Groussbritannien: Dem Premier geet d’Loft aus…
Juni 28, 2008 at 2:18 | In Allgemeines | Leave a CommentTags: David Cameron, Gordon Brown, Grossbritannien, Nick Clegg
Mir schréiwen den 27. Juni 2007. Et ass een Mettwoch an a Groussbritanien trëtt dee Mann zreck, deen d’Land aus enger schlemmer Kriis erausgeholl huet an zum Schluss vu senger Karriere – duerch seng extrem Loyalitéit zum amerikaneschen President Bush – erem zu engem Deel dohinner gefouert huet. Rieds geet natierlech vum Tony Blair. Hien iwwergett d’Nummer 10 an der Downing Street dem Gordon Brown.
E Joër méi spéit…
Mir schréiwen den 27. Juni 2008. Et ass e Freiden an a Groussbritanien hällt sech d’Freed vum Premier Brown a Grenzen. No der grousser Defaite fir Labour vrun e puer Wochen, ewou d’Labour esouguer hannert d’Liberal Demokraten gefall ass, stinn erem Wahlen un. A déi nemmen well et vrun e puer Wochen eng Victoire fir den konservativen Boris Johnson zu London gouf. Dowéinst gouf haut zu Henley (South Oxfordshire, Oxfordshire) gewielt, well den Johnson elo als Buergermeeschter vun London net méi den MP fir Henley ka sinn. A vun enger Nidderlaag fir Labour (déi vun de Wahlen zu London) zu enger wéider Defaite fir d’Partei vum Gordon Brown!
Net nemmen dass déi Konservativ mam John Howell dëse kléngen Deel vun Oxfordshire konnten behaalen, nee Labour gouf nemmen déi 5. (!) „stärkste“ Partei. D’Liberal Demokraten ginn déi 2. stärksten Partei, hannert hinnen déi britesch Greng Partei. Iwwerraschenderwéis gouf Labour awer och vun der BNP, der „British National Party“ (eng riedsradikal Partei, gläichzesetzen mat der NPD an Däitschland oder dem FN a Frankräich), geschloen.
D’Resultat fir Labour kennt net méi schlecht ausfaalen:
Howell (Konservativ): 19,796 Stemmen
Stephen Kearney (Liberal Demokraten): 9,680 Stemmen
Mark Stevenson (Greng Partei): 1,321 Stemmen
Timothy Rait (BNP): 1,243 Stemmen
Richard McKenzie (Labour): 1,066 Stemmen
Während déi Liberal an déi Konservativ dobäi konnte wannen, fällt d’Labour em ganzer 11% erof.
Et muss een sech also ganz kloër d’Fro stellen wéini den Premier Brown endlech Wahlen aberifft. D’Opposition gett emmer méi stark an hun sech et dann och haut net endgoe geloos fir op déi aktuell Kriis bei der Labour Partei hinzewéisen. Esou huet den David Cameron (Chef vun den Conservativen an Oppositiounsleader) haut gesoot: „It’s an absolutely excellent result in Henley“ [Et ass en absolut exzellent Result zu Henley] an et fir awer een „disastrous result for the Labour Party“ [desastréist Result fir Labour]. Den Nick Clegg (Leader vun den Liberal Demokraten) soot esouguer ganz einfach dass Deeg vum Gordon Brown an der Downing Street Nr. 10 gezielt wären. Déi Liberal giffen déi Konservativ am Süden attakéieren an d’Labour am Norden, esou den Clegg wéider.
Genee dowéinst gouf et haut vun den Konservativen nemme Luew fir déi Liberal. Den David Cameron soot esouguer, dass béid Partei’en giffen an de Käpp vun den Léit eng „alternativ Regierung“, un déi sie kéinnte glëwen, duerstellen. Mee déi Liberal schengen déi Léiwt fir den Moment jiddefalls net ze erwiederen. Den Kearney, Kanidat vun den Liberalen, huet gesoot, dass hien keen positiven Enthusiasmus fir déi Konservativ huet. Net nemmen hätt hien keen positiven Enthusiasmus fir d’Partei vum Cameron, mee hien haat och direkt e wéideren Kritikpunkt zemaachen: d’Konservativpartei wäer zwar emmer gudd dran, d’Fehler vun deenen aaneren zekritiséieren, mee sie giffe selwer net soen fir waat dass sie giffe stoen.
