Commentaire: Lëtzebuerg huet säin „Summermärchen“

Juli 28, 2008 at 11:41 | In Allgemeines | 4 Comments
Tags: , , ,

Firwaat dass grad op engem Politblog iwwert de Cyclisme geschriwwe gett? Ma well et 3 Cyclisten fäerdeg bruecht hun de lëtzebuergeschen Fändel esou grouss an d’Luut zehaalen ewéi scho laang keen méi virun hinnen. De Bouw vu Rameldang an déi 2 vu Munneref hun während deenen läschten 3 Wochen déi sogenannten „Experten“ begeschtert – an net nemmen déi.
Ewéi „eise Kim“ op däer éischter Etappe nemmen 1 Sekonn gefehlt huet fir sech dee schéinsten Trikot am Vélosport unzedoen hun déi éischten „Net-Sportler“ ugefaangen zekucken waat dann do am Moment giff a Frankräich laafen. De Kim kritt de grénge Maillot an ass domatter de beschte Sprinter am Peloton. Eppes waat virun him nach nii engem Lëtzebueger geglëckt ass. E puer Deeg méi spéit ass et dann endlech esouwäit. De Kim kann sech endlech de Maillot Jaune iwwerstréifen a lancéiert den „Tour-Féiwer“ hei am Land esou richteg. Lëtzebuerg steet Kapp! 50 Joër noom grousse Charly Gaul huet endlech erem e Lëtzebuerger de „Maillot Jaune“. Et haat e schons no der 1. Etappe geduercht, et giff guer net dozou kommen. Zevill Pesch. Mee een de Pesch huet, dee kritt och erem Glëck. An esou sollt et dann och sinn an den Kim „Kimi“ Kirchen fiert 4 Deeg a Giel.

Bis…jo bis de Fränk Schleck an de Pyrenäen attackéiert an de Rameldanger muss lass loosen. De Fränk um gudde Wee fir no der Alpe d’Huez 2006 e wéideren Etappesuccès bei der „Grande Boucle“ erauszefueren. Mee 2 Coureuren vun Saunier Duval loosen dem Munnerefer keng Chance. Firwaat? Dat gi mer alleguerte e puer Deeg méi spéit gewuer. Mee well de grousse Favorit vun dësem Tour, de Cadel Evans, net konnt mathaalen an de Carlos Sastre (och CSC-Saxo Bank) hien dauernd am Aan hällt, geet et deem äalsten vun de Gebridder Schleck net méi „nemmen“ em de Succès bei der Etappe. E waar am gaangen mam Maillot Jaune ze „flirten“, ewéi et de Marcel Gilles genannt huet. Praktesch ganz Lëtzebuerg setzt vrum Fernseh. Esouguer am „Biergerzentrum“ an der Staat ginn d’Léit nemme lues vum Fernseh ewech, wann se opgeruff goufe wier bei hiere jeweilege Bureau zegoen. Lëtzebuerg ziddert mat an deen een oder aaneren huet sech bestemmt iwwerluécht wéi hien dem Fränk elo kann hellef. Dat eenzegt waat bliwwen ass waar Daumen drëcken an hoffen. Et sollt net sinn, alt erem fehlt 1 Sekonn op den néie Maillot Jaune Evans. Mee d’Lëtzebuerger woussten, dass d’Alpen nach giffe kommen an zumools d’Alpe-d’Huez…

