- Oktober 2009 (7)
- September 2009 (10)
- August 2009 (3)
- Juli 2009 (2)
- Juni 2009 (8)
- Mai 2009 (7)
- April 2009 (6)
- März 2009 (10)
- Januar 2009 (11)
- Dezember 2008 (5)
- November 2008 (10)
- Oktober 2008 (8)
- September 2008 (13)
- August 2008 (14)
- Juli 2008 (4)
- Juni 2008 (7)
Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.