Während deen gréissten Deel vun der Labour Partei séch haut zereckgehaalen huet an dës Wahlen wollt erofspillen, huet een vun hinnen, den Gesondheetsminister Bradshaw (Labour), dat ganzt als „terrible result“ duergestallt. Mee laut Labour léit de Problem net beim Gordon Brown, nee et giff un der schlechter Economie léien. Wann de Premier do näischt ka maachen, huet hien wuel awer besser zereckzetrieden an Néiwahlen anzeberuffen.
Iwwert d’Thema Néiwahlen schwätzt een bei Labour awer iwwerhaapt net gären. Wuel och well laut enger néier Emfro elo jhust nach 16% (!) vun den Englänner mengen den Brown giff gewannen. Vrun engem Joër, ewéi hien an d’Nummer 10 agezunn ass, waaren et der nach 62%. Mee esouguer dat ass manner ewéi dat waat déi Konservativ momentan fir een Support hun. 67% glëwen nämlech, dass den David Cameron néien Premier wäert ginn esoubaal et zu Wahlen kennt.
1 Joër no senger Iwwernahm, décidéiert den Premier Brown also elo sëlwer wéini hien d’Nummer 10 erem muss verloosen. Eppes ass sécher, déi Konservativ em den David Cameron, an déi Liberal em den Nick Clegg – a villeicht elo och e besschen méi déi Gréng an den BNP – wäerten alles probéieren fir d’Decisiounszäit vum Gordon Brown zeverklengeren…

Picture (c) by Times Online
Lëtzebuerg: Petitioun fir eng méi zeitgemäss an kritisch Wertevermettlung an eise Schoulen
Juni 26, 2008 at 3:12 | In Allgemeines | 3 CommentsTags: JDL, Jonk Gréng, JSL, Luxembourg, Luxemburg, Petition, Religion, sokrates.lu, UNEL, Werteunterricht
Endlech muss een do scho baal soen. Endlech dinn sech e Group vu Léit zesummen. Endlech probéiert dee Group en Deel vun dësem Land z’änneren. Endlech gett deen aktuellen Reliounscours attakéiert.
A ween ass haaptsächlech mat dobäi? Jo, déi Jonk. („What gives me the most hope is the next generation“). D’JDL (déi jonk Liberaldemokraten), d’JSL (déi jonk Sozialdemokraten), déi jonk Gréng an d’Unel. Dobäi kommen nach d’Léit vun der „Libre Pensée“, déi Lénk, d’Léit vun der „Liberté de Conscience a.s.b.l.“ an d’Léit vun sokrates.lu!
D’Relioun huet näischt an der Schoul zesichen. Momentan ass den katholeschen Unterrecht, deen eenzegen deen een kann „wielen“, fir alleguerten déi déi net glëweg sinn (also laut dem Vatikan de Satan an sech hun), oder déi déi sech zu enger aanerer Relioun ugezunn fillen (laut dem Vatikan déi „falsch“ Relioun) ginn an den sou genanntenen „morale laïque“-Cours gepucht.
Et leeft momentan een „Pilotproject“ am néie Lycée, ewou déi Kanner d’Chance hun un engem Werteunterrescht deel zehuelen. De Succès soll grouss sinn an esouguer d’Madame Delvaux huet virun kuerzem bekannt ginn, dass et super giff laafen. Allerdéngs, esou d’Madame Ministesch wéider, wäer et net méiglech vun „haut op ma“ dëse Cours an aaneren Schoulen unzebidden. Ech wëll jhust drun erenneren, dass momentan d’LSAP mat der CSV(!) zesummen an der Koalitioun ass. [Den Auteur wollt domatter keen Lien zum Thema maachen. All Lien, déi d'Lieser maachen, war net gewollt.]
Et ass also elo de Moment. Mir hun elo (bis den Juni 2009 bei den Wahlen) d’Chance emol wéinstens eppes hei am Land unzepacken. Relioun (op katholesch, buddhistesch, …) huet näischt an éise Schoulen verluer. Kommt mir maachen et méiglech, dass d’Kanner SELWER kennen entscheeden, op a wa jo wéi eng Relioun se wëllen bäitrieden.
Kämpf och du mat eis zesummen mat, dass éis Kanner an Enkelkanner keen Glawe méi vun der Schoul opgezong kréien. Dass d’Relioun och an der Politik keng esou eng grouss Roll méi spillt.