Nom gudde Start vum Tour fir deen zweete Schleck, dem jonken Andy, haat hien erop op Hautacam de sougenanntenen „jour sans“ a verléiert onglecklech 9:01 Minutten. Mee een deen den Andy dann ofschréiwt, kennt de Munnerefer net. Et goung eriwwer an Italien a ganz Lëtzebuerg huet gehofft. Gehofft doropper dass de Fränk déi 1 Sekonn op den Evans gudd mécht an de lëtzebuerger Draam wéider geet. Et gett e schwieregen Daag a wuel déi spannenst Etappe iwwerhaapt. An (och) Dank dem Andy, ka säi Brudder sech de „gielen T-Shirt“ huelen a souguer nach 8 Sekonnen teschend sech an den Cadel Evans bréngen, also genau de Mann dee schons virum Tour als Tourgewënner vun alle Säiten praktesch beglewënscht ginn ass. Den lëtzebuerger Draam geet wéider an esouguer déi hollännesch Fluggesellschaft KLM bréngt hiere Clienten, déi um Wee mat hinnen fir op Lëtzebuerg fléien, d’Nouvelle, dass de Fränk Schleck de Maillot Jaune huet. Wäer et méiglech villeicht esouguer den Tour zewannen? Mat deem Gedanken déplacéiert sech Lëtzebuerg. Alles geet op d’Alpe a gesinn do den Schlussgewenner a Kolleg vun den Gebridder Schleck, den Carlos Sastre d’Etappe wannen. De Fränk an den Andy spillen d’Equipe an den Andy schléit herno nach eng excellenten 3. Plaatz eraus. Hätt hien dierfte fueren…jee…keen wëes ween gewonnen hätt.

D’Lëtzebuerger hun zwar erem missten de Maillot Jaune ofginn, mee dëst sollt näischt un der Stemmung hei am Land änneren. D’Alpe-d’Huez verfollegen eng Ronn 200 Léit an der Staat an och Déifferdéng kennegt un déi läscht Etappen op der Maartplaatz zewéisen. Mee et huet nach eng Kéier geheescht zidderen, zidderen fir de Fränk an den Andy. De Fränk um Wee fir op de Podium, mee en Artikel an enger fir gudde Sportsjournalismus net graad bekanntener däitscher Zeitung, an d’Kontroll vum Johny Schleck sengem Auto, ewou dësen den Revolver vrun d’Nues gehaale kruut, hun ewuel net dozou bäigedroen, dass d’Moral vum Munnerefer um Héichpunkt wäer. Dass dunn och nach de Guidon brécht war d’Pech erem komplett beim Fränk ukomm. Mee et goung och nach drem de wéisse Maillot vum Andy zebehaalen. Zidderen. Noom éischten Drëttel sinn 30 Sekonnen fort. No 2 Drettel schons 1 Minutt. D’Spannung an d’Zidderen gouf méi grouss. Mee dunn d’Erléisung op der Ligne d’Arrivé. Den Andy behällt wéiss, de Fränk gett schlussendlech den 6. a schléit domatter dat beschten Resultat fir e Lëtzebuerger bei der „Grande Boucle“ zenter dem Charly Gaul vru 50 Joër eraus. An de Rameldanger Kim Kirchen gett am Contre-la-montre den excellenten 3.

De Fränk a giel, de Kim a giel a grëng, den Andy a wéiss. D’Equipe CSC-Saxo Bank gett déi stärksten Equipe.

Besser hätt den Tour de France aus lëtzebuerger Siicht scho baal net kéinnte laafen. An elo schons gett am Cyclisme vun engem méiglechen Kampf Condador vs. Andy Schleck am nächste Joër geschwaat. Waat dobäi erauskennt, musse mer gesinn. Eent ass kloër, den Laurent „Jaja“ Jalabert huet definitiv Recht wann hien seet, dass den Andy nach dee schéinsten Daag a sénger Karriere virun sech huet.

Lëtzebuerg huet während 3 Wochen matgelidden, matgeziddert, matgehofft. Um Enn si mer alleguerten frou an houfferech op eis 3 Jongen, déi Lëtzebuerg an deenen läschten Deeg héisch gehaalen hun. Mat engem Kim Kirchen, deen sech als e gudden Zäitfuerspezialist entweckelt huet a mat engem genialen Fränk an Andy Schleck. An elo ginn déi 3 e Mettwoch beim Gala Tour de France um Knuedler, souzesoen éist Brandenburger Tor, gefeiert. Lëtzebuerg haat säi Summermärchen a wëen wëes villeicht geet et jo bei den olympesche Spiller zu Peking wéider…

EDIT (31. Juli 2008; 15:40 Auer): Ech well dann och d’Léit vun RTL.lu op mengem Blog begréissen. Scheinbar huet hinnen d’Idee vum lëtzebuergeschen Summermärchen gefall.
RTL.lu benotzt „Summermärchen“-Idee an ass gespaant „op d’Olympesch Spiller…“

EDIT 2 (2. August 2008; 15:05 Auer): Scheinbar huet den Häerr Keiffer vun RTL an d’Tageblatt den Therme „Summermärchen“ schons während dem Tour benotzt. Ech war also net séier genug fir meng Idee online zesetzen. :) Merci un den Joël an den Chris.