Waat kanns du maachen?
Als alleréischt kanns de d’Petitoun ennerschréiwen an deno kanns de d’Petitoun am Internet an an der realer Welt wéider verbreeden.
Zesummen kenne mer et schaffen. Zesummen ännere mer een Deel vun dësem Land zum Besseren.
Rio de Janeiro: 12 Joër alt Meedchen hällt Ried vrun der UNO
Juni 24, 2008 at 12:16 | In Allgemeines | Leave a CommentD’Severn Cullis ass een 12 Joër alt Meedchen waat elo am Juni op der „United Nations Conference on Environment and Development“ eng Ried gehaalen huet. Virun 3 Joër huet déi jonk Teenagerin , déi zu Vancouver gebuer gouf, den Group ECO (Environmental Children’s Organization) gegrennt. Dës Organisatioun soll aaner Kanner iwwert d’Emweltproblemer opklären an hellefen, dass sie et sëlwer aaneren kennen erklären. D’Severn Cullis huet dunn mat der Hellef vun ECO probéiert Suen zesammelen fir op deen ugeschwaatenen UNO Emwëltsommet kennen zegoen.
Et ass hier gelong, an esou konnt sie Ufank dës Mounts mam Michelle Quigg, Vanessa Suttie an Morgan Geisler de Sommet besichen. Hei ass de Video vun däer ganz emotionaler (awer wouerer) Ried vun däer jonker Madame:
Entschellegt w.e.g. déi e besschen méi schlecht Qualitéit, mee dëse Video ass schons 16 Joër aal!
Jo, déi jonk Madame huet der haut 28 an huet sech zanter hierer Ried am Juni ‘92 wéider fir d’Emwelt agesaat. Esou huet se 1993, hiert éischt Buch geschriwwen, waat als Titel „Tell the World“ haat. En 32-säiteg Buch iwwert déi eenzel Schrëtter déi all Famill ka maachen fir der Emwëlt zehellefen.
Am Joër 2002, huet d’Severn Cullis hieren Bachelor an Ecology an Evolutionary biology zu Yale gemaach.
Ausser dass se méi aal ginn ass, huet sech net vill am Liewen vun däer jonker Madame verännert.
D’Severn ass nach emmer em eis Emwelt besuergt,
an verschidden Politiker schéngen nach emmer net am Interet vun der Jugend bei dësem Sujet zehandelen.
[Wéider Informatiounen iwwert d'Severn Cullis-Suzuki gett et hei an en Interview kann een hei noliesen.]
Lëtzebuerg: Nationalfeierdag 2008
Juni 23, 2008 at 11:17 | In Allgemeines | Leave a CommentNationalfeierdag sollt eigentlech emmer en Daag vun der Freed an der Hoffnung sinn. Leider konnt ech net ganz vill Hoffnung a Freed an der Ried vum Jean-Claude Juncker erkennen. Et gouf alt erem op déi „grouss“ Problemer higewissen, déi mer scheinbar net kennen besiegen. Den Staatsminister waar dann och em déi héich Energie- an Liewensmëttelpräisser besuergt, déi „de Portemonnaie zesummendrécken“. Do ass et jhust komesch, dass esou eng Aussoe vum Staatsminister kennt. Wann hei am Land een eppes un däer Saach änneren kéinnt ass dat dach deen Mann, deen un der Spëtzt steet, also den Jean-Claude Juncker. Déi ganz Upassung vum Index un d’Inflatioun gouf et net, eppes waat d’Demokratesch Partei ee puer Mol gefuerdert haat.
Da gett alt léiwer selwer vun verschiddenen Politiker d’Opferroll gespillt an et gett fir méi Solidaritéit ennert de Bierger opgeruff. Den Häerr Juncker well de Begrëff „Solidartitéit“ awer änneren. An d’Zukunft soll et heeschen: „net e bësschen vun allem fir jiddwereen, mee méi fir déi, déi méi brauchen, well se net genuch hunn“. Wollt den Häerr Juncker domatter villéicht den Verkaaf vun deenen Hektar Bësch mam Grand-Duc rechtfertegen? Oder sollt et nemmen eng „Warnung“ sinn, dass mer dëst an d’nächst Joër (esoulaang soll deen ‘Programm’ goen) eis mussen op wéider komesch Aktiounen teschendem Staatsminister an dem Grand-Duc bereed maachen. Ech hoffen et jidderfalls net. An dëst net, well ech dem Grand-Duc a senger Famill eppes Schlechtes wëll, mee well ech ganz einfach hoffen, dass de Staatsminister trotzdem emol erem méi fir all Lëtzebuerger mécht. Mee mat däer Aussoe vu geschter Owend ass déi Hoffnung emmer méi kléng ginn.
An dann gouf och nach iwwert d’EU an deen läschten Sommet geschwaat. Et wäer erem diskutéiert ginn. Villéicht ass dat de grousse Problem vun der Europäescher Unioun, dass emmer vill muss diskutéiert ginn an d’Handlen an den Hannergrond gesaat gett. Hei an der EU diskutéieren déi meescht Politiker nach emmer drem wéi een de Klimawandel ka stoppen, an den USA sinn se am gaangen zehandelen. An deenen läschten Wochen sinn d’Amerikaner emmer manner mam Auto gefuer, hu méi op déi öffentlech Transportmëttelen gesaat, an zu New York ass demnächst en auto-fräien Daag. Jo, zu Lëtzebuerg gett et eng auto-fräi Woch, an däer een allerdengs méi Autoen op der Stross gesäit ewéi soss nii. Nee, zu New York sinn deen Daag d’Strossen fir d’Autoen gespaart. Et dierf een jhust nach zu Fouss, mam Vélo, mam Skateboard… iwwert d’Stross goen/fueren.
Ech giff mer wënschen, dass éis Politiker och emol erem d’Handlen virun d’Schwätze sëtzen. Et hëlleft näischt sech zeverspriechen bis e bestemmten d’Joër den CO2-Ausstouss em e gewëssen Prozentsatz erofgesaat zehunn an een dann awer näischt mécht fir et z’errechen. Ech giff mer wënschen, dass éis Politiker den Optimismus erem vrun den Pessimismus sëtzen. Den Häerr Juncker huet vun dem Prozentsaatz vun den Europäer um Enn vun dësem Joerhonnert geschwaat, ech giff mer wënschen, dass et dann nach en Europa gett, ewou ee ka liewen, ewou een ka Spass a Freed hun.
Loost eis dach zesummen dorunner schaffen. Loost eis dach endlech den Status Quo bei villen Politiker briechen. Loost eis erem hoffen. Loost eis kämpfen fir eng besser d’Zukunft.
Ech wëll ophaalen mat engem Zitat vum Barack Obama, deen d’läscht Joër op enger Rally gesoot haat: „The world as it is, is not the world as it has to be“. Kommt mir maachen eppes fir d’Welt z’enneren, dass mer endlech emol eppes upaacken an dëser Welt am Plaatz emmer nemmen am Wahljoër driwwer zeschwätzen.
Ierch alleguerten e schéinen Nationalféierdag.
Vive de Grand-Duc.
Vive eis groussherzoglech Famill.
Vive d’Hoffnung. Vive d’Handlen.
Vive eist Land!
Hoffnung
Juni 19, 2008 at 4:24 | In Allgemeines | Leave a CommentTags: Divers, Hoffnung, John F Kennedy, Norman Vincent Peale, Politblog
[Hei dann elo awer deen "richtegen" éischten Post vun dësem Blog]
Salut an häerzlech Wellkomm op dem éischten lëtzebuergeschen Politblog (falls dat net stemmt w.e.g. mam Thierry maulen
).
Dësen Politblog soll net nemmen déi national Politik ennert d’Lupe huelen, mee och heiandsdo déi international. Ech schréiwen hei op mech. Ech schréiwen dat waat ech denken. Ech schréiwen net am Optrag vun enger Partei oder vun Lobbyisten (wéi wann déi mech giffen kennen
).
Ech well awer och heiriwwer mat verschiddenen Bierger iwwert eis aktuell Politik schwätzen. Ech well ganz einfach probéieren op verschidden Saachen opmierksam zemaachen. Gläichzéiteg wäert ech awer probéieren net den Däiwel un d’Mauer zemolen. Den lëtzebuerger Bierger an déi ganz Menschheet kritt vun allen Säiten agetrichtert, dass mer op engem schlechten Wee sinn, dass mer géint eis d’Klima verléieren, dass mer aus der Finanzkriis villäicht net méi erauskommen, dass mer an d’Zukunft emmer manner fir z’iessen kréien.