Australien: Popst ukomm a gläich verhaft?

Juli 13, 2008 at 9:40 | In Allgemeines | 2 Comments

Et ass alt erem esou wäit. Déi katholesch Kierch féiert sech déi Jonk, well déi „alleguerten“ zesumme kommen a bieden. Dass dës Jonker net nemme bieden dat konnt een no den Weltjugendeeg zu Köln gesinn. Ewou an den Deeg deno, Doktoren op der Télé gesoot hun, dass sie méi Meedcher do setzen hätten ewéi soss. Mee bon, eigentlech well ech elo net iwwert déi Jonk hei schréiwen, mee vill méi waat an deenen läschen Deeg zu Sydney geschidd ass a waat (hoffentlech) nach geschidd.

Et gouf vrun e puer Deeg am australesche Parlament gestemmt. Dat schéngt direkt ganz normal zesinn, waar et awer net. Députéierten hun nämlesch doriwwer gestemmt, dass während den Weltjugendeeg d’Chrëschten net dierfe gestéiert ginn. Sie dierfen och a kenger Wéiss beléidegt ginn. Wann een Kondomer ausdeelt (waat jo eng Beléidegung ass), muss een de Portemonnaie nawell wäit opmaachen. An ewuel nemmen Gott d’australesch Regierung wëes, waat fir eng Stroof d’Homosexuellkoppelen elo kréien, falls sie par accident e puer Chrëschten sollen iwwert de Wee laafen. Wa schons T-Shirten mat Opschrëften, déi déi Glëweg kéinnten beleidegen, mat fermen Protokoller bezuelt ginn, well ech net d’Stroof fir déi Léit kennen, déi laut der katholescher Kierch eng schlemm Krankheet hun. (esou gett d’Homosexualität vun der katholescher, a jo och der lëtzebuergescher katholescher Kierch définéiert!)

Während sech an Australien elo divers Gruppe gebild hun à la „No To Pope“ gett am Rescht vun der Welt nemme beiläufeg driwwer bericht. Dass e puer Léit probéieren den Popst Benoît XVI wëllen verhafte loosen, gett ebenfalls vun den Massemedien ignoréiert. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Jo. An Australien kann all Bierger een aaneren verhaften, wann dësen gesinn huet oder Indicen huet, dass deen aaneren géint d’Gesetz verstouss huet. An däer ginn et der ewuel méi ewéi genuch. Et kann een deene Léit nemmen „Bon courage“ wenschen an hoffen dass hinnen dëst gelénge wäert. D’Weltbevölkerung wär hinnen dankbar.

Zum Schluss villäicht nach jhust iwwert den „Ratze“ selwer. Deen huet haut an sengem Mega-Super-Groussen-Privatjet fir op Sydney ugekennegt, dass et beim Weltjugenddag och iwwert de Klimawandel geet. Super! Hien hätt sollten awer wuel am beschten mam gudde Beispill et fir maachen.
Ebenfalls wëll hien sech bei den Opferen vun sexuellem Mëssbrauch duerch Paschtéier, Beschhëff… entschellegen. E puer Gruppen vun deenen Opferen hunn e puer Stonne méi spéit ugekennegt, dass dës Entschellegung net giff duergoen an dass sie se wahrscheinlech och net unhuele wäerten. Verständlech well:
Am Joër 1962 huet den Vatikan en Geheimdokument erausginn. Et huet den Numm „Crimen sollicitationis“ (lat. „Das Verbechen der Anstiftung“) erausginn. Et gouf vun der „Sacra Congregatio Sancti Officii“ (Heilige Kongregation des Heiligen Offizium) erausginn.
Et enthällt Uwéissungen fir d’Bechheef, wéi déi mat Uschellegung vun sexuelle Messbrauch u Kanner vun Paschtoueren soll emgoen.
–> Dokument seet, dass wann den Bechhof esou eppes gewuer gett, dass alles muss geheim bléiwen an déi Geheimhaltung gett op d’Opfer selwer ausgedehnt. Bei der Netanhaalung vun dem Schweigen droot d’Exkommunizéierung!