Eis Welt brauch och erem vill Hoffnung. D’Bierger -net nemmen vun dësem, mee vun all Land- mussen erem un sech selwer glëwen. Den Norman Vincent Peale soot emol: „Never talk defeat. Use words like hope, belief, faith, victory“. D’Menschheet huet scho vill Saachen missten konfrontéieren an an deenen meechten Fäll si mer als Gewenner vum Terrain gaangen. Et gett keen Nazi-Däitschland méi, et gouf keen Atom-Weltkrich teschend der Sovietunioun an den USA. Ech glëwen, dass mer -wa mer emol erem ufänken un eis selwer zeglëwen- och déi aktuell Krisen kennen befälltegen. Mat der Hellef vu Politiker, déi net nemmen iwwert Problemer schwätzen, mee déi se zesummen mat den Léit upacken. D’Léit hun d’Recht op Politiker, déi hier d’Land wellen an eng besser Zukunft léeden an dëst net nemmen am Waalkampf undéiten.
D’Léit hun d’Recht op „Leaderen“, déi se hoffen loosen op besser Zäiten. Déi zesummen mat hinnen wëlle kämpfen. Déi zesummen mat hinnen d’Krisen befälltegen. Politiker, déi net d’EU bei eis representéiern, mee déi eis an der EU a ronderem d’Welt representéieren.
Un eppes musse mer awer emmer denken an dat ass den Fait, dass keen Mensch onfehlbar ass. Jiddereen, jiddereen mécht Fehler an een deen säin Fehler agesäit ass an senger Personalität méi staark ginn, a wann de Fehler och nach esou graaf waar. Mee a wann eis Fehler och nach esou grouss sinn, dierfe mer net ophaalen wéider zekämpfen. Dat Wuert „kämpfen“ kritt een jo souwisou an der heiteger Zäit schons baal mat an d’Wéi geluecht. Kommt mir kämpfen fir dass d’Kanner vu muer och dat Wuert „Hoffnung“ an d’Wéi geluecht kréien. Sie hun et verdéngt.
Ech maachen dat hei fir sie, fir d’Kanner vu muer, fir hier Zukunft. Awer och fir meng Generatioun an eis Zukunft. Ech hun d’Gefill, dass ech et muss maachen. Einfach fir déi „äler“ Generatioun drun ze erenneren, dass se zwar schons vill gemaach hun, mee dass a ville Beräicher nach (baal) näischt ennerholl gouf. Ech well déi Generatioun net kritiséieren, au contraire ech well hinnen hei nach eng Kéier Merci soen fir all dat waat sie schon fir meng Generatioun an dës Welt gemaach huet (méi Rechter fir d’Léit, méi Gläichberechtegung, d’Verhennerung vun engem 3. Weltkrich etc.). Ech well hinnen vill méi wéissen, dass meng Generatioun do ass. Mir si prett fir d’Relêve z’iwwerhuelen. Prett fir déi Saachen unzepacken, déi bis elo nemmen am Eck léien bliwwe sinn. Prett fir langerwarten Reformen duerchzesetzen.
Ech well heimatter awer net soen, dass ech net ob déi Generatioun giff lauschteren an dass mer se net (méi) brauchen. Mir brauchen se. A wann et och nemmen heiandsdo deen bekannten „gudden Rood“ vun hinnen ass deen mer brauchen. Et soll einfach wéisen, dass meng Generatioun do ass d’Saachen an d’Hand zehuelen an dass mer et villeicht endlech fäerdeg brengen, dass Jonk an Aal net nemmen béieneen, mee mateneen liewen.
Och wann ech bei verschiddenen Posts secherlech wäert „gemault“ kréien, wäert ech net mat dësem Blog an och net mat dësem Webcast (deen all puer Wochen soll hei erauskommen) ophaalen. Ech wäert op den John F. Kennedy lauschteren, dee mol eng Kéier soot: „A man does what he must inspite of personal consequences, inspite of obstacles and dangers and pressures. And that is the basis of all human morality“.
Kommt mir gin der Jugend vu ma an natirlech däer vu gescht ee besschen Hoffnung. Kommt gi mer eis all e besschen Hoffnung.
Wellkomm op dësem Politblog.
Bloggen Sie auf WordPress.com. | Theme: Pool by Borja Fernandez.
Entries and comments feeds.