Den Pater Tom Doyle soot an engem Interview mat der BBC, dass Dokument geschriwwe wier als „eine explizite schriftliche Richtlinie zur Vertuschung sexueller Übergriffe durch Priester, um diejenigen zu strafen, die Aufmerksamkeit auf diese Verbrechen der Kirchenmänner lenken wollten.“
A ween waar vun ‘81 un Chef vun dëser Kongegratioun? Hey, gudd geroden. Jo, den aktuelle Popst Benoît XVI.

Ofschléissend nach e puer Sprëch vum „Ratze“ an Links zu den T-Shirten, déi vru kuerzem zu ganz Sydney (aus Protest wéinst dem néie Gesetz) zegesi waaren:
„Above all, we must have great respect for these people who also suffer and who want to find their own way of correct living. On the other hand, to create a legal form of a kind of homosexual marriage, in reality, does not help these people.”

„Although the particular inclination of the homosexual person is not a sin, it is a more or less strong tendency ordered to an intrinsic moral evil, and thus the inclination itself must be seen as an objective disorder.”

Maulkuerf fir de Ratze T-Shirt
From Hitler Youth to World Youth T-Shirt
World Youth Day T-Shirt
WMD – WYD T-Shirt
WYD Rights T-Shirt
WYD Mouthing In T-Shirt

Nach méi T-Shirten ginn et hei.

[Dëst ass keng "Attack" géint d'Chrëschten, mee eischter als Onzefriddenheet géigeniwwer hieren Léit aus dem Vatikan, allem firop natiirlech dem Popst Benoît XVI, zeverstoen.]

Krich, Gewalt, Auslännerfeindlechkeet, Rassismus…

Juli 10, 2008 at 2:12 | In Allgemeines | Leave a Comment

Vrun eppes méi wéi enger Woch hun ech d’Emissioun „Background“ um RTL gelauschtert. Invité waar den DP-Députéierten Xavier Bettel, een Politiker deen ech ganz gudd fannen an dëst schons zenter enger längerer Zäitchen. Wuel och wëll den Häerr Bettel et emmer fäerdeg bréngt d’Saachen op de Punkt zebréngen a wëll en sech net gett bis dass en Thema komplett geléist gouf. Vill Politiker vun haut trauen sech dat guer net an denken éischter un déi nächst Wahlen… Fir mech war also kloër, dass ech d’Emissioun giff lauschteren. Waat zum Schluss vun der Emissioun gesoot gouf huet ewuel jiddereen spéistens duerch déi wöchentlech Satir matkritt. An eppes waat mech am meeschten gestéiert huet, waar de Faite waat d’Madame Octavie Modert (Staatssekretärin) zum Häerr Bettel an der Chamber gesoot huet. Als „Joffer“ gouf en vun hier tituléiert, eppes waat ech net akzeptéieren an och net vun enger Politikerin well héieren. Zumols net ewou d’Madame Modert sech jo scheinbar Hoffnungen op e Ministeschposten no 2009 mécht (Rumeur). Esou eppes ass enttäuschent…

Vrun 6 Joër hun ech materliewt ewéi e Schüler vun aanere Schüler fäerdeg gemaach gouf an et waar no drun un enger Klepperei. Den ugeschwaatenen Schüler haat eng aaner Relioun an dat gouf vun deenen aaneren net richteg akzeptéiert. Zum Glëck ass dunn e Proff laanscht komm, deem ech et direkt konnt soen, waat sech e puer Meter wéider am Schoulhaaf ofspillt. Et gouf gestoppt. Fir de Moment.
Vrun engem Joër gett e Meedchen an engem aaneren Lycée wéinst senger Relioun vun den „Klassekomeroden“ gemobbt. Ech kréien déi Geschicht e puer Méint méi spéit iwwert en Dretten erzielt a sinn alt erem vun engem Deel vun der Menschheet, deen esou Saachen mécht, alt erem enttäuscht.

Vru kuerzem ass eng néi Etude erauskomm. 15,4% vun den Däitschen glëwen dass een „Führer“ am beschten „zum Wohle aller“ geduercht wär. An iwwerhaapt sinn 39,1% vun eisen Nooperen der Meenung dass hiert Land „in einem gefährlichen Mass überfremdet“ wier. Villen Experten no bewegt sech eist Noopeschtland domatter erem op engem „gudde“ Wee d’Geschicht aus den 30er a 40er ze widderhuelen. Mee net nemmen an Däitschland, mee och an aaneren Länner steigt d’Unzuel vun dësen Léit.

Vru genee enger Woch komm eng aaner Etude eraus. All 4. Meedchen gett haut sexuell messbraucht, 15% vun den Jongen ginn sexuell messbraucht. Nemmen 10% vun den Fäll ewou ee Mensch wéinst sexuellem Messbrauch un engem Kand ugewissen ginn ass, sinn bis ewell och vrun d’Gericht komm. Vun deenen 10% sinn nemmen 10%(!) fir schelleg gesprach ginn. A vun deenen 10% sinn 90% mat enger Surcis- oder Geldstroff dovu komm. Wann ee bedenkt, dass den Taux vun de Léit, déi erem „krank“ goufen an nach enger Kéier esou eppes Schlemmes gemaach hun, esou héicht ass ewéi bei kengem aaneren Verbriechen…

Vrun baal 2 Joër (21. September 2006) huet d’UNO ausgerechent gehaat, dass den „Konflikt“ am Darfur giff 400,000 Menschen d’Liewe kaschten. Vrun net grad 3 Méint (22. Abrëll 2008 ) koum dunn sangundklanglos d’Nouvelle vun der UNO dass een dat ganz e besschen ennerschaat gehaat hätt – em „nemmen“ 50%. An de „Konflikt“ ass nach emmer net eriwwer.

Dee ganzen Text hei soll eigentlech nemmen wéissen, dass mer ewuel och nach gréisser Problemer ewéi déi vum heichen Benzin momentan hun. Ech verstinn, dass dat dat ass waat den Europäer am meeschten am Schung dreckt, mee mir hun och nach selwer grouss Problemer an éisem Haus an éis Nooperen, deene mer grouss Hellef versprach haaten, waarden drop dass mer se endlech anhaalen.
Mir liewen zesummen op dëser Welt. Mir sinn net „de Chrëscht“, „de Jude“, „de Moslem“, „den Däitschen“, „de Belsch“, „de Portugies“, „de Schwarzen“, „de Weissen“, „de Schwulen“, „d’Lesp“,…
Mir sinn alleguerten Bierger vun dëser Welt.
Loost eis dach eis Famill erem zesumme bréngen. Loost eis dach zesummen éis Schwësteren a Bridder schützen.

Zum Schluss hoffen ech dass der die folgend Ried vum léider vill zefräi verstuerwenen Sen. Robert „Bobby“ Kennedy lauschtert. Se gouf vun him sëlwer geschriwwen an um Doudesdag vum Martin Luther King zu Indianapolis firgedroen. Et geet an däer Ried net em d’USA mee eigentlech iwwert „most of all human beings“. Et trëfft op all Generatioun zou.

* Links:
- Rechtsextremismus-Studie
- Darfur „Konflikt“
- Missbraucht- Gemeinsam gegen Kindesmissbrauch!

[Ech wëll menge Lieser jhust matdeelen, dass bei dësem Post ganz stark op d'Kommentarer opgepasst gett. All Kommentar deen eng Feindlechkeet zu dësem Thema dran huet, gett net veröffentlecht resp. direkt erem geläscht. Genee ewéi d'IP vun dem Lieser gespaart wäert ginn. Demno wéi eng Grausamkeet de Kommentar enthällt haalen ech mer d'Recht op wéider Schrëtter fir. Esou eppes dulden ech net a mengem Liewen an och net a mengem Blog.]

Lëtzebuerg: DP fuerdert eng richteg Reform vum Schoulsystem

Juli 1, 2008 at 11:12 | In Allgemeines | 10 Comments
Tags: , ,

Haat ech nach hei de Gedanken vun enger dringender Schoulreform geäussert, esou schéngt eng Partei et elo an d’Hand zehuelen.
D’lëtzebuergesch SchülerInnen befannen sech jo elo (an der Vakanz (1ere)) an der läschter Prüfungszäit fir dest Joër. Hun also hier Hausaufgaben gemaach an esou dann och déi Demokratesch Partei.

Sie wëll higoen an e gudden Deel vum lëtzebuergeschen Schoulsystem änneren.
Ugefaangen mam Précose, ewou an d’Zukunft schons sproochleg an sozial Kompetenzen sollen gefuerdert ginn.
D’DP well och dass all Primärschoul och een Direkter kritt, dass et en onofhengechen Mediateur -deen als Bindeglied teschend Schoulmeeschteren, Direkter an de Schüler soll gellen- gett, dass d’Schoulmeeschteren wéider vun der Gemeng agestallt ginn (well dës eng besser Vue iwwert hier Schoul hätten).
D’Partei em den Claude Meisch wëll awer och de Punktesystem reforméieren. Et soll net méi mat Punkten an Noten bewert ginn, mee op eng aaner Basis hier den Wëssensfortschrett vum Schüler an deem Fach opgestallt ginn. Actuell kann nemmen en momentanen Wëssensfortschrett mat Hellef vun de Punkten festgehaale ginn.
Déi gréissten Oppositiounspartei wëll och den Sprochenunterrecht änneren. An d’Zukunft soll Däitsch a Franzéisch als Friemsproch ennericht ginn. Dëswéideren soll den auslännesche Kanner et méi einfach gemaach ginn fir sech an éise Schoulen durchzekämpfen, mat esou engem genannntenen „Alphabetisierung“-Cours am Däitschen resp. am Franzéischen.
Um Passage 6.Schouljoër- Septième wëll een elo direkt näischt änneren. Mee et misst, laut der DP, un engem „cycle d’orientation“ nogeduercht ginn. Deen giff et dann besser erméiglechen d’Schüler z’orientéieren.
An dann sollen regional Lycée’en gebaut ginn fir dass d’Unzuel vun de Schüler pro Classe méi kléng gett. Dat giff et dem Schüler an dem Proff méi einfach maachen fir den entspriechenden Stoff zeléieren/z’iwwermettlen.
Am beschte wäer et dann och wann et giff zu fachiwwergréifende Projecten an éise Schoule giff kommen.
Zum Schluss gréift d’Demokratesch Partei dann och e Sujet vun hiere Jonken -der JDL- op. Et misst driwwer nogeduercht ginn, ob den aktuelle Schoulkalenner gudd ass fir d’Schüler. Et misst een sech entscheeden ob een elo un den Trimesteren festhällt oder op Semesteren iwwergeet. Deswéideren missten d’Vakanzdaueren an d’Wocheprogrammer iwwerduercht ginn.

De Message vun der DP ass kloër: „Gerecht fordern, gezielt fördern„. Et kann een nemmen hoffen, dass net bis 2009 gewaart gett ier déi éischt Saachen an d’Realitéit emgesaat ginn.

DP
(W.E.G. Klickt op de Banner fir déi ganz Positioun mat wéideren Erklärungen vun der DP zeliesen; 21 Säiten)

De kuerzen Beitrag vun RTL Télé Lëtzebuerg dozou gett et hei.

EDIT (2.Juli; 16:47 CET)
Hei fannt der den Artikel vum Tageblatt doriwwer.
Den Artikel aus dem Journal kennt der hei noliesen.

Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.